LWB Luxemburger Wörterbuch
 
spilleg, -ig bis Spitzfinnes (Bd. 4, Sp. 244b bis 246b)
 
spilleg, -ig Adj.: 1) «brünstig» — d'Kou as sp. sp. wéi e Maarkollef (sehr verliebt) — e mécht Aen ewéi e spillege Kueb — cf. stéiereg sub 1); [Bd. 4, S. 245] 2) «verspielt» — s. spillereg; 3) (lok.: Bettborn) «quicklebendig» — cf. wibbeleg; 4)im Ausdruck: sp. sin — dat Spill as nët sp. (dieses Spiel ist nicht zu verlieren).
 
spillen (Part. Prät.: gespillt, lok.: gespiilt, Nösl. Konj. Prät.: spillt) trans./intr. Verb.: 1) «spielen» — cf. Spill II sub 1)a. Kaart (lok.: mat der Kaart), Fänkes, Häbéckel, Stëppches, Stoppes, (mat de) Käle, mam Ball, mat de Jhicke sp. — Theater, Kino sp. — d'Kanner sp. (mateneen) — Mutter zum Kind, wenn es etwas verloren hat: 't as bei d'Kanner sp. — déi jong Honn sp. gär — e spillt wéi en Äfalt, en Dabo, eng Masett (sehr schlecht), wéi eng Sau (sehr schlecht, mit unverdientem Glück) — wie spillt? — ech sp. nach, ech hun nach ze sp. — ech sp. nët méi (mat) — nenns du dat do gespillt? (bei einem schlechten Kegelwurf) — mir hu(n äis) gläich gespillt (soviel gewonnen wie verloren) — mir sp. aus an un (Kegelspiel: der letzte Wurf eines Spiels wird auf das nächstfolgende angerechnet) — si sp. fir dem Käser säi Baart (um keinen oder um geringen Einsatz) — mir sp. fir näischt — ech hu mech fräi gespillt (nichts verloren u. nichts gewonnen) — sech eng (Kaart) fräi sp. (cf. féx) — e spillt nach léiwer wéi en ësst — zu Geselle sp. — op d'ägen Hand sp. — laanscht, fest drop, op d'Panz, an d'Schneid, héich, hannelaanscht, op de Mordjëss sp. (beim Kegelspiel) — spill, datt eng (scil.: Käl) matgeet — op d'vollt (Spill), voll drop sp. — eng (Käl) eraus sp. (cf. Käl) — spaßh.: sou spillt ee mat denen Déngelcher, sou spillt eng Sau mat engem Affekot (wenn jem. beim Spiel unverdientes Glück hat) — dee spillt Kaz a Maus mat him — en huet mer Schëppe gespillt (übtr.: mich fallen gelassen) — ënner engem Hittche, Hutt sp. — e spillt fir Geld — e spillt an der Lotterie, op der Bourse — e spillt mat séngem Verméigen — auch iron.: du spills mat déngem Liewen — dat spillt keng Roll (hat nichts zu bedeuten) — hie spillt déi Roll gutt — hie spillt den (de groussen) Här — hie brauch nëmmen den Här sp. (er braucht nicht zu arbeiten) — muss ech dann ëmmer den Efalt sp.? (der Dumme sein) — hei gët nët laang gespillt (gezögert), ma geschafft! — d'Waasser huet un den ënneschten Träpplécke gespillt (bei Hochwasser) — Sportspr.: si sp. an der Nationaldivisioun — Esch spillt e Sonndeg zu Rëmeléng — hie spillt zu (bei) Didléng (er ist Spieler des Düdelinger Vereins) — pass op, deen do spillt der eng! (er legt dich herein) — hien huet sech selwer eng gespillt — spill der keng! b. «ein Instrument spielen, Musik machen» — Gei, Trompett sp. — hie spillt gutt Klarinett — en huet (op der) Gei gespillt — wat hun déi eppes gespillt! — hie spillt d'éischt Gei (eigtl. und übtr.) — wat spills de? (welches Instrument, welches Musikstück?) — de Schoulmeeschter um Duerf muss dacks d'Mass sp. a sangen — Ra.: wie gär danzt, deem as liicht sp. (cf. Spillmann) — lok.: jee jee, looss dech heem spillen! (hau ab!) — lok.: d'Musek aus dem Duerf huet s'an d'Kiirch gespillt (hat sie mit Musik zur Kirche begleitet); 2) a. «Spielraum haben» — d'Rad spillt an der Nuef; b. — déi Faarf spillt an d'Roudelzegt; 3) (lok.: Nösl.) «gedeckt werden» — d'Kou hatt gespillt — d'Kou sp. loossen; substantiv.: Spillen N. — hien huet nëmmen d'Sp. am Kapp, an der Kopp — Zussetz.: a-, aus-, eraus-, dru-, no-, op-, ver-, vir-, u-, zesummespillen — Abl.: Gespills N.
 
spilles Adv.: «spielend leicht» — esou eppes mécht hie sp. — et as sp. gaang.
 
Spiller(t) (Pl. Spiller(ten)) M.: 1) «Spieler» (Sport,Kegeln) — bes. Bed.: wien huet de Sp.? (wer ist am Spielen? wer spielt?); 2) a. (Pl. Spillerten) «ambulante Musikanten»; b. «Amateurschauspieler» — Zussetz.: Aus-, Op-, U-, Verspiller(t).
 
spillereg, -ig Adj./Adv.: «auf das Spiel versessen, mutwillig» — hien as nach esou sp. fir säin Alter — déi jong Honn si sp.
 
Spillerei F.: «Spielerei».
 
Spinatmous N.: «Spinatmus» — cf. Mous.
 
Spind M. — s. Spënd.
 
Spinglad (lok.: Leithum) F.: «Zündholzschachtel» — cf. Spoun I.
 
Spinner M. — s. Spënner II.
 
Spinot M. — s. Spënot.
 
Spionaasch M.: «Spionage».
 
spionnéieren intr. Verb.: «spionieren» — Zussetz.: ausspionnéieren — substantiv.: ech hun dénges Sp. elo genuch — Abl.: Gespionnéiers N.
 
Spioun (lok. Echt.: Spiunn, Spiull) M.: 1) a. «Spion» — Aen ewéi e Sp.; b. «Beobachtungsspiegel am Fenster»; 2) «Warnschlag, Vorschlag der Uhr» (Ga); 3) «Libelle» — cf. Joffer A, B. [Bd. 4, S. 246]
 
Spir I (lok.) F.: «Gefühl» (C) — Abl.: Gespir N. (lok.) — hien huet kee Gespir duerfir — cf. Gefill sub 1).
 
Spir II, Spier, Speer F. (C auch M.): «Spierbeere, Sperberbirne» — cf.sub 1), Schwéierholz.
 
Spirebam M.: «Speierling» (Sorbus domestica) — wëlle Sp. (Elsbeere — Sorbus torminalis).
 
Spirebranntewäin M.: «Branntwein aus der Spierbeere».
 
Spirkraut N.: «Spierstauden (Spiraea) verschiedener Art» (z. B. Wiesenkönigin) — cf. Schéifernoss.
 
Spiral M. und F.: 1) «Spirale» — 't huet d'Form vun enger Sp.; 2) «Spiralfeder» (C) — de (d') Sp. an enger Auer — eng Sp., fir e Rouer opzemaachen, dee verstoppt as — dafür auch: eng Schlaang.
 
Spiralfieder F.: «Spiralfeder».
 
Spirakel Ausdruck u. Spielform im Skatspiel (lok. z. B. Remich, Stadtbredimus) — dafür auch lok.: Radau — a mat Sp. (bei dieser Ansage muß der Spieler mit Trumpfsieben den letzten Stich machen).
 
spiren (Konjug.: Ind. Präs.: du spiirs, hie spiirt, Part. Prät.: gespiirt, gespuurt — Nösl.: spirren — Ind. Präs.: du spirrs, hää spirrt, Ind. Prät.: spurrt, Konj. Prät.: spirrt, Part. Prät.: gespurrt) Verb. 1) trans.: «spüren, fühlen, merken» — Ra.: jidderee spiirt säint! — dat spiirt een éischter wéi der Dag mueres (bei körperlichem Schmerz) — Frage des Arztes: wou spiirt Der et? — wann Der nach eppes spiirt, da kommt laanscht — vun där Ierfschaft hu mer näischt (nët vill) gespuurt — mir hun nët vill vum Krich gespiirt, nët vill ze sp. kritt — ech hun d'Hänn nët méi gespiirt vu Keelt — e spiirt d'Fréijor — e spiirt d'Wieder (wetterfühlig) — e spiirt en, e spiirt den Dronk, de Wäin (er ist angeheitert, angetrunken) — d'Päerd spiirt de Stall (merkt, daß es heimwärts geht) — ech hun direkt gespuurt, wat e gär hätt — spaßh.: ech hun et um (u méngem) Waasser gespuurt (gemerkt, geahnt) — mir sp. keng Maus am Haus — Westösl. (z. B. Hoffelt): ich hann et spirren (ich habe es gespürt, verspürt); 2) intr.: «spüren, die Spur des Wildes verfolgen, aufsuchen» — 't as frësche Schnéi gefall, mar gi mer sp. 3) refl.: «sich fühlen» — hie spiirt sech nët gutt (er ist unwohl) — Frage des Arztes nach dem Befinden: wéi spiirt der Iech? — hie spiirt sech (er fühlt sich erhaben, er ist selbstbewußt) — hie spiirt sech nët méi vun Houfert, vu Roserei — en huet sech nët méi gespiirt (er war überglücklich) — Abl.: Gespir N.: «Gespür» — cf. Spir I.
 
Spirert M.: «Spion» (Wb.06) — cf. Spioun.
 
Spirnues F.: «Spürnase» — cf. Nues.
 
Spiritt (meist im Pl. Spiritten) F.: «Tollheit, Seitensprung» (C) — seiner Spiritte säin ich ewell laang sat — O Jéngelchen, dein Spiritte kene mer schuns laang — cf. Spiicht, Sperenzen.
 
Spiritus M.: «Brennspiritus» — cf. Spritt.
 
Spiritus- -brenner M. — wie hd.; -flam F.: «Spiritusflamme»; -fläsch F.: «Spiritusflasche»; -kocher M. — wie hd.; -lämpchen F. — wie hd.
 
Spitz M.: 1) a. «Hunderasse»; b. «Hundename»; 2) «Spitz, Binneneber» (Kryptorchid).
 
Spitzfinnes (lok.: Oberwormeldingen) M. — s. Finnes.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut