LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Spéiss- bis spenden (Bd. 4, Sp. 239b bis 240b)
 
Spéiss- -biirger M.: «Spießbürger» — cf. Spéiss sub 2); -gesell M.: «Spießgeselle» (Engelmann). -igel (auch: Spëssigel — lok.) M.: «Igel» — cf. Kéi-sécker sub 1). -int F.: «Spießente» (Anas acuta).
 
spéissen trans. Verb.: «spießen» (Wb.06) — Zussetz.: opspéissen.
 
spéit (Steigerung: méi sp. — lok.: spikt, spitt) Adv./Adj.: «spät» — Raa.: wien ze sp. kënnt, kritt de Wësch an d'Dëppen — besser sp. wéi glat nët — du bas sp. un — si woren owes sp. op — wéi sp. as et? — wéi sp. hu mer et? — et war gëscht sp. gin, haut gët et nach méi sp. — komm eng hallef Stonn méi sp.! — sp. opstoen — sp. am Summer — owes sp. — 't as e spéit Jor — eng sp. Zort Grompren, Äppel — sp. Äppel, Grompren, Huewer, Uebst — in Zussetz.: Spéithierscht, -summer (Ton: 1) neben: am spéiden Hierscht, am spéide Summer — dazu: spéider (lok.: spidder) «später» (ein andermal) — mir schwätze sp. (nach) driwwer — looss (si) fir sp.! — sp. gesäis d'eréischt an, datt ech recht hat — aber: e koum méi sp. — 't gouf méi sp., wéi mer geduecht haten.
 
Spéithongeregs. hääschen I sub 1).
 
spëkeléieren, spëkuléieren intr. Verb.: 1) «unauffällig auskundschaften, zu erfahren suchen» — ech hu gläich an uecht geholl, datt hien no eppes sp. kéim — wat soll deen nëmmen hei ze sp. hun? 2) a. «spekulieren» (Börse) — en huet sech futti spëkeléiert — hien huet schlecht spëkeléiert — en huet aus spëkeléiert; b. «darauf aus sein, rechnen mit» — hie spëkeléiert op deem séng Plaz, op déi (mat deer) Ierfschaft — hie spëkeléiert nëmmen op denen aner(en) hir Dommheet — Abl.: Gespëkeléiers N., Spëkeléiere(n)s N. — dat do, dat as sénges G.! — Zussetz.: aus-, verspëkeléieren.
 
Spëkelant, Spëkulant M.: «Spekulant».
 
Spëkelatioun, Spëkulatioun F.: «Spekulation» — eng Bauplaz op Sp. kafen.
 
Spëktakel, Spëtakel (Ton: 2) M.: «Lärm, Radau, Krach» — Raa.: Sp. as kee Bewäis — vill Sp. a wéineg Zäig — 't as e Sp., 't mengt een et wir een an enger Zinago(g) (Synagoge), an enger Juddeschoul, et versteet ee säin egent Wuert nët (méi) — wat maachen déi uewenop e Sp. (Krach)! [Bd. 4, S. 240] — Sp. schloen — si hun alt nammel Sp. (Krach, Streit) — an deem Haus as ëmmer Sp. — cf. Kaméidi.
 
spëktakelen, spëtakelen intr. Verb.: «lärmen, toben» — wann e bis (ge-) spëktakelt huet, hält en op (as e roueg) — Abl.: Gespëktakels N.
 
Spëktakels-, Spëtakelsmécher M.: «Radaubruder».
 
spëktakelzeg, -ig, spëtakelzeg, -ig Adj.: «lärmend» — d'Kanner si mer eemol zevill sp.
 
Spektif (Ton: 2) F.: 1) «Fernglas, Fernrohr»; 2) M. — in dem Ausdruck: eppes am Sp. hun (C: in Aussicht haben — frz. en perspective) — cf. Jumelle.
 
Spekulazius (Ton: 3) M.: «Art hartes Zuckergebäck» — cf. Kichelchen sub 2).
 
Spëll I, Spill F.: 1) «Spindel» — cf. Wierwel; 2) «Achsschenkel» (Zimmermannsspr.) — im Volkslied: Habschter, Käercher, Simmrer Millen, goungen d'Jongen op de Spillen (cf. Thill M.: Singendes Volk S. 278).
 
Spëll II F.: «Aushöhler, Zapfen» (Kerzenfabrikation — Ga).
 
Spell (Pl. Spellen) F.: 1) «Granne, Schäbe»; 2) «Splitter der holzigen Stengelmasse von Hanf und Flachs» — cf. Anen, Osécken, Ospen, Pell.
 
Spëlle-, Spelle-, Spillebän Pl. N.: «Spindelbeine, dünne Beine» — hei koum um Summerwee e grousse schwéiren Ochs op héije Spellebeen . . . (M. Lentz: De Fräsch an den Ochs) — mä d'Kättchen denkt, dir Spellebeen (ihr dünnbeinigen Jungfern), kënnt dir et och, dir siet nët neen, ech hun iech opgelueden, express kuckt hei méng Wueden (Dicks: Déi schéinste Wueden).
 
Spëlleschësser (vereinzelt) M.: «Libelle» — cf. Joffer B. II.
 
Spëllekrimmer (lok.: Binsfeld) M.: «magerer, schwächlicher Mann» — cf. Spizert.
 
spellen (lok. Vianden: spelen) trans. Verb.: 1) «ausschoten» — cf. pellen — Verbadj.: gespellt — gespellt(en) Ierbëssen — cf. spalen sub 1); 2) «essen» (lok.) — eng Ham sp. (einen Schinken bis auf die Knochen aufessen).
 
Spellwääss M.: «Buchweizen».
 
Spëlonk F.: «Spelunke».
 
Spelz, Spëlz, Spelster M.: «Spelz» (Triticum spelta).
 
Spelzestän M.: «Steinmergel» (aus dem Steinmergelkeuper).
 
Spënd M.: «Spind» (Mil.) — dafür auch: Spind.
 
Spëndchen F. — s. Spënnchen.
 
spendéieren trans. Verb.: «spendieren» — wie spendéiert hei? — dazu: Spendéierbox F. — in der Redewendung: d'Sp. unhun (spendieren); -monni M.: «Spendieronkel».
 
Spend (Neol.) F.: «Spende» — dazu: spenden — hu se gutt gespent? — cf. bäigin, bäisteieren.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut