LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stëss bis stielen (Bd. 4, Sp. 277b bis 279a)
 
Stëss (lok.) F.: «Grasschwade» — cf. Schluecht II.
 
Stëtz F.: «Stütze» (Engelmann) — cf. Stäip sub 1).
 
stëtzen (Engelmann) — s. stäipen.
 
Stibbi, Stippi M.: 1) «Kartenspiel»; 2) «Joker» — cf. Joker; 3) «Kosename für Kinder» — mäi Stippi (oder: mäi Stippchen — s. d.) — cf. Stupp sub 2)b.
 
Stibëss (lok.: Mosel) M.: «Steinschmätzer» (Oenanthe oenanthe) — cf. Broochschësser, Läeschäckchen.
 
stibitzen (Ton: 2, lok. Ton: 1, lok.: stribitzen) trans. Verb.: «stibitzen» — en huet der eppes zesumme (ge-) stibitzt.
 
Stibo M.: «Lümmel» (Wb.06).
 
Stiech M.: «Seitenstechen» — cf. Steech.
 
Stiech- -apel M.: «Stechapfel» (Dicks); -bäässel M.: «Stemmeisen»; -déier N.: «Libelle» — cf. Joffer B. III.; -eisen N.: «Stecheisen» — Fësch mam St. fänken; -igel M.: «Igel» — cf. Däreg Échel; -méck F., -päipel M.: «Libelle» — cf. -déier.
 
stiechen I (Konj.: Ind. Präs.: du stéchs, hie stécht; Part. Prät.: gestach (-en) — Var.: Echt., Mosel: steechen, lok. Mosel: stechen, Nösl.: stäächen — Ind. Prät. Nösl.: stuch; Konj. Prät. Nösl., lok. Mosel: stich; Part. Prät. Echt.: gestoach [-x], Grevenmacher: gestooch [-x], Nösl.: gestooch[en] [-ç-], Westösl.: gestach [-ç]) Verb.: «stechen» — A. trans. — e Schwäi st. (beim Schlachten) — et huet eng Harespel mech gestach (gepickt) — ee mat enger Nol (Nadel) st. (picken) — en as mam Messer an de Bauch gestach gin — si hun e gestach (gepickt — scil.: mam Messer) — eng Kou (op-) st. (cf. Trocard) — Dëschtele st. — Zalot st. (goen — Löwenzahn) — Fësch st. (mit dem Stecheisen) — déi Blann st. d'Buschtawen an de Pabeier — a wann ee mech gestach hätt, et wir keng Drëps Blutt komm (so erschrocken war ich) — lok.: Westen, Wiltz: d'Pouke st. (impfen — dafür meist: d'Pouke setzen) — Verbadj.: [Bd. 4, S. 278] gestach(en) — e mécht Aen ewéi e gestachene Bock — 't as gestache schaarf — e schreift wéi gestach; B. intr. — Rousen, Där st. — d'Beie st. haut wéi rosen, et kënnt e Wieder — déi Faarf stécht an d'Aen — en huet mam Messer no him gestach — et stécht mech esou an der Säit — substantiv.: ech hun e Stiechen an der Broscht; C. refl. — ech hu mech an eng (un enger) Nol gestach — wann een Decke bitzt, muss een sech déi aner Säit an de Fanger st. (sonst weiß man nicht, ob die Nadel durchgestochen hat) — Zussetz.: a-, aus-, be-, er-, eraus-, duurch-, iwwer-, of-, op-, u-, zerstiechen — cf. picken.
 
stiechen II (phV. s. stiechen I — Ind. Prät.: stouch [-x], Nösl.: stuch, Konj. Prät.: stéich, Nösl.: stich) Verb.: «stecken» — A. trans. — hien huet sech Watt an d'Ouer gestach — wou hun ech méng Suë st.? — wat stéchs de do an d'Täsch? — stiech d'Nol an d'Këssen! — hien huet d'Hänn (roueg) an d'Täsch gestach (er sah tatenlos zu) — hien huet d'Suen, de ganze Benefice an d'Täsch gestach — sou st. ech dech an d'Täsch! (prahlend, mit entsprechender Gebärde) — übtr.: hie stécht s' all an d'Täsch (er ist ihnen überlegen) — eppes a Brand st. — eng Mauer a Brand st. (dagegen harnen) — verweisend: ech (scil.: an dénger Plaz) stéich (stich) d'Schmier ganz an de Mond — wou stéchs de dat (das Essen) nëmmen alles hin? — wuer stécht en dat nëmmen? (bes. von einem mageren Menschen gesagt, der viel ißt oder trinkt) — ech konnt de Fanger an de Mond st. (hatte das Nachsehen, mußte zusehen) — et huet een him eppes gestach (etwas zugetragen — s. d. Folg.) — engem eppes an d'Säit st. (Schmiergeld geben) — e krut eppes gestach (wurde bestochen) — séng Mamm stécht him ëmmer eppes (Geld zustecken) — hien huet vill Geld an déi Affär gestach (hineingesteckt) — stiech an se, wat an se geet! (gib den Kindern reichlich zu essen!) — wou huet deen dat nëmme st.? (wo holt er es her? — Können, Wissen, Geld, Gewicht) — si hun en an de Prisong gestach — séng Nues an alles (an all Dreck) st. — wenn jem. auf einen Aprilscherz hereinfällt, ruft man: Abrëllsgeck, stiech déng Nues an de Kéidreck! — en huet d'Handwierk gestach (aufgegeben, aufgesteckt) — engem eng st. (eine herunterhauen — cf. stauchen) — lok. Echt.: hi gestoach säin (hochmütig sein) — d'Kou huet eppes st. (die Kuh ist verstopft) — cf. Spigel sub 1); B. intr. — de Schlëssel stécht am (op dem) Schlass — de Krunn stécht am Scheiwelach — wou stéchs de nëmmen (de ganzen Dag), 't gesäit een dech nët méi? — do as näischt ze maachen, dat stécht an (bet.) him (er hat die Gabe oder das Laster) — et stécht näischt an him (er taugt nichts, ist nicht gescheit) — 't stécht méi an him, wéi s de mengs (wéi ee mengt a gesäit) — 't stécht näischt derhanner — do stécht eppes derhanner — e stécht an der Schold bis iwwer d'Oueren — e stécht a kenger gudder Haut (er ist kränklich, schwach) — ech wëllt nët an deem (an him) sénger Haut st. — si st. ëmmer beieneen (sind stets zusammen) — déi zwéi st. ënner enger Decken — d'Wieder stécht him an de Schanken — in Verbindung mit anderen Verb.: st. bleiwen intr. Verb.: «steckenbleiben» (im Morast, in der Rede) — mir si mam Auto (am Schnéi) st. bliwwen (cf. sëtze bleiwen); st. loossen trans. Verb.: «steckenlassen» — hien huet de Schlëssel op dem Schlass st. gelooss — Zussetz.: a-, era-, of-, u-, ver-, zesummestiechen.
 
stiecheg Adj. — von Kartoffeln gesagt: d'Grompre si st., wann s'aus ëmgepléite Kléistécker kommen (haben einen eigenartigen Geschmack) — cf. stäkig.
 
Stiechënnen (lok.) Pl. F.: «Steckzwiebeln».
 
Stiechlek M. — s. Stéchlek.
 
Stiedchen (Pl. Stietercher, Stiedercher) F.: «Städtchen» — pleonastisch: eng kleng St. — cf. Stad.
 
stieds (phV. Südösl. u. Sauer: steeds, Nösl.: stiäds — dafür auch: stieter) Adj./Adv.: «städtisch» — st. Medercher — st. gekleet sin — si waren ëmmer st. (hielten sich im Dorf immer abgesondert) — cf. Stater.
 
Stieds (vor allem Pl. Stieds) M.: «Städter, Stadtbürger» — et as e St. — déi St. — cf. Stater.
 
Stieds- -flapp (lok.: -flap) M.: «Städter» (spöttisch); -kascht M.: «Städterkost» — gréng (frisches) Fleesch as St. — cf. dir; -wee(lok.: Lux.-Stadt) M.: «Name für die heutige Straßburgerstraße» — cf. Kapell sub 3), Stater (Pad).
 
Stiefchen I, Stiifchen1) M.: «Stäbchen» — Dim. von Staf; 2)F.: «kleines Maß, Trinkgeschirr» — e St. Wäin.
 
Stiefchen II M. — s. Stierfchen. [Bd. 4, S. 279]
 
Stiefen, Stiewen männlicher Vorname — s. Steff.
 
Stieferiichtaus, -riichtfort M. — s. Stefferiichtaus.
 
Stiefes-, Stiewesdag (Var.: Stäwes-, Stewes-, Stäfes-, Stefes-) M.: «Sankt Stephanstag» (zweiter Weihnachtstag) — Folkl.: Am St. war Gesindewechsel, Gesindemarkt (Stiewesmaart) in Wiltz, früher auch in Trintingen (cf. Kënnerchersmaart, Gehan[es]) — Spruch: St., iess dech sat, maach däi Pak, gehei (trëll) dech fort — St. gët zu Greiweldéng de Wäi geseent — cf. Stäfen.
 
Stiek (lok.) M. — s. Steek.
 
Stiekebamueleg M. — s. sub Stecken.
 
Stiekes M.: «Schlingel» — cf. Staaches II.
 
stielen (phV. Südösl. und Sauer: stelen, Nösl.: stiällen — cf. LSA, Karte 71 — Konjug. Part. Prät.: gestuel, Echt., Wiltz: gestol, Nösl.: gestuallen — Ind. Präs.: du stiels, hie stielt neben stills, stillt; Ösl.: du stiälls neben du stills, hä stiällt neben hä stillt) trans./intr. Verb.: «stehlen» — e stillt wéi e Rat — du kanns mir gestuel gin, an dat am hellen Do — en huet säin Numm nët gestuel — en huet séng Suen nët gestuel (redlich verdient) — mengs de, ech hätt méng Féiss gestuel! (wenn jem. unnötige Gänge, Dienste verlangt, auch zu dem, der einem auf die Füße tritt) — mat deem schlechte Wieder hätts de néideg all Hällemchen ze st. (bei diesem schlechten Wetter muß man jeden günstigen Augenblick abpassen, um das Heu, das Getreide einbringen zu können) — hie stillt (er ist ein Dieb) — cf. huelen sub 3), klauen, stibitzen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut