LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schwätzen bis schwëllen (Bd. 4, Sp. 198a bis 200b)
 
schwätzen (phV. s. Ltb. 12, LSA Karte 30 — Konjug. Ind. Präs. (z. B. Remich): du schwätsch, hie schwätscht; lok. Süden: du schwätz aber schwätsch de? — Ind. Prät. (Nösl.): schwatt; Konj. Prät. (Nösl.): schwätzt; lok.: schwéit — Part. Prät.: geschwat, geschwaart, Nösl.: geschwatt) intr. Verb.: 1) «sprechen» (nicht im abfälligen Sinn von hd. schwatzen) — lues, haart, leiereg, trapeg sch. — e schwätzt duurch d'Zänn, duurch d'Nues — dat as vill geschwat an näischt gesot — dee ka sch.! — en huet geschwat a geschwat (immerfort), awer e koum nët zu séngem — Ra.: näischt gesot as och geschwaat — schwätz dénge Schätzéngen no! — schwätz mam Monn (sage, was du haben möchtest) — sech de Mond éimeg sch. — e schwätzt mat zwéi Mënner (doppelzüngig) — e schwätzt mat den Oueren an e lauschtert mam Monn — wann ech wëllt sch. ...! — e schwätzt mat den Hänn (gestikuliert) — e schwätzt mat sech selwer — frësch vun der Liewer ewech sch. — e schwätzt wéi en Affekot, e Buch (ouni Deckelen), en Dixionär, en Iwergiljen, e Kalenner, eng zrassen Trap (dumm), e Blëll (dumm), wéi wann en eng Volksversammlung wär, wéi wann een em e Kand erbass hätt, wéi der Helleger, bis d'Dausend voll as, an d'Honnert, an d'Honnertdausend, wéi de Mond him opgeet, an d'Blannt (eran) — schwätz kee Blech! — schwätz nët domm! — iron.: gëscht hues de dach nët esou domm geschwat! — d'Leit sch. vill, wann den Dag laang as — Nösl.: si schwatten an si schwatten — lok.: ech schwéit gär mat him (würde gerne mit ihm sprechen) — et schwätzt een nët ënner dem Gedecks eraus (nët aus der Schoul — man plaudert keine Familienangelegenheiten aus) — wien nët schwätzt, vermault sech nët — dee vill schwätzt, seet vill Dommheten — hien héiert sech gär sch. — en huet mer de Kapp voll geschwat, en Ouer vum Kapp geschwat — lok. Echt.: schweez mer kä Loach an d'Kopp! — abweisend: schwätz (du dach) nët! — mahnend: schwätz nët ze fréi, nët ze haart! — schwätz nët ze fett, d'Saach as nach nët eriwwer — schwätz mer nët (méi) dervun! — du kanns fett (déck) sch. (du hues gutt sch. — du hast leicht reden!) — ech hun him esou schéi geschwat (geschmeichelt), ma ech krut näischt — wat déi Leit e Leed hun, et as nët dervun ze sch. (unsagbar) — et schwätzt een esou laang vun der Kiirmes bis se do as — sech d'Zong aus dem Monn sch. — sech hees (heiser), sech doud sch. (meist: umsonst) — sech an den Äifer sch. — d'Kand fänkt un ze sch. — 't gët vill vun deem Meedche geschwat — soulaang wéi d'Leit vun der [Bd. 4, S. 199] sch., bas de nach do — si hun nach laang nët schéi vun em geschwat — en huet vum Aasch geschwat (Zoten) — géi emol mat him sch.! (sprich dich mit ihm aus) — e wäerd jo alt mat sech sch. loossen — mir hun nach e Wiertche mateneen ze sch. (ein Wörtchen miteinander zu reden) — 't as nët mat deem ze sch. (es kommt zu keinem Gespräch mit ihm, er läßt nicht mit sich reden) — doriwwer sch. mer eng aner Kéier (je nach Umstand: begütigend, abweisend, drohend) — et léisst sech driwwer sch. — ech schwätze mat dene Leit — schwätz op däin Dësch! (misch dich nicht ein!) — den Dronk schwätzt (aus em) — e schwätzt Éislécker, Miseler — ech schwätze Kapenter (die Mundart von Capellen) — schwätz wéi de Schniewel der gewuess as! — schwätz däitsch odder schäiss Buschtawen! — en huet perfekt franséisch geschwat — lok. Echt.: haut schweezt en aner Geseez (das gilt heute nicht mehr) — ech hun nët mat dir geschwat (habe mich nicht an dich gewandt) — hun se mat dir geschwat? (sich mit dir ausgesprochen) — beim Kartenspiel: hu se mat der geschwat? (mußt du zahlen?) — hie schwätzt nët (méi) mat äis (er ist mit uns verfeindet) — mat dir sch. ech nët — hie schwätzt gär an alles (mat) an e kennt vun näischt eppes — de Stoff, d'Wuer schwätzt fir sech — substantiv.: Schwätzen N. — Sch. as kee Geld, Opweises gëlt — Sch. as keng Wuer — dee musse mer un d'Sch. kréien — Abl.: Geschwätz N. — vill Geschwätz a wéineg Geld, gët moër Zoppen — wat féiert deen e Geschwätz! — Zussetz.: a-, aus-, bäi-, be-, of-, no-, verschwätzen — cf. rieden, babbelen, braddelen, tuddelen, sabbelen, sproochen, dedegen, schnëssen; 2) a. «aufstoßen» (aus dem Magen) — d'Brach, d'Iessen, de Kabes schwätzt mat mer — de Bauch schwätzt; b. «gären» — de Most schwätzt; c. «melden» (Bergbau) — d'Gehëlz schwätzt — cf. melden sub 1).
 
Schwätzäer N. Pl.: «Eier, die dem Besucher angeboten werden, der zum ersten Mal in ein Haus kommt und erst spricht, nachdem ihm Eier angeboten wurden» (Folkl.).
 
Schwätzer(t) M.: 1) «Schwätzer» — wat as dat e Sch. an e Braddeler! 2) «Geschwätzigkeit» (oft durch leichten Rausch) — de Sch. hun (einen Schwips haben) — cf. Babbeler sub 3).
 
Schwätzmaschin (lok. spaßh.) F.: «Grammophon» — cf. Grammophon.
 
Schwebech ON.: «Schwebach» — Dorf der Gemeinde Säul, Kanton Mersch — 293 — auch als Bachname.
 
Schwed M.: 1) «Schwede»; 2) «braver, biederer Mann» (C) — en ale Sch. — lok. z. B. Redingen beim Kartenspiel: lo kennen ech mäin ale Sch. erëm (wenn der Partner Stiche macht).
 
schwedesch, -isch Adj.: «schwedisch» — schwedesche Kléi (auch: wäisse Kléi — Trifolium repens).
 
schwéier I (lok.: schwiër) Adj./ Adv.: «schwer» — a. vom Gewicht — Ra.: wat ze sch. as, dat hieft een nët — wann et der ze sch. as, da looss et leien — de Won as ze sch. gelueden — e schwéiere Laascht — sch. Éien (vollkörnige Ähren) — schwéiert Gewiicht (s. d. sub 2) — wéi sch. as et (scil.: dat Meedchen? — übtr.: wie reich?) — e schwéiert Framënsch (stark, grobknochig) — substantiv.: Schwéieren M.; b. «schwerverdaulich» — sou e schwéiert Iessen as näischt fir owes — et läit mer sch. um Mo (eigtl. und übtr.) — du läis mer sch. um Mo; c. «schwierig» — e schwéiere Gank — en as sch. vu Begrëff — hien hat e schwéieren Doud — dat as nach eng sch. Fro (auch: unsichere) — et as sch. fir hien z'iwwerzegen — dat mécht sech sch. — e schwéieren Déngscht — eng sch. Aarbecht — eng sch. Rechnong (Rechenaufgabe — auch übtr.: eine hohe Rechnung) — maach him et nët ze sch.! — e begräift, e léiert sch. — et as (hält) sch. fir e gudden Aarbechter ze fannen — dat as sch. (ze) soen — deen huet et sch. am Liewen — et as nët sch. kache, wann een eppes huet — deem as sch. kachen (ist wählerisch) — substantiv.: mir hun dat Schwéierst iwwerstan(en); d. «ungelenk, unbeholfen» — hien huet eng sch. Hand fir ze schreiwen — eng sch. Zong hun — d'Schwätze kënnt him sch.; e. «gefährlich, arg, schlimm» — eng sch. Kränkt — eng sch. Gebuurt — e wor sch. blesséiert — et si sch. Zäiten — e schwéiert Wieder (Gewitter); f. «heftig, groß, viel, sehr» — den Doud vum Papp wor e schwéiere Schlag fir d'ganz Familjen (ein großer Verlust) — du koum hie mat schwéierem Geschëtz gefuer — et geet mer sch. op de Su — hien huet sch. dru gedroen (er hat es sich sehr zu Herzen genommen) — hatt huet sch. dru gedroen, éier (bis) et alles eraus hat, gewuer gin as (bis sie das Geheimnis erfahren konnte) — et huet hie sch. getraff [Bd. 4, S. 200] — en as sch. blaméiert — an deem Fall géing ech mech sch. bedenken — et as mer sch. leed — ech wäerd mech sch. hidden (fir) eppes ze soen — en huet sech sch. gëiergert — en as sch. räich — hien as sch. krank — dat as e schwéiert Rëndvéi, e schwéieren Iesel — schwéiere Wäin (stark alkoholhaltiger Wein) — schwéier Musek — 't gouf e schwéiere Reen — dee schwéiere Reen huet vill geschuet — schwéiere Buedem (zähe, lehmige Erde) — de Weess (Weizen) huet gär schwéiere Buedem — sch. Kaarten (hochwertige Spielkarten) — eng sch. Anterpris (sehr großes Unternehmen) — e schwéiert Bauerewiesen (großer Bauernbetrieb) — e schwéiert Buch (schwerverständliches Buch) — substantiv.: deen huet eng Sch. am Batz (er ist sehr betrunken) — en huet eng Sch. hänken (dsgl.) — cf. al, schéin.
 
Schwéier- / schwéier- -aarbechter (lok. Mosel: Schwerarbechter) M.: «Schwerarbeiter»; -falen intr. Verb.: «schwerfallen» — d'Léier, d'Schaffe fällt him schwéier — et as mer schwéiergefall fir dat ze maachen; -fälleg Adj./Adv. «schwerfällig» — e schwéierfällege Marsch, Mënsch — e kënnt sch. — dazu: Schwéierfällegkät, -keet F. -halen intr. Verb.: «schwerhalten» — 't hält schwéier fir unzekommen; -holz N.: «Mehlbeerbaum» (Sorbus aria) — cf. Schnouerholz; -huelen trans. Verb.: «schwernehmen» — du muss nët alles esou sch.; -gewiicht N.: «Schwergewicht» (Sportspr.); -middeg Adj./Adv.: «schwermütig» — cf. trouschtmiddeg; -ponkt M.: «Schwerpunkt».
 
schwéierlech, -lich (Nösl.: schweerlich) Adv.: «schwerlich» — iron. Antwort: sch. odder guer nët — cf. kaum.
 
Schwéier II, Schwéiesch (Ösling: Schwär, lok. Echt. [als Sing.]: Schwiren, Mosel: Schwéieren, Vianden: Schwären) F.: «Schwägerin» — Echt.: mein Schwiren hoat gesot;
 
Schwéier- (lok.: Schwi[ë]r-) -duechter (lok.) F.: «Schwiegertochter» — cf. Schnauer I; -elteren F.: «Schwiegereltern»; -kanner Pl. N. (lok.): «Schwiegerkinder»; -leit Pl. F. — s. -elteren; -mamm F.: «Schwiegermutter» — d'Schwéiermamme kommen op de Fredekiirfecht (cf. gin op Fredebuerg begruewen); -mammszongen Pl. F.: «Bogenhanf» (Sansevieria sp.); -papp M.: «Schwiegervater»; -sonn (lok.) M.: «Schwiegersohn» — cf. Ädem.
 
Schwéizbéng(en) ON.: «Schwebsingen» — Dorf der Gemeinde Wellenstein, Kanton Remich — 534 — Spottname: déi Schwéizbénger Konkelkäpp.
 
Schweizermann M. — s. Schwäizerimann.
 
Schwell (lok. Echt.: Schweel) F.: «Schwelle» — im bes. a. «Türschwelle» — Echt.: seez mer kee Fouss iwwert is Schweel! b. (lok.) «große Steinplatte vor der Haustür»; c. «Dachschwelle, Mauerbalken» — cf. Daach; d. «Eisenbahnschwelle»; e. «Trennbalken».
 
Schwellbam M. — s. Solbam.
 
Schwelleschësser (lok.: Eich, spöttisch) Pl. M.: «umherziehende Musikanten».
 
Schwëllegiicht (lok. z. B. Binsfeld) F.: «Gelenkentzündung» (Arthritis).
 
schwëllen (Part. Prät.: geschwoll[en]) intr. Verb.: «anschwellen» — de Fanger schwëllt — Nösl.: wi datt su schwoll, guff et mer ellen — d'Hand as geschwoll(en) — e schwätzt esou geschwollen — cf. Hoër — Verbadj.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut