LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schwindeleg bis sécher (Bd. 4, Sp. 203b bis 204b)
 
schwindelegs. schwemmeleg.
 
schwindelen intr. Verb.: «schwindeln» — dazu: Schwindler M.: 1) «Schwindler»; 2) «Angeber»; Schwindelmeier M. — Zussetz.: beschwindelen.
 
Schwindsucht (Neol.) F.: «Schwindsucht» — dafür auch: Auszieréng, derb: Vreckecht — mäi Portmonni huet d'Sch.
 
Schwippschwoër M.: «Schwippschwager».
 
schwireg Adj.: «schwierig» (Neol.) — dazu: Schwiregkät F. — en hat Schwiregkäten — si hun him Schwiregkäte gemaacht.
 
Schwirrel M.: «Feldschwirl» (Locustella naevia).
 
Schwitz M.: 1) «Hundename»; 2) «Dummerian» — du (domme) Sch.!
 
Schwiwwelpëtz (lok.: Lieler) N. — s. Wibbelpëtz, Jubbel-, Juckelpëtz.
 
Schwob I M.: 1) «Schwabe»; 2) «Dummkopf, leichtgläubiger Mensch» — sou e(n domme) Sch.!
 
Schwob II M.: «Schwabe» (Stück Reifen oder Stückchen Holz, das die Böttcher in den Schluß eines Reifens legen, wenn er zu weit ist — Ga).
 
Schwob III M.: «Küchenschabe» (Kerbtier).
 
Schwob IV (Dim. Schwebercher, Schweebcher): «frühere Kartoffelsorte».
 
Schwod M. und F. — s. Schluecht II.
 
Schwoër, Schwor (Pl. Schworen — Mosel: Schwoar, Echt.: Schwouer, Pl. Schwäier, Mittelsauer, Vianden: Schwar, Pl. Schwär) M.: «Schwager».
 
Schwonk M.: «Schwung» — eng Maschin an de Sch. kréien — a(n de) Sch. kommen — mat oder ouni Sch. — wa mir bis am Sch. sin, da fluppt et (bei der Arbeit, Ausgelassenheit) — hien as am Sch. (er hat einen Schwips) — cf. Schwank.
 
Schwonkrad N.: «Schwungrad».
 
Schwoud, Schwued M. — s. Schluecht II.
 
Schwuen (Wb.06), Schwuening (Ga) M.: «Feuchtigkeit, die aus neugebauten Häusern, Mauern zieht» (Ga).
 
Schwulitéit M.: «Schwulität» — mat denen Dommhete komme mer nëmmen a Schwulitéiten. [Bd. 4, S. 204]
 
Schwunn M. — s. Schwan.
 
Schwunnendall Stellenbez.: «Schwanenthal» (bei Hünsdorf, Gemeinde Lorentzweiler, Kanton Mersch).
 
Schwunnenhals M.: «Schwanenhals» (gebogene Röhre, bes. Brennerei).
 
se (zə) unbetonte Form für si (s. d.) F. Sing. und Pl., M., N., Pl.: «sie» — Rätsel: wa se kommen (kommen se), da kommen se nët, kommen se nët, da kommen se (Tauben — Erbsen).
 
Sebastian (Ton: 1 oder 2, ze-, se-, sə-, tse-) männlicher Vorname: «Sebastian» (s. Bastian — Patron der Schützenbruderschaft, Pestpatron, wird in Kopstal gegen ansteckende Krankheiten angerufen) — Kurzform (lok.): Sepp — cf. Bastian.
 
Sebastiaans- -dag (lok. Wiltz: Bastiani-, Sebastianidag) M.: «Festtag des hl. Sebastian» — Folkl.: In Echt. sammeln die Schulkinder (Jungen u. Mädchen) am 20. Januar Geld für zwei dicke Kerzen, die in Prozession vom Haus des Dechanten in die Kirche getragen werden — Bastianidag a Roschidag gin zu Wolz gefeiert; -lidd N.: «Lied zu Ehren des hl. Sebastian».
 
sëbtil (s-, lok.: Mosel, Ton: 2) Adj.: «kleinlich, genau, anspruchsvoll» — substant.: dat as där Sëbtiler een — cf. difficile, partickeleg, klenglech, zebedil.
 
sec (wie frz., Neol.) Adj.: 1) «nicht süß, trocken» — dee Wäin as s. (herb) — e secke Wäin (trockener Wein ohne Restsüße); 2) «pur, ohne Zusatz» — e Whisky s.
 
Sécateur (wie frz., auch: /tsekAtə:r, /tsekatε:r) M.: «Baumschere» — cf. Bamzaang, Bamschéier.
 
Sech N.: «Sech» (vom alten Holzpflug gesagt — C) dafür meist: Kolter I (s. d.).
 
sech (cf. LSA, Karte 49) Refl. Pron.: «sich» — cf. dech, mech.
 
Séchel F.: «Sichel» — fréier gouf d'Fruucht mat der S. geméit an och alt opgehuewen, haut gët d'S. nach gebraucht fir am Gaart d'Pied ze méien odder fir ze krauden — e Gesiicht wéi eng S. (ein hageres, auch: unfreundliches Gesicht) — Kinderreim: Méchel, kromm S. / kuck an d'Luucht, t' gët nei Fruucht / kuck an d'Lanter, 't gët Wanter / kuck an de Schnéi, 't gët Stréi — Zussetz.: Fruucht-, Gins-, Hecke-, Huewerséchel.
 
Séchelbeen Pl. N.: «krumme Beine».
 
séchelen, séchlen trans. Verb.: «sicheln» — a fréieren Zäiten as d'Fruucht geséchelt a geflaust gin — gefale Gras a Fruucht muss een sou haalwer mat der Séissel (erof-)s. (mühsam mähen) — e séchelt d'Ham esou (erof — schneidet den Schinken unordentlich — cf. garrelen) — Abl.: Geséchels N. — an der gefalener Fruucht gët dat e G. ouni Enn — wat as dat fir e G., gëf mir d'Messer heihin, du kanns jo keng Ham schneiden!
 
sécher (oft auch: sicher) Adj./Adv.: «sicher» — besonders: a. «zuverlässig, gesichert» — eng s. Plaz (Stelle) — dat as eng s. Saach, eng s. Affär — hien huet säi Geld s. ugeluegt — déi Firma as nët s. — déi do Suë sin äis s. — deen as esou s. wéi bor Geld — s. as s., mä gëf mer et schrëftlech — mir hun e séchere Bewäis an (der) Hand — lues, awer s., dat as wat zielt! — spaßh.: vun un, datt der Doud erfond as, as keen dës Liewes méi s. — am séchersten as een nach ëmmer doheem — fir s. ze sin (s. ze goen) gi mer emol äis selwer iwwerzegen; b. «fest, nicht (leicht) verrückbar» — déi Leder steet nët s., hal s' un, soss klammen ech nët op — hien as sénge(r) Konne s. — dat as eng s. Konn — deem sénger wire mer s., awer wéi as et mat denen aneren? — lo si mer ës s., wou mer et schwaarz op wäiss hun — en as nët s. op de Been; c. «nicht irrend, nicht fehlend» — e schéisst s. — beim Spiel: spill op s.! — e spillt de Bauer s. (auf der Kegelbahn) — 't as eng s. Flënt (sicherer Schütze) — en huet eng s. Hand (z. B. Arzt beim Operieren) — en operéiert s. — e séchere Goût (für Kleider) — e séchert Uurtel (Urteil) — e séchere Bléck — e séchert A (Auge); d. «gewiß, bestimmt» — as dat s. (wouer)? — as dat (doud-)s.? — kann ech s. dermat zielen? — et gët s. Reen (cf. auch sub e.) — du wäers awer (dach) s. kommen? — 't as méi wéi s., datt e kënnt — en as s. nët do — hie wäerd et jo alt s. maachen — bas de dénger Saach s.? — bas de dees s.? — wann s de nët s. bas, da looss et dervun — dat as esou s. wéi ech hei sëtzen (stin), wéi zwemol zwee véier as, wéi en Herrgott am Himmel as, wéi Amen (s. d.) am Gebiet, wéi Gaardenzëns — ech hat et fir s. a gewass gegleeft — fragend: sécher? — beteuernd: ma s.! — ma s. as et esou an nët anescht!; e. «wahrscheinlich, vermutlich, wohl» — du hues dech sécher [Bd. 4, S. 205] verdun, verkuckt (geirrt) — dee verleeft (verirrt) sech s. (nach) an der Stad, en as jo guer nët kënneg do — du wäers s. iwwer Metz op Paräis fueren — du fiirs s. heem (ich vermute, du fährst nach Hause) — du hues s. an der Lotteri gewonn, (datt s de sou spendéiers) — et wäerd s. nët esou kommen, mä et muss ee mat allem rechnen — substantiv.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut