LWB Luxemburger Wörterbuch
 
solidd bis sondéieren (Bd. 4, Sp. 227a bis 228a)
 
solidd (s-) — s. zolidd.
 
Solist (s-), Zolist M.: «Solist, Solosänger, -musiker».
 
Solitär (s-) M.: «Solitär».
 
sollen (lok.: sëllen — Konjug.: Ind. u. Konj. Prät.: sollt, Part. Prät.: gesollt [selten], meist: sollen, sollten, lok.: sëllen — cf. sal, sall) Modalverb.: «sollen» — 1) Verpflichtung, Gebot, Norm, Erwartung, Wunsch: du solls folléchen — du solls dech schummen — du solls sonndes an d'Mass goen — hien hätt solle maachen ewéi e sollt (wéi en hätt sollen) — du solls mat him schwätzen — du solls gebeetscht gin — e soll mer nët esou kommen — du hätts solle lauschteren, auch: du solls gelauschtert hun (zuhören sollen, aber vgl. auch sub 2) — du hätts him scho laang solle schreiwen, auch: du solls scho laang geschriwwen hun — esou eppes hätts de solle viraus iwwerleën! — hie sot, ech soll(t) doheem bleiwen — en héiert nët wéi e soll(t) — dat Kand as nët wéi et soll(t) sin —e schafft méi wéi e soll — ech sollt recht behalen (erwartungsgemäß) — dat do sollt nët sin — et sollt nët sin, 't as awer geschitt — hat e solle kommen? — elliptische Antwort: jo, en hat sollen (gesollt), mä e koum nët — e sollt Dokter gin, mä 't as em nët duergeschlon — ech sollt stierwen (sou krank war ech); in Ausrufen zum Ausdruck von Staunen, Entrüstung: ech sollt an d'Gette goen, op de Réck falen, méch mat Kräizer senen — do solls de gro gin (gro Hor kréien)! — da solls d'awer baschten! — 't soll der gutt din (meist iron.)! — dat soll e Metzler sin! — der Däiwel soll en huelen! — do soll der Däiwel en Af gin! — do soll en Donnerwieder dra schlon! — in Fragesätzen zum Ausdruck von Zweifel, Ärger, Entrüstung, Ratlosigkeit: soll et nach Zäit sin? — soll et em eescht sin? — dat soll ech (betont) sin? (von einem Bild) — soll et nach duergon, fir mat der Nuecht doheem ze sin? — soll ech der eng op de Bak gin? — soll ech (betont) dann ëmmer mussen de Bockel duerhalen? — wat sollte mer maachen? (was unternehmen, was dagegen tun?) — solle mer goen? — soll dat wouer sin?; 2) Gerücht, Mutmaßung, Annahme: e soll nawell heiandsdo quiesch gin — et solle fofzeg Leit do gewiescht sin — fréier sollen se sech gutt gestan(en) hun — et sollen der vill leie bliwwe sin (bei deem Ongléck) — ech sollt (emol) deem säi Papp sin! (entrüstete Hypothese).
 
Solo (s-), Zolo M.: 1) «Gesang-, Musiksolo»; 2) «Alleingang im Kartenspiel» — dazu: Soloschlemm M. (Whistspiel).
 
Solper M. (gelegtl.: N.): «Salzlake, Pökel» — d'Fleesch an de (an d') S. leën — d'Hame musse sechs Wochen am S. leien — si hun d'Fleesch all aus dem S. giess (hatten keine Fleischvorräte mehr) — fir gudde S. ze kréien, muss esouvill Salz an d'kache Waasser kommen, datt en Ä dra schwëmmt — übtr.: e läit nach am S. — en huet d'Aen nach am S. leien (nach einer durchzechten Nacht);
 
Solper- -bidden F.: «Pökelbottich» — cf. Flääschbidden; -fleesch N.: «Pökelfleisch».
 
solperen trans. Verb.: «einpökeln» — d'Fleesch s. — Verbadj.: gesolpert — gesolpert Fleesch — übtr.: eng gesolpert Rechnong (dafür auch: gepeffert) — Abl.: Gesolpertes N.: «Pökelfleisch» — Gesolpertes mat sauerem Kabes.
 
Solschlëssel M.: «Violinschlüssel» (Musik).
 
solvable (wie frz.), zolvabel Adj.: «zahlungsfähig» — as en nach s.?
 
Solweid (so:l-) F.: «Salweide» (C).
 
Som (Dim. Seemchen [s. d.], Pl. Somen, Seem, meist Geseems, Semereien) M.: 1) a. «Same, Samenkorn» (auch für Getreide) — mir kréien de S. nët erëm (bei schlechter Ernte) — mir hun nach S. vun zjor — ech hun nach de S. (Seemchen) behalen (scil.: vun de Suën — einen kleinen Rest); b. «Nachkommenschaft» — sénges S. [Bd. 4, S. 228] kënnt kee mer virun d'Aen (C) — Echt.: heen hoat näist gedaacht, wi kënnt de S. anescht säin — Fluch: däi S. soll vergoen!; 2) (Pl. Somen, Somer) «die aufgegangene Saat» — de S. steet schéin — d'Somer sti schlecht dëst Jor — d'Somer si komm wéi eng Hechel (gleichmäßig, weil ordentlich gesät) — de Som stackt — im Kinderlied: d'Schewercher gin an de Somer — cf. Sot.
 
Som- -duch N.: «Saattuch» — dafür auch: Sotduch, Séinduch, Séisak, kurz: Sak; -fruucht F.: «Saatgetreide» — cf. Sotfruucht; -kär M.: «Samenkorn»; -rommel F.: «Saatrunkel» (zur Samengewinnung); -planz F.: «Pflanze zur Samengewinnung»; -sak M.: 1)s. Somduch; 2) «Hodensack» (Dim., Echt.: Somsekelchen) — cf. Sillsekelchen; -tut, -tiitchen F.: «Samentüte».
 
So-mer-no M. — s. sub soen.
 
Somme (wie frz., auch lok., z. B. Echt.: zom) F. — s. Zomm.
 
Sommatioun (s-), Zommatioun F.: «Aufforderung vom Gericht» (cf. Verdoéchen) — dazu: somméieren (s-), zomméieren trans. Verb.
 
sommen I intr./refl. Verb.: «zu einer Summe auflaufen, sich summieren» — dat sommt sech no an no — cf. summéieren.
 
sommen II refl. Verb. — s. saumen — substantiv. Gen. (lok.: Wiltz): Sommes N. — 't wor sénges S. nick (er konnte dort nicht verweilen).
 
Somp (Westen: Soump) M. (lok.: F.): «Sumpf» — cf. Soup, Supp, Säift — Echt.: 't as än S. an en Säift (C) — eng Supp an ee S.
 
sompeg, -ig Adj.: «sumpfig» — cf. soupeg, suppeg.
 
somzen intr. Verb.: «summen» (C).
 
sondéieren (s-, auch nasaliert) trans. Verb.: «sondieren, ausforschen».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut