LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Soff bis Somkär (Bd. 4, Sp. 226b bis 228a)
 
Soff I M.: 1) a. «das gewohnheitsmäßige Trinken alkoholischer Getränke, Trunk» — fir de S. (fir säi bore S.) huet hien ëmmer Suën, ma keng, fir de Kanner Brout ze kafen — de S. huet en esouwäit bruecht; b. «Zustand der Trunkenheit» — wat een am S. auspaakt, denkt een anniichter — am S. geschwat, sin anniichter Gedanken — en huet e quiesche S. — en as am S. erstéckt, leie bliwwen — d'Gléck geet dem S. no — déi Kanner sin all am S. gemaacht gin — cf. Dronk sub 3), anniichter; 2) «Säufer» (Dim.: Sëffchen) — deen ale S., deen et as — engem S. geet e Fudder Hä aus der Wee, aus de Féiss — cf. Sëffer; 3) «Getränk» (Wb.06) — e gudde, e schlechte S. — dafür heute meist: Gesëff(s) N. [Bd. 4, S. 227]
 
Soff II, Soffi, Zoff(i) weiblicher Vorname: «Sophie» — auch für das Mädchenpensionat Sainte Sophie.
 
Sold (s-), Zold M.: «Saison-Ausverkauf» — ech hun et an de Solde (den Zolde) kaaft — dazu: soldéieren (s-), zoldéieren trans./intr. Verb.: «soldieren» — cf. bradéieren.
 
Sole (wie frz.), Zol, Zoll (Pl. Sol[l]en, Zol[l]en) F.: «Scholle, Seezunge» — eng schéi grouss S.
 
Sol (Pl. Solen, lok. phV. [Wiltz, Echt.] zu Suel — s. d.) F.: «Sohle beim Nachenbau» — Echt.: d'Sole säin aus Béichenholz — dazu: Solweerk N.
 
Solbam M.: «Tragbalken in Ställen» (C) — dafür auch: Schwellbam.
 
Solfège (wie frz., Ton: 1; s- und ts-) M.: «Solfeggien, Notenunterricht» — an de S. goen — auch: «Lehrbuch für S.»; dazu: Solfègeheft N.
 
solidaresch, -isch (s-, ts-) Adj.: «solidarisch» — dazu: Solidaritéit F.
 
solidd (s-) — s. zolidd.
 
Solist (s-), Zolist M.: «Solist, Solosänger, -musiker».
 
Solitär (s-) M.: «Solitär».
 
sollen (lok.: sëllen — Konjug.: Ind. u. Konj. Prät.: sollt, Part. Prät.: gesollt [selten], meist: sollen, sollten, lok.: sëllen — cf. sal, sall) Modalverb.: «sollen» — 1) Verpflichtung, Gebot, Norm, Erwartung, Wunsch: du solls folléchen — du solls dech schummen — du solls sonndes an d'Mass goen — hien hätt solle maachen ewéi e sollt (wéi en hätt sollen) — du solls mat him schwätzen — du solls gebeetscht gin — e soll mer nët esou kommen — du hätts solle lauschteren, auch: du solls gelauschtert hun (zuhören sollen, aber vgl. auch sub 2) — du hätts him scho laang solle schreiwen, auch: du solls scho laang geschriwwen hun — esou eppes hätts de solle viraus iwwerleën! — hie sot, ech soll(t) doheem bleiwen — en héiert nët wéi e soll(t) — dat Kand as nët wéi et soll(t) sin —e schafft méi wéi e soll — ech sollt recht behalen (erwartungsgemäß) — dat do sollt nët sin — et sollt nët sin, 't as awer geschitt — hat e solle kommen? — elliptische Antwort: jo, en hat sollen (gesollt), mä e koum nët — e sollt Dokter gin, mä 't as em nët duergeschlon — ech sollt stierwen (sou krank war ech); in Ausrufen zum Ausdruck von Staunen, Entrüstung: ech sollt an d'Gette goen, op de Réck falen, méch mat Kräizer senen — do solls de gro gin (gro Hor kréien)! — da solls d'awer baschten! — 't soll der gutt din (meist iron.)! — dat soll e Metzler sin! — der Däiwel soll en huelen! — do soll der Däiwel en Af gin! — do soll en Donnerwieder dra schlon! — in Fragesätzen zum Ausdruck von Zweifel, Ärger, Entrüstung, Ratlosigkeit: soll et nach Zäit sin? — soll et em eescht sin? — dat soll ech (betont) sin? (von einem Bild) — soll et nach duergon, fir mat der Nuecht doheem ze sin? — soll ech der eng op de Bak gin? — soll ech (betont) dann ëmmer mussen de Bockel duerhalen? — wat sollte mer maachen? (was unternehmen, was dagegen tun?) — solle mer goen? — soll dat wouer sin?; 2) Gerücht, Mutmaßung, Annahme: e soll nawell heiandsdo quiesch gin — et solle fofzeg Leit do gewiescht sin — fréier sollen se sech gutt gestan(en) hun — et sollen der vill leie bliwwe sin (bei deem Ongléck) — ech sollt (emol) deem säi Papp sin! (entrüstete Hypothese).
 
Solo (s-), Zolo M.: 1) «Gesang-, Musiksolo»; 2) «Alleingang im Kartenspiel» — dazu: Soloschlemm M. (Whistspiel).
 
Solper M. (gelegtl.: N.): «Salzlake, Pökel» — d'Fleesch an de (an d') S. leën — d'Hame musse sechs Wochen am S. leien — si hun d'Fleesch all aus dem S. giess (hatten keine Fleischvorräte mehr) — fir gudde S. ze kréien, muss esouvill Salz an d'kache Waasser kommen, datt en Ä dra schwëmmt — übtr.: e läit nach am S. — en huet d'Aen nach am S. leien (nach einer durchzechten Nacht);
 
Solper- -bidden F.: «Pökelbottich» — cf. Flääschbidden; -fleesch N.: «Pökelfleisch».
 
solperen trans. Verb.: «einpökeln» — d'Fleesch s. — Verbadj.: gesolpert — gesolpert Fleesch — übtr.: eng gesolpert Rechnong (dafür auch: gepeffert) — Abl.: Gesolpertes N.: «Pökelfleisch» — Gesolpertes mat sauerem Kabes.
 
Solschlëssel M.: «Violinschlüssel» (Musik).
 
solvable (wie frz.), zolvabel Adj.: «zahlungsfähig» — as en nach s.?
 
Solweid (so:l-) F.: «Salweide» (C).
 
Som (Dim. Seemchen [s. d.], Pl. Somen, Seem, meist Geseems, Semereien) M.: 1) a. «Same, Samenkorn» (auch für Getreide) — mir kréien de S. nët erëm (bei schlechter Ernte) — mir hun nach S. vun zjor — ech hun nach de S. (Seemchen) behalen (scil.: vun de Suën — einen kleinen Rest); b. «Nachkommenschaft» — sénges S. [Bd. 4, S. 228] kënnt kee mer virun d'Aen (C) — Echt.: heen hoat näist gedaacht, wi kënnt de S. anescht säin — Fluch: däi S. soll vergoen!; 2) (Pl. Somen, Somer) «die aufgegangene Saat» — de S. steet schéin — d'Somer sti schlecht dëst Jor — d'Somer si komm wéi eng Hechel (gleichmäßig, weil ordentlich gesät) — de Som stackt — im Kinderlied: d'Schewercher gin an de Somer — cf. Sot.
 
Som- -duch N.: «Saattuch» — dafür auch: Sotduch, Séinduch, Séisak, kurz: Sak; -fruucht F.: «Saatgetreide» — cf. Sotfruucht; -kär M.: «Samenkorn»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut