LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Séis(i) bis Zëkrëtariat (Bd. 4, Sp. 209b bis 210b)
 
Séis(i) weiblicher Vorname: «Susanna» — s. Susann.
 
séiss Adj.: «süß» — (esou) s. ewéi Hunneg, Mitt, Zocker — e séisse Béckelek — séisse Kabes — eng s. Drëpp — séisse Wäin, Viz — e séissen Apel — eng s. Bir — de Viz as nach s. — et as zevill, et as widderlech s. — übtr.: en as ze s., fir éierlech ze sin — substantiv.: Séisst N. — dat S. as nët gutt fir d'Gesondheet — huet (wëllt) Dir dat S. gär? — déi dat S. gär hu, si gutt Männer — Dir wëllt jo dees Séissen? — e verleit näischt Séisses; — iron.: Séissen M.: 1) «Mann, der Süßigkeiten liebt» — lok. Grevenmacher: holl en (heirate ihn), 't as e S.; 2) «gezierter Mann» — Zussetz.: batter-, sauerséiss;
 
Séiss- -apel M.: «Süßapfel» (Wb.06); -holz N.: 1) «Süßholz» (Glycyrrhiza glabra) — eng Staang S.; 2) «süßholzblättriger Tragant» (Astragalus glycyphyllus); 3) (lok., z. B. Tintingen, belg. Provinz Luxemburg) «Lakritze»; -piech (lok.: Arlon) M.: «Lakritze» — cf. Kar(r)itz, Lakritz, Mokuch; -wuurzel F.: «Tüpfelfarn» (Polypodium vulgare) — dafür auch: Engelséiss.
 
Séissegkät, -keet (meist im Pl. Séissegkäten) F.: «Süßigkeit» — en ësst gär Séissegkäten.
 
Séissel F. — s. Séissen. [Bd. 4, S. 210]
 
séisselzeg, -ig Adj.: «süßlich».
 
séissen trans. Verb.: «süßen» — den Zocker séisst nët méi wéi fréier, mengen déi al Leit — dazu: geséisst Verbadj. — geséisste Wäin — Zussetz.: verséissen.
 
Séissen, Séissel (Var., Echt.: Sinz, Sinzel, Ösling: Säässel, Nösl.: Säässen) F.: «Sense» — Sensenteile: Wuurf mat Graff (Kréck, Krätsch s. d. sub 2), Blat, Ham, Hamrank, Séisselrank (cf. Flaus sub 1) — mat der S. méien — d'S. schwenken (mähen) — d'S. klappen, schläifen — d'S. muss gehäert gin, wann se den Dadder (s. d. sub 1) huet — e Gesiicht wéi eng S. (hageres Gesicht) — Ra.: et kënnt een eng S. op séngem Bauch klappen (so viel hat er gegessen) — mat Séissele méit mer d'Gras a mat Séchele schneit mer d'Kuer (Ga) — Kinderreim: Méchel, klapp d'Séchel, klapp d'Sinz, 't geet an de Ginz — Zussetz.: Fruucht-, Ginste-, Hädséissel;
 
Séissel- -blumm, Séisseblumm F.: «gemeiner Reiherschnabel» (Erodium cicutarium); -geschir N. — s. Hargeschir; -hummer M.: «Dengelhammer»; -rank M.: «Eisenring, dient zum Befestigen der Sense am Wurf» — dafür auch: Hamrank — cf. Ham II; -stack M. — s. Harstack; -wuurf M.: «Sensenwurf».
 
Séisslek I (C) M. — s. Sesslek.
 
Séisslek II M.: «Wiesenbocksbart» (Tragopogon sp. — von Kindern zum Essen gesucht — C).
 
Séisst F.: 1) «die Süße» 2) (auch N.) «Milz des Schweines» — cf. Sesslek, séiss.
 
Séit F. — s. Séi.
 
SéiwekM.: «Sechholz am alten Holzpflug» (das zum Richten der Pflugschar diente) — cf. Plou sub 1).
 
Séiwer M.: «Rinnsal» (lok.) — et as emol nach kee S. dee leeft (Trintingertal — cf. Oder sub 2) a.
 
séiwerens. säfferen.
 
séizen, säzen intr. Verb.: «nach Urin, Abwasser riechen».
 
Sekond, Sekonn, Sekund (sə-, zə), Zekond, Zekund (tsə-) F.: «Sekunde» — an (op) der, an enger S. wor en erëm — eng S.! (einen Augenblick, bitte!) — dazu: Sekonnen- Sekundenzäer M.: «Sekundenzeiger».
 
Sekréit (sə-), Sakréit, Zëkréit (Ton: 2) M.: 1) «Abort»; 2) (lok.: Bodange, belg. Prov. Lux.) «Menschenkot».
 
Secret (wie frz., Ton: 1), Zëkrä (Ton: 1) M.: 1) «Geheimnis, Geheimsache»; 2) a. «Geheimfach»; b. «(Geheim-)Code» — de S. vun engem Kofferfor (Coffre-fort).
 
Sekretär (səkrə/tε:r), Zëkrëtär, Secrétaire (wie frz.) M.: 1) «Schriftführer» — de S. vum Veräin — Zussetz: Gemenge-, General-, Staatssekretär — cf. Schreiwer; 2) «Schreibschrank».
 
Sekretariat (səkrətAri/a:t), Zëkrëtariat N. u. M.: «Sekretariat».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut