LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stierflechkät, -keet bis Stillercher (Bd. 4, Sp. 279b bis 281b)
 
Stierflechkät, -keet F.: «Sterblichkeit».
 
stierwen (phV. Südösl. und Sauer: steerwen, Mosel: sterwen [/Stεrvən], Nösl., Vianden: stiärwen — Part. Prät.: gestuerwen, Echt.: gestoërwen, Mosel: gestarwen, gestorref, Mittelösl.: gestuärwen, gestuörwen, Nösl.: gestuarwen — Nösl.: Ind. Prät.: sturref, lok.: stuerf, Konj. Prät.: stirref, Lux.-Stadt: stierf — cf. LSA, Karte 66) intr. Verb.: «sterben» — Spww.: glécklech gelieft a séileg gestuerwen, dat as der Däiwel d'Rechnong verduerwen — Iesel gebueren, Iesel gestuerwen — besser zwemol verduerwen, wéi eng Kéier gestuerwen — Raa.: déi Jong kënne liewen, déi Al musse st. — et stiirft een nëmmen eng Kéier — et stiirft keen ouni Ursaach — zu jem., der über seine Krankheit klagt: et stiirft een nët, wann ee wëllt, et stiirft een nët esou liicht, sou séier — dee stiirft ewell véierzeg Jor — et muss ee st., fir gelueft ze gin — bis dohinner kanns de verduerwen a gestuerwe sin, bis dohinner sin der vill gestuerwen, déi haut nach nët gebuere sin — zu einem Kind, das heult: dat vergeet, éier s de stiirfs! — en as schwéier gestuerwen — en as ouni Här gestuerwen (ohne Sterbesakramente) [Bd. 4, S. 280] — ech si bal gestuerwen (dervun — vor Angst, Schrecken, durch schlechte Speise) — Sagwort: ech géif nawell gär st., sot d'Fra, ma ech fäerten ech iwwerstin et nët — Ösl.: ich giff jo gäre stiärwen, wann ich wisst watt déngt Begrääfnes gif kasten — 't sin der méi vum gudden Iesse gestuerwen, wéi vu moërem Kascht — dee stiirft och nët am Bett, dee stiirft kenges natiirlechen Douds — spaßh.: en huet sech dout gestuerwen — drohend: stierfs de gär? — ech hun eng Rent, 't as nët genuch fir ze liewen an zevill fir ze st. — spaßh.: d'Zäit vergeet, d'Käerz verbrennt, an den Éim Jann stiirft nët (wenn etwas sich in die Länge zieht) — hei kënnt ee st. a verdierwen, 't géing keen et mierken (man ist hier ohne Pflege, auch spaßh. z. B. wenn man im Gasthaus lange auf Bedienung warten muß) — im Heischelied: loosst déi jong Leit liewen, loosst déi al Leit st. — im Neujahrswunsch: laang ze liewen, gléckséileg ze st. — im Kinderreim: s. Bimbam, Biren . . . — Folkl.: wann een doudkrank as, da gin d'Leit (da schécken d'Leit Kanner, Medercher) zu de verluerene (s. verluer) Kräizer (dafür lok.: Verscheedkräizer) bieden, fir datt et zu enger Säit soll goen (für eine gute Sterbestunde geht man von Binsfeld, Holler z. B. nach Ulflingen in die Kirche, in Helzingen in die Klause beten) — Nösl.: märr ha stiärwe lassen (bei uns ist jem. gestorben) — dann huet der de Jhang st. gelooss? — nach dem Totenmahl betet man noch ein Vaterunser fir deen éischten aus der Band (dee stierft) — dës Woch st. der nach vill (vom Schlachtvieh gesagt vor einem Fest) — dat Haus as un hie gestuerwen (durch Sterbefall zugefallen — cf. erstuerwen) — Zussetz.: aus-, er-, ewech-, ofstierwen, verstuerwen, abgestuerwen.
 
Stierwen N.: «das Sterben» — Raa.: d'St. léisst ee bis zum leschten — d'St. wir näischt, wann der Doud nët wär — d'St. wir e Spaass, wann der Doud nët erfond wir — d'St. as déi lescht Dommheet, déi ee mecht — vun un datt d'St. erfond as, as keen dës Liewes méi sécher — burschikos: d'Stierwe wir nët esou uerg, wann een deen Dag drop nët esou futti wir! — e läit um (am) St. — en huet keng Angscht virum St.
 
stierweskrank Adj.: «sterbenskrank» — du méchs mech st. — dovu gët ee st.
 
stierwesmidd Adj.: «sehr müde».
 
Stiet F.: «Stelle» (C) — op der St. muss ech an d'Stad (auf der Stelle, sofort) — cf. Plaz, Ament, stënterlech.
 
stieters. stieds.
 
stiets (lok.) Adj. — s. stoots — e stiets Framënsch (C) — cf. dagegen: stieds.
 
Stiewesdag, -maart M. — s. Stiefesdag.
 
Stiffchen F. — Dim. von Stuff (s.d.).
 
Stiicht F.: «loser Streich».
 
stiichten (äußerster Norden und südlich der Hauptstadt: stiten — cf. LSA, Karte 82,93) trans. Verb.: «anstiften, betreiben, einen üblen Streich spielen» — huet en eng gestiicht? (etwas angestellt?) — deen do kritt eng gestiicht (Streich gespielt), déi hien esou bal nët vergësst — wat sollen déi Kärelen dann elo erëm gestiicht hun? — elo hun ech mer eng schéi gestiicht! (eingebrockt, meist unbeabsichtigt) — wat deen der ewell verrit (verrichtet = angestellt) a gestit huet! — abgeschwächt, von jeder Tätigkeit gesagt: wat stiicht der? — ech hun haut nees nët vill gestiicht (nicht viel geleistet — cf. verriichten) — cf. stëbsen sub 5).
 
Stiichtert, Stitert M.: «Lausbube».
 
Stiifchen M. — s. Stiefchen II.
 
Stiipchen M.: «schwächliches Kind» — cf. Siibchen sub 2).
 
stiirkelen (lok. z. B. Grevenmacher: stërkelen, stërgelen, stuergelen) intr. Verb.: «torkeln» — cf. tierkelen.
 
stiirmen, stiermen (lok. Mosel: stërmen, Ösl. lok.: stirmen, sturmen) intr./trans. Verb.: 1) a. «stürmen» (vom Wind gesagt) — et huet gestiirmt a gereent — et stiirmt wéi am November — Abl.: Gestiirms N.; b. «eilig, stürmisch herankommen» — e koum do gestiirmt wéi e Wëllen — drop lass st.; 2) a. «stürmen» (Mil.); b. — d'Leit hun de Buttéck bal gestiirmt (Laden gestürmt) — si hun em d'Bud gestiirmt — Heischelied: mir st., mir st. dët Haus, gët ons Faaschtebounen eraus (zu Halbfasten, am Burgsonntag: gët ons eng Bausch Stréi eraus — cf. sub Stréi); 3) (lok.: Mosel) — d'Klacke stërmen (die Glocken läuten Sturm); 4) «(mit Bitten) bestürmen» — lo huet e sechs Wochen u mer gestiirmt, fir dat Stéck Land ze kréien an elo, wou ech him et feel dongen, schwätzt en nët méi dervun — den Himmel, eiser Herrgott st. (mat Bieden —C).
 
stiirmes Adv.: «stürmisch» — sech st. uleën (ungestüm bitten — C). [Bd. 4, S. 281]
 
stiirksen I intr. Verb.: «üblen Geschmack haben» (C) — cf. stécksen.
 
stiirksen II intr. Verb.: «starren, stieren» — 't as nët gutt, wann d'Kanner an d'Luucht (Licht) st. — ech hu gestierkst a gestuurt an emol nët an uecht geholl, wéi e komm as — en huet nëmmen ëmmer viru sech gestiirkst — dafür auch: stuerksen, staren, lok.: storrécksen.
 
Stiirmer M.: «Stürmer» (Fußball, Sportspr.).
 
Stiirz (Ösl., lok.: Stäerz) F., Stiirzsteen M.: «Spülstein in der Küche mit Abfluß nach außen» (war meist aus Schiefer und in die Fensterbank eingebaut) — cf. Waasserstän, Spullstän.
 
stiirzen (Part. Prät.: gestuurt — lok.: stuurzen) trans./intr. Verb.: 1) «verschütten» — hien huet d'Mëllech, de Kaffi, d'Zopp gestuurt — hal de Gubbli rit, da stiirz de nët! — Nösl.: hass de rëm jett gestuurt? — Ra.: Pätter, stiirzt nët! (keine Übertreibung!) — cf. sabbelen; 2) «heftig regnen» — et stiirzt, et stuurzt; 3) «stürzen» (Küchenspr.) — de Puddéng st. (aus der Form auf die Platte bringen); 4) Neol.: e koum op mech duer gestiirzt — en huet sech op d'Iesse gestiirzt — (in der Bed. «fallen» nicht gebraucht, z. B.: en as vum Päerd gefall).
 
Stilkes, Stiilkes, Stilles, Stiltes M.: «dummer, unbeholfener Mensch» — dafür auch: Stinnes.
 
Stil (st-, St-) M.: «Stilart» (wie hd.).
 
Still (Still, Pl. Stiller, Stillen, Dim. Stillchen — lok. z. B. Wiltz: Sti:l) M.: 1) «Stiel» — de St. vun enger Aax, engem Kaascht, engem Messer, enger Schëpp — d'Aax as aus dem St. — en huet de St. erausstoen (er benimmt sich unmanierlich) — de Pompernéckel huet Läffele feel, mat ausgestachene Stiller — hien as aus dem St., e kënnt niewent de St. (außer sich, verrückt, närrisch) — e war wéi aus dem St. — du domme St.! (Dummkopf) — Kartenspiel: Häerzer mat Stiller (für Pik) — Zussetz.: Aaxe-, Biesem-, Gafel-, Gäissel-, Gräfe-, Häle-, Kaaschte-, Hummer-, Messer-, Päife-, Schëppe-, Schmackestill; 2) «Stengel, Stiel» (Pflanzen) — et as kee St. Kraut am Gaart — et kënnt kee St. (von der Saat: es sprießt nicht) — hien huet kee St. Hor méi op der Kopp — et as kee (nët emol e) St. iwwreg bliwwen (gar nichts) — eng Rous mat engem laange St. — d'Kiischte mat de Stiller plécken — Ra.: kuurz Stiller gët keng Kiischten — drohend: roueg, soss gët et Figge (Feigen) mat Stiller!
 
Still (Stil) — Pl. von Stull (s. d.).
 
Stillchen (-ll-) I M. — Dim. von Still (s. d.).
 
Stillchen (-l-) II (Nösl. und Osten: Stéilchen) M.: 1) a.Dim. von Stull (s. d.) — de St., wou d'Zakrament drop gesagt gët (Podest bei der Fronleichnamsprozession) — cf. Gasett sub 2); b. «Kinderstuhl mit Rädern oder ohne Räder» — cf. Stänner sub 1); 2) «Pranger» — cf. Lomperank.
 
Stillches Figur im Messerspiel — cf. Messerches.
 
stillcheskranks. bettcheskrank.
 
Stillcher, Stillercher (lok.: Ehnen) Pl.: «Rhabarber» — cf. Rubarb — dazu: Stillches-, Stillerchestaart F.: «Torte mit Rhabarberbelag» — Roukesdag hun d'Fraen drop gehale Stillches- a Rabellchestaart ze hun.
 
Stillebou(n) M.: 1) «Stielbogen» — domm wéi e St. — cf. Flatsch(e)bou, Fitschefäil; 2) «unbeholfener Mensch, Dummkopf».
 
stilléckes (Ton: 1) Adj. — s. stëlléckes, stëllches — d'Geschäft geet st. (C).
 
Stillefra F.: «Frau, die in der Kirche das Stuhlgeld einsammelte und die Stühle verteilte» — früher, wenn jem. viel Kleingeld hatte: hues d'eng St. dout gemaacht?
 
stillegeckeg Adj.: «brünstig» (lok.).
 
Stille-, Stillmécher M.: «Stuhlmacher».
 
Stillercher Pl. M.: 1)Dim. Pl. von Stull (s. d.); 2) «Karussel» — cf. Parapli sub 3); 3)s. Stillcher.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut