LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Spill bis Gespionnéiers (Bd. 4, Sp. 244a bis 245b)
 
Spill I (Spil) F. — s. Spëll I.
 
Spill II (Spill, Pl. Spiller, Dim. Spillchen, lok.: Spi:ll) N.: 1) a. «Spiel» (das Spielen, dann jede Art von Unterhaltungs-, Glückspiel usw., auch Einzelspiel — eigtl. und übtr.) — e Sp. mat der Kaart maachen — solle mer e Sp. (Spillche) maachen? — mir hun dräi Spiller gewonn(en) an eent verluer — ech maachen dat Sp. (ich wage das Spiel) — d'Sp. as op — d'Sp. as aus (eigtl. und übtr.) — d'Sp. as drun (verloren) — du hues dat Sp. muttwëlles drugemaacht (verloren) — ech hat e schéint Sp. (gute Karten) — wou (wéi) konnt ech mat deem (schéine) Sp. verléieren (drugoen)? — alles an d'Sp. setzen (jeden Einsatz wagen) — alles op d'Sp. setzen (übtr.) — et as (steet) vill um (am) Sp. (übtr.) — 't steet vill am Sp. (Einsatz) — der Däiwel hat d'Hand am Sp. — der Däiwel mécht säi Sp. — a wann der Däiwel am Sp. wir! (ech maachen et) — engem d'Sp. verdierwen — 't as (jo) nëmmen e Sp. (keine ernste Angelegenheit, nur ein Spiel) — e wollt erëm gutt Sp. maachen (versöhnlich tun) — looss d'Fanger (do) aus dem Sp.! — hien hat d'Fangeren do am Sp. — Jong, du dreifs do e Sp., dat kritt kee gutt Enn — dat as esou e Sp., do léisst een am beschten d'Fanger(en) dervun — deem Spillche maache mer elo en Enn! — ech hun deem Spillchen ewell wéi laang nogekuckt — dat Spill(che) man ech nët (méi) mat! b. «Gegenstand zum Spielen, Spielzeug» — ech hun deem Klengen e Sp. matbruecht — cf. Spillsaach, Spillgezei; c. übtr. von Personen gesagt — ech hu mäi Sp. nët matbruecht (sagte der Ehemann, der seine Frau nicht mitgebracht hatte) — eist aalt Sp. (die Frau, vom Mann gesagt) — dat as e koppegt Sp. (eine schrullige Person) — 't as e léift Spillchen (ein liebes Mädchen); d. «Geschlechtsteil» — cf. Buttéck sub 4) — spaßh. beim Kegelspiel: e Sp. wéi Zaangs Kätt (fiktiver Name) säint; 2) a. «musikalische Darbietung»; b. «Bühnendarbietung, Bühnenstück» — 't war e schéint Sp. — in Titeln (z. B. Theaterstücke): d'Sp. vun der Bidden, vum wëlle Grof; c. «Musikinstrument» — d'Sp. as futti; 3) «Spielraum» — d'Rad huet nët genuch Sp. — de Still huet zevill Sp. (cf. Sputt sub 1) — Zussetz.: Ball- (Handball-, Foussball-), Geld-, Kaarte-, Kanner-, Klacke-, Käschte-, Maul-, Mécke-, Mënsche-, Mond-, Päerderche(r)s-, Vir-, U-, Uergelspill.
 
Spill- (meist: Spil-) -ball M.: «Spielball»; -brécher M.: «Spielverderber» — ech si kee Sp., ech maache mat; -dag M.: «(schul-)freier Tag»; -dësch M.: «Spieltisch»; -gezei N.: «Spielzeug»; -joffer F.: «Leiterin des Kindergartens»; -kaart F.: «Spielkarte»; -kënnercher Pl. N. — im Spw.: ee Kënnchen, kee Kënnchen, zwee Kënnercher, Sp.; -kummer F.: «Spielzimmer»; -mann (Pl. Spilleit, Spillmänner, letzteres vor allem für: «ambulante Musikanten» — lok.: Spillmates) M.: 1) «Spielmann» — Raa.: wien dänzereg as, deem as jidd Sp. geriecht (dem ist jede Musik recht) — abweisend: ma so, sin ech vläicht däi Sp.! (wenn jem. von einem andern zu viel verlangt) — wien de Sp. opsetzt (dangt), muss en och bezuelen (huet och eppes ze soen) — en huet sech sou sat giess wéi e Sp. — cf. Geieklos; 2) (lok.) «Stier»; -plaz F.: «Spielplatz»; -raum M.: «Spielraum» — cf. Spill sub 3); -saach F.: «Spielsache» — meist im Pl. -saachen; -schank F.: «Spielknochen» — cf. mat de Schanke spillen, Béckel II, Jonas, Kaul sub 2), Kailches, Knéchelchen, Knécker, Kromen; -schold F.: «Spielschuld» — cf. Éiereschold; -schoul F.: «Kindergarten» — dafür auch: Kanner-, Pippelche(r)sschoul; -schwester F.: «Ordensschwester als Lehrerin im Kindergarten»; -verdierwer M. — s. -brécher; -zëmmer N. u. F.: «Spielzimmer» — cf. -kummer.
 
Spillchen I N. — Dim. zu Spill II.
 
Spillchen II F.: «kleine Spule im Weberschiff, im Schiffchen der Nähmaschine» — an dem Schëffelche lug eng Spillchen aus Hielenter; eng Spillchen huet fir véier Zantimeter Duch gereecht; fir d'Spillercher ze maachen, gouf e Strank Gar op d'Spullerad geluegt a gedréit, bis d'Spillercher voll waren. (cf. Bull. ling. et ethn. fasc. 11/ 1967, S. 18 — J. Thein: De Wiewer an d'Wiewen an der Lëtzebuerger Sprooch) — cf. Schëffel sub 2).
 
Spillebeen N.— s. Spëllebeen.
 
spilleg, -ig Adj.: 1) «brünstig» — d'Kou as sp. — sp. wéi e Maarkollef (sehr verliebt) — e mécht Aen ewéi e spillege Kueb — cf. stéiereg sub 1); [Bd. 4, S. 245] 2) «verspielt» — s. spillereg; 3) (lok.: Bettborn) «quicklebendig» — cf. wibbeleg; 4)im Ausdruck: sp. sin — dat Spill as nët sp. (dieses Spiel ist nicht zu verlieren).
 
spillen (Part. Prät.: gespillt, lok.: gespiilt, Nösl. Konj. Prät.: spillt) trans./intr. Verb.: 1) «spielen» — cf. Spill II sub 1)a. Kaart (lok.: mat der Kaart), Fänkes, Häbéckel, Stëppches, Stoppes, (mat de) Käle, mam Ball, mat de Jhicke sp. — Theater, Kino sp. — d'Kanner sp. (mateneen) — Mutter zum Kind, wenn es etwas verloren hat: 't as bei d'Kanner sp. — déi jong Honn sp. gär — e spillt wéi en Äfalt, en Dabo, eng Masett (sehr schlecht), wéi eng Sau (sehr schlecht, mit unverdientem Glück) — wie spillt? — ech sp. nach, ech hun nach ze sp. — ech sp. nët méi (mat) — nenns du dat do gespillt? (bei einem schlechten Kegelwurf) — mir hu(n äis) gläich gespillt (soviel gewonnen wie verloren) — mir sp. aus an un (Kegelspiel: der letzte Wurf eines Spiels wird auf das nächstfolgende angerechnet) — si sp. fir dem Käser säi Baart (um keinen oder um geringen Einsatz) — mir sp. fir näischt — ech hu mech fräi gespillt (nichts verloren u. nichts gewonnen) — sech eng (Kaart) fräi sp. (cf. féx) — e spillt nach léiwer wéi en ësst — zu Geselle sp. — op d'ägen Hand sp. — laanscht, fest drop, op d'Panz, an d'Schneid, héich, hannelaanscht, op de Mordjëss sp. (beim Kegelspiel) — spill, datt eng (scil.: Käl) matgeet — op d'vollt (Spill), voll drop sp. — eng (Käl) eraus sp. (cf. Käl) — spaßh.: sou spillt ee mat denen Déngelcher, sou spillt eng Sau mat engem Affekot (wenn jem. beim Spiel unverdientes Glück hat) — dee spillt Kaz a Maus mat him — en huet mer Schëppe gespillt (übtr.: mich fallen gelassen) — ënner engem Hittche, Hutt sp. — e spillt fir Geld — e spillt an der Lotterie, op der Bourse — e spillt mat séngem Verméigen — auch iron.: du spills mat déngem Liewen — dat spillt keng Roll (hat nichts zu bedeuten) — hie spillt déi Roll gutt — hie spillt den (de groussen) Här — hie brauch nëmmen den Här sp. (er braucht nicht zu arbeiten) — muss ech dann ëmmer den Efalt sp.? (der Dumme sein) — hei gët nët laang gespillt (gezögert), ma geschafft! — d'Waasser huet un den ënneschten Träpplécke gespillt (bei Hochwasser) — Sportspr.: si sp. an der Nationaldivisioun — Esch spillt e Sonndeg zu Rëmeléng — hie spillt zu (bei) Didléng (er ist Spieler des Düdelinger Vereins) — pass op, deen do spillt der eng! (er legt dich herein) — hien huet sech selwer eng gespillt — spill der keng! b. «ein Instrument spielen, Musik machen» — Gei, Trompett sp. — hie spillt gutt Klarinett — en huet (op der) Gei gespillt — wat hun déi eppes gespillt! — hie spillt d'éischt Gei (eigtl. und übtr.) — wat spills de? (welches Instrument, welches Musikstück?) — de Schoulmeeschter um Duerf muss dacks d'Mass sp. a sangen — Ra.: wie gär danzt, deem as liicht sp. (cf. Spillmann) — lok.: jee jee, looss dech heem spillen! (hau ab!) — lok.: d'Musek aus dem Duerf huet s'an d'Kiirch gespillt (hat sie mit Musik zur Kirche begleitet); 2) a. «Spielraum haben» — d'Rad spillt an der Nuef; b. — déi Faarf spillt an d'Roudelzegt; 3) (lok.: Nösl.) «gedeckt werden» — d'Kou hatt gespillt — d'Kou sp. loossen; substantiv.: Spillen N. — hien huet nëmmen d'Sp. am Kapp, an der Kopp — Zussetz.: a-, aus-, eraus-, dru-, no-, op-, ver-, vir-, u-, zesummespillen — Abl.: Gespills N.
 
spilles Adv.: «spielend leicht» — esou eppes mécht hie sp. — et as sp. gaang.
 
Spiller(t) (Pl. Spiller(ten)) M.: 1) «Spieler» (Sport,Kegeln) — bes. Bed.: wien huet de Sp.? (wer ist am Spielen? wer spielt?); 2) a. (Pl. Spillerten) «ambulante Musikanten»; b. «Amateurschauspieler» — Zussetz.: Aus-, Op-, U-, Verspiller(t).
 
spillereg, -ig Adj./Adv.: «auf das Spiel versessen, mutwillig» — hien as nach esou sp. fir säin Alter — déi jong Honn si sp.
 
Spillerei F.: «Spielerei».
 
Spinatmous N.: «Spinatmus» — cf. Mous.
 
Spind M. — s. Spënd.
 
Spinglad (lok.: Leithum) F.: «Zündholzschachtel» — cf. Spoun I.
 
Spinner M. — s. Spënner II.
 
Spinot M. — s. Spënot.
 
Spionaasch M.: «Spionage».
 
spionnéieren intr. Verb.: «spionieren» — Zussetz.: ausspionnéieren — substantiv.: ech hun dénges Sp. elo genuch — Abl.: Gespionnéiers N.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut