LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Synagog bis Siwen (Bd. 4, Sp. 222b bis 223b)
 
Synagog (zinA/go:x, -/gox, auch: s-, ts-) F.: «Synagoge» — 't mengt een 't wir een an enger S. (bei viel Krach) — cf. Juddekirech.
 
Syndikat (si-, tsi-, auch wie frz.: Syndicat) M.: «Syndikat, Genossenscheft, Gewerkschaft».
 
Syndikatsmänner (si-) Pl. M.: «Vorstandsmitglieder einer landwirtschaftlichen Genossenschaft, bes. für Flurwege».
 
Syndikatswee (si-) M.: «Genossenschaftsweg».
 
SinnPl. von Sonn(Sohn — s. d.) — dafür meist die Pluralform von Jong, Fils (s. d.).
 
Sinnef (lok. Var.: Sinef, Sinft, Nösl.: Siännef) M.: 1) «Ackersenf» (Sinapis arvensis); 2) «Hederich» (Raphanus raphanistrum) — schwaarzen (Brassica nigra) a wäisse S. — Zussetz.: Hongersinnef — cf. Häd(e)- rouf. [Bd. 4, S. 223]
 
Sinneftblummeseemchen Pl. M.: «Unkrautsamen, Abfall beim Reinigen des Getreides».
 
Sinneftkär M. — in der (lok.) Ra.: säi S. bäigeen (C) — cf. Pefferkär.
 
Sinner(lok. Vianden: Siener) M.: «Mitglied des parochialen Kirchenrates» (auch als Familienname) — meist in der Zussetz.: Kiirchesinner.
 
Sinnerstull M.: «Bank der Kirchenratsmitglieder».
 
Sins (lok.) F.: «Sense» — s. Séissel.
 
Sippecht F.: «Saufgelage».
 
sippeg Adj.: «gerne trinkend».
 
sippen, suppen trans./intr. Verb.: «trinken, zechen» — se souzen de ganzen Owend do ze s. an ze tozen — d'Fra sippt heemlech — dat nennen ech nët méi s. (gesippt), dat as gesoff, wann een all owes e Sträichämer voll Greechen an der Panz huet — Zussetz.: versippen — cf. schluppen, saufen, sippen jedoch weniger abfällig.
 
Sippert, Sippi, Suppert M.: «Zechbruder, Zecher» — cf. Schluppert, Sëffer.
 
Sippscha(a)ft F.: «Sippschaft» (abfällig) — 't as eng gelunge S. — déi ganz S. entdaagt näischt.
 
Sir Hydr., Bachname F.: «Syr» — op der S. (Syrgegend) — ee vun der S. — dazu: Sirdall M.: «Syrtal»; -géigend F.: «Syrgegend».
 
Sir ON.: «Syr» (frz. Surré) — Dorf der Gemeinde Bauschleiden, Kanton Wiltz — 133.
 
Sirbech F.: «Syrbach» (Bachname bei Syr).
 
Sireen (s-), Zireen F.: «(Alarm)Sirene» — d'Sirene sin elo éineschter gaangen — cf. Bier M. sub 2).
 
Siren ON.: «Syren» — Dorf der Gemeinde Weiler zum Turm, Kanton Luxemburg — 512 — cf. Iwwersiren — Ortsneckerei: déi Sirener Téck, déi Hasseler Béck (MKr. Nr. 572) — cf. Iwwersiren, Weiler zum Tur.
 
Sir(r)o (Ton: 1), Sirrop (Ton: 2 — s-) M.: «Sirup» — cf. Mëlass, Ziroup.
 
Siska, Ziska weiblicher Vorname: «Franziska» — s. Franziska.
 
Siss, Sisi (zizi), Siss-chen weiblicher Vorname: «Susanna» — s. Susann.
 
System (s-), Zisteem (Ton: 1 und 2) M. und N.: 1) «System» — bei hinne geet alles nom ale S. (nach alter Art und Weise) — deen (däin) Zisteem as falsch — si hu kee S. an hirem Spill; 2) «Vorrichtung» — de S. fonktionnéiert nët — e S. Schlämpchen (Notbehelf); 3) «Hechtköder mit totem Fisch»; 4) (lok.) «Getränk».
 
systematesch, -tisch, zistematesch, -tisch (Ton: 3) Adj.: «systematisch» — substantiv.: dat as eng S. (dafür auch lok.: eng [à la] Péitchen — loser Streich).
 
Situatioun (s-), Zituatioun (lok.: Zitëwatioun) F.: «Lage» — d'S. as ganz anescht, wéi s du mengs — mir waren an enger dommer S.
 
situéiert (s-), zituéiert Verbadj.: «situiert» — dat si gutt s. Leit (wohlhabende Leute).
 
Sitt (selten, meist im Plur.: Sitten) F.: «Sitte» — wat sin dat haut fir Sitten! (welches Gebaren!) — mir haten aner Sitten (Lebensnormen, Benehmen) — en huet keng gutt S.
 
siwen, siwwen Num.: «sieben» (auch für unbestimmtes Quantum) — e kuckt dran wéi wann e s. an dräi nët zesummenziele kënnt — et muss ee s. Sieschter Salz mat engem giess hun, éier een en zerguttstert kennt — séng s. Saachen zesummenhuelen a goen — pak déng siwe(-sechs) Saache beieneen a géi! — e krut d'Saach fir s. an elef (véier an elef — für wenig Geld) — spaßh. Ausruf: O, du léif Welt a s. Inten! — O Märri mäi Läif a méng s. Säiten! — en huet séng s. Sënnen (Sinne) nët all beieneen — eist Marri, dat as der méi virwëtzeg wéi s. aner — en as méi domm wéi s. Schappe Schäissdreck — s. Pond Rëndfleesch (an ee Liter Waasser) gët eng gutt Zopp — do fanne s. Kazen hir Jong nët dran erëm (von einem zerrissenen Kleid, von großem Durcheinander gesagt) — dee gesäit engem duurch s. Boxen an den Aasch — e mécht e Gesiicht (s. d. sub 5) wéi s. Deeg Reen — hatt as jo dräimol s. Jor al (sie muß wissen, was sie tut) — cf. Dag sub 2), Joër sub 1), Märei sub 3), Mäerzliicht, Sigel — dazu: siw(w)ent(en) Ord.: «siebte» — e mengt, e wir am s. Himmel — en as iwwer de s. Bierg (s. d.) — elo läit en am s. Fuurz (er hat schon eine Zeitlang gut geschlafen) — dat siwent Gebatt — haut as de s.; Siw(w)enter M. u. F., Siwen F.: «die Ziffer sieben» — cf. Siift II, Siifter;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut