LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stéchlek, Stéchléng bis Steefboun (Bd. 4, Sp. 268b bis 270b)
 
Stéchlek, Stéchléng (lok.: Stiechlek) M.: «Stichling» (Gasterotus sp.) — cf. Spuerk sub 5).
 
stéchléngendäischter(-nuecht) Adj.: «stockdunkel» — cf. stachdäischter.
 
Stéck (Pl. Stécker, lok.: Stëgger — Dim. Stéckchen, Stéckelchen — s. d.) 1) a. «Stück, (abgetrennter Teil) eines Ganzen» — e St. Brout, Duch, Fleesch, Kuch, Holz, Schockela, Zocker — eppes a Stécker schneiden, schloen — schneid mer e St. Brout! — en hëlt sech ëmmer déi bescht(e) Stécker (die besten Bissen) — Rätsel: wou as dat bescht St. vum Hues? Antwort: tëscht dem Kapp an dem Schwanz (MKr. Nr. 843) — et läit mer wéi e St. Bläi um Mo (eigtl. und übtr.) — den Teller as a Stécker gefuer — iron. beim Zerbrechen von Glas, Porzellan: d'Stécker si ganz bliwwen, sin nach ganz — wa Parzeläinsgeschir brécht, dann as dat gréisst Stéck dat bescht — hues de Stécker gemaacht? (Scherben gemacht, bei Maschinenschaden) — et gouf erëm Stécker bei hinnen (Krach) — mir sin e Stéck Wee(s) zesumme gaang — ech hun en e Stéck Wee(s) begleet — et huet mech e schéint Stéck Geld kascht — mir hun e Stéck Gaart virum Haus — ech hun e Stéck Gaart um Feld; b. «Flicken» — de Schouschter huet e St. op de Schong gesat — séng Box as voller Stécker — 't as ee St. an elauter — hien huet ëmmer e St. fir op d'Lach (er ist schlagfertig) — e St. nieft d'Lach setzen — [Bd. 4, S. 269] cf. Plack sub 2)b.; 2) «Einzelding, Teilstück aus einer Reihe, Ersatzteil» (bei Mengenbez. Pl.: Stéck) — zwee Stéck (déi schéinste Stécker) vum Iesszerwiss si gebrach — 't as kee St. méi ganz — hien huet séng zéng Stéck Véi am Stall — mir hun awer och kee Stéck méi am Haus, am Buttéck — wéivill St. häss de gär? — bei zéng Stéck kriss d'eent derbäi (zou) — gët dat am St. oder am Pond verkaaft? — op d'St. bezuelen — d'St. kascht fënnef Frang, 't as fënnef Frang d'St. — 't sin der e Stéck er zéng (etwa zehn Stück) — mir hun d'St. (Ersatzteil) nach nët kritt; 3) «Ackerfeld, Feldstück» — d'St. läit um Wee — d'St. as esou propper, et kënnt ee Lënsen dra séien — e St. plouen (fueren — pflügen) — e St. wéi eng Gewan sou grouss — e St. Gaart, Land, Wiss — si hu vill Stécker op där Säit vun der Gewan leien — spaßh. (Wortspiel zu 1)b.): hien huet vill Stécker, Antwort: jo, op der Box! — si sin an d'Stécker (aufs Feld); 4) a. «als Maß» (Hohl-, Längenmaß) — e St. sin 1200 Liter, en halleft St. sin der 600 — e St. Léngent (Ballen Leinen) — wéivill Stécker Duch hues de de Wanter duurch gewieft? — hien huet e (gutt) St. gekrasch (Weile); b. «früheres Geldstück von 5 Franken (in Silber)» — eng Kou huet véierzeg Stécker kascht — cf. Stéckelchen; 5) «Gesang-, Gebet-, Lese-, Musik-, Schrift-, (vor allem) Theaterstück» — wat fir e St. spillen se haut? — hien huet en neit St. geschriwwen — d'Musek prouft en neit St. — e St. aus engem Buch (Gebietbuch) virliesen — hues du d'St. gelies? (die Romanfortsetzung in der Tageszeitung — dafür auch: d'St. [Geschicht] ënnert dem Stréch) — deem wäerd ech emol e St. sangen! (ihn ordentlich zurechtweisen) — elo as d'St. aus! (jetzt langt es!); 6) a. «Hinsicht, Beziehung» — hien as hinnen an alle Stécker gewuess — hie gläicht séngem Papp a ville Stécker — an alle (a ville) Stécker as et esou; b. in der Redewendung: aus fräie Stécker (freiwillig) — hien as aus fräie Stécker komm (ohne darum gebeten worden zu sein) — hien huet et aus fräie Stécker gemaacht; c. in der Redewendung: staark (héich, grouss) Stécker op een halen (jem. sehr schätzen) — hien hält staark Stécker op dech; 7) a. «Fortgang, Folge» (der Arbeit) — mir hun haut e gutt St. gemaacht — et gët an et gët kee St. — 't as kee St. gin — lo gët et e Stéck (wenn viele mithelfen, auch iron.); b. in der Redewendung: an engem St. (fortwährend) — et reent an engem St., un eem St. — et kommen an (un) engem St. Autoën — ierger dech nët an engem St.! 8) «Person» (meist abfällig) — wat as dat e St. (Véi, Miwwel, Fleesch)! — du dommt, ellent, frecht, gräisselecht, wéischt St.! — Zussetz.: Fléck-, Fruucht-, Geld-, Grompre-, Huewer-, Kar-, Kaméid(é)is-, Leib-, Miw(w)el-, Poppe-, Rommel-, Theater-, Wäässestéck.
 
Steckdous F.: «Steckdose» — cf. Stecker.
 
Stéckecht F.: «stickige Luft» (lok.: Stadtbredimus) — maach emol eng Fënschter op, fir datt d'St. erauszitt!
 
Stéckeisen N.: 1) «Stemm-, Brecheisen» — cf. Briecheisen, Minneneisen, Stéisser sub 2), Stemmeisen; 2) «Pfahleisen» — cf. Komes, Bréchel, Préchel.
 
StéckielenF.: «alte Wiltzer Elle» (Wb.06: noch heute im Ösling im Gebrauch, 75 cm).
 
stéckweis Adj./Adv.: «stückweise, stellenweise» — cf. am Stéck (s. d. sub 2), plazeweis.
 
Stéckel, Stéckelek (lok. Wiltz: Stécklick, lok.: Stiek) M.: 1) «Stock, Stützpfahl» — e Stéckel as geholl gi fir d'Holz beim Kuerden ze stäipen — Stéckelen an engem dire Gaardenzonk (C); 2) «stocksteife Person» (Ausdruck des Unwillens) — soll ech mat deem St. am Aarm an d'Kiirch goen? — wat soll dee St. da maachen! — cf. Stréckel I sub 2)a.
 
Stéckelchen N.: 1)Dim. von Stéck; 2) «frühere Silbermünze im Wert von 12½ Sous, damals eine halbe Mark» — dat kriss de iwwerall fir manner wéi e St. — dat as eppes vum St. (als Begriff des Billigen, des Wertlosen) — cf. Käschtemännchen sub 3), Koräntchen — dazu: Stéckelchesbuttéck M. — cf. Päckelchesbuttéck; Stéckelcheswuer F.
 
stéckelens. stécken sub 3), stéckeren sub 1) u. 2).
 
Stecken (lok. Echt.: Steken) M.: «Stecken» (Wb.06) — Echt.: Dreek oam Steken hoan — Zussetz.: Räs-, Räitstecken — cf. Bengel sub 1) — dazu: Steckebamueleg (Echt.: Stekebamolig) — in der Ra.: et gët St. (Prügel).
 
stécken trans. Verb.: 1) «Steine nebeneinander auf Hochkant stellen» (zum Unterbau einer Straße) — de Wee as gestéckt — Verbadj.: gestéckt — e gestéckte Wee; 2) a. «stucken, stauchen» — eng Hatt st. (die traubengefüllte [Bd. 4, S. 270] Hotte auf den Boden stauchen, damit sich die Trauben enger zusammenlegen) — e Sak st. — Verbadj.: (op-)gestécktevoll «prallgefüllt»; b. «Weinbergpfähle einrammen» — Ruf der Kohlmeise im Frühjahr: Stécke gon, stécke gon; 3) «die Karten mischen» — auch: stéckelen, stéckeren — gutt gestéckt a richteg gespillt — lok. Echt.: äich loosse mer d'Koarten nët voan him stécken (lasse mich nicht bevormunden, übervorteilen) — cf. schëffelen sub 5); 4) «sticken» — op der Hand, op der Maschin gestéckt — seltener die Zussetz.: hand-, maschinnegestéckt — cf. brodéieren sub 1) — Zussetz.: op-, verstécken — Abl.: Gestécks N.: 1) «Packlage» (Straßenbau); 2) «Gefüge» — de Stull as aus allem G.; 3) «Kartenmischen» — looss dat (villt) G. a gëf d'Kaart! 4) «Stickarbeit».
 
Stecker M.: «Stecker, auch: Steckdose» (Elektr.) — cf. Steckdous.
 
Stéckerei F.:« Stickerei, Stickarbeit».
 
stéckeren, stéckelen trans. Verb.: 1) «aus Flicken zusammensetzen, mit Flicken ausbessern» — séng Box as al gestéckert — Verbadj.: gestéckert — e gestéckerten Teppech (aus bunten Flicken zusammengesetzter Teppich) — eng gestéckert Decken — eng gestéckert Box (mit vielen Flicken besetzte Hose) — Zussetz.: zerstéckelen — Abl. Gestéckers N.; 2)s. stécken sub 3).
 
Stéckerm(e)rei N.: 1) «kleines Mädchen mit buntgeflickten Kleidern» (Wb.06); 2) † «kleines Mädchen, das Stoffetzen zum Anfertigen von Puppen(-kleidern) sammelt» — cf. Poppestéck.
 
Stéckersäf Pl. F.: «Stückseife» — cf. Bréck II, Säf.
 
Stéckerzocker M.: «Würfelzucker».
 
Stécks F.: «Drecksecke, Vertiefung unter der Speichertreppe».
 
stéckseg, -ig Adj./Adv.: «schimmelig, muffig» (von Geruch und Geschmack) — d'Miel richt st. — de Branntewäin schmaacht (as) st. — cf. stäkig.
 
stécksen intr. Verb.: «schimmelig, muffig riechen, schmecken» — d'Hä (Heu), de Branntewäin stéckst — am Heizungskeller stéckst et ellen — cf. stäerksen.
 
Stécksert M.: «schimmeliger, muffiger Geruch, Geschmack» — de Branntewäin huet e St.
 
Stee I (lok.: Stéi, Echt.: Steeg — Nösl.: Stε·ç) M.: 1) a. «Steg» — mir hu kee Wee a kee St. gesinn, sou däischter war et — noch in Flurnamen: om héie St., de Bréier St., den Izeger St.; b. «Steig» (über eine Hecke) — cf. Klamm sub 2); 2) a. «Steg» (an Instrumenten, z. B. Geige); b. «Verbindungsstück an Gegenständen, Brücke» (z. B. an der Brille).
 
Stee II (Nösl.: Stääch, Steech — Pl. Stäjen, Stejen — nach C auch M.) F.: «Baugerüst» — eng St. opriichten, ofrappen, ewechhuelen — d'St. lueden (Steine auf das Baugerüst bringen) — dazu: Steebam M.; -holz N., -hëlzer Pl. N.; -lach N. — cf. Hiewellach; -staang F.
 
Stee III, IV — s. Stä I, II.
 
Steech (lok.: Stach, Stéch, Stiech, Nösl.: Stääch) M.: «Seitenstechen» (volkstümliches Mittel gegen Seitenstechen: mit dem Daumen in die Seiten drücken) — cf. Stach, stiechen.
 
Steefboun F.: «Stangenbohne» — cf. Staacheboun, Boun sub 1).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut