LWB Luxemburger Wörterbuch
 
souguer bis spachtelen (Bd. 4, Sp. 231a bis 232b)
 
-guer Adv.: «sogar»; -laang Adv./Konjkt.: «solange» — s. ech weess (soweit meine Erinnerung reicht) — s. as dat Klengt spillt, plot et äis nët. -vill Adv./Konjkt.: «soviel» — s. wéi näischt (dafür auch: sou gutt wéi näischt) — e lieft nët méi, s. ech weess — schwätz dach nët s.! -wéisou Adv.: «sowieso» — mir wiren s. komm; -wuel Konjkt.: «sowohl».
 
Souch (-x, Nösl.: -ç) F.: «Wassergraben» — cf. Séi II, Séit, Sou.
 
souchen (-x) lok. phV. Echt. von: sichen.
 
Soud, Sudd M. (lok.: F.): «Sodbrennen» — 't as fir de S. ze kréien!
 
Souer (phV. Nösl., Echt.: Suër) F.: 1) «Gewimmer, Greinen» — d'Kand hält sech un eng S. (auch: ee Soueren — s. soueren sub 1); 2) «Person, die dauernd klagt» — dafür auch: Souermaschin F.; -mrei F.; -see F.
 
soueren (Osten und Nösl.: suëren) intr. Verb.: 1) «wimmern, greinen» — d'Kand souert an der Wéi — den Hond souert no séngem Här — e souert vun Zännwéi — bal souert e mam Mo, bal mat der Liewer — de Bouf huet mer de ganzen Dag de Kapp voll gesouert, fir eng Trompett ze kréien — dat Framënsch souert de ganzen Dag — substantiv.: deen as mat S. op d'Welt komm — en hält sech un ee S. — wat as dat e S. de ganzen Dag — Abl.: Gesouer, Gesouer(t)s, Gesouesch N. — hal mol eemol op mat deem éiwege G.! — dénges G. sin ech sat! 2) «mit leisem Geräusch kochen, braten» — d'Waasser souert am Dëppe virun — d'Äppel um Kolonnenuewe s. — cf. sidderen; 3) «surren, summen» — d'Mécke, d'Neonsluuchte s. — en Häbléiser souert vu fären.
 
souereg (lok.: suërig) Adj.: 1) «weinerlich, greinerisch» — eng s. Stëmm — e soueregt Framënsch, Kand; 2) (lok., z. B. Bettborn, Reimberg) «kränklich» — d'Fra gët all Dag méi s. (nimmt jeden Tag an Kräften ab).
 
Soumécht, Su-, Sue- (Var.: Soumicht, Sumicht, Somécht) F.: 1) «Nährstoffgehalt des Bodens» — et gët Planzen, déi zéien all S. aus dem Buedem — de Pällem entzéit dem Buedem all S. — übtr. von Speisen mit viel Fett, reichlicher Sauce: do as S. dran; 2) «Jauche» — d'S. leeft (geet) de Kulang (d'Gaass) an.
 
Soup, Supp F.: 1) «Sumpf, sumpfige Stelle» (bes. in Wiesen oder Wäldern) — Stellenbez.: an der Supp (bei Heffingen); 2) «dichter Nebel».
 
soupeg, suppeg, -ig Adj.: «sumpfig» — s. Wisen — eng s. Plaz am Bësch.
 
Sous, Sousel(i) weiblicher Vorname: «Susanna» — s. Susann.
 
Sout F. — s. Séi II.
 
souterens. sidderen.
 
sozial (s-, z-), zozial Adj.: «sozial» — deen as s. agestall — dazu: Sozialrent F.; -rentnerM.; -versécherong F.
 
Sozialist (s-, z-), Sossialist, Zozialist M.: «Sozialist» — dazu: sozialistesch, -isch Adj.: «sozialistisch» — déi s. Partei, Gewerkschaften — cf. rout sub 2)a.
 
Soziussëtz (s-, ts-) M.: «Soziussitz» (Motorrad) — dafür meist: den zwete, den hënneschte Sëtz (um Motor).
 
Spa (SpA) ON.: «Spa» — dazu: Spawaasser N.: «Mineralwasser von Spa» — dafür auch kurz: Spa M. und F. — gët mir e (eng) Spa, eng Fläsch Spa (-waasser) — Zussetz.: Spa-Citron, Spa-Orange (diese frz. ausgesprochen, Ton auf der ersten Silbe des Zusatzwortes).
 
Spaass (Pl. Spaasser, Pl. lok. Späss [z. B. Vianden — Engelmann]: Speesser — lok. Nösl.: Spass [kein Pl.], lok.: Spaz) M.: «Spaß, Vergnügen, Scherz» — d'Kanner hun hire Sp. am Schnéi — si hate vill Sp. op der Hochzäit (gehat) — si haten hire Sp. mat [Bd. 4, S. 232] him — esou e Sp. verbidden ech mer — lo as de Sp. um Enn! — Echt.: lo hoat de Sp. gedoun! — looss em dach säi Sp.! — hien hätt nawell Sp. un deem Meedchen (er fände schon Gefallen an dem Mädchen) — hatt huet Sp. mat de Jongen — ech hätt nawell Sp. un esou engem Haus — hien huet Sp. mam Rechnen — ech hätt Sp. fir matzegoen — lok. Redingen: sou e Sp. kann nët gedaueren — Echt.: en hoat Sp. an Eescht an äm Sekelchen (cf. Kräischen sub 1) — aus Sp. gët Eescht — jidderengem säi Sp.! — ech hun et gemaacht aus Sp. (Freude) un der Saach — dat gët dech en deiere Sp.! — dat as kee klenge Sp.! spaßh. Zus.: wann en Iesel an der Wéi läit — 't as e Sp. wéi en aneren — am (fir) Sp. (nicht im Ernst) — ech hun et nëmmen am (fir) Sp. gesot, ech hun nëmme Sp. gemaacht (es nicht ernst gemeint, auch entschuldigend) — et wor nëmme fir Sp. (beim Spiel, nur ein Versuch) — wann s de kee Sp. verstees (verdréis), da géi heem — Echt.: wee kee Sp. verstät, bleif voan de Leiden ewech — aa, dofir geet de Sp.! — ech hun dem (deem) Sp. (Spiel) elo laang genuch nogekuckt — ech hun dem Sp. nët getraut — elo héiert de Sp. op! — dat as Sp.! (das wäre gelacht!) — ech wäerd der dee Sp. verdreiwen! — ech fäerten, ech kréien den Zuch nët méi, Antwort: och, dat wir (as) Sp.! (das wäre gelacht) — Sp. muss sin, sot de Bauer, du huet en d'Fra mam Greef gekëddelt — cf. Sport sub 2).
 
Spaassmécher, -vull M.: «Spaßmacher, -vogel» — cf. Spaassert.
 
spaasseg, -ig Adj./Adv.: «spassig, spaßhaft» — eng sp. Gesellschaft — sp. Manéieren — eng sp. Geschicht — e spaassege Mënsch — d'Meedchen as nawell sp. — 't war sp. gemengt — dat do as nët sp. (nicht zum Lachen) — 't as mer nët sp. opgeluegt — d'Saach gesäit sech sp. un, awer . . . — substantiv.: mir as haut eng Sp. passéiert — eppes méi Spaasseges kanns de der nët denken.
 
Spaassereien Pl. F.: «spassige Geschichten».
 
spaassen (lok.: spazen, spassen) intr. Verb.: «spassen» — 't as nët fir ze sp.! — domat as nët ze sp.! — hien huet nët laang gespaasst an huet mat ugepakt — hei (elo) gët nët laang gespaasst! — si kënnen näischt ewéi laachen a spazen.
 
Spaassert M.: «Spaßvogel» — cf. Spaassmécher.
 
Spachtel (lok: -ç-) F.: 1) a. «der Spachtel, Spatel» (der Anstreicher, Maler, Glaser); b. «Tortenheber» — dafür auch: Taartespachtel; 2) M.: «Spachtelkitt».
 
spachtelen trans. Verb.: «spachteln» — eng Dir, eng Mauer sp. — dazu Verbadj.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut