LWB Luxemburger Wörterbuch
 
soen, son bis gesolpert (Bd. 4, Sp. 225b bis 227b)
 
soen, son (Konjug. — Ind. Präs.: ech s., du sees [säs], hie seet [sät], mir s., dir sot, si s.; Ind. Prät.: ech sot, du soots [sos], hie sot, mir soten, dir sot, si soten; Konj. Prät.: ech seet [sät, siet, cf. LSA Karte 174], ech géif, déit soen; Part. Prät. [cf. Ltb. 11]: gesot, lok. [bes. Luxemburg-Stadt]: gesoten; Imperativ: so [lok.: son], sot) trans. Verb.: «sagen» — näischt gesot as och eng Äntwert, as och geschwat — besser alles giess, wéi alles gesot — gesot as gesot! — et duerf een nët alles s., wat ee weess, wat een denkt — deen ämol alles seet, huet derno näischt méi ze s. (man soll nicht zuviel sprechen) — hie seet vill wann den Dag laang as — 't as nëmme fir ze soen (nebenbei bemerkt) — e weess, wat e seet — hie weess gutt, wat e seet (er weiß genau, was er sagt) — e weess scho, wat e seet (was er zu sagen hat) — wat dee seet, as gesot — dat as huerteg (schnell) gesot — dat as nach laang nët gesot (nicht [so] sicher) — ech soen der, looss dat sin, looss dat ënnerwee! — looss der dat gesot sin! — so, ech hätt der dat gesot! — dobäi muss een eppes s. (man muß die [Zauber-]Formel wissen) — 't as gesot! ('t as eraus!) — so (e)mol! (hör mal!) — so mol du! («du» betont) — so, wat geet dat dech un! — so! (hör mal!) darauf die häufige Antwort: (ma) so du! (sprich!) — nu so(n) emol een de Konträr! — wat ech soe wollt as dat hei — wéi mer (een) alt esou seet! — wat een alt esou seet! — hien huet dat am Eescht, am Efalt, am Geck, am Soff gesot — ënner äis gesot — riichteraus gesot — éierlech gesot — Ausruf der Verwunderung, der Entrüstung, des Ekels: wat s de nët sees! wat dir nët sot! — nu so emol! (hör mal!) — do seet een dervun! — entrüstet: ma so(t) emol! — dozou hätt ech dat hei ze s. — ech hat der et (jo) gesot (vorhergesagt), awer du léiss der jo näischt s. — engem eppes an d'Gesiicht s. (unverblümt sagen) — engem d'Wourécht s. (die Wahrheit sagen, seine Meinung sagen, Vorwürfe machen) — engem de gudde Wouer s. (dsgl.) — ech hu kengem eppes ze s. (nichts zu befehlen) — du hues hei näischt ze s. — doheem huet en näischt ze s. an hei kënnt en téinen an déckhalen — so, ech muss der eppes s. (erzählen) — so, ech hun dech eppes ze froen — drohend: lo s. ech (der) eent, wat keng zwee as! — ech s. der, wou ënnen an uewe steet — iron.: hues d'eppes gesot? — looss [Bd. 4, S. 226] der eppes s.! (nimm einen Rat an!) — hie léisst sech näischt s. — looss der dat gesot sin! — ech hu (bal) missen eppes s. (konnte mich nicht [kaum] beherrschen) — 't as eraus, ma ech wëll näischt gesot hun — ech wëll näischt gesot hun, mä . . . — hanneno wëllt keen näischt (keen eppes) gesot hun — wat soll een dann do s.? — wat soll een dovu s.? — dat muss ech awer s., et stëmmt, wat e seet — dat kann ee wuel s.! — so dat (bet.) (nëmmen) nët! (behaupte das nicht so fest!) — ech hun der et ewell honnertmol gesot, looss d'Fangeren dervun! — et muss een him alles honnertmol soen, éier en et kapéiert — ech sin esou frou, 't as nët ze s., kengem (Mënsch[en]) ze s. — kurz: 't as nët ze s.! — et kann ee kengem Mënsch (-en) dat s. (es ist unsäglich, z. B. eine Blamage) — im Gespräch, wenn man den Faden verliert: wat sollt ech scho méi s.? — hie kann nët nee s. (er kann nicht nein sagen, auch: er muß zusagen) — hie kann nët gutt nee s. (er kann kaum ablehnen) — hie kann nët nee s. (nichts verweigern) — hatt ka kengem nee s. — et gët gesot (man sagt) — si s. (die Leute sagen, erzählen) — mer seet (es wird gesagt) — wéi een (wéi mer) sou seet — als Einschiebsel beim Erzählen: sot ech, hun ech gesot — wat nu s., ouni ze léien (lügen)? — dat sees de gutt, steif! — dat do as gutt gesot! — ech hun him et gutt (gehéiereg) gesot — dat do hues de gutt gesot! (du hast den Nagel auf den Kopf getroffen) — engem wat glift s. (jem. zurechtweisen zur Rede stellen) — engem s. wéivill Auer et as — ech hun em et gesot, wou en et néideg hat — loosse mer (lo mer) s.! (sagen wir mal auf ungefähr, wir wollen sagen) — ech hu mer s. geloost, loosst — loosse (lo) mer s., dat as ënner Bridder méi wäert — da loosse mer mol s. (angenommen), et géif anescht goen — 't seet mer nët vill — dat seet mer näischt (erinnere mich nicht daran, ich verstehe es nicht, auch: sagt mir nicht zu) — 't as näischt géint en ze s. — ech kann näischt géint e s. — hie seet näischt Gutts vun hinnen — dat huet näischt ze s. (hat nichts zu bestellen, ist ohne Belang) — wéi gesot, de Jong (d'Meedchen) as gutt — wann ech der et s.! (zweifle nicht daran!) — (a) wiem sees d'et? (wiem sot der et? — ich weiß ein Lied davon zu singen) — dat kanns d'engem s., dee méi domm as wéi ech (ich glaube es nicht) — waart, mäi Jong, dat son ech déngem Papp! — so näischt! — d'Kanner hun dem Schoulmeeschter et gesot — dat gët der Joffer (Lehrerin), der Mamm gesot (sagen die Kinder) — ech gin et s. (sagen die Kinder) — 't as nët gesot, ob et esou war — wéi seet een dofir op franséisch? (wie heißt, wie benennt man das auf französisch?) — zu einem Kind, wenn es ein Geschenk erhalten hat und das Danksagen unterläßt: wéi seet een? — in Sagwörtern: sot de Mann, sot d'Fra, seet de Fransous, sot (den) Eilespill — um die eigene Person in einer Erzählung abzuschwächen: . . . an ech, sot de Geck (und meine Wenigkeit) — Zussetz.: aus-, dru-, erëm-, no-, op-, vir-, viru-, zousoen — substantiv.: Soen, Son N. — dat as esou ent S. (Gerede) — mam S. as kengem gehollef! — Soës, Soëns N. — e mécht engem e Leed, 't as dës S. nët! (unsagbar) — dat elo as dës S. nët wäert! (nicht der Rede wert) — dazu: Soonsligen F.: «Notlüge, Entschuldigung»; So-mer-no M.: «unselbständiger Mensch»; Abl.: Gesos, Gesoots, Geseets N.: «Gerede, Geschwätz» — dat as sénges G.!
 
Soirée (wie frz., Ton: 1) F.: «Soiree» — mir gin op eng S. — mir sin op eng S. iñvitéiert, agelueden — eng S. an eng Matinée (Abend- und Nachmittagsvorstellung) — Zussetz.: Danz-, Fues-, Theatersoirée — dazu: Soireesgezei N.: «Gesellschaftskleidung».
 
Soin (wie frz. — Pl. Soiñën) M.: «Sorge, Sorgfalt, Betreuung» — séng kleng Soiñën — cf. Besoin.
 
soit (su/At) adverbial gebr., wie frz., Konjunktivform: «es sei, meinetwegen, einverstanden» — cf. et sief sub sin.
 
Soff I M.: 1) a. «das gewohnheitsmäßige Trinken alkoholischer Getränke, Trunk» — fir de S. (fir säi bore S.) huet hien ëmmer Suën, ma keng, fir de Kanner Brout ze kafen — de S. huet en esouwäit bruecht; b. «Zustand der Trunkenheit» — wat een am S. auspaakt, denkt een anniichter — am S. geschwat, sin anniichter Gedanken — en huet e quiesche S. — en as am S. erstéckt, leie bliwwen — d'Gléck geet dem S. no — déi Kanner sin all am S. gemaacht gin — cf. Dronk sub 3), anniichter; 2) «Säufer» (Dim.: Sëffchen) — deen ale S., deen et as — engem S. geet e Fudder Hä aus der Wee, aus de Féiss — cf. Sëffer; 3) «Getränk» (Wb.06) — e gudde, e schlechte S. — dafür heute meist: Gesëff(s) N. [Bd. 4, S. 227]
 
Soff II, Soffi, Zoff(i) weiblicher Vorname: «Sophie» — auch für das Mädchenpensionat Sainte Sophie.
 
Sold (s-), Zold M.: «Saison-Ausverkauf» — ech hun et an de Solde (den Zolde) kaaft — dazu: soldéieren (s-), zoldéieren trans./intr. Verb.: «soldieren» — cf. bradéieren.
 
Sole (wie frz.), Zol, Zoll (Pl. Sol[l]en, Zol[l]en) F.: «Scholle, Seezunge» — eng schéi grouss S.
 
Sol (Pl. Solen, lok. phV. [Wiltz, Echt.] zu Suel — s. d.) F.: «Sohle beim Nachenbau» — Echt.: d'Sole säin aus Béichenholz — dazu: Solweerk N.
 
Solbam M.: «Tragbalken in Ställen» (C) — dafür auch: Schwellbam.
 
Solfège (wie frz., Ton: 1; s- und ts-) M.: «Solfeggien, Notenunterricht» — an de S. goen — auch: «Lehrbuch für S.»; dazu: Solfègeheft N.
 
solidaresch, -isch (s-, ts-) Adj.: «solidarisch» — dazu: Solidaritéit F.
 
solidd (s-) — s. zolidd.
 
Solist (s-), Zolist M.: «Solist, Solosänger, -musiker».
 
Solitär (s-) M.: «Solitär».
 
sollen (lok.: sëllen — Konjug.: Ind. u. Konj. Prät.: sollt, Part. Prät.: gesollt [selten], meist: sollen, sollten, lok.: sëllen — cf. sal, sall) Modalverb.: «sollen» — 1) Verpflichtung, Gebot, Norm, Erwartung, Wunsch: du solls folléchen — du solls dech schummen — du solls sonndes an d'Mass goen — hien hätt solle maachen ewéi e sollt (wéi en hätt sollen) — du solls mat him schwätzen — du solls gebeetscht gin — e soll mer nët esou kommen — du hätts solle lauschteren, auch: du solls gelauschtert hun (zuhören sollen, aber vgl. auch sub 2) — du hätts him scho laang solle schreiwen, auch: du solls scho laang geschriwwen hun — esou eppes hätts de solle viraus iwwerleën! — hie sot, ech soll(t) doheem bleiwen — en héiert nët wéi e soll(t) — dat Kand as nët wéi et soll(t) sin —e schafft méi wéi e soll — ech sollt recht behalen (erwartungsgemäß) — dat do sollt nët sin — et sollt nët sin, 't as awer geschitt — hat e solle kommen? — elliptische Antwort: jo, en hat sollen (gesollt), mä e koum nët — e sollt Dokter gin, mä 't as em nët duergeschlon — ech sollt stierwen (sou krank war ech); in Ausrufen zum Ausdruck von Staunen, Entrüstung: ech sollt an d'Gette goen, op de Réck falen, méch mat Kräizer senen — do solls de gro gin (gro Hor kréien)! — da solls d'awer baschten! — 't soll der gutt din (meist iron.)! — dat soll e Metzler sin! — der Däiwel soll en huelen! — do soll der Däiwel en Af gin! — do soll en Donnerwieder dra schlon! — in Fragesätzen zum Ausdruck von Zweifel, Ärger, Entrüstung, Ratlosigkeit: soll et nach Zäit sin? — soll et em eescht sin? — dat soll ech (betont) sin? (von einem Bild) — soll et nach duergon, fir mat der Nuecht doheem ze sin? — soll ech der eng op de Bak gin? — soll ech (betont) dann ëmmer mussen de Bockel duerhalen? — wat sollte mer maachen? (was unternehmen, was dagegen tun?) — solle mer goen? — soll dat wouer sin?; 2) Gerücht, Mutmaßung, Annahme: e soll nawell heiandsdo quiesch gin — et solle fofzeg Leit do gewiescht sin — fréier sollen se sech gutt gestan(en) hun — et sollen der vill leie bliwwe sin (bei deem Ongléck) — ech sollt (emol) deem säi Papp sin! (entrüstete Hypothese).
 
Solo (s-), Zolo M.: 1) «Gesang-, Musiksolo»; 2) «Alleingang im Kartenspiel» — dazu: Soloschlemm M. (Whistspiel).
 
Solper M. (gelegtl.: N.): «Salzlake, Pökel» — d'Fleesch an de (an d') S. leën — d'Hame musse sechs Wochen am S. leien — si hun d'Fleesch all aus dem S. giess (hatten keine Fleischvorräte mehr) — fir gudde S. ze kréien, muss esouvill Salz an d'kache Waasser kommen, datt en Ä dra schwëmmt — übtr.: e läit nach am S. — en huet d'Aen nach am S. leien (nach einer durchzechten Nacht);
 
Solper- -bidden F.: «Pökelbottich» — cf. Flääschbidden; -fleesch N.: «Pökelfleisch».
 
solperen trans. Verb.: «einpökeln» — d'Fleesch s. — Verbadj.: gesolpert — gesolpert Fleesch — übtr.: eng gesolpert Rechnong (dafür auch: gepeffert) — Abl.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut