LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stieler(t) bis stiirkelen (Bd. 4, Sp. 279a bis 280b)
 
Stieler(t) M.: «Dieb» — dazu das Fem.: Stielesch.
 
stieleg, -ig, stielereg, -ig (lok. Echt.: stelig) Adj.: «diebisch» — eng st. Mod.
 
Stienen ON.: «Stehnen» — Dorf in der belgischen Provinz Luxemburg — B 43.
 
Stierchen M.: «Name einer Brücke über die Alzette in Luxemburg-Grund».
 
Stierek M.: 1) «Holzständer» (lok.: Lannen); 2)in einem Heischelied am Burgsonntag, auch am Fastnachtsdienstag: St., St., en aner Jor vill Fluess a Wierek (MKr., Nr. 692; De la Fontaine: Sitten u. Gebräuche, S. 28).
 
Stiereksonndeg (lok.) M. — s. Buurgsonndeg.
 
Stierf, Stieref (lok. Mosel: Stiirf — C) F.: «Lebensgefahr» — et as nach keng St. drun — Warnung der Mutter: bä, 't as Stiirf drun! — Frage der Kinder: as St. drun? — en huet d'St. (eine tödliche Krankheit).
 
Stierf- (phV. s. stierwen) -bett N.: «Sterbebett»; -dagM.: 1) «Sterbetag»; 2) «Jahrestag des Todes»; -fall M.: «Sterbefall» — si haten e St. an der Famill; -gezei N.: «Totenkleidung» — mäi St. läit parat. -haus N.: «Sterbehaus» — all déi am St. erfëndlech (befindlichen) Miwwelen; -joer N.: «Sterbejahr»; -klack F.: «Sterbeglocke» — cf. Klack I, Péis; -kräiz N.: «Sterbekreuz»; -mass F.: «Totenamt» — meist: Doudemass; -schäin M.: «Totenschein»; -schwester F.: «Krankenschwester, die die Sterbenden im Krankenhaus betreut»; -stonn F.: «Sterbestunde»; -zëmmer N.: «Sterbezimmer»; -ziedel M. — s. -schäin.
 
Stierfchen, Stiefchen M.: «schwächliches Kind».
 
stierflech Adj.: «sterblich» — substantiv.: déi gewéinlech St.
 
Stierflechkät, -keet F.: «Sterblichkeit».
 
stierwen (phV. Südösl. und Sauer: steerwen, Mosel: sterwen [/Stεrvən], Nösl., Vianden: stiärwen — Part. Prät.: gestuerwen, Echt.: gestoërwen, Mosel: gestarwen, gestorref, Mittelösl.: gestuärwen, gestuörwen, Nösl.: gestuarwen — Nösl.: Ind. Prät.: sturref, lok.: stuerf, Konj. Prät.: stirref, Lux.-Stadt: stierf — cf. LSA, Karte 66) intr. Verb.: «sterben» — Spww.: glécklech gelieft a séileg gestuerwen, dat as der Däiwel d'Rechnong verduerwen — Iesel gebueren, Iesel gestuerwen — besser zwemol verduerwen, wéi eng Kéier gestuerwen — Raa.: déi Jong kënne liewen, déi Al musse st. — et stiirft een nëmmen eng Kéier — et stiirft keen ouni Ursaach — zu jem., der über seine Krankheit klagt: et stiirft een nët, wann ee wëllt, et stiirft een nët esou liicht, sou séier — dee stiirft ewell véierzeg Jor — et muss ee st., fir gelueft ze gin — bis dohinner kanns de verduerwen a gestuerwe sin, bis dohinner sin der vill gestuerwen, déi haut nach nët gebuere sin — zu einem Kind, das heult: dat vergeet, éier s de stiirfs! — en as schwéier gestuerwen — en as ouni Här gestuerwen (ohne Sterbesakramente) [Bd. 4, S. 280] — ech si bal gestuerwen (dervun — vor Angst, Schrecken, durch schlechte Speise) — Sagwort: ech géif nawell gär st., sot d'Fra, ma ech fäerten ech iwwerstin et nët — Ösl.: ich giff jo gäre stiärwen, wann ich wisst watt déngt Begrääfnes gif kasten — 't sin der méi vum gudden Iesse gestuerwen, wéi vu moërem Kascht — dee stiirft och nët am Bett, dee stiirft kenges natiirlechen Douds — spaßh.: en huet sech dout gestuerwen — drohend: stierfs de gär? — ech hun eng Rent, 't as nët genuch fir ze liewen an zevill fir ze st. — spaßh.: d'Zäit vergeet, d'Käerz verbrennt, an den Éim Jann stiirft nët (wenn etwas sich in die Länge zieht) — hei kënnt ee st. a verdierwen, 't géing keen et mierken (man ist hier ohne Pflege, auch spaßh. z. B. wenn man im Gasthaus lange auf Bedienung warten muß) — im Heischelied: loosst déi jong Leit liewen, loosst déi al Leit st. — im Neujahrswunsch: laang ze liewen, gléckséileg ze st. — im Kinderreim: s. Bimbam, Biren . . . — Folkl.: wann een doudkrank as, da gin d'Leit (da schécken d'Leit Kanner, Medercher) zu de verluerene (s. verluer) Kräizer (dafür lok.: Verscheedkräizer) bieden, fir datt et zu enger Säit soll goen (für eine gute Sterbestunde geht man von Binsfeld, Holler z. B. nach Ulflingen in die Kirche, in Helzingen in die Klause beten) — Nösl.: märr ha stiärwe lassen (bei uns ist jem. gestorben) — dann huet der de Jhang st. gelooss? — nach dem Totenmahl betet man noch ein Vaterunser fir deen éischten aus der Band (dee stierft) — dës Woch st. der nach vill (vom Schlachtvieh gesagt vor einem Fest) — dat Haus as un hie gestuerwen (durch Sterbefall zugefallen — cf. erstuerwen) — Zussetz.: aus-, er-, ewech-, ofstierwen, verstuerwen, abgestuerwen.
 
Stierwen N.: «das Sterben» — Raa.: d'St. léisst ee bis zum leschten — d'St. wir näischt, wann der Doud nët wär — d'St. wir e Spaass, wann der Doud nët erfond wir — d'St. as déi lescht Dommheet, déi ee mecht — vun un datt d'St. erfond as, as keen dës Liewes méi sécher — burschikos: d'Stierwe wir nët esou uerg, wann een deen Dag drop nët esou futti wir! — e läit um (am) St. — en huet keng Angscht virum St.
 
stierweskrank Adj.: «sterbenskrank» — du méchs mech st. — dovu gët ee st.
 
stierwesmidd Adj.: «sehr müde».
 
Stiet F.: «Stelle» (C) — op der St. muss ech an d'Stad (auf der Stelle, sofort) — cf. Plaz, Ament, stënterlech.
 
stieters. stieds.
 
stiets (lok.) Adj. — s. stoots — e stiets Framënsch (C) — cf. dagegen: stieds.
 
Stiewesdag, -maart M. — s. Stiefesdag.
 
Stiffchen F. — Dim. von Stuff (s.d.).
 
Stiicht F.: «loser Streich».
 
stiichten (äußerster Norden und südlich der Hauptstadt: stiten — cf. LSA, Karte 82,93) trans. Verb.: «anstiften, betreiben, einen üblen Streich spielen» — huet en eng gestiicht? (etwas angestellt?) — deen do kritt eng gestiicht (Streich gespielt), déi hien esou bal nët vergësst — wat sollen déi Kärelen dann elo erëm gestiicht hun? — elo hun ech mer eng schéi gestiicht! (eingebrockt, meist unbeabsichtigt) — wat deen der ewell verrit (verrichtet = angestellt) a gestit huet! — abgeschwächt, von jeder Tätigkeit gesagt: wat stiicht der? — ech hun haut nees nët vill gestiicht (nicht viel geleistet — cf. verriichten) — cf. stëbsen sub 5).
 
Stiichtert, Stitert M.: «Lausbube».
 
Stiifchen M. — s. Stiefchen II.
 
Stiipchen M.: «schwächliches Kind» — cf. Siibchen sub 2).
 
stiirkelen (lok. z. B. Grevenmacher: stërkelen, stërgelen, stuergelen) intr. Verb.: «torkeln» — cf. tierkelen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut