LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Späichernol bis Specksäit (Bd. 4, Sp. 236a bis 238a)
 
-nol M.: «Drahtnagel» — dafür auch lok. Echt.: Rasnol — Echt.: Ras- oder Späicherneel fer an d'Rangel (Schiffbau) — cf. Konschtebréck (Kinderlied); -rat M. und F.: «Hausratte» — cf. Rat; -trap F.: «Speichertreppe, Bodentreppe».
 
Späiz- -dëppchen N.: «Spucknapf» — cf. -këscht; -eck M.: «verwahrloste Ecke, unsauberer Platz»; -këscht F.: «Spucknapf»; -kinnek M.: «jem., der gut spucken kann»; -männchen M.: 1) a. «Art Feuerwerk, Speiteufel, auch für Wunderkerze» — spaßh. beim Erbrechen: 't as e Sp.; b. «Art Zündhölzchen, das eine starke, helle Flamme gibt» (lok.); 2) «Mine ohne Wirkung» — cf. Faschtert sub 3), Späizert sub 2).
 
späizen (Var.: Luxemburg-Stadt: speizen, Vianden: spéizen, Nösl.: Binsfeld, Holler: spucksen; Wilwerdingen: spuchen, Weiswampach: spichen, Ulflingen: spicksen, Oberbesslingen: spucken, Niederbesslingen: spiën (du spicks, hä spickt), spucken — Part. Prät.: gespaut — Nösl. (in der obigen Reihenfolge): gespuckst, gespucht, gespicht, gespickst, gespuckt, gespickt, gespuckt) intr./trans. Verb.: 1) «speien, spucken» — Jongen, lo heescht et an d'Hänn gespaut! (an die Arbeit!) — an d'Hänn gespaut as nach laang nët geschafft oder: as schon hallef geschafft — e geet dohier sp. (er lungert herum, ohne zu arbeiten) — Blutt sp. (Blut auswerfen) — Gëft a Gal sp. (sehr aufgebracht sein) — Dalere, Piese sp. (vor Durst vergehen) — späiz emol! (zu jem. ges., der dauernd redet und den andern nicht zu Wort kommen läßt) — sechs Pätt Wäin, as mer grad wéi an de Mo gespaut — hien huet mech gespaut — hien huet gutt Téin sp., déi aner maachen d'Aarbecht — engem an d'Gesiicht sp. (verachten) — virun ee sp. (jem. verachten) — du späiz em an d'Gesiicht, an da sees de 't hätt em dra gereent (beleidigst ihn, ohne daß er es merkt) — en huet sech op de (den egene) Kënn gespaut — Verachtung: ech sp. der drop — ech géif nët drop sp. (nicht ablehnen, nicht verschmähen) — et war grad wéi duer gespaut (ohne Wert und Wirkung) — wann s de him dat sees, dat as grad esouvill wéi duer gespaut (wirkungslos) — et as säi Papp wéi duer gespaut (er sieht seinem Vater in allem [bes. physisch] ähnlich); 2) «erbrechen» (spaßh.) — en huet iwwer d'Zänn gespaut; 3) «fauchen» (Katze, Schlange) — d'Kaz späizt géint den Hond — wat huet d'Fra (hatt) gespaut! 4) «zischen, knisternd brennen» — fiicht Holz späizt a spaudert (spuddert) am Feier [Bd. 4, S. 237] — d'Feier späizt am Uewen — wann een en Haasselter(steen) an d'Feier werft, späizt en — Bergbau: wenn die Wick (Zündschnur) angezündet ist, sagt der Bergmann: si späizt — d'Minn huet nëmme gespaut (cf. Späizmännchen sub 2), Späizert sub 2) — cf. spauderen, speie.
 
Späizert (Var. s. sub späizen) M.: 1) «jem., der viel spuckt» — e Sp., awer kee Schaffert; 2) «Mine ohne Wirkung» — cf. Späizmännchen sub 2), Faschtert sub 3); 3) (lok.) «Ejaculatio praecox».
 
-spänneg, -ig (lok. Var. z. B. Vianden: -spenig) — in Zussetz.: zwee-, dräi-, véierspänneg.
 
Spär F.: 1) «Sperre» (Eisenbahn) — ech si gutt (nët gutt) duurch d'Sp. komm — ech kommen dech bei d'Sp. sichen (abholen); 2) «Sperrvorrichtung am Erntewagen zum Anziehen des Wissbaams».
 
Spär-/Spier- (Var. Nösl.: Spiärr-) -balleg M.: «Spannriegel» (Ga); -dunn F.: «oberster Querbalken (Kehlbalken) im Dach» (Ga: welcher die Dachbalken verbindet, dafür auch: Spärsuel); -ketten F.: «Sperrkette» — dafür auch: Woonsketten; -nol M.: «Sperrnagel» (Weberspr.) — fir d'Kette mat dem Duch ze spane waren am Duchbam véier Lächer iwwert d'Kräiz gebuert; de Sp. huet ëmmer an engem vun dene Lächer gestach; -schlass N.: «Sperrschloß» (C); -suel (Ga) F. — s. -dunn.
 
späreg, -ig I Adj.: «sperrbar» — dafür auch: gespäreg — de Schlässer mécht d'Dir erëm sp.
 
späreg II Adj.: «sperrig» (von Bäumen ges.).
 
spären (Var. Luxemburg-Stadt: spieren, Nösl.: spiärren, veraltet: sparen, Wiltz: speren — Part. Prät.: gespaart) trans./intr. Verb.: 1) «sperren, verriegeln» — spär d'Dir! — en huet mer d'Dir virun der Nues gespaart — hues de den Auto gespaart? — d'Dir späert sech nët méi (läßt sich nicht mehr versperren) — de Schlëssel passt nët, e späert nët — d'Strooss as gespaart fir op . . . — fir Rëndvéi as de Maart gespaart — de Kont op der Bank sp. — de Palto späert iwwer d'Schëlleren (an de Schëlleren) — en as gespaart op der Broscht; 2) «einsperren» — et soll een d'Mais (d'Kaz) nët bei de Speck sp.; 3) «bremsen» (z. B. mit einer Kette, die Kette wird durch die Speichen des Wagenrades gezogen und am Längsbaum befestigt) — Zussetz.: a-, aus-, of-, op-, ver-, zou-, beienee-, zesummespären.
 
Speck (Echt., Vianden: Speek, Wiltz: Spääk) M.: 1) «Speck» — fette, grénge, gedréchente, gereecherte Sp. — moëre, duerchwuessene Sp. (Magerspeck, Speck mit Fleischstreifen) — klore, pure Sp. — eng Säit Sp. — e Stéck Sp. — Sp. an d'Pan schneiden, fir auszeloossen, fir ze gräwen — de Sp. schmaacht nom Damp — de Sp. greezt, as ranzeg — d'Schwäin hat eng Hand héich Sp. — deen huet Sp. op de Rëpper — Ierbësse mat Speck, Äer mat Sp. (an Ham) — Volksmed.: Sp. gët op d'Schwiere geluegt, fir ze zéien (cf. Speckschmotz) — e laacht wéi e Pond Sp. (übers ganze Gesicht) — Raa.: Sp. a Brout schléit den Honger dout — vun anerleits Sp. as gutt Gréiwe schneiden (cf. Lieder) — e stellt sech wéi wann e Sp. feel hätt (wéi wann en op engem Speckkoup séiz — er prahlt) — spaßh.: déi hätte mer, déi aner lackele (fänke) mer mat Sp. — im Heischelied «Léiwer Herrgottsblieschen»: gët eis Sp. an Ierbëssen . . . — in der Redewendung: Sp. a Seid (früher, kleiner (Dorf-)Kramladen mit einer großen Auswahl der verschiedensten Waren) — cf. Kaz sub 1), Maus sub 1), Pond, Schwéngefleesch; 2) «die nackte Haut» — pass op, d'Kaz hëlt der de Sp.! (wenn Kinder sich entblößen) — zu Kindern: 't weist een de Sp. nët! — neckend zum Kind: ech huelen der de Sp.! — hatt weist säi ganze Sp. — do konns de Sp. gesinn, do wor Sp. feel! (am Strandbad, auch von tief dekolletierten Damen gesagt) — e geet un de Sp. (sucht geschlechtlichen Verkehr); 3) Druckerspr.: «Auffüllmaterial zwischen den Zeilen» — et as Sp. genuch dërtëschent, mer kënnen eng Zeil bäisetzen; 4) «Süßigkeit» (sieht dem wirklichen Speck ähnlich); 5) «kohlartige Kratzdistel» (Cirsium oleraceum); 6)s. Specksuel;
 
Speck- / speck- -boun F.: «Feuerbohne» — cf. Feierboun; -buttéck M.: «Speckladen» (iron.) — dee Bal (Ball) as dee rengste Sp. — cf. Speck sub 2; -déier N.: «Speckkäfer» (Dermestes lardarius); -fett Adj.: «sehr fett»; -giel Adj.: «gelb wie Speck»; -gréif M.: «Speckgriebe»; -hais-chen N.: «Speckkammer, Fleischkammer» — e sëtzt am Sp.; [Bd. 4, S. 238] -hals M.: «Speckhals, Specknacken»; -kiewer M. — s. -déier; -kimmerchen F.: 1)s. -hais-chen; 2) «Karzer» — pass op, du gës an d'Sp. gespaart! -koup M.: «Speckhaufen» — in den Raa.: e géif nët fett a wann en op engem Sp. séiz — e schwätzt wéi wann (as wann) en op engem Sp. séiz (prahlt) — cf. Fettkoup, rieden; -kummer F. — s. -kimmerchen sub 1); -läischt F.: «Speckleiste» — de Buedem as speckeg, dee sech mam Plou schneit wéi Speckläischten — dafür auch: eng Läischt Speck; -méck F., -mued M. — s. -déier; -säit F.: «eine Seite Speck» — 't as efälleg d'Sp. nom Gréif ze geheien — dat as där Luusseger een, e werft mat engem Gréif no der Sp.;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut