LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Séisslek bis Sëlwer- / sëlwer- (Bd. 4, Sp. 210a bis 211b)
 
Séisslek II M.: «Wiesenbocksbart» (Tragopogon sp. — von Kindern zum Essen gesucht — C).
 
Séisst F.: 1) «die Süße» 2) (auch N.) «Milz des Schweines» — cf. Sesslek, séiss.
 
Séit F. — s. Séi.
 
SéiwekM.: «Sechholz am alten Holzpflug» (das zum Richten der Pflugschar diente) — cf. Plou sub 1).
 
Séiwer M.: «Rinnsal» (lok.) — et as emol nach kee S. dee leeft (Trintingertal — cf. Oder sub 2) a.
 
séiwerens. säfferen.
 
séizen, säzen intr. Verb.: «nach Urin, Abwasser riechen».
 
Sekond, Sekonn, Sekund (sə-, zə), Zekond, Zekund (tsə-) F.: «Sekunde» — an (op) der, an enger S. wor en erëm — eng S.! (einen Augenblick, bitte!) — dazu: Sekonnen- Sekundenzäer M.: «Sekundenzeiger».
 
Sekréit (sə-), Sakréit, Zëkréit (Ton: 2) M.: 1) «Abort»; 2) (lok.: Bodange, belg. Prov. Lux.) «Menschenkot».
 
Secret (wie frz., Ton: 1), Zëkrä (Ton: 1) M.: 1) «Geheimnis, Geheimsache»; 2) a. «Geheimfach»; b. «(Geheim-)Code» — de S. vun engem Kofferfor (Coffre-fort).
 
Sekretär (səkrə/tε:r), Zëkrëtär, Secrétaire (wie frz.) M.: 1) «Schriftführer» — de S. vum Veräin — Zussetz: Gemenge-, General-, Staatssekretär — cf. Schreiwer; 2) «Schreibschrank».
 
Sekretariat (səkrətAri/a:t), Zëkrëtariat N. u. M.: «Sekretariat».
 
Sekretärin (səkrə/tε:rin), Zëkrëtärin F.: «Sekretärin».
 
Sekt (s-, z-) F.: «Sekte» — vu wat fir enger S. sin déi do dann?
 
Sektioun (s-), Zektioun F.: «Sektion» — d'Gemeng huet sechs Sektiounen — hien as an der wëssenschaaftlecher (mathematescher) S. (am Kolléisch).
 
Sektiounschef (s-) M.: «Sektionschef» (Mil., Scoutbewegung).
 
Sekurist (sə-, tsə-) M.: «Sanitäter beim Zivilschutz».
 
Selektioun (s-, ts-) F.: «Selektion, Auswahl».
 
selektionnéieren (s-, ts- — bes. Sportsprache) trans. Verb.: «selektionieren» — en as nët selektionnéiert gin (nicht in die engere Wahl gekommen, nicht zur Teilnahme zugelassen worden).
 
selen (lok. Var.: sielen, Nösl.: sälen) Adj./Adv.: «selten» (neuerdings in Städten oft: selten) — e selene Fall (lok.: e sele Fall) — eng sele Kränkt — et as s., datt een sech heihi verleeft (hier vorbeikommt) — 't as him nach s. eppes feelgeschloen — e geet s. eraus — et héiert ee s. eppes Gutts — et gesäit een dech s. — ech hu mech nach s. gëiirt — en Ongléck kënnt s. eleng — deen as s. anniichter — cf. rar — reiden, haart sub 1) — substantiv.: dat as eppes Selenes.
 
Selenhät, -heet F.: «Seltenheit» — cf. Rartéit.
 
Selefrou M.: «Seltenfroh» (freudloser Mensch).
 
Sëll I F. — s. Sail.
 
Sëll II F. — s. Seil.
 
Sëll III ON.: «Säul» — Dorf und Gemeinde Säul, Kanton Redingen — 302 — gelegtl. auch: Sail.
 
sëlleg, -ig, sëlléchen, sëllichen (oft mit best. und unbest. Artikel oder Demonstrativpron.) Num., Adj., Adv.: «viel, sehr» — 't ware sëlleg (vill) Leit do — e sëlléche Leit woren do — 't sin der e sëlléchen (viele Leute) — ech hu mech gefrot, wou kommen déi sëlleche Leit nëmmen all hier? — e [Bd. 4, S. 211] (dat) sëlleg(t) Geld — sëlleg vill — e sëlleg vill Geld — 't as e sëlléche vill — en huet mer e sëlléche gefléift — e wousst e sëlléchen z'erzielen — wat maache mer mat dene sëlléchen Äppel (alleguer)? — wat maachen se mat deem sëlléche Geld? — Echt.: 't läit mer nët de sëlligen droan (es liegt mir nicht viel dran) — méng sëlléchen Aarbecht — elauter an e sëlleg Gedeessems — d'Schwäin as nët sëlleg (sëlléche) fett.
 
Selschent ON.: «Selscheid» — Dorf der Gemeinde Eschweiler, Kanton Wiltz — 47.
 
selwecht Pron.: «selb, gleich» — vor allem mit Artikel (Demonstrativpron.): dee (de) selwechten (derselbe), déi selwecht (dieselbe, dieselben), d'selwecht (dasselbe) — Frage: wien huet dat gesot? Antwort: dee (de) selwechten, dee freet — en as nët esou domm, dee selwechten — hatt huet dee selwechten Hutt op wéi s du — hien as nët méi dee selwechten (ewéi soss — charakterlich, leistungsmäßig) — et sin ëmmer déi selwecht, déi mussen duerhalen — hatt huet mer déi selwecht Äntwert gin wéi s du — dat selwecht as mir och geschitt — hatt as ëmmer dat selwecht — ech hätt gär vun der (deer) selwechter Ham — gët mer vun dem (deem, vum) selwechten (von derselben Art, Sorte) — 't kënnt vum selwechten, an 't geet vum selwechten (Gleichheit der Menschen) — wann et Iech d'selwecht (einerlei) as, ech hun näischt dergéint — 't as him alt d'selwecht (genau so) wéi denen anere Leit — am selwechten (zu gleicher Zeit, gleichzeitig) — et geet am selwechten (dafür auch: an engems) — cf. nämm(e)lech(t).
 
Selwen M. — s. Sälem(t) — lok. im Wortspiel: dat geet vum S., soen d' Wiewer (Selwen und vum selwen — von selbst) — dafür auch: Hielem(t) (s. d.) — lok. Echt.: Sëlment.
 
selwer (lok.: sellewer, lok. Echt. [selten]: sellef, lok. Rümelingen: self) Pron. (adverbial gebraucht): «selbst, ohne Beihilfe, ohne Zutun» — ech hun dat alles s. gemaacht — de Papp as selwer komm — kann ech mam Här (Chef) schwätzen? Antwort: s., auch: ech sin et s. — ech si s. komm, ech hun den Här doheem gelooss — ech s. wosst et emol nët — ech s. hun (ech hu s.) dru gegleeft — Echt.: en hoat säi sellef (sich selbst) nët mi kannt, esu voll (betrunken) war en — hien as haut esou granzeg, e kann sech s. nët leiden — en as sech s. nët gutt (schädigt sich) — du hues et s. gesot, gemaacht — en as mat sech s. oneens, am Sträit — Ra.: gëf dem Jong e Steiwer (Stüber) a géi s. — wann s d' eppes gemaacht wëlls hun, da maach et s. — e schwätzt mat sech s. — huel (s. sub huelen) dech s. mat der Nues — hien as d'Guttheet, d'Dommheet s. — 't schmaacht näischt besser wéi dat, wat ee s. ësst — friesst ären Dreck s.! — et deet mer jo s. leed — et huet kee Wäert sech s. ze beléien! — d'Kanner woren sech s. iwwerlooss — et versteet sech vum selwen, vu selwer — 't geet vum selwen — huel dat Bescht un, dat Schlecht kënnt vum selwen — wann s de der emol s. däi Brout verdéngs, wees de wéi et am Liewen as — dat as s. gemaachte Kéis (cf. hausmaachen) — s. gezillt(e) Grompren, Geméis — spaßh.: s. geluegt Äer — dat hänkt vun dir s. of.
 
Sëlwer N. und M.: 1) «Silber» (Metall) — am pure, am echte S. — blénkeg(t), blénkege S. — matt S. — si hu Läffelsgeschir am echte S. — et blénkt ewéi S. — elauter Gold a S.; 2) «Tafelsilber» — si hun hire (hiirt) S. verkaaft — cf. versëlweren.
 
sëlwer Adj.: «silbern» — eng s. Auer, Ketten, Coupe, Posch — e s. Bläistëft (silberner Bleistiftträger) — eng s. Medail — s. Hochzäit — e s. (sëlwer[n]e) Plateau — e s. Schong (silberfarbener Schuh) — Abzählreim: . . . s. Schanken, Oni, Mani . . . (cf. MKr. Nr. 396).
 
Sëlwer- / sëlwer-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut