LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stomp bis Stoppel- (Bd. 4, Sp. 286a bis 287b)
 
Stomp (Pl. Stëmp, Dim. Stëmpchen — Westen: Stoump, Pl. Stéimp) M.: 1) a. «Stumpf» — de St. vun engem Bam, engem Zant, engem Arem (Arm) — ech hun nëmme méi e puer Stëmp am Monn, an déi donge mer rose wéi — e St. Miel (Rest Mehl in einem Sack) — et as nach e St. Grompren do — mir haten nach grad e St. Käerz fir ze liichten — 't as nach e St. an der Fläsch — d'Haus as Romp a St. verbrannt (mit Stumpf und Stiel) — et as Romp a St. ewechgerass gin — si hu kee St. Rescht gelooss — si hun alles bis op de leschte St. giess; b. «Kippe» — d'Stëmp vun den Zigaretten an den Zigare lougen iwwerall an der Stuff — dafür auch: Bout, Mégot; c. «Beinling des Strumpfes» (in dieser Bed. auch: Stëmp (Sg.) F. — C.) — fréier koumen se mat Stëmp hauséieren; 2) (ohne Dim. und Plur., lok. Redingen: Stompert) «Schimpf, Schande, Unehre» — dat Haus as e St. fir d'ganzt Duerf — engem e (de) St. gin — engem e St. undin — et wir en ellene St. fir hie gewiescht — et wir sénger Éier e Stompert gewiescht — de St. dervun hun — cf. Houfstomp, Véimaart;
 
Stomp- -arem M.: «der Einarmige, Stumpfarm»; -ax, Stombax M.: «Dummkopf, Tölpel» — cf. Dabo sub 1).
 
stompeg, -ig Adj./Adv.: 1) a. «stumpf, nicht scharf» — e stompegt Messer — de Bläistëft as st. — übtr.: ech hu mer d'Féiss, d'Bee st. gelaf an dach näischt erreecht — ech hat d'Been nach st. vu gëscht (war noch müde von gestern) — ech hu mer d'Fanger st. geschriwwen; b.von den Zähnen gesagt: d'Zänn st. hun — cf. laang; 2) «ohne Wärme, freudlos, mies» — st. a kuurz gebonnen — dat wor st. vun him — du hues dech st. beholl — eng st. Hochzäit — et wor st. op deem Owend — et goung st. erof — e stompegt Iessen — Folkl.: der Abschied von der Kirmes wäre st. gewesen, hätte man den Besuchern nicht einen Kranz Kuchen mitgegeben.
 
stompéieren, stombéieren trans. Verb.: «bloßstellen» — cf. an den Affront setzen, Stomp sub 2), veraffrontéieren.
 
stompen trans. Verb.: «stauchen» (z. B. lose gefüllte Säcke, damit der Inhalt sich sackt) — dafür auch: opstompen.
 
Stong M.: 1) «Wertmünze» (cf. Jeton, Blech sub 3) — ech hun eng Parti Stonge gewonn(en) — de St. kascht elo op der Kelebunn ... Frang; 2) «Einwurfmünze» (bei [Telephon-] Automaten).
 
Stonn (Pl. Stonnen, Dim. Stënnchen) F.: 1) «Stunde» (Zeitmaß) — eng kleng St. (knappe) — eng gutt, déck St. (mehr als) — zwou décker Stonne musst ech waarden — et huet eng ferrem St. gedauert, et huet ferrem eng St. gedauert — an enger halwer St. sin ech do — ech hun eng (ganz) geschloe St. gewaart — d'Auer schléit d'ganz an d'hallef St. (Stonnen) — eng Éislécker St. (etwa anderthalb bis zwei Stunden) — ech hun hënt keng St. geschlof — looss mech keng St. hei stoen ewéi en Dabo! — en huet d'Stonne gezielt bis et esou wäit wor — en huet séng gutt Stonnen huerteg gezielt — du kanns elo dénge gudde Stonnen Äddi soen — hätt en eng glécklech St.! (Sterbestunde) — dat wore béis Stonne fir déi Leit — du hues elo eng schlecht St. geroden — d'Wieder ännert ower vu St. zu St. (cf. Kand sub 1) — Zussetz.: Mëttes-, Muerges-, Nuets-, Owes-, Véierelstonn; 2) «Wegstunde» (vier bis fünf Kilometer) — et as eng (gutt, déck, kleng) St. bis op d'Nopeschduerf — et as nëmmen eng St. wäit, sot de Fuuss, du huet en de Schwanz zougin; 3) a. «Arbeitsstunde» — op d'St. schaffen — op d'St. bezuelt gin — wat kriss de (fir) d'Stonn, wat verdéngs de d'St.? b. «Unterrichtsstunde» — ech hun haut zwou Stonnen ze halen (zu geben) — eng faul, falsch St. (unbeschäftigte Stunde zwischen zwei andern) — Zussetz. z. B.: Geschichts-, Mathematiks- Museks-, Reche-, Schoul-, Turn-, Sprangstonn; c. «Nachhilfestunde» — Stonne kréien, gin — Zussetz.: Privatstonn; d. «Betstunde» — eis St. as ëm dräi Auer — ech muss an d'St. goen — Zussetz.: Bietstonn. [Bd. 4, S. 287]
 
Stonne(n)- / stonne(n)- -aarbechter M.: 1) «Gelegenheitsarbeiter»; 2) «jem. der eine nicht berufsmäßige Arbeit mit Eifer beginnt, aber bald nachläßt» — dafür auch: Stonnerësser; -fra F.: «Stundenfrau»; -gebiet N.: «Stundengebet, Bettag der Pfarrei» — cf. Bietdag; -gin N.: «Stundengeben» — hien huet sech säi Studium mat St. verdéngt; -laang Adv.: «stundenlang» — ech kënnt deem Spill st. nokucken — ech kënnt e st. op d'Schnëss schloen; -loun M.: «Stundenlohn»; -plang M.: «Stundenplan»; -rësser M. — s. -aarbechter; -wäit Adv.: «stundenweit»; -weis Adv.: «stundenweise»; -zär M.: «Stundenzeiger der Uhr».
 
stoocherens. stachen.
 
stoots Adj./Adv.: «stattlich» — e stootst Meedchen — e geet mat séngen achtzeg Jor nach st. derduurch — cf. stolz, stiets.
 
Stopp I (Pl. Stëpp, Dim. Stëppchen — s. d.) M. 1) «Kork» — e Graff aus St. — en huet Suelen aus St. op de Schong; 2) «Pfropfen, Stöpsel» (Kork, Holz, Glas, Papier, Stoff, Kartoffelstückchen, Werg [in d. Knallbüchse]) — e St. op d'Fläsch maachen — de St. passt nët op d'Fläsch — d'Stëpp kritt een haut op d'Mooss ze kafen — erop mam St.! (noch eine Flasche! — übtr.: heraus mit der Sprache!) — si hu gëschter owend d'Stëpp klake gelooss (haben viele Flaschen Wein getrunken) — de Wäi schmaacht nom St. — Stëpp mat de Schwäi (Schwäi mat Stëpp) fidderen (mit chemischen Zusätzen [Hormonen] behandeltes Futter in Korkform) — Kosewort: du mäi léiwe St.! (cf. Stupp) — Zussetz.: z. B.: Gummis-, Holz-, Pontestopp; 3) «Korkschwimmer» (Fischerei); 4) «Knallkörper» (wurden mit der Stoppflënt abgefeuert); 5) «Stöpsel» (Telefon) — e faule (defekter) St.; 6) «Pfropfen, Verstopfung» (in der Nase, im Ohr, in einem Rohr) — 't mengt ee grad, du häss Stëpp an den Oueren (zu jem., der nicht hören will) — ech hun e St. an der Nues — 't as e St. am Rouer; 7) (lok.: F.) «Strickvorrichtung, hölzerne Zwirnspule mit vier Nägeln, womit die Kinder Schnüre stricken».
 
Stopp II F.: «Versteck» — bleif an der St. bis ech dech ruffen — eng gutt St. — cf. Stoppes I, Stëppches II.
 
Stopp III M.: 1) «Stopplicht, Bremslicht» — däi St. geet nët; 2) «Stoppzeichen» — en as duurch de St. gefuer;
 
Stopp- -auer F.: «Stoppuhr»; -luucht F.: «Stopplicht, Bremslicht am Auto»; -schëld N.: «Stoppschild, Verkehrsschild: Halt»; -strooss F.: «Stoppstraße».
 
Stopp IV F.: «Stopfarbeit» — méng Fléck a méng St.;
 
Stopp- N.: «Stopfei» (gebraucht beim Strümpfestopfen — cf. Ä sub 2)d.; -gar N.: «Stopfgarn» — cf. Stëppelgar; -nol F.: «Stopfnadel».
 
Stopp V M. — in der Redewendung (Ga): de St. mat engem maachen (einen zum Besten haben) — kënnt kee Gebäcks erbei, deet keng Fënster sech op, da maachen se mat den nei Bestueten de St. (Ga, Gedicht: De Faaschtebounesonndeg).
 
stopp Adv./Interj.: «stopp».
 
Stoppchess. Stoppes I.
 
Stoppel I (Pl. Stoppelen — auch als Kollekt.) F.: 1) «Stoppel, Getreidestoppel» — Ra.: sou domm wéi der Hol an der St. (blindlings, ohne Überlegung) — an d'Stoppele kann een d'Véi dreiwen, wa kee Stréipréiter dra steet — d'Véi an d'St. (als Kollektiv.) dreiwen — mat de Kéi op (d')Stoppelen an de jonge Kléi fueren — d'Stoppele schielen (leicht pflügen, schälen) — d'Grompren an d'St. setzen (ohne vorheriges Pflügen und Zubereiten) — Zussetz. z. B.: Geeschte-, Huewer-, Kar-, Wäässestoppel; 2) «Bartstoppel» — loosse mer déi puer Stoppelen nach erofkrazen!
 
Stoppel-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut