LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schwed bis schwemmen (Bd. 4, Sp. 199b bis 200b)
 
Schwed M.: 1) «Schwede»; 2) «braver, biederer Mann» (C) — en ale Sch. — lok. z. B. Redingen beim Kartenspiel: lo kennen ech mäin ale Sch. erëm (wenn der Partner Stiche macht).
 
schwedesch, -isch Adj.: «schwedisch» — schwedesche Kléi (auch: wäisse Kléi — Trifolium repens).
 
schwéier I (lok.: schwiër) Adj./ Adv.: «schwer» — a. vom Gewicht — Ra.: wat ze sch. as, dat hieft een nët — wann et der ze sch. as, da looss et leien — de Won as ze sch. gelueden — e schwéiere Laascht — sch. Éien (vollkörnige Ähren) — schwéiert Gewiicht (s. d. sub 2) — wéi sch. as et (scil.: dat Meedchen? — übtr.: wie reich?) — e schwéiert Framënsch (stark, grobknochig) — substantiv.: Schwéieren M.; b. «schwerverdaulich» — sou e schwéiert Iessen as näischt fir owes — et läit mer sch. um Mo (eigtl. und übtr.) — du läis mer sch. um Mo; c. «schwierig» — e schwéiere Gank — en as sch. vu Begrëff — hien hat e schwéieren Doud — dat as nach eng sch. Fro (auch: unsichere) — et as sch. fir hien z'iwwerzegen — dat mécht sech sch. — e schwéieren Déngscht — eng sch. Aarbecht — eng sch. Rechnong (Rechenaufgabe — auch übtr.: eine hohe Rechnung) — maach him et nët ze sch.! — e begräift, e léiert sch. — et as (hält) sch. fir e gudden Aarbechter ze fannen — dat as sch. (ze) soen — deen huet et sch. am Liewen — et as nët sch. kache, wann een eppes huet — deem as sch. kachen (ist wählerisch) — substantiv.: mir hun dat Schwéierst iwwerstan(en); d. «ungelenk, unbeholfen» — hien huet eng sch. Hand fir ze schreiwen — eng sch. Zong hun — d'Schwätze kënnt him sch.; e. «gefährlich, arg, schlimm» — eng sch. Kränkt — eng sch. Gebuurt — e wor sch. blesséiert — et si sch. Zäiten — e schwéiert Wieder (Gewitter); f. «heftig, groß, viel, sehr» — den Doud vum Papp wor e schwéiere Schlag fir d'ganz Familjen (ein großer Verlust) — du koum hie mat schwéierem Geschëtz gefuer — et geet mer sch. op de Su — hien huet sch. dru gedroen (er hat es sich sehr zu Herzen genommen) — hatt huet sch. dru gedroen, éier (bis) et alles eraus hat, gewuer gin as (bis sie das Geheimnis erfahren konnte) — et huet hie sch. getraff [Bd. 4, S. 200] — en as sch. blaméiert — an deem Fall géing ech mech sch. bedenken — et as mer sch. leed — ech wäerd mech sch. hidden (fir) eppes ze soen — en huet sech sch. gëiergert — en as sch. räich — hien as sch. krank — dat as e schwéiert Rëndvéi, e schwéieren Iesel — schwéiere Wäin (stark alkoholhaltiger Wein) — schwéier Musek — 't gouf e schwéiere Reen — dee schwéiere Reen huet vill geschuet — schwéiere Buedem (zähe, lehmige Erde) — de Weess (Weizen) huet gär schwéiere Buedem — sch. Kaarten (hochwertige Spielkarten) — eng sch. Anterpris (sehr großes Unternehmen) — e schwéiert Bauerewiesen (großer Bauernbetrieb) — e schwéiert Buch (schwerverständliches Buch) — substantiv.: deen huet eng Sch. am Batz (er ist sehr betrunken) — en huet eng Sch. hänken (dsgl.) — cf. al, schéin.
 
Schwéier- / schwéier- -aarbechter (lok. Mosel: Schwerarbechter) M.: «Schwerarbeiter»; -falen intr. Verb.: «schwerfallen» — d'Léier, d'Schaffe fällt him schwéier — et as mer schwéiergefall fir dat ze maachen; -fälleg Adj./Adv. «schwerfällig» — e schwéierfällege Marsch, Mënsch — e kënnt sch. — dazu: Schwéierfällegkät, -keet F. -halen intr. Verb.: «schwerhalten» — 't hält schwéier fir unzekommen; -holz N.: «Mehlbeerbaum» (Sorbus aria) — cf. Schnouerholz; -huelen trans. Verb.: «schwernehmen» — du muss nët alles esou sch.; -gewiicht N.: «Schwergewicht» (Sportspr.); -middeg Adj./Adv.: «schwermütig» — cf. trouschtmiddeg; -ponkt M.: «Schwerpunkt».
 
schwéierlech, -lich (Nösl.: schweerlich) Adv.: «schwerlich» — iron. Antwort: sch. odder guer nët — cf. kaum.
 
Schwéier II, Schwéiesch (Ösling: Schwär, lok. Echt. [als Sing.]: Schwiren, Mosel: Schwéieren, Vianden: Schwären) F.: «Schwägerin» — Echt.: mein Schwiren hoat gesot;
 
Schwéier- (lok.: Schwi[ë]r-) -duechter (lok.) F.: «Schwiegertochter» — cf. Schnauer I; -elteren F.: «Schwiegereltern»; -kanner Pl. N. (lok.): «Schwiegerkinder»; -leit Pl. F. — s. -elteren; -mamm F.: «Schwiegermutter» — d'Schwéiermamme kommen op de Fredekiirfecht (cf. gin op Fredebuerg begruewen); -mammszongen Pl. F.: «Bogenhanf» (Sansevieria sp.); -papp M.: «Schwiegervater»; -sonn (lok.) M.: «Schwiegersohn» — cf. Ädem.
 
Schwéizbéng(en) ON.: «Schwebsingen» — Dorf der Gemeinde Wellenstein, Kanton Remich — 534 — Spottname: déi Schwéizbénger Konkelkäpp.
 
Schweizermann M. — s. Schwäizerimann.
 
Schwell (lok. Echt.: Schweel) F.: «Schwelle» — im bes. a. «Türschwelle» — Echt.: seez mer kee Fouss iwwert is Schweel! b. (lok.) «große Steinplatte vor der Haustür»; c. «Dachschwelle, Mauerbalken» — cf. Daach; d. «Eisenbahnschwelle»; e. «Trennbalken».
 
Schwellbam M. — s. Solbam.
 
Schwelleschësser (lok.: Eich, spöttisch) Pl. M.: «umherziehende Musikanten».
 
Schwëllegiicht (lok. z. B. Binsfeld) F.: «Gelenkentzündung» (Arthritis).
 
schwëllen (Part. Prät.: geschwoll[en]) intr. Verb.: «anschwellen» — de Fanger schwëllt — Nösl.: wi datt su schwoll, guff et mer ellen — d'Hand as geschwoll(en) — e schwätzt esou geschwollen — cf. Hoër — Verbadj.: geschwollen — eng geschwolle Ried — Abl.: Geschwill, Geschwëll (lok.: Schwill) N.: «Geschwulst, Anschwellung, Tumor».
 
Schwemm F.: 1) «Schwemme» — Zussetz.: Päerds-, Schoofsschwemm; 2) «Freiluftschwimmbad» — dafür auch neuerdings Luxemburg-Stadt: Schwamm; 3) «Erzwäsche» (veraltet, in Flurbez. erhalten — cf. Äärzwäsch).
 
Schwëmm-s. Schwamm-
 
Schwemmel, Schwëmmel, Schwëndel M.: «Kopfschwindel, Taumel» — ech hun esou e Sch. virun den Aen, am Kapp — d'Päerd kréien de Sch. — cf. Tommel, dronkeg.
 
schwemmeleg, schwëmmeleg, -ig, schwëndeleg, schwindeleg, -ig Adj./ Adv.: «schwindlig» — et as mer esou sch. — cf. tommeleg, dronkeg.
 
schwemmen trans. Verb.: «schwemmen» — d'Päerd sch. — Zussetz.: aschwemmen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut