LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Spa bis Spalaax (Bd. 4, Sp. 231b bis 233a)
 
Spa M. und F. — gët mir e (eng) Spa, eng Fläsch Spa (-waasser) — Zussetz.: Spa-Citron, Spa-Orange (diese frz. ausgesprochen, Ton auf der ersten Silbe des Zusatzwortes).
 
Spaass (Pl. Spaasser, Pl. lok. Späss [z. B. Vianden — Engelmann]: Speesser — lok. Nösl.: Spass [kein Pl.], lok.: Spaz) M.: «Spaß, Vergnügen, Scherz» — d'Kanner hun hire Sp. am Schnéi — si hate vill Sp. op der Hochzäit (gehat) — si haten hire Sp. mat [Bd. 4, S. 232] him — esou e Sp. verbidden ech mer — lo as de Sp. um Enn! — Echt.: lo hoat de Sp. gedoun! — looss em dach säi Sp.! — hien hätt nawell Sp. un deem Meedchen (er fände schon Gefallen an dem Mädchen) — hatt huet Sp. mat de Jongen — ech hätt nawell Sp. un esou engem Haus — hien huet Sp. mam Rechnen — ech hätt Sp. fir matzegoen — lok. Redingen: sou e Sp. kann nët gedaueren — Echt.: en hoat Sp. an Eescht an äm Sekelchen (cf. Kräischen sub 1) — aus Sp. gët Eescht — jidderengem säi Sp.! — ech hun et gemaacht aus Sp. (Freude) un der Saach — dat gët dech en deiere Sp.! — dat as kee klenge Sp.! spaßh. Zus.: wann en Iesel an der Wéi läit — 't as e Sp. wéi en aneren — am (fir) Sp. (nicht im Ernst) — ech hun et nëmmen am (fir) Sp. gesot, ech hun nëmme Sp. gemaacht (es nicht ernst gemeint, auch entschuldigend) — et wor nëmme fir Sp. (beim Spiel, nur ein Versuch) — wann s de kee Sp. verstees (verdréis), da géi heem — Echt.: wee kee Sp. verstät, bleif voan de Leiden ewech — aa, dofir geet de Sp.! — ech hun dem (deem) Sp. (Spiel) elo laang genuch nogekuckt — ech hun dem Sp. nët getraut — elo héiert de Sp. op! — dat as Sp.! (das wäre gelacht!) — ech wäerd der dee Sp. verdreiwen! — ech fäerten, ech kréien den Zuch nët méi, Antwort: och, dat wir (as) Sp.! (das wäre gelacht) — Sp. muss sin, sot de Bauer, du huet en d'Fra mam Greef gekëddelt — cf. Sport sub 2).
 
Spaassmécher, -vull M.: «Spaßmacher, -vogel» — cf. Spaassert.
 
spaasseg, -ig Adj./Adv.: «spassig, spaßhaft» — eng sp. Gesellschaft — sp. Manéieren — eng sp. Geschicht — e spaassege Mënsch — d'Meedchen as nawell sp. — 't war sp. gemengt — dat do as nët sp. (nicht zum Lachen) — 't as mer nët sp. opgeluegt — d'Saach gesäit sech sp. un, awer . . . — substantiv.: mir as haut eng Sp. passéiert — eppes méi Spaasseges kanns de der nët denken.
 
Spaassereien Pl. F.: «spassige Geschichten».
 
spaassen (lok.: spazen, spassen) intr. Verb.: «spassen» — 't as nët fir ze sp.! — domat as nët ze sp.! — hien huet nët laang gespaasst an huet mat ugepakt — hei (elo) gët nët laang gespaasst! — si kënnen näischt ewéi laachen a spazen.
 
Spaassert M.: «Spaßvogel» — cf. Spaassmécher.
 
Spachtel (lok: -ç-) F.: 1) a. «der Spachtel, Spatel» (der Anstreicher, Maler, Glaser); b. «Tortenheber» — dafür auch: Taartespachtel; 2) M.: «Spachtelkitt».
 
spachtelen trans. Verb.: «spachteln» — eng Dir, eng Mauer sp. — dazu Verbadj.: gespachtelt — e gespachtelt Bild.
 
Spackdull F.: «das breite Ende eines Löffelstiels» (Ga).
 
Spackel, Spackelter F.: 1) «Hagebutte» — dafür auch: Pottel, Bottel, Pottelbir, Hondspottel, Spackelbir, Spackelterbir, Spackelterkär, lok. Ellingen: Hinercher; 2) (lok.: Oberkerschen) «Frucht des Weißdorns» (?) — cf. Millebéinchen sub 1).
 
Spackel- -bir, Spackelterbir F.: «Hagebutte» (s. d. Vor. sub 1); -branntewäin M.: «Branntwein aus Hagebutten oder mit Hagebutten angesetzt»; -dar M.: «Heckenrosenstrauch» — dafür auch: Spackelter, Spakelter; -fläsch F.: «Flasche in Form einer Hagebutte» (Wb.06); -gebääss, Spackeltergebääss N.: «Marmelade aus Hagebutten, Hagebuttengelee»; -kär, Spackelterkär M.: 1) «Hagebutte» — s. Spackel sub 1); 2) «Kern der Hagebutte»; -këssemchen N.: «Schlafapfel, Muttergotteskissen» (durch die Rosengallwespe an den wilden Rosen hervorgerufene Mißbildung); -rous F.: «Hecken-, Hundsrose» — dafür auch: Hondsrous, wëll Rous — cf. Rousendar; -rutt F.: «Hagebuttenzweig, -rute»; -téi, Spackeltertéi M.: «Hagebuttentee».
 
Spackeljoun M.: 1)s. Spiirkeljoun (Skorpion); 2) (lok.: Echt.) «Maulwurfsgrille» — dafür auch: Wir, Wer.
 
Spackelter M.: 1)s. Spackeldar — Ortsneckerei: déi Greiweldénger Spackelter (die Einwohner von Greiveldingen suchten im Winter einen Nebenverdienst durch Verkauf von Heckenrosenstämmchen zum Okulieren); 2)s. Spackel.
 
Spacken (lok.) Pl.: «Nadeln der Nadelbäume» — dazu: Spackenzaroup M.: «Sirup aus den Nadeln der Fichten» (in der Volksmed. als Hustenmittel gebraucht).
 
Spadéi F.: «Degen oder Säbel» (scherzweise — Ga). [Bd. 4, S. 233]
 
Spadséier- -bengel M.: «Spazierstock»; -faart F.: «Spazierfahrt»; -gank M.: «Spaziergang» — 't as nëmmen e Sp. bis dohin; -gänger M.: 1) «Spaziergänger»; 2)lok. Echt.: -geenger «Müßiggänger»; -wee M.: «Spazierweg» — e schéine Sp.
 
Spadrull (lok.: Bodange, Dorf in der belg. Prov. Luxemburg) F. — s. Schwadrull.
 
spadséieren intr. Verb.: «spazieren» — sp. goen, fueren — mir gin e bësselche sp. — e koum esou lues dohier (ge-)spadséiert — d'Kanner gin haut sp. (machen einen Schulausflug) — Kinderlied: mir gi sp., déi aner musse léieren — Kinderspiel «Spazierengehen», dabei wird gesungen: Mäi Papp / an däi Papp / déi gin an de Bësch / si fänken e Fësch / wi wa wutsch / wohin sollen wir spazieren gehen? / wi wa wutsch — den Efalt, de Boz, säin domme Mond sp. féieren (Müßiggang treiben) — lo spadséiert dat aalt Geméch (die alten Sachen) op den Tipp, op d'Mëscht, an d'Dreckskëscht — drohend: wann s de dech nët schécks, da spadséiers d'an de Prisong!
 
Spagetti (Pl. Spagettiën) M.: 1) «Spaghetti (Teigwaren)»; 2) «Spottname für Italiener» — cf. Maccaroni sub 2).
 
Spal (lok.) M. und F.: 1) «Spalt» — e Sp. wéi méng Hand esou breet — an enger Sp. vum Fiels — kéier de Sp. méi zu dir! (beim Holzspalten) — cf. Splack, Spléck; 2)s. Span (C).
 
Spal- -aax F.: «Spaltaxt» (dafür auch: Spondaax — die Stekerësser bedienten sich der Sp. um das Eichenholz der Rebpfähle zu spalten) — cf. Staacherësser, Klien(te)-, Klinnmesser;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut