sëtzenSëtzensëtze bleiwensëtze loossenSëtzesSetzerSetzerlounSetzleksisisiameseschScierieSciatiqueZiatickSichSichsichensiche goen, kommen, schéckenGesichsSiche(n)-SichegaasSichegrondSichenhaffSichenhäfferche(r)sdagSichenhäfferche(r)skiirmesSichenhielSichepuertsicherSicherheetSicherleitsdagSicherongsspéngelSicherungSichtSiddelSiddekarsiddelech, siddlechsidd(e)rensidderzensiechtsiechzegsiechzéngsiechzéngtensiedegen, siedéchengesiedegtSiedel, Sedelsiedelen, suedelenSiedler, SaadlerSiedesaksiefsiemelensiemerenSierck, SëréckSieschter, SiestersieschterenSieschterkuerfSiess, Seess, SäässSiess(e)lechSiff, Sift, Saff, Saftsiffen, siften, saffen, saftenGesif(t)s, Gesaf(t)sGesaftenSiffduchSiffongSigelSigel-SigellackSigelrankSigelrénksigelenSignalSinjal, SinialSignalpäifsignaléierenSignalementSinjalementSignatureSinjaturSiibchen, SibchenSiichekränktSiichtSiichtsiichzenSiiftSiiftSiiftjen, -chensiiftSiifterSiinchensiintSilb, SillebSilenzZilenzSillSillsekelchenSillenSillschäitSiloZiloSiluettZiluett | sëtzen (Konjug.: Ind. Präs.: du sëtz, hie sëtzt; Ind. Prät.: ech souz, souss, Vianden: souss, suess (Engel mann), Nösl., Rosport, Echt., Grevenmacher: ich, ech sutz; Konj. Prät.: ech séiz, séiss; Nösl., Grevenmacher: ich, ech sitz; Part. Prät.: gesiess; Nösl., Esch a. d. Alz.: gesääss, Mosel: gesäess, Grevenmacher: geseess; Vianden [Engelmann: gesiesst]: gesiess) intr. Verb.: «sitzen» — de Kitschner sëtzt um Bock — de Pätter sëtzt de ganzen Dag hannert dem Uewen— déi (Fra) sëtzt de ganzen Dag hannert der Rido (ze kucken) — von dem nichtverheirateten Mädchen gesagt: haut sëtzt et um Affener (s. d.) Weier — e sëtzt op enger Masar (er wohnt in einer Mansarde) — si souze lounsweis op enger Masar — mir souze schon um Dësch, wéi hie koum (wir saßen schon bei Tisch) — en huet sech den Aasch wond gesiess — du souz ech do ze s. (saß ich wartend da) — e sëtzt do wéi e Stéck Holz (wéi wann d'Hénger em d'Brout geholl (gestuel) hätten, wéi op gliddege Kuelen, wéi op d'Dëschtelen an Där, wéi (d)e Vull um Räis, wéi d'Kaz op engem Schläifsteen, wéi e bréiecht Hong, wéi en Hunn (s. d.) um Fruuchtkaascht, wéi e Kéipche Misär, wéi e Schneider, wéi der Mamm (engem Engel) om Schouss (geborgen), wéi e Minnichshär, wéi e Pascha — looss d'Meedchen dach nët esou an der Péng (s. d.) s.! — e sëtzt um Dréchenen (auf dem Trockenen) — e sëtzt tëscht zwéi Still (am Dreck — er sitzt in der Klemme) — e sëtzt an der Schold bis iwwer d'Oueren (er ist tief verschuldet) — e sëtzt am Misär — e sëtzt de ganzen Dag um Hais-chen — hatt sëtzt um Gäipestillchen (wartet auf einen Mann, auch: spielt Mauerblümchen) — e sëtzt nët fest am Suedel (seine Stellung ist nicht gesichert) — e sëtzt (am Prisong, am Duckes, am Gronn — im Gefängnis) — dofir muss e s. (ins Gefängnis) — en huet e Jor ze s. (ein Jahr Gefängnis abzusitzen) — en huet gesiess (saß im Gefängnis) — Beicht s. — e Fascht, ee quiesch s. hun (schlecht gelaunt sein) — wann hien e Fascht quiesch s. huet, da läit en de ganzen Dag am Bett — den Nol sëtzt fest — e sëtzt fest (z. B. mit dem Nachen, dem Auto) — de Kostüm sëtzt gutt, guer nët, schlecht — 't huet laang gedauert, ir en et bekäppt hat, ma elo sëtzt et — roueg, soss hues de geschwënn eng s.! (werde ich dir eine herunterhauen) — déi sëtzt (von einer Ohrfeige, auf der Kegelbahn: hat getroffen) — Sportspr. (Fußball): dee sëtzt! (Tor!) — hien huet eng fatzeg s. (er ist sehr betrunken) — wou sëtzt et dann? (wo fehlt es?) — eppes (et) s. hun (intelligent, reich sein) — et géint ee s. hun, et op ee s. hun (jem. feindlich gesinnt sein) — hien huet et al géint (op) mech s. — hien huet et déck (al) s. (er trägt schwer daran) — de Jong, d'Meedche kënnt gutt sëtzen (heiratet in ein wohlhabendes Haus ein, in sympathische Familie, freundliche Umgebung) — ëmmer op engem s. (jemandem aufsässig sein — cf. reiden, dirängelen) — substantivisch: Sëtzen N. — wat as dat e(nt) S.! (langweiliges Sitzen) — dat as alt esou e S.! sëtze bleiwen 1) «sitzenbleiben, nicht aufstehen» — hien as stäif (roueg) sëtze bliwwen — e blouf stackstäif s. — en as op senger Mëscht sëtze bliwwen (auf dem Lande geblieben); 2) — Schulspr.: «nicht versetzt werden»; 3) a. «keinen Mann bekommen»; b. «auf einer Tanzpartie Mauerblümchen sein»; 4) «nicht explodieren, nicht zünden» — de Schotz as sëtze bliwwen; 5) «umkommen» — (Bergbau: wenn der Bergmann es unterläßt, das sich lockernde Dach des Stollen zu fangen (fänken), das ist zu stützen, zu verbauen, dann geschieht es wohl, daß er selbst sich fänkt oder, daß er sëtze bleift) — hien as am Houscht sëtze bliwwen — en as am Schlag sëtze bliwwen; 6) — en as op sénge(r) Wuer(e) s. bliwwen (er hat nichts verkauft); sëtze loossen 1) «sitzen lassen» — hien huet mech an der Haaptaarbecht (schéi) sëtze gelooss (im Stich gelassen); 2) — e Meedche (an der Schan) sëtze loossen (nicht heiraten) — cf. sëtze bleiwen sub 3)a.; 3) Schulspr.: de Schoulmeeschter huet e sëtze gelooss (nicht versetzt) — cf. sëtze bleiwen sub 2); Zussetz.: a-, op-, usëtzen.
Sëtzes N.: «Platz zum Sitzen, Sitzgelegenheit» — 't as kee S. hei.
Setzer M.: 1) «Schriftsetzer» (Druckerspr.); 2) «Setzholz» — cf. Setzholz.
Setzerloun M.: «Setzerlohn» (Druckerspr.).
Setzlek M.: «Setzling» (Rebe, Kartoffel zum Pflanzen). [Bd. 4, S. 217]
si (betont: zi:, unbetont: se [zə], Osten betont: säi, si, unbetont: se — «Sie» als Anrede s. dir, I. Band, S. 211 sub 2)b. — (cf. BrGra S. 19. 1. C) 1) pers. Pron. 3. Pers. Sg. F.: «sie» — si sot, si géing nët matgoen, da kann se do bleiwen — Echt.: säi sot ëmmer — in der Familie ist die Frau, bes. die Ehefrau: si (cf. hien sub 2) — si huet d'Box un — hie kann se (scil.: d'Maul, d'Schnëss) nët halen; 2) pers. Pron. Pl. 3. Pers. F. M. N.: «sie» — si hun et all d'selwecht gemaacht, an se géifen nët drop halen et anescht ze maachen — en huet se (scil.: Sinne) nët all beieneen — huet deen se nach all? — soten si (se) dat? Da kënnen si (se) mer all gestuel gin; 3) «man» — si soen (man sagt) alt.
si (wie frz.) Konjkt.: «doch» — oft wiederholt: si-si-si — si-si, dat as esou!
siamesesch Adj.: «siamesisch» — eng s. Kaz — et sin der wéi s. Zwillingen.
Scierie (wie frz. — Mosel: Seëri) F.: «Sägerei» — dafür auch: Seemillen, Seërei (s. d.).
Sciatique (wie frz.), Ziatick F.: «Ischias, Hüftweh».
Sich I F.: «kleiner, schmaler Abflußkanal aus Häusern, Ställen» — cf. Séi II.
Sich II (lok. Var.: Séich (-ç), Such (x-), Souch (x-)) F.: «Suche» — op d'S. goen — en as op der S. no enger Fra — ech sin ewell laang op der S. no enger gudder Bauplaz.
sichen (Osten und Nösl.: séichen, veraltet: souchen — Konjug., Ind. Präs.: du sichs, hie sich [dou séichs, hie séicht]; Ind. Prät.: Nösl.: ich soucht [-ç-], Mosel, Sauer: ech such [-x]; Konj. Prät., Nösl.: ich séicht [-ç-], Part. Prät.: gesicht, gesucht, Nösl.: gesoucht [-ç-, Mosel, Sauer: -x-]; Imperativ: sich, séich) trans./ intr. Verb.: 1) a. «suchen» — den Hond sicht d'Spur vum Hues — zum Hund: sich, sich! neben: such, such! — die Kinder rufen beim Versteckspiel: komm, sich mech! oder: komm mech s.! — dee sicht, dee fënt! — géi näischt s., wou näischt as! — sich déngesgläichen! — dee sicht mat den Aen zou — du solls der eng Fra s., sou ze liewen as näischt! — Sträit, säi Recht s. — am Summer sicht hien ëmmer déi schwaarz Plazen (den Schatten) — Lais (Läuse) s. — sich nët laang, du fënds et dach nët! — si hun no der gesicht (haben dich benötigt) — en huet gesicht wéi klorrosen, verréckt — eng Spéngel an engem Fudder Hä s. — hei hues du näischt ze s.! — wéi se mech suchen (suchten) — e gët gesicht (von der Polizei) — sou en Näischnotz geet ee wäit a breet nët s. — sou Saache si gesicht, gesucht — eng gutt Mod, en dichtegen Aarbechter as gesicht — bei denen as eppes ze s. (sie sind reich, wohlhabend); b. «verschulden» — du hues der däi Misär selwer gesicht; c. «versuchen (zu)» — sich elo nët laang (fir) dech erauszerieden! — s. ze hëllefen, gefälleg ze sin — sich engem zu Gefalen ze sin! — s. ze ma(ache)n (versuchen zu tun) — s. Geschäfter ze maachen — s. ze tréischten (zu trösten) — s. virunzekommen; d. «vermuten» — ech hätt näischt esou hannert him gesicht — et muss een nët hannert alles eppes s. goen; e. — ee s. — «jem. aufsässig sein» — de Kaprol huet mech gesicht — engem Schikane sichen; f. «versuchen jem. herauszufordern» — en huet mech gesicht, an du huet e mech fond; 2) — siche goen, kommen, schécken — «holen» — géi mer emol en Hummer s.! — géi mer e Pak Tubak, Zocker s. — Fleesch s. goen (Fleisch einkaufen) — ech gi méng Pai (Lohn) s. — ech komme mäi Loun s. — ech kommen dech op d'Gare s. (abholen) — dee wir gutt fir den Doud s. ze goen (von jem. gesagt, der etwas augenfälliges nicht findet, nicht finden will oder nicht finden soll) — mir spille fir dem Käser säi Baart, wie gewënnt, muss e s. goen — beim Kegelspiel zur Kugel: nu géi däi Brout s.! — géi der selwer näischt s.! — et muss een sech näischt s. goen (eine Krankheit, einen Verdruß) — schéck de Bouf mer Zigarette s.! — ech kommen dem Nick séng Saache s. — komm mech s.! (mich abholen) — Abl.: Gesichs (lok.: Gesouchs [-x-], Geséichs) N. — dat as e Gesichs zum Dräidäiwel (eraus)! — Zussetz.: aus-, be-, durech-, ënner-, eraus-, of-, op-, ver-, u-, zesummesichen; 3) «heimsuchen» — tjëft, wat déi ewell gesicht si gin!
Siche(n)- (Siechen-) -gaas F.: «Siechengasse» (in der Vorstadt Luxbg.-Pfaffenthal, führt z. Sichenhaff) — früher Elendsviertel mit grobschlächtiger Bevölkerung, daher: 't mengt een du kéims aus der S.!; -grond Stellenbez.: «Siechengrund» (Schlucht beim Sichenhaff); -haff (Dim.: -häffchen) M.: «Siechenhof» (Häusergruppe mit Kapelle und Kirchhof, ehemals Leprosenhaus) [Bd. 4, S. 218] — e muss d'Spuet op de S. droen (wenn der Bauer seinen Garten vor Sicherleitsdag nicht umgegraben hat, muß er den Spaten nach dem S. tragen — Wb.06) — um Sichenhäffchen droen (auf verschränkten Armen tragen — s. Äärmchen sub 2) — (dafür auch: Muttergottesäärmchen, Gëlleschéisschen) — e gët op de S. begruewen; -häfferche(r)sdag M,. -häfferche(r)skiirmes F.: «Kirchweih auf Siechenhof» (am 3. Sonntag nach Ostern, auch: Sicherleitsdag; am S. pilgerte man dorthin und legte verschiedene Gaben [Schinken, Kinnbacken, Flachs, grüne Seide usw.] auf den Altar der Siechenhofskapelle nieder — cf. Fliedchen); -hiel F.: «Siechenhöhle» — cf. Hiel sub 1); -puert F.: «Siechentor» (Tor der Festung Luxemburg, rechts der Alzette).
sicher lok. Var. von sécher (s. d.).
Sicherheet (lok.: Echt.) F.: «Sicherheitspolizei» — déi vun der S. — dafür meist: Sûreté (s. d.).
Sicherleitsdag M. — s. Sichenhäfferchersdag.
Sicherongsspéngel (lok.: Cap) F. — s. Versécherongsspéngel, Sécherheetsspéngel.
Sicherung F. — s. Sécherong.
Sicht F. — wie hd. (Neol.).
Siddel F.: «Bank mit hoher Rücklehne» (seitlich des Herdes) — d'Giedel vum Haus hat dat éischt Recht op d'S.
Siddekar F.: 1) «Beiwagen» (Motorrad); 2) (abfällig): «altes Vehikel» — englisch: side-car.
siddelech, siddlech (lok.: siedlech) Adj./Adv.: «sanft, sachte» — e siddeleche Reenchen — et reent s. — géi méi s. mat der Auer ëm — spaßh.: siddlech mat der Braut, d'Kand as nach jonk.
sidd(e)ren (lok.: sudderen) intr. Verb.: 1) «langsam braten, langsam kochen» — d'Waasser kacht nach nët, et siddert eréischt — d'Fleesch huet de ganze Muerge gesiddert, lo as et mëll dafür auch: sauteren, souteren — Echt.: an der Heel (Hölle) solls de derfir s. (schmoren); 2) «mit Geräusch brennen» — d'Feier siddert — cf. sidderzen; 3) — de Wäi brimmst oder e siddert (vom Wein gesagt, der im Faß gärt, prickelt) — Zussetz.: versidderen.
sidderzen intr. Verb.: 1) «mit Geräusch verbrennen» (C) — cf. sidderen sub 2); 2) «leise abbrennen, unter Asche glimmen» (Wb.06).
siecht (Nösl.: siäächt, säächt, Vianden: säächt, Echt.: seecht, lok. Ehnen: siet, lok. Wecker: säicht neben siecht) Adj./Adv.: «sachte, sanft, weich» — e siechte Reen — de Reen fällt s. — d'Duch fillt sech s. un — géi méi s. mat him ëm! — allzäit e siechte Stoulgank (C) — cf. siddelech, dus.
siechzeg — s. sechzeg.
siechzéng (Var. Nösl.: siäächzéin, säächzéin, siäächzen [zi/ε:çtsən], Echt.: seechzéin, Wiltz: seechzing, Mosel: sechzéin) Num.: «sechzehn»; dazu: | |