LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zerwiss bis Setzer (Bd. 4, Sp. 214b bis 216b)
 
Zerwiss (Ton: 1) Höflichkeitswort: «zu Diensten, gerne zu Diensten» — Merci! Antwort: s.! (bitte! — auch: 't as gär geschitt!).
 
serviteur (wie frz.), servitär (auch: zër-, zer-) in dem Ausdruck: an domat s.! (und damit basta!).
 
Servitut (s-) F. — s. Zervitut.
 
Serwant (s-) M. — s. Zerwant.
 
Sëschter F.: «Schwester» — s. Schwëster.
 
cëssa, cessa (/səsA, /sεsA — Ton: 1 oder zweitonig — frz.: c'est ça — auch: cësla — /səslA — frz.: c'est cela — Ton: 1) Adv.: «richtig, stimmt».
 
Sessioun, Zessioun F.: «Session, Sitzungsperiode» — eng gewéinlech S. — Zussetz.: Examenszessioun.
 
Sesslek M.: «Lebernetz» (Wb.06 — C: Séisslek).
 
Sëtz (Pl. Sëtzer, als Mengenbez. auch: Sëtz — in der 1. und 2. Bed. auch F.) M.: 1) «Sitzplatz, Sitzgelegenheit»; 2) «Sitzfläche» — de Stull huet e S. vu Lieder — d'Sëtzer si gepolstert; 3) «Gesäß» — ech hun de S. wéi vum ville Sëtzen; 4) «Wohnsitz, Firmensitz» — d'Firma huet hire S. zu Esch; 5) «Mandat, Sitz» — hir Partei huet fënnef Sëtzer am Gemengerot — et si véier Sëtz(er) am Comité ze verginn — cf. Siess;
 
Sëtz- -fäss-chen (lok.: Binsfeld) N.: «Art Kinderstühlchen»; -fleesch N.: «Sitzfleisch» (Ausdauer zum Sitzen) — en huet kee S.; [Bd. 4, S. 215] -geleënheet F.: «Sitzgelegenheit» — auch kurz: Sëtz (s. d. sub 1); -lieder N. — s. -fleesch; -plaz F.: «Sitzplatz»; -recht N.: «Sitzrecht» — S. a Stëmmrecht hun.
 
Sëtzong, Sitzung F.: «Sitzung» — Zussetz.: Gemengeroots-, Chabersëtzong.
 
Setz (lok. Echt.: Seez) F.: 1) a. «Triebel» (Küferspr.); b. «Richtstock des Klempners» — cf. Riichtstack; 2) Kurzform für: Setzwo (Setzwaage) — et as an der S.; 3) a. «das Pflanzen, die Pflanzzeit» — d'S. vun de Grompren — Zussetz.: Boune-, Grompresetz; b. «Saatkartoffel» — s. Setzgromper; c.s. Setzholz;
 
Setz- -eisen N.: «Vorreißer der Zimmerleute»; -ënnen F. Pl.: «Steckzwiebeln»; -feler M.: «Setzfehler» (Druckerspr.); -gezei N.: «Setzlinge»; -gromper F.: «Saatkartoffel» (kurz: Setz — s. d. sub 3)b.) — d'Setzgromper(e) sin ze déck — cf. Saz; -gromperegenossenschaft F.: «Saatkartoffelgenossenschaft»; -holz N.: «Pflanzholz» — dafür auch kurz: Setz, weiter: Péikel, Plänzer; -maschin F.: 1) «Setzmaschine» (Druckerspr.); 2) «Kartoffelsetzmaschine»; -planz F.: «Pflänzling»; -plou M.: «Art Hobel»; -poul M.: «Pflanzholz» — s. -holz; -rommelen Pl. F.: «Setzrunkeln» — cf. -gezei; -wo F.: «Setzwaage» — cf. Waasserwo — cf. Setz sub 2).
 
Setzbaach Bachname bei Arlon: «Setzbach» (heißt später: Semois).
 
setzen (lok. z. B. Echt., Grevenmacher, Rosport, Vianden: sezen — Ind. Prät.: ech sat, Nösl.: ich satt; Konj. Prät. [Nösl.]: ich setzt; Part. Prät.: gesat, Nösl.: gesatt) trans. Verb.: 1) «setzen, hinstellen» (neuerdings im Sprachgebrauch auch: stellen) — setz de Stull op d'Säit! — setz d'Telleren op den Dësch! — setz d'Blummestäck virun d'Dir an de Reen! — e krut de Stull virun d'Dir gesat (er wurde entlassen, des Hauses verwiesen) — si hun e virun d'Dir gesat (hinausgeworfen) — ech hun alles op d'Kopp gesat an näischt erëmfond — wat hun ech deen al op d'Dëppe gesat! (zurechtgewiesen) — sech a Positur (s. d.) s. — hien huet sech an e gemaacht(ent) Nascht gesat — gesat de Fall . . . — de Fall gesat . . . — Kanner op d'Welt s. — cf. Bam sub 3), Dir, Flou, Fouss sub 2)a., c., Geck sub 3), Gaascht sub 1), Guergel sub 1), Hues sub 1), Hunn sub 2), hënnescht sub 1), Lach sub 1),II, Pawä, Plaz sub 2)c.; 2) «setzen» — engem den Tëppel op den I setzen — huet der ewell eng Kluck gesat? (ein Huhn zum Brüten auf die Eier gesetzt?) — d'Kluck huet sech selwer gesat — Stréck s. (Schlingen stellen) — de Plou s. (den Pflug richtig einstellen) — dat setzt een nët op (das hilft nicht weiter — C für Ösling) — engem e Koup virun d'Dir s. (aus Verachtung) — engem Kand eng Boun (s. d. sub 5) s. (mit dem Daumen hinter das Ohr drücken, bis es ein wenig wehtut u. das Kind aufschreit) — mir musse frësch s. (beim Geldspiel: einsetzen) — (cf. sazen) — op eppes (op e Päerd) s. — übtr.: op e falscht Päerd s. — en Text a Musek s. — wéini fänkt der un ze s.? (Druckerspr.) — engem eppes an de Kapp s. (zu etwas anleiten, anstiften, verführen, jem. etwas glauben tun) — de Kapp, d'Liewen op (an) d'Spill s.; 3) «pflanzen» — Grompre, Boune, Ierbësse s. — Bäm s.; 4) «schränken» — eng See (Säge) s.; 5) refl.: a. «sich setzen, Platz nehmen» (dafür auch gelegtl.: sëtzen) — ech setze mech nët mat him un een Dësch — wann der d'Zäit (ze) laang gët, dann diebel se a setz dech drop! — d'Kanner s. sech an d'Bänken — setz dech op d'Knéien! (zur Strafe) — setz dech odder wiiss (wächst) de nach gär? — ech musst mech s., sou schlecht wor et mir op eemol gin — setz dech fir d'éischt (ehe man eine unerwartete oder unangenehme Begebenheit erzählt) — Aufforderung zum Platznehmen: setzt (sëtzt) Iech! — auf die Frage: wuer soll ech mech s.? die spaßh. Antwort: setz dech op den Hënner, setz dech, wuer d'Braut sech gesat huet, setz dech op d'Fauscht! — ech hat mech bal op den Hënner gesat, wéi ech de Präis héieren hun — en huet sech tëscht zwéi Still an den Dreck gesat — a wann s de dech op d'Kopp setz, et geet nët — en huet sech dat an de Kapp gesat; b. «sich widersetzen, sich auflehnen» — de Jong huet sech géint säin egene Papp gesat; c. «sich absetzen, sich klären» — looss den Téi sech s.! — de Kaffi setzt sech nach, waart eng Grimmel! — maach emol eng Paus, datt d'Iessen sech setzt! (bei einem reichlichen Essen); d. «sich senken, [Bd. 4, S. 216] einsinken» — d'Mauer huet sech gesat; e. «sich selbständig machen» (Wb.06) — sech op sech s. — Zussetz.: a-, aus-, bäi-, be-, durech-, ëm-, eraus-, erof-, op-, u-, ver-, vir-, zesumme-, zousetzen.
 
sëtzen (Konjug.: Ind. Präs.: du sëtz, hie sëtzt; Ind. Prät.: ech souz, souss, Vianden: souss, suess (Engel mann), Nösl., Rosport, Echt., Grevenmacher: ich, ech sutz; Konj. Prät.: ech séiz, séiss; Nösl., Grevenmacher: ich, ech sitz; Part. Prät.: gesiess; Nösl., Esch a. d. Alz.: gesääss, Mosel: gesäess, Grevenmacher: geseess; Vianden [Engelmann: gesiesst]: gesiess) intr. Verb.: «sitzen» — de Kitschner sëtzt um Bock — de Pätter sëtzt de ganzen Dag hannert dem Uewen— déi (Fra) sëtzt de ganzen Dag hannert der Rido (ze kucken) — von dem nichtverheirateten Mädchen gesagt: haut sëtzt et um Affener (s. d.) Weier — e sëtzt op enger Masar (er wohnt in einer Mansarde) — si souze lounsweis op enger Masar — mir souze schon um Dësch, wéi hie koum (wir saßen schon bei Tisch) — en huet sech den Aasch wond gesiess — du souz ech do ze s. (saß ich wartend da) — e sëtzt do wéi e Stéck Holz (wéi wann d'Hénger em d'Brout geholl (gestuel) hätten, wéi op gliddege Kuelen, wéi op d'Dëschtelen an Där, wéi (d)e Vull um Räis, wéi d'Kaz op engem Schläifsteen, wéi e bréiecht Hong, wéi en Hunn (s. d.) um Fruuchtkaascht, wéi e Kéipche Misär, wéi e Schneider, wéi der Mamm (engem Engel) om Schouss (geborgen), wéi e Minnichshär, wéi e Pascha — looss d'Meedchen dach nët esou an der Péng (s. d.) s.! — e sëtzt um Dréchenen (auf dem Trockenen) — e sëtzt tëscht zwéi Still (am Dreck — er sitzt in der Klemme) — e sëtzt an der Schold bis iwwer d'Oueren (er ist tief verschuldet) — e sëtzt am Misär — e sëtzt de ganzen Dag um Hais-chen — hatt sëtzt um Gäipestillchen (wartet auf einen Mann, auch: spielt Mauerblümchen) — e sëtzt nët fest am Suedel (seine Stellung ist nicht gesichert) — e sëtzt (am Prisong, am Duckes, am Gronn — im Gefängnis) — dofir muss e s. (ins Gefängnis) — en huet e Jor ze s. (ein Jahr Gefängnis abzusitzen) — en huet gesiess (saß im Gefängnis) — Beicht s. — e Fascht, ee quiesch s. hun (schlecht gelaunt sein) — wann hien e Fascht quiesch s. huet, da läit en de ganzen Dag am Bett — den Nol sëtzt fest — e sëtzt fest (z. B. mit dem Nachen, dem Auto) — de Kostüm sëtzt gutt, guer nët, schlecht — 't huet laang gedauert, ir en et bekäppt hat, ma elo sëtzt et — roueg, soss hues de geschwënn eng s.! (werde ich dir eine herunterhauen) — déi sëtzt (von einer Ohrfeige, auf der Kegelbahn: hat getroffen) — Sportspr. (Fußball): dee sëtzt! (Tor!) — hien huet eng fatzeg s. (er ist sehr betrunken) — wou sëtzt et dann? (wo fehlt es?) — eppes (et) s. hun (intelligent, reich sein) — et géint ee s. hun, et op ee s. hun (jem. feindlich gesinnt sein) — hien huet et al géint (op) mech s. — hien huet et déck (al) s. (er trägt schwer daran) — de Jong, d'Meedche kënnt gutt sëtzen (heiratet in ein wohlhabendes Haus ein, in sympathische Familie, freundliche Umgebung) — ëmmer op engem s. (jemandem aufsässig sein — cf. reiden, dirängelen) — substantivisch: Sëtzen N. — wat as dat e(nt) S.! (langweiliges Sitzen) — dat as alt esou e S.! sëtze bleiwen 1) «sitzenbleiben, nicht aufstehen» — hien as stäif (roueg) sëtze bliwwen — e blouf stackstäif s. — en as op senger Mëscht sëtze bliwwen (auf dem Lande geblieben); 2)Schulspr.: «nicht versetzt werden»; 3) a. «keinen Mann bekommen»; b. «auf einer Tanzpartie Mauerblümchen sein»; 4) «nicht explodieren, nicht zünden» — de Schotz as sëtze bliwwen; 5) «umkommen» — (Bergbau: wenn der Bergmann es unterläßt, das sich lockernde Dach des Stollen zu fangen (fänken), das ist zu stützen, zu verbauen, dann geschieht es wohl, daß er selbst sich fänkt oder, daß er sëtze bleift) — hien as am Houscht sëtze bliwwen — en as am Schlag sëtze bliwwen; 6) — en as op sénge(r) Wuer(e) s. bliwwen (er hat nichts verkauft); sëtze loossen 1) «sitzen lassen» — hien huet mech an der Haaptaarbecht (schéi) sëtze gelooss (im Stich gelassen); 2) — e Meedche (an der Schan) sëtze loossen (nicht heiraten) — cf. sëtze bleiwen sub 3)a.; 3) Schulspr.: de Schoulmeeschter huet e sëtze gelooss (nicht versetzt) — cf. sëtze bleiwen sub 2); Zussetz.: a-, op-, usëtzen.
 
Sëtzes N.: «Platz zum Sitzen, Sitzgelegenheit» — 't as kee S. hei.
 
Setzer M.: 1) «Schriftsetzer» (Druckerspr.); 2) «Setzholz» — cf. Setzholz.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut