LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Som bis Sonnestach (Bd. 4, Sp. 227b bis 229a)
 
Som (Dim. Seemchen [s. d.], Pl. Somen, Seem, meist Geseems, Semereien) M.: 1) a. «Same, Samenkorn» (auch für Getreide) — mir kréien de S. nët erëm (bei schlechter Ernte) — mir hun nach S. vun zjor — ech hun nach de S. (Seemchen) behalen (scil.: vun de Suën — einen kleinen Rest); b. «Nachkommenschaft» — sénges S. [Bd. 4, S. 228] kënnt kee mer virun d'Aen (C) — Echt.: heen hoat näist gedaacht, wi kënnt de S. anescht säin — Fluch: däi S. soll vergoen!; 2) (Pl. Somen, Somer) «die aufgegangene Saat» — de S. steet schéin — d'Somer sti schlecht dëst Jor — d'Somer si komm wéi eng Hechel (gleichmäßig, weil ordentlich gesät) — de Som stackt — im Kinderlied: d'Schewercher gin an de Somer — cf. Sot.
 
Som- -duch N.: «Saattuch» — dafür auch: Sotduch, Séinduch, Séisak, kurz: Sak; -fruucht F.: «Saatgetreide» — cf. Sotfruucht; -kär M.: «Samenkorn»; -rommel F.: «Saatrunkel» (zur Samengewinnung); -planz F.: «Pflanze zur Samengewinnung»; -sak M.: 1)s. Somduch; 2) «Hodensack» (Dim., Echt.: Somsekelchen) — cf. Sillsekelchen; -tut, -tiitchen F.: «Samentüte».
 
So-mer-no M. — s. sub soen.
 
Somme (wie frz., auch lok., z. B. Echt.: zom) F. — s. Zomm.
 
Sommatioun (s-), Zommatioun F.: «Aufforderung vom Gericht» (cf. Verdoéchen) — dazu: somméieren (s-), zomméieren trans. Verb.
 
sommen I intr./refl. Verb.: «zu einer Summe auflaufen, sich summieren» — dat sommt sech no an no — cf. summéieren.
 
sommen II refl. Verb. — s. saumen — substantiv. Gen. (lok.: Wiltz): Sommes N. — 't wor sénges S. nick (er konnte dort nicht verweilen).
 
Somp (Westen: Soump) M. (lok.: F.): «Sumpf» — cf. Soup, Supp, Säift — Echt.: 't as än S. an en Säift (C) — eng Supp an ee S.
 
sompeg, -ig Adj.: «sumpfig» — cf. soupeg, suppeg.
 
somzen intr. Verb.: «summen» (C).
 
sondéieren (s-, auch nasaliert) trans. Verb.: «sondieren, ausforschen».
 
Sones M. — in der spaßh. Ra.: d'Meedche wor ausgeschnidde bis op de S. (war tief dekolletiert).
 
Sonn (zonn — lok. vor allem in Luxemburg-Stadt; Westen: Soun; lok. Pl., selten gebraucht: Sinn, Sënn; Dim. Siinchen, Séinchen) M.: «Sohn» — e gët behandelt wéi de S. vum Haus (C) — mir hun e jonge Sonn kritt — ja, dann as et de Siinchen hei an de Siinchen do! (das verwöhnte Söhnchen) — Zussetz.: Schwéiersonn — cf. Fils, Jong sub 4).
 
Sonn (Pl. Sonnen, Dim. Sënnchen, Ammenspr. Sënni) F.: «Sonne» — d'S. stécht, dréckt, brennt — d'S. geet op, ënner, huet den Hank — d'S. schéngt, schéngt blatzeg, kënnt nët duurch (scil.: den Niwwel, d'Wollécken), schilzt duurch den Niwwel, huet e Bok, en ellene Boz (C) iwwergezun (ist vom Nebel versteckt), brennt engem an d'Akaul, engem d'Ongeziwwer (d'Lais um Kapp) dout — d'S. dréckt (stëppelt) e Wieder (e Schluet) eraus — d'S. setzt Stäipen (Anzeichen von Regen) — géi mer aus der S.! (verschwinde!) — Wetterregel: wann d'S. de Schnéi opleckt, da kënnt en erëm — b. großer Hitze: lee e Wues virun d'S.! (cf. Paangech) — d'S. wiermt ewell — d'S. schéngt op de kale Steen (wärmt noch nicht), Zus.: dreift déi plakeg Kanner heem — de Gaart kritt keng S., nët S. genuch — dat as dee gréisste Ligener (Näischnotz) deen ënner der S. as — deen as nët wäert, datt d'S. op e schéngt (e beschéngt) — e gesäit aus wéi eng S., e blénkt wéi eng S. (er strotzt vor Gesundheit) — e Gesiicht wéi eng S. — de Kuch as gebak wéi eng S. (glänzend gebacken) — lok.: e Paangech an der S. gebak (ein trockener Kuhfladen) — d'S. ausgréngen (müßig sein) — von einem Kinde mit bloßem Hintern: d'S. geet op — säi Kapp glënnert wéi eng S. (Kahlkopf) — spöttisch, lok. auf ein Nachbardorf bezogen: déi Steëner, Boxer S. (der Mond) — Kinderreim: Sonne, Sonne scheine / Kluckenhaus, Kluckenhaus / loos déi helleg S. eraus / Sonn, Sonn, komm eriwwer / Schiet, Schiet, bleif do iwwer! (rufen die Kinder, wenn an Regentagen Sonnenschein u. Schatten miteinander abwechseln — Ksp. Nr. 3, S. 113) — Sonne, Sonne scheine / fal iwwer de Rheine (Rhein) / fal iwwer d'Kluckenhaus / looss déng helleg S. eraus / wann ech glift (MKr. Nr. 346) — S. S. komm eriwwer / Schiet, Schiet, bleif do iwwer. / Wuer wëllt déi Fräche lafen? / En anere Kiwwel kafen. / Op dem Biereg, do as en Haus / wann ech dra sin, kucken ech eraus (MKr., Nr. 347) — Sonne, Sonne, scheine / scheine über den Rheine / scheine über das Glockenhaus / looss déi heileg Sonn eraus / Schiet bleif do iwwer / Sonn komm eriwwer, / de Wollef sëtzt hannert den Hecken / e frësst Botter a Wecken (MKr. Nr. 345) — Sonna, Sonna, scheina / mer fueren iwwer de Rheina / do sëtzen drei Jofferen / déi eng déi spënnt Seid / déi eng, déi spënnt Weid / déi aner [Bd. 4, S. 229] hängt d'Dicher op / bis dass déi heileg Sënnche schéngt (MKr. Nr. 348) — cf. dräi, dréif, Samschdeg, schéngen sub 1), Reen — Zussetz.: Abrëlls-, Fréijoors-, Mäerzsonn.
 
Sonne(n)- -auer F.: «Sonnenuhr»; -bad N. u. M.: «Sonnenbad»; -bäcker M. — im Ausdruck: e Brout vum S. (nicht genug gebackenes Brot); -blumm F.: «einjährige Sonnenblume» (Helianthus annuus) — kleng S. — dafür auch: giel Margréitchen; -blummekären Pl. M.: «Sonnenblumenkerne»; -blummenueleg M.: «Sonnenblumenöl»; -brand M.: «Sonnenbrand»; -brëll M.: «Sonnenbrille»; -ënnergank M.: «Sonnenuntergang»; -fënsternes F.: «Sonnenfinsternis»; -kur F.: «Sonnenkur»; -opgank M.: «Sonnenaufgang»; -prabli M.: «Sonnenschirm» — cf. Parasol; -schäin M.: «Sonnenschein»; -stach, -stéch M.: «Sonnenstich» — hues d'e S. kritt? (bist du noch bei Trost?);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut