LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Segens- bis Séiert (Bd. 4, Sp. 207a bis 208b)
 
Segens- -duch N.: «Velum, Segentuch»; -mass F.: «Segensmesse» (Wb.06).
 
séi, séif, sief, säif, sëf Imperativ zu sin (sein) — s. d.
 
Séi I M.: «See» — de ganzen Dall stoung ënner Waasser, 't wor eppes wéi e grousse S. — Zussetz.: Stauséi.
 
Séi- / séi- -adler M.: «Seeadler» (Haliaeëtus albicilla); -af M.: «Seeaffe» (Schimpfwort) — du roude S.! -draach M.: «Seedrache» (Schimpfwort) — cf. sub Draach; -fank M.: «Tiefgang des Schiffes, des Nachens»; -gras N.: 1) «Seegras» (Sostera marina) — S. gët geholl fir a Matrassen ze maachen — du fëmms eppes wéi S. — dazu: séigraassen Adj.: «aus Seegras»; 2) «zittergrasartige Segge» (Carex brizoïdes); -hond M.: «Seehund» — dazu: Séihondspelz M.; -kallef N.: «Seekalb» (Schimpfwort); -krank Adj.: «seekrank» — en as s. (spaßh. von einem Betrunkenen gesagt, der sich erbricht).
 
Séi II, Séit (Pl. nur Séiten, lok. Echt.: Si, lok.: Sich, Nösl. dafür-: Souch [-ç-], Kanton Redingen: Sou, Westen: Sout) F.: «unterirdischer Ablaufkanal, Abzugsgraben, Gosse» — bei Überschwemmungen: d'Atert (Attert) huet d'Waasser duurch d'Séiten eropgedréckt — Stellenbez. z. B. in Echt.: an der Mockesi, Mockeséi (schmaler Durchgang) — cf. Suckelséi(t).
 
Sei F.: «Seiher, Seihe» (für Flüssigkeiten; für feste Körper: Sift, Saft — s. d. — der Boden der Milchseihe bestand aus einem Leinenlappen, später aus feinem Drahtgeflecht) — schëtt de Kabes an d'S., da kann en oflafen;
 
Sei- -bar F.: «Seiher» (größere Schüssel aus glasiertem Ton oder aus emailliertem Blech, jetzt aus Aluminium oder Kunststoff, mit Löchern); -becken F., M. u. N. — s. d. Vor. (lok. Untersauer: Seibeck — Pl. Seibecken; lok.: Seibeggel, Seibeggen) — 't rënnt wéi eng S. — cf. Durechschlag sub 2), Gewëssen sub 1), Gesiicht sub 3), Verhalt, lächereg; -déch F.: 1) «Seiher» (lok.: Manternach — s. -becken); 2) (lok.) «Saugkorb der Pumpe»; 3) (lok.) M.: «Zwickel» — dafür meist: Géier; -duch N.: «Seihtuch» (zum Milchseihen); -schossel F.: «Milchseiher»;
 
Seid (phV. s. PaStu. Karte Nr. 13) F.: «Seide» — dat as richteg, natiirlech, pur S. — 't as gelleg S. — en as a S. a Samett gekleet — e stolséiert a S. a Samett dohier — 't as reng wéi S. — ech hu mech aus der Affär gezunn an dat reng wéi S. — do wäerd en sech keng reng S. spannen (nichts dabei gewinnen) — cf. kafen sub 1) — Zussetz.: Konscht-, Naturseid.
 
seideg, -ig (phV. s. sub Seid) Adj.: «seidig» — seidegt Hoër (Haare);
 
seiden (phV. s. sub Seid) Adj.: «aus Seide» — e seide(nt) Kleed — an engem seide(ne) Kleed — seide Strëmp — e seide(ne) Fischi — eng seide Kap (veraltet) — eng pur seide Blus — et geet e seide Fuedem derduurch (durch das Gewebe, den Stoff);
 
Seideneil F.: «Schleiereule» — cf. Schleiereil;
 
Seidepabeier M.: «Seidenpapier».
 
Seideschwanz M.: «Seidenschwanz» (Bombycilla garrulus) — cf. Peschtvull.
 
Séidraach, Zéi- M.: «Zedrach» (Melia azedarach) — cf. Siw(w)ebam.
 
seien (Part. Prät.: geseit, lok.: gesiën, gesijen) trans. Verb.: «seihen» — hues de d'Mëllech gesiën? — wat s de nët saffe kanns, solls d' och nët séichen ze s. (man soll sich nicht in Kleinigkeiten verlieren — C) — Mécke s. (dsgl.) — dazu: Seiecht (lok. Echt.: Saichicht) F.: «Menge, die man in [Bd. 4, S. 208] einem Mal seihen kann» — cf. z. B. Kachecht.
 
séien, séinen (Var.: Nösl., Echt., Rosport: siën — Konjug.: Part. Prät.: geséit, geséint — Nösl.: Ind. Präs.: ich siën, du siks, hä sikt, Konj. Prät.: ich sikt, Part. Prät.: gesikt — Echt.: Ind. Präs.: dou sichs, hee sicht, Part. Prät.: gesicht, gesit — Rosport: Part. Prät.: gesit) trans. Verb.: «säen» (Getreide und andere Samenkörner, Kunstdünger werden gesät, Knollengewächse sowie Bohnen, Erbsen werden gesat — s. setzen) — Spw.: wee séit, dee méit — Folkl.: beim Säen wird auf die Tagesstunden, Mondzeiten und die Sternbilder des Tierkreises geachtet, gesegnete Körner vom Krautwisch werden unter das Saatgetreide gemengt, vor oder nach dem Säen das Kreuzzeichen über das Feld gemacht — wann een dräi Panestäerzelcher (Bachstelzen) beienee gesäit, kann ee s. — s. goen, fueren — mat der Hand, mat der (Séi-) Maschin s. — de Mann séint: Komm erëm! (zu sich); d'Fra séint: Der Däiwel huet et! (weg von sich) oder: d'Maansleit s. zou der Hand, d'Fraleit vun der Hand — fréi s. (dat fréit S.) daagt näischt, de Buedem as dann nach ze kal — sträifeg s. — dënn, déck s. — d'Muurte mussen dënn geséit gin — Echt.: hee sicht ze louter (er sät zu dünn — cf. lauter sub 3) — séi nët ze déck! — Kuer, Weess s. — Tommesmiel, Kalisalz s. — Nösl.: ich sikt kee Klisom bei där Loft (cf. Kléisom sub 1) — d'Onkraut kënnt wéi geséit — übtr.: d'Gezei loug an der Stuff wéi geséit — déi gutt Frënn sin dënn geséit (sind selten) — si kënnen sech d'Déngschtmedercher bal s. (wenn die Dienstmädchen häufig wechseln) — ech hun d'Sue geséit (unterwegs [einzeln] verloren) — wou hues de déng siwe Saache geséint? — substantiv.: Séi(n)en N. — vum décke S. brauch keen d'Scheier ze héi(j)en (der Ertrag wird nicht durch dichtes Säen gesteigert) — Abl.: Geséi(n)s N. — Zussetz.: a-, verséi(n)en.
 
séier (Norden und Osten: siër, Vianden: sir — cf. LSA Karte 108, 151) Adv.: 1) a. «schnell» — e koum s. gelaf — wuer gees de sou s.? — maach dech s. ewech! — hien as him s. nogelaf — fuer nët esou s.! — maach, datt et der nët (e Strapp) ze s. geet! — 't goung e Strapp ze s. ('t goung an d'Box) — abweisend: sou s. geet et (och) nët! — e kënnt s. a sénger Aarbecht virun — en as s. fäerdeg mat sénger Aarbecht — looss e kommen, ech si s. fäerdeg mat him (mache keine Umstände, nehme keine Rücksicht) — s., s., soss geschitt en Ongléck! — Echt.: siër a kämools loos! — esou s. wéi de Wand, de Blëtz, wéi d'Kugel aus der Flënt, wéi d'Honn sech zerbäissen, wéi s de kucke kanns — spaßh.: 't geet wéi den Zuch, mä nët grad sou s. — dajee, méi s.! — maach s. virun, soss kréie mer den Zuch nët méi! — drohend: nun awer s.! — nu s. heem mat dir! — s. an d'Bett! — et gët ewell s. Nuecht — en huet (ze) s. gelieft (wenn jem. das Leben ausgekostet hat und jung stirbt) — cf. huerteg, schnell II, schëtzeg, schnorr, streng, wif — Preiss; b. Adj. — e séieren Zuch (beschleunigt, ohne Aufenthalt) — e séieren Autobus — e séiere Won (Auto mit hoher Geschwindigkeit) — substantiv.: Séieren M., Séiert N. — hien as och kee S.; Séiert F.: «Schnelligkeit» — et as an esou enger S. geschitt, datt déi meescht näischt an uecht geholl haten; b. «stark» — et huet s. gereent; 2) «sehr» (bes. in Höflichkeitsformeln) — et as s. schéi vun dénger Säit — dat as s. léif — lok. Redingen: si déiten dees nët s. laachen (sie dürften kaum darüber lachen — C) — in Ausrufen: s. gutt! —cf. ganz sub 6).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut