LWB Luxemburger Wörterbuch
 
stoen, ston bis Stomparem (Bd. 4, Sp. 283b bis 286a)
 
stoen, ston (Westen allgem.: stouen, lok.: stin — Konjug. Ind. Präs.: ech, mir, si stin, du stäs, stees, hie stät, steet; Süden: du stääsch, dort fragend: stääsch e [de]?; dir stitt; Ind. Prät.: stong, stoung, verbreitet: stung, stuung; Konj. Prät.: stéing, Nösl.: sting; Imperativ.: stéi, Ostrand: sti, lok. Westen: stoi, Nösl.: stand, Pl.: stitt; Part. Prät.: gestan[en], gestaang[en], Nösl.: gestannen) A. intr.: 1) «(aufrecht) stehen» (von Lebewesen) — e steet (nët méi) fest op de Been — si stin do wéi Zaldoten (so stramm) — e steet do riicht ewéi eng Käerz — hie steet poulriicht do — e kann nët méi riicht op de Bee st. (aus Schwäche, bei Trunkenheit) — stéi (stell dech) op den Dësch, da reechs (reichst) de drun! — stéi mer aus dem Wee, aus Weën, aus de Féiss, aus Féissen, op eng Säit! — e steet do, wéi wann en nët bis dräi ziele kënnt, wéi en Dabo, en Iesel, en Efalt, wéi wann d'Hénger em d'Brout geholl hätten, wéi eng besäächt Kaz — e(t) steet do, wéi dohi gerëselt — e steet bis un den (zum, am) Hals am Waasser, am Dreck (übtr.: er befindet sich in Schwierigkeiten) — mir stonge bis iwwer d'Schong am Dreck — hie steet um Spronk fir . . . — e steet op der Lauer — engem am Wee st. (übtr.) — hatt steet eleng an der Welt — op engem Fouss st. — op engem Fouss kanns de nët st.! (trink ein zweites Glas!) — op ägene Féiss st. — op wacklege Féiss st. (eigtl., auch: er ist betrunken oder: er befindet sich in einer schlechten Geschäftslage) — e steet do ze gäipen, ze klapen, ze kucken, ze maulafen, ze kloen — e steet do ze st. (er steht herum) — ech hun dech gesin do st. — d'Kou steet wéi e Stack, eng Mauer (beim Decken durch den Stier) — (all) wéi (wou) der (do) gitt a stitt (alle ohne Ausnahme) — wou hie geet a steet as séng Fra hanneun [Bd. 4, S. 284] him — lok. z. B. Steinsel, Kehlen: wat maache mer hei stin, loosse mer gin — géi bis bei hie stin, ech muss no deem Klenge kucke gin — hie steet op dénger Säit — hie steet iwwer dir — e kann nët méi riicht op de Bee st. — e steet ënner Opsiicht — e stong viru(m) Geriicht — ech muss halen a st. (ich muß durchhalten) — hie kënnt ëmmer erëm op d'Féiss (ze) st. — beim Geldspiel: ech stin (habe den Spieleinsatz einbezahlt) — wat steet? (wieviel ist im Einsatz, wie hoch ist der Gesamteinsatz?) — et steet (wir haben gleiche Punktezahl, genau soviele Spiele gewonnen wie verloren, Sportspr.: unentschieden — cf. Rampo, Stänner) — wéi steet et (scil.: d' Spill)? 2) von Sachen: — d'Glas steet um Dësch — d'Iesse steet um Uewen — vun der Buurg stin nach e puer Maueren — bei der Kiirch stin e puer Bäm — et steet Waasser an der Wiss, am Keller — d'Musel steet bis op d' Strooss — d'Sot, d'Fruucht steet schéin um Feld — de Mound steet am Waasser (Anzeichen von Regen) — d'Sonn steet héich — de Barometer steet op Reen — d'Waasser steet him an den Aen (er ist dem Weinen nahe) — d'Dëppe steet mer nët zu(r) Hand — wéi steet et (da) mat der Mënz? — et steet (ganz) vill um Spill — d'Hor stonge mer zu Bierg — alles stong a Flamen ewéi d'Pompjeë komm sin — et steet nët gutt mat him — de Paltong stong (riicht) ewech vun Dreck — e steet (penis erect.) — cf. Stänner sub 5); 3) «still stehen» — d'Maschin, de Motor, d'Auer steet — de Won steet nët, lee eppes ënnert d'Rad! — den Auto steet (ist außer Betrieb); 4) «bestehen» — sou laang (wéi) d'Welt steet — Sportspr.: déi éischt Equipe steet, déi zweet gët eréischt opgebaut; 5) «gedruckt, geschrieben stehen» — dat steet esou an der Bibel — wou steet dat (geschriwwen)? — e steet op der Lëscht fir an d'Chaber — um Menü steet et nët — et steet um Ordre du jour; 6) «wert sein, gelten» — dat steet héich am Wäert — wéi steet de Präis? (wie verhält es sich mit dem Preis)? — wéi steet de franséische Frang? — wéi stin d'Pabeieren? — séng Aktië stin nët gutt (seine Aussichten sind gering, er ist in einer schlechten Geschäftslage); 7) «kleiden, zu Gesicht stehen» — den Hutt steet der gutt (zu Gesiicht) — dat Kleed steet (geet) der wéi der Kou de Suedel — et steet mer nët zu Gemitt (sagt mir nicht zu)cf. goen sub 8); 8) «einstehen» — ech sti fir hien (bürge für ihn); 9) mit Adj.: dréche st. (kein Geld haben, von der Kuh: keine Milch mehr geben vor dem Kalben — dafür auch: d'Kou steet) — d'Haus steet eidel — den Datum steet fest — dat steet dir fräi — ech stong parat, prett; 10) mit (Orts-)Adv. — hien huet derbäi gestan ze kucken, nozekucken — wat hues de dorëmmer ze st., géi schaff eppes! — do steet Prisong drop — wat stees de dobaussen am Reen? — si stin hannereneen — do steet nach een hannendrunhannendru steet ee mat Suen (übtr.) — wann ech virdru stéing! — si sti fest zesummen; 11) mit Verb. — stoe bleiwen: «stehenbleiben» — du häss solle st. bleiwen — wou si mer st. bliwwen? (z. B. im Unterricht, in einer Erzählung) — d'Häerz am Leif as mer bal st. bliwwen — stoen din: de Paschtouer konnt ee st. din (festbannen); — stoe goen: bei ee stoe goen; — (et) stoen hun (op eppes) — dat Meedchen huet et gutt op hie st. (ist ihm zugetan) — hien huet et nët st. (ist nicht dazu bereit, nicht dazu aufgelegt) — ech hun (et) esou st. (glaube, vermute); — ze stoe kommen: dat kënnt dech deier ze st.; — stoe loossen: ech hu mäi Prabbli st. geloos(t) — looss de Stull st.! — hie léisst näischt st. (ißt alles restlos auf, hebt alles auf, trinkt viel) — hie kann näischt st. loossen (er stiehlt) — en huet alles st. a leie gelooss a koum äis hëllefen — en huet mech eleng st. gelooss (loossen) — wann s de nët wëlls, da looss et st.! (laß es!) — wann et dir nët passt, da looss et st.! — fir Judd mat Gaardebounen léiss ech alles st. — wat s de nët packs, léiss de st. (eigtl. u. auch beim Essen) — mir hu Rommele st. gelooss fir Som (Samen) — de Saz st. loossen (Druckerspr.); 12) «(vor der Verwendung) stehen bleiben» — de Wäin stong ze laang, en as schiel — wann d'Mëllech ze laang steet, da gët se sauer; 13) «ergehen» (meist unpers.) — wéi geet et, wéi steet et? — wéi steet et mat der? — wéi steet d'Saach (haut)? — wéi steet et mat der Affär? — wéi steet et haut mat eisem Kranken? — wéi steet et mat der Gesondheet? B. trans. — de Bam st. (kopfstehen) — Mil.: ech sti Wuecht fir hien — säi Mann st. (stellen) — den Hond steet d'Feldhénger — dat wäerd dech léieren d'Feldhénger st. (cf. Feldhong); C. refl. dat huet sech [Bd. 4, S. 285] gestane bis... (das hat gedauert bis...) — hie steet sech d'Been an de Läif — sech d'Been an de Bauch st. — sech midd st. — e steet sech d'Bee stompeg — e steet sech ës (dës) gutt (auch: e steet sech [gutt]), spaßh. Zus.: en huet breet Féiss oder auch: säin Noper huet zwou Gäässen am Stall — substantiv.: hien ësst am St. — et huet een esou vill vum Sëtzen ewéi vum (ville) St. (setzen wir uns doch!) — Zussetz.: a-, aus-, bäi-, ënner-, er-, era-, eraus-, ewech-, iwwer-, of-, op-, oper-, ver-, vir-, ervir-, u-, zesumme-, zoustoen.
 
stoen Adj. — in den Ausdrücken: e Gesiicht wéi e st. Hellegen (wie ein Standbild, eine Statue) — e kuckt dran wéi e st. Hellegen.
 
Stoës N.: «das Stehen» — wat as dat hei fir e St.! — ech hu méi Hales wéi s du St. (sagte die Frau zum Mann).
 
stoës, stoëns, stoons, stéins Fouss Adj.: «stehenden Fußes» — mir hun nach e Patt st. Fouss geholl (an der Theke) — en huet bal st. Fouss geschlof — st. Fouss méchs de mer déi Saach an d'Rei (sofort, auf der Stelle) — ech hu misst st. Fouss verresen.
 
Stoffel 1) männlicher Vorname — s. Krëschtaff(el) — Kinderreim: St., Bräiloffel, véier Auer, Guckuck (MKr. Nr. 863); 2) M.: «linkischer, tölpelhafter Mensch».
 
stoffelzeg, -ig Adj./Adv.: «linkisch, tölpelhaft» — en huet sech esou st. beholl.
 
Stoffi M.: «Quark» (andere Bez. s. Kéis sub 1) — St. mat Ënnen a Bratzelen — übtr.: en huet elauter (näischt wéi) St. an den Ärem (er ist nicht stark) — en huet St. am Kapp (er ist dumm).
 
Stoffis- -bottesch, -schmier F.: «Butterbrot mit Quarkbelag»; -taart F.: «Torte mit Quarkbelag».
 
Stoff, Stoft M. und N.: 1) a. «Materie, Grundstoff» — et as gutt (gudde) St. an där Wuer — prahlend: deen elei as aus guddem St. — im Singspiel: Op der Juegd von Dicks: am Jeër do as gewëss gutt Stoft, ma näischt ziert méi ewéi d'frësch Loft; b. «Rasse, Schlag» — dee St. (vu Mënschen) as haut nët méi; 2) «Kleiderstoff, Gewebe» (Pl. Stëfter, Dim. Stëftchen) — franséische, englesche St. — staarke, renge, graffe St.— gekräizereg(t)e St. (gewürfelter) — lénge, wëlle (wollene) Stëfter — dee St. as de Maacherloun nët wäert — cf. Duch.
 
Stoftbuttéck M.: «Stoff-, Tuchladen» cf. Ielewuersbuttéck.
 
stoften Adj.: «aus Stoff» — stofte Knäpp (mit Stoff überzogene Knöpfe) — e stofte Ball — eng stofte Popp.
 
Stol I hydr. F.: «Bachname, Nebenfluß der Blees».
 
Stol II M.: «Stahl» — bloe St. — am Messer as gudde (schlechte) St. — geschmoltene St. (Gußstahl) — e Kärel vu St. an Eisen (auch: Stol-eneisen) — cf. Hummer; 2) «Wetzstahl» (bes. der Metzger) — fuer eng Kéier mam Messer iwwer de St.! — zéi, reif d'Messer eng Kéier iwwer de Stol!
 
Stol- / stol- -blech N.: «Stahlblech»; -blo Adj.: «stahlblau»; -see F.: «Stahlsäge»; -wierk N.: «Stahlwerk».
 
Stol III M. — s. Stuel I.
 
Stol IV (Pl. Stéil) M. — s. Stoll (Stollen) I.
 
Stol V, Stola (Westen: Stoul, lok.: Stuel) F.: «Stola».
 
stolen I Adj.: «aus Stahl» — eng stole Fieder (Stahlfeder) — eng stole Biischt — eng stole Broscht — eng stole Spëtzt — d'st. Broscht, Akaul (Witzfiguren in Luxemburg-Stadt).
 
stolen II — s. stéilen I.
 
Stoll I M. und F.: 1) a. «Antrittspfosten einer (Holz-)Treppe»; b. «Bettpfosten» — cf. Bettstoll; c. «Hufeisenstollen» — lok. z. B. Useldingen: Stéil, sonst: Stollen — cf. Äisnol; 3) «Strophe, Vers» (Wb.06).
 
Stoll II F., Stollen M.: «(Weihnachts-)Stollen».
 
Stollen M. — s. Stoll I sub 1)c und Stoll II.
 
stolpereg, -ig Adj.: «stolperig» (Wb. 06).
 
stolperen intr. Verb.: «stolpern» (Wb.06).
 
Stolschwamp M.: «Krebs im Huf des Pferdes» — d'Päerd huet e St.
 
stolséieren, stolzéieren intr. Verb.: 1) «stolzieren, stolz einhergehen» — e stolséiert wéi e Pohunn; 2) refl.: «sich was einbilden, sich berufen (auf)» — e stolséiert sech op séng Kennschaft an dobäi kennt en näischt — e stolséiert sech op säi Papp.
 
Stolz M.: «Stolz» — Spw.: Dommheet a St. si vum selwechten Holz — e St. wéi e gevreckt Fierkel (dummstolz).
 
stolz Adj.: 1) «stattlich, imponierend» — e stolze Mann, e stolzt Meedchen — säi Papp, dat war e grousse, stolze Mann — e stolzt Gebai; 2) «stolz» (in dieser Bed. selten, meist [Bd. 4, S. 286] nur in bestimmten Redensarten) — besser schlecht geridden wéi st. gaangen — gemittlech gaangen as besser wéi st. geridden — de stolzen Heinrich spillen (vornehm tun) — st. wéi e Pohunn, wéi Oskar — do kanns de st. drop sin (eigtl. und ironisch) — cf. agebillt, houf(e)reg, stoots.
 
Stolzebuerg ON.: «Stolzemburg» — Dorf der Gemeinde Pütscheid, Kanton Vianden — 112. — déi al Stolzebuerger Koffergrouwen.
 
stomm Adj.: «stumm» — st. a stäif wéi e Plach — st. wéi e Fësch — st. an domm — cf. dafstomm, Stëmmchen II.
 
Stomp (Pl. Stëmp, Dim. Stëmpchen — Westen: Stoump, Pl. Stéimp) M.: 1) a. «Stumpf» — de St. vun engem Bam, engem Zant, engem Arem (Arm) — ech hun nëmme méi e puer Stëmp am Monn, an déi donge mer rose wéi — e St. Miel (Rest Mehl in einem Sack) — et as nach e St. Grompren do — mir haten nach grad e St. Käerz fir ze liichten — 't as nach e St. an der Fläsch — d'Haus as Romp a St. verbrannt (mit Stumpf und Stiel) — et as Romp a St. ewechgerass gin — si hu kee St. Rescht gelooss — si hun alles bis op de leschte St. giess; b. «Kippe» — d'Stëmp vun den Zigaretten an den Zigare lougen iwwerall an der Stuff — dafür auch: Bout, Mégot; c. «Beinling des Strumpfes» (in dieser Bed. auch: Stëmp (Sg.) F. — C.) — fréier koumen se mat Stëmp hauséieren; 2) (ohne Dim. und Plur., lok. Redingen: Stompert) «Schimpf, Schande, Unehre» — dat Haus as e St. fir d'ganzt Duerf — engem e (de) St. gin — engem e St. undin — et wir en ellene St. fir hie gewiescht — et wir sénger Éier e Stompert gewiescht — de St. dervun hun — cf. Houfstomp, Véimaart;
 
Stomp- -arem M.: «der Einarmige, Stumpfarm»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut