LWB Luxemburger Wörterbuch
 
senkelen bis Seri (Bd. 4, Sp. 213a bis 214a)
 
senkelen trans. Verb.: «ins Lot bringen».
 
senkeg, -ig Adj.: «abfallend».
 
senken (lok.: sénken, sinken — Part. Prat.: gesenkt) trans./refl. Verb.: «(sich) senken» — d'Mauer huet sech gesenkt — mir mussen de Buedem s. (tiefer legen) — mir s. déi Säit (am Kleed) eng Grimmel, da sëtzt et — Zussetz.: versenken.
 
sénken (Part. Prät.: gesonk) intr. Verb.: «sinken» — ech si bal an de Buedem gesonk vu Schimt — Zussetz.: a-, versénken.
 
Senkung, Senkong F.: «Senkung» (Med.) — Zussetz.: Mosenkung.
 
Sënn I F. — s. Sënd.
 
Sënn II (auch mit gedehntem «n» — cf. Sann) M.: 1) «Sinn, Wert, Zweck» — wat hues de nëmmen am S.? — hien huet keng gutt am S. — et huet nët vill S., fir ze reklaméieren — wat s du do méchs huet jo glat a guer kee S. — d'Leit verstinn de S. (Bedeutung) vun der Saach nët — hien huet kee S. dofir — dat huet jo alles kee S. — dat Gerieds huet kee S. — looss e gewäerden, en as guddes Sënns — ech sin aneres Sënns gin (cf. Sanns); 2) «Sinnesorgan» — Echt.: en as seiner fënnef Sënner nët mi Määster — en huet séng Sënner nët méi all beieneen.
 
Sennéng(en) ON.: «Senningen» — Dorf der Gemeinde Niederanven, Kanton Luxemburg — 435.
 
Sennéngerbierg Ortsbez.: «Senningerberg».
 
sënneren trans. Verb. «aussondern, auslesen» — Boune, Grompre s. (nach Größe, Qualität, als Saatgut usw.) — Schulspr.: et as al ënnert hinne gesënnert gin — Zussetz.: ofsënneren.
 
Sënnermaschin F.: «Sortiermaschine, Auslesemaschine für Kartoffeln usw.» — cf. Trieur.
 
sënnerlech, -ich (lok.: séinerlech, sonnerlech) Adj./Adv.: 1) «wunderlich, seltsam» — dat do as e sënnerleche Kauz (sonderbarer Mensch) — en hat eng s. Freed — al Leit sin ëmmer eppes s. — substantiv.: Sënnerlechen M., Sënnerlecht N. — cf. droleg, absënnerlech, wënnerlech; 2) Adv.: «besonders» — ech si kämools s. frou mat deem Kleed gewiescht — de Kuch as dës Kéier s. schlecht geroden — en as nët s. krank, gescheit — de Freideg as dach nawell s. (der Freitag ist doch ein besonderer Tag).
 
Sennesblieder N. Pl.: «Sennesblätter» (Cassia sp.) — dafür auch: Zënneblieder.
 
Sens (lok. Var. Vianden) — s. Séissel.
 
sesibel Adj.: 1) «empfindlich» — sief nët esou s. — s. am Iessen — cf. krid(d)eleg sub 1), pipeg sub 1), ëmpfënterlech; 2) «merklich» — 't as kee sesiblen Ënnerscheed.
 
Sënt (s-) — s. Sankt, Zënt.
 
Sënter I, Sënternol M.: «Nagel von besonderer Form um die Verdichtung in den Fugen der Schiffsbretter zu sichern» (eine handgeschmiedete Eisenplatte, 5 cm lang, 1 mm dick mit einer quergeriffelten Fläche; die Platte hatte an den beiden Längsflächen eine ohrähnliche Ausbuchtung, genannt d'Méck [Mücke]; die elliptische Form der Sënterneel trug ihnen auch den Namen Kobenauen [Raben-, Krähenaugen] ein; sie dienten dazu, das gebrauchte Moos [als Abdichtungsmaterial] festzuhalten, zu befestigen und das Eindringen des Wassers in das Boot zu verhindern).
 
Sëntereisen N.: «Werkzeug zum Eintreiben der Sënterneel».
 
Sënter II (Westen: Séinter) M.: 1) «Sinter, grober Schlackensand» — [Bd. 4, S. 214] mam S. gouf rau beworf; 2) a. «Rückstand, Bodensatz»; b. «Abfall beim Schmieden» — cf. Hummerschlag sub 2), gesintert.
 
sënteren I trans. Verb.: «den Nachen mit Sënterneel beschlagen».
 
sënteren II (lok.) intr. Verb.: «glimmen» — s. saut(e)ren.
 
Sepp(i) männlicher Vorname, Var. zu Josef oder Sebastian.
 
September, Settember (z-,s-,ts-) M.: «September» — ältere Bez.: Huewermount — Bauernspruch: S. kloer, fruchtbaart Joer — S. klar, wuesbert Jar — bléist am S. den Hiirt an d'Huer, dann heescht et Bauer, séi däi Kuer.
 
September-reen M. — in dem Bauernspruch: S. as dem Bauer geleen, dem Miseler nët gebroden, dem Wäin Gëft.
 
Septième (wie frz., Ton: 1) F.: «Septima» (erste Gymnasialklasse) — en as op (der) S. — en as nët iwwer d'S. eraus komm.
 
Sequester (s-, auch: Zequester) M.: «Zwangsverwaltung» — ënner S. stoen — en as nach nët am S. eraus — e schafft am S. (Sequesteramt).
 
Serafin (Ton: 1) weiblicher Vorname: «Serafine» — dafür auch: Sëffi.
 
Sëréck (Ton: 1, lok.: Mosel) ON. — s. Sierck.
 
Serféng (s-, Ton: 2) M.: «Kleeart, Steinklee» — cf. Kléi, Stäkléi.
 
Serge (wie frz.), Zersch I F. u. M.: «Serge» (Stoffart).
 
Serge (wie frz.), Zersch II männlicher Vorname: «Sergius».
 
Serjhant (s-), Zerjhant I M.: «Sergeant» (Mil.).
 
Serjhant (s-), Zerjhant II M.: «Zwinge» — frz. serre-joints.
 
Seri (s-),

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut