LWB Luxemburger Wörterbuch
 
spären bis Spëdoolsauster (Bd. 4, Sp. 237a bis 238b)
 
spären (Var. Luxemburg-Stadt: spieren, Nösl.: spiärren, veraltet: sparen, Wiltz: speren — Part. Prät.: gespaart) trans./intr. Verb.: 1) «sperren, verriegeln» — spär d'Dir! — en huet mer d'Dir virun der Nues gespaart — hues de den Auto gespaart? — d'Dir späert sech nët méi (läßt sich nicht mehr versperren) — de Schlëssel passt nët, e späert nët — d'Strooss as gespaart fir op . . . — fir Rëndvéi as de Maart gespaart — de Kont op der Bank sp. — de Palto späert iwwer d'Schëlleren (an de Schëlleren) — en as gespaart op der Broscht; 2) «einsperren» — et soll een d'Mais (d'Kaz) nët bei de Speck sp.; 3) «bremsen» (z. B. mit einer Kette, die Kette wird durch die Speichen des Wagenrades gezogen und am Längsbaum befestigt) — Zussetz.: a-, aus-, of-, op-, ver-, zou-, beienee-, zesummespären.
 
Speck (Echt., Vianden: Speek, Wiltz: Spääk) M.: 1) «Speck» — fette, grénge, gedréchente, gereecherte Sp. — moëre, duerchwuessene Sp. (Magerspeck, Speck mit Fleischstreifen) — klore, pure Sp. — eng Säit Sp. — e Stéck Sp. — Sp. an d'Pan schneiden, fir auszeloossen, fir ze gräwen — de Sp. schmaacht nom Damp — de Sp. greezt, as ranzeg — d'Schwäin hat eng Hand héich Sp. — deen huet Sp. op de Rëpper — Ierbësse mat Speck, Äer mat Sp. (an Ham) — Volksmed.: Sp. gët op d'Schwiere geluegt, fir ze zéien (cf. Speckschmotz) — e laacht wéi e Pond Sp. (übers ganze Gesicht) — Raa.: Sp. a Brout schléit den Honger dout — vun anerleits Sp. as gutt Gréiwe schneiden (cf. Lieder) — e stellt sech wéi wann e Sp. feel hätt (wéi wann en op engem Speckkoup séiz — er prahlt) — spaßh.: déi hätte mer, déi aner lackele (fänke) mer mat Sp. — im Heischelied «Léiwer Herrgottsblieschen»: gët eis Sp. an Ierbëssen . . . — in der Redewendung: Sp. a Seid (früher, kleiner (Dorf-)Kramladen mit einer großen Auswahl der verschiedensten Waren) — cf. Kaz sub 1), Maus sub 1), Pond, Schwéngefleesch; 2) «die nackte Haut» — pass op, d'Kaz hëlt der de Sp.! (wenn Kinder sich entblößen) — zu Kindern: 't weist een de Sp. nët! — neckend zum Kind: ech huelen der de Sp.! — hatt weist säi ganze Sp. — do konns de Sp. gesinn, do wor Sp. feel! (am Strandbad, auch von tief dekolletierten Damen gesagt) — e geet un de Sp. (sucht geschlechtlichen Verkehr); 3) Druckerspr.: «Auffüllmaterial zwischen den Zeilen» — et as Sp. genuch dërtëschent, mer kënnen eng Zeil bäisetzen; 4) «Süßigkeit» (sieht dem wirklichen Speck ähnlich); 5) «kohlartige Kratzdistel» (Cirsium oleraceum); 6)s. Specksuel;
 
Speck- / speck- -boun F.: «Feuerbohne» — cf. Feierboun; -buttéck M.: «Speckladen» (iron.) — dee Bal (Ball) as dee rengste Sp. — cf. Speck sub 2; -déier N.: «Speckkäfer» (Dermestes lardarius); -fett Adj.: «sehr fett»; -giel Adj.: «gelb wie Speck»; -gréif M.: «Speckgriebe»; -hais-chen N.: «Speckkammer, Fleischkammer» — e sëtzt am Sp.; [Bd. 4, S. 238] -hals M.: «Speckhals, Specknacken»; -kiewer M. — s. -déier; -kimmerchen F.: 1)s. -hais-chen; 2) «Karzer» — pass op, du gës an d'Sp. gespaart! -koup M.: «Speckhaufen» — in den Raa.: e géif nët fett a wann en op engem Sp. séiz — e schwätzt wéi wann (as wann) en op engem Sp. séiz (prahlt) — cf. Fettkoup, rieden; -kummer F. — s. -kimmerchen sub 1); -läischt F.: «Speckleiste» — de Buedem as speckeg, dee sech mam Plou schneit wéi Speckläischten — dafür auch: eng Läischt Speck; -méck F., -mued M. — s. -déier; -säit F.: «eine Seite Speck» — 't as efälleg d'Sp. nom Gréif ze geheien — dat as där Luusseger een, e werft mat engem Gréif no der Sp.; -schmotz M.: «Schabsel von der Räucherseite des Specks» — Volksmed. (Echt.): Sp. op en Doar am Fanger geloagt zéigt en an äner Noacht eraus; -schwaart (Ton: 1, lok. Ton: 2) F.: «Speckschwarte» — Folkl.: Fettendonneschteg soll ee sech d'Gesiicht mat enger Sp. areiwen (C) — reif d'See mat enger Sp., da geet se besser duurch d'Holz; -suel F.: «Kreppsohle» — dafür auch: specke Suel; -zalot (lok.: Mosel) M.: «Löwenzahnsalat» (weil mit Speck angerichtet); -wuurzel F.: «Wurzel einer Glockenblumenart, welche fingerdick ist und von den Kindern gegessen wird; diese Wurzel hat einen angenehmen, süßen Geschmack» (Campanula rapunculus) — cf. Gaardegrant.
 
speckeg, -ig (lok. Echt.: spekig) Adj.: 1) «speckig, fett» — en huet esou sp. Hänn, Ärem — hatt as e gutt Speckegt; 2) «schmutzig, (wie) von Speck fettig» — en hat esou e speckege Palto un — e speckege Koll (Hemdkragen); 3) «lehmig» (vom Boden ges.) — speckege Buedem.
 
specken Adj.: «aus, mit Speck» — eng sp. Schmier (Brotschnitte mit Speck) — spaßh.: d'sp. Tas (Mutterbrust) — specke Suelen (Kreppsohlen).
 
spécken, spicken trans. Verb.: «spicken» — e Brot sp.
 
Spéck-, Spicknol F.: 1) «Spicknadel» — cf. Flääschnol; 2) (lok.) «Packnadel» — cf. Paknol.
 
spécksen intr. Verb.: «angestrengt horchen» — cf. spëtzen sub 2).
 
spëdéieren trans. Verb.: 1) «spedieren, versenden» — looss de Pak mat der éischter Post sp.! — dazu: Spediteur (wie hd.) M.; Speditioun F.; 2) «fortjagen, entlassen» — wann en sech nët besser schéckt, gët e spëdéiert — drohend: Jongen, lo gët der spëdéiert!
 
Speers. Spir II.
 
Spedel F. — s. Spéidel.
 
spéideg, spiedeg, spuedeg (lok. Echt.: spedig) Adj.: «spatig» (Beinkrankheit der Pferde und der Schweine) — übtr.: wann ech nach laang hei sëtzen, da gin ech nach sp. — cf. Spatt, wuedegrämmeg.
 
Spéidel, Spedel (lok.: Spiedel) F.: «Einsatzstück, Füllstück» (z. B. beim Handschuh).
 
spéiders. sub spéit.
 
speie Adj. — in der Ra.: speie Kanner, deie Kanner (cf. deien, Kand sub 2) — auch wie hd.: Speikinder, Gedeihkinder.
 
Spëdol, Spidol (Ton: 2) M. und N.: 1) «Krankenhaus» — e läit am Sp. — drohend: mäi léiwe Jong, wann s de nach e Wuert sees, erwächs d'am Sp.! — dafür auch: Klinik; 2) «Zivilhospiz» (lok. Echt. heißt d'Spidol: dat grusst Hous) — mahnend: mäi léiwe Jong, du endegs nach am Sp. — cf. Rumm II sub b.;
 
Spëdools-/Spidools- -auster F.: «Auswurf der Lungenkranken» (lok.);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut