ScierieSciatiqueZiatickSichSichsichensiche goen, kommen, schéckenGesichsSiche(n)-SichegaasSichegrondSichenhaffSichenhäfferche(r)sdagSichenhäfferche(r)skiirmesSichenhielSichepuertsicherSicherheetSicherleitsdagSicherongsspéngelSicherungSichtSiddelSiddekarsiddelech, siddlechsidd(e)rensidderzensiechtsiechzegsiechzéngsiechzéngtensiedegen, siedéchengesiedegtSiedel, Sedelsiedelen, suedelenSiedler, SaadlerSiedesaksiefsiemelensiemerenSierck, SëréckSieschter, SiestersieschterenSieschterkuerfSiess, Seess, SäässSiess(e)lechSiff, Sift, Saff, Saftsiffen, siften, saffen, saftenGesif(t)s, Gesaf(t)sGesaftenSiffduchSiffongSigelSigel-SigellackSigelrankSigelrénksigelenSignalSinjal, SinialSignalpäifsignaléierenSignalementSinjalementSignatureSinjaturSiibchen, SibchenSiichekränktSiichtSiichtsiichzenSiiftSiiftSiiftjen, -chensiiftSiifterSiinchensiintSilb, SillebSilenzZilenzSillSillsekelchenSillenSillschäitSiloZiloSiluettZiluettSilvanerZilvanerSimSimejonSimiliZimiliSimiliklischeeSimmsimmelenSimmchen, ZimmchenSimmer(en) | Scierie (wie frz. — Mosel: Seëri) F.: «Sägerei» — dafür auch: Seemillen, Seërei (s. d.).
Sciatique (wie frz.), Ziatick F.: «Ischias, Hüftweh».
Sich I F.: «kleiner, schmaler Abflußkanal aus Häusern, Ställen» — cf. Séi II.
Sich II (lok. Var.: Séich (-ç), Such (x-), Souch (x-)) F.: «Suche» — op d'S. goen — en as op der S. no enger Fra — ech sin ewell laang op der S. no enger gudder Bauplaz.
sichen (Osten und Nösl.: séichen, veraltet: souchen — Konjug., Ind. Präs.: du sichs, hie sich [dou séichs, hie séicht]; Ind. Prät.: Nösl.: ich soucht [-ç-], Mosel, Sauer: ech such [-x]; Konj. Prät., Nösl.: ich séicht [-ç-], Part. Prät.: gesicht, gesucht, Nösl.: gesoucht [-ç-, Mosel, Sauer: -x-]; Imperativ: sich, séich) trans./ intr. Verb.: 1) a. «suchen» — den Hond sicht d'Spur vum Hues — zum Hund: sich, sich! neben: such, such! — die Kinder rufen beim Versteckspiel: komm, sich mech! oder: komm mech s.! — dee sicht, dee fënt! — géi näischt s., wou näischt as! — sich déngesgläichen! — dee sicht mat den Aen zou — du solls der eng Fra s., sou ze liewen as näischt! — Sträit, säi Recht s. — am Summer sicht hien ëmmer déi schwaarz Plazen (den Schatten) — Lais (Läuse) s. — sich nët laang, du fënds et dach nët! — si hun no der gesicht (haben dich benötigt) — en huet gesicht wéi klorrosen, verréckt — eng Spéngel an engem Fudder Hä s. — hei hues du näischt ze s.! — wéi se mech suchen (suchten) — e gët gesicht (von der Polizei) — sou en Näischnotz geet ee wäit a breet nët s. — sou Saache si gesicht, gesucht — eng gutt Mod, en dichtegen Aarbechter as gesicht — bei denen as eppes ze s. (sie sind reich, wohlhabend); b. «verschulden» — du hues der däi Misär selwer gesicht; c. «versuchen (zu)» — sich elo nët laang (fir) dech erauszerieden! — s. ze hëllefen, gefälleg ze sin — sich engem zu Gefalen ze sin! — s. ze ma(ache)n (versuchen zu tun) — s. Geschäfter ze maachen — s. ze tréischten (zu trösten) — s. virunzekommen; d. «vermuten» — ech hätt näischt esou hannert him gesicht — et muss een nët hannert alles eppes s. goen; e. — ee s. — «jem. aufsässig sein» — de Kaprol huet mech gesicht — engem Schikane sichen; f. «versuchen jem. herauszufordern» — en huet mech gesicht, an du huet e mech fond; 2) — siche goen, kommen, schécken — «holen» — géi mer emol en Hummer s.! — géi mer e Pak Tubak, Zocker s. — Fleesch s. goen (Fleisch einkaufen) — ech gi méng Pai (Lohn) s. — ech komme mäi Loun s. — ech kommen dech op d'Gare s. (abholen) — dee wir gutt fir den Doud s. ze goen (von jem. gesagt, der etwas augenfälliges nicht findet, nicht finden will oder nicht finden soll) — mir spille fir dem Käser säi Baart, wie gewënnt, muss e s. goen — beim Kegelspiel zur Kugel: nu géi däi Brout s.! — géi der selwer näischt s.! — et muss een sech näischt s. goen (eine Krankheit, einen Verdruß) — schéck de Bouf mer Zigarette s.! — ech kommen dem Nick séng Saache s. — komm mech s.! (mich abholen) — Abl.: Gesichs (lok.: Gesouchs [-x-], Geséichs) N. — dat as e Gesichs zum Dräidäiwel (eraus)! — Zussetz.: aus-, be-, durech-, ënner-, eraus-, of-, op-, ver-, u-, zesummesichen; 3) «heimsuchen» — tjëft, wat déi ewell gesicht si gin!
Siche(n)- (Siechen-) -gaas F.: «Siechengasse» (in der Vorstadt Luxbg.-Pfaffenthal, führt z. Sichenhaff) — früher Elendsviertel mit grobschlächtiger Bevölkerung, daher: 't mengt een du kéims aus der S.!; -grond Stellenbez.: «Siechengrund» (Schlucht beim Sichenhaff); -haff (Dim.: -häffchen) M.: «Siechenhof» (Häusergruppe mit Kapelle und Kirchhof, ehemals Leprosenhaus) [Bd. 4, S. 218] — e muss d'Spuet op de S. droen (wenn der Bauer seinen Garten vor Sicherleitsdag nicht umgegraben hat, muß er den Spaten nach dem S. tragen — Wb.06) — um Sichenhäffchen droen (auf verschränkten Armen tragen — s. Äärmchen sub 2) — (dafür auch: Muttergottesäärmchen, Gëlleschéisschen) — e gët op de S. begruewen; -häfferche(r)sdag M,. -häfferche(r)skiirmes F.: «Kirchweih auf Siechenhof» (am 3. Sonntag nach Ostern, auch: Sicherleitsdag; am S. pilgerte man dorthin und legte verschiedene Gaben [Schinken, Kinnbacken, Flachs, grüne Seide usw.] auf den Altar der Siechenhofskapelle nieder — cf. Fliedchen); -hiel F.: «Siechenhöhle» — cf. Hiel sub 1); -puert F.: «Siechentor» (Tor der Festung Luxemburg, rechts der Alzette).
sicher lok. Var. von sécher (s. d.).
Sicherheet (lok.: Echt.) F.: «Sicherheitspolizei» — déi vun der S. — dafür meist: Sûreté (s. d.).
Sicherleitsdag M. — s. Sichenhäfferchersdag.
Sicherongsspéngel (lok.: Cap) F. — s. Versécherongsspéngel, Sécherheetsspéngel.
Sicherung F. — s. Sécherong.
Sicht F. — wie hd. (Neol.).
Siddel F.: «Bank mit hoher Rücklehne» (seitlich des Herdes) — d'Giedel vum Haus hat dat éischt Recht op d'S.
Siddekar F.: 1) «Beiwagen» (Motorrad); 2) (abfällig): «altes Vehikel» — englisch: side-car.
siddelech, siddlech (lok.: siedlech) Adj./Adv.: «sanft, sachte» — e siddeleche Reenchen — et reent s. — géi méi s. mat der Auer ëm — spaßh.: siddlech mat der Braut, d'Kand as nach jonk.
sidd(e)ren (lok.: sudderen) intr. Verb.: 1) «langsam braten, langsam kochen» — d'Waasser kacht nach nët, et siddert eréischt — d'Fleesch huet de ganze Muerge gesiddert, lo as et mëll dafür auch: sauteren, souteren — Echt.: an der Heel (Hölle) solls de derfir s. (schmoren); 2) «mit Geräusch brennen» — d'Feier siddert — cf. sidderzen; 3) — de Wäi brimmst oder e siddert (vom Wein gesagt, der im Faß gärt, prickelt) — Zussetz.: versidderen.
sidderzen intr. Verb.: 1) «mit Geräusch verbrennen» (C) — cf. sidderen sub 2); 2) «leise abbrennen, unter Asche glimmen» (Wb.06).
siecht (Nösl.: siäächt, säächt, Vianden: säächt, Echt.: seecht, lok. Ehnen: siet, lok. Wecker: säicht neben siecht) Adj./Adv.: «sachte, sanft, weich» — e siechte Reen — de Reen fällt s. — d'Duch fillt sech s. un — géi méi s. mat him ëm! — allzäit e siechte Stoulgank (C) — cf. siddelech, dus.
siechzeg — s. sechzeg.
siechzéng (Var. Nösl.: siäächzéin, säächzéin, siäächzen [zi/ε:çtsən], Echt.: seechzéin, Wiltz: seechzing, Mosel: sechzéin) Num.: «sechzehn»; dazu: siechzéngten — haut as de siechzéngten.
siedegen, siedéchen (lok. Var.: sedigen, Nösl., Vianden: siäddigen) trans./intr. Verb.: «sättigen» — fetteg Kniddele s. ze huerteg — dazu: gesiedegt Verbadj.: «gesättigt» — e war séier gesiedegt.
Siedel, Sedel (lok.) M.: «Hühnerschlag» — Zussetz. (lok.: Rosport): Héinersedel.
siedelen, suedelen trans. Verb.: «satteln» — Raa.: e suedelt fréi an e reit (reitet) spéit — fréi gesiedelt, spéit geridden (Du) — wann ech emol mäi Päerd bis gesiedelt hun, kommen ech och drop (einmal begonnen, führe ich es auch aus) — gesiedelt a gezaamt (mit Sattel und Zaum) — Zussetz.: ëm-, of-, opsiedelen.
Siedler, Saadler (Echt.: Seedler, Nösl., Vianden: Siäddler) M.: «Sattler».
Siedesak — im Kinderreim, s. Millang sub 1).
sief — s. sub sin.
siemelen — s. samelen.
siemeren — s. simmeren.
Sierck, Sëréck (Ton: 1) ON.: «Sierck» — Grenzdorf im frz. Dépt. Moselle. | |