LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Stot bis Strampelbox (Bd. 4, Sp. 288b bis 290b)
 
Stot (Pl. Stéit, Dim. Stéitchen — Echt. Pl. Stitt, Nösl. Pl. Stikt) M.: 1) «Haushalt» — Spw.: wou kee St. as kee Rot — en ale St. hält alles zu Rot — e klenge, e grousse, e beschwéierte St. — si hun e gudde, kee gudde St. — e jonge St. (s. jonk sub 3) — wat mécht dee jonge St.? (wie geht es den Jungverheirateten? — oft an sie selbst gerichtete Frage) — si hun e sonnere St. — déi Al an déi Jonk sin an engem St. — kuck an däi St.! (kümmere dich um deine Angelegenheiten) — iron.: mir haten haut e rouege St. (ein Ehepartner war verstimmt) — hatt huet dat Stéck mat an de St. bruecht — d'Fra huet genuch Aarbecht fir hire St. an der Riicht (Rei) ze halen — si huet genuch Aarbecht mat hirem St. — d'Fra weess de St. nët ze féieren, weess kee St. ze féieren — engem de St. maachen (den Haushalt führen) — mir hun nëmmen e klenge Stéitchen; 2) «Menge» — e St. Geld (cf. Geldstot) — e St. Mënschen, Kanner — wat e St. Pabeier verschreift (verbraucht) deen! 3) «Terrasse» (Weinberg) — e St. am Wéngert ausman (ausstocken).
 
Stotheler M.: «Verwalter eines landwirtschaftlichen Gutes» (Wb.06).
 
Stothelesch (lok.: Stothältesch) F.: «Haushälterin».
 
Stouf F.: «Verzapfung» (Holzverbindung) — cf. stouwen, Stuf.
 
Stouss (Pl. Stéiss, Dim. Stéisschen — Var.: Vianden, Echt: Stuss, Pl. Echt.: Stiss, Nösl.: Stuuss, Untersauer und Nösl. Pl.: Stiiss) M.: 1) «Stoß» — gëf em e St. (an d' Rëpper)! — ouni Schlag a St. (ohne Anlaß) — den Doud vu sénger Fra huet em en ale St. gin (war ein harter Schicksalsschlag) — wat huet deen ewell (Ki a) Stéiss am Liewe kritt! — gëf déngem Häerz e St.! — wat gët deen der Welt Stéiss (er benimmt sich absonderlich, ungebührlich — spaßh. Zus.:) a sénger Séil Féiss an den Aasch! — mat Stéiss (stoßweise)[Bd. 4, S. 289] — de Wand kënnt mat Stéiss — d'Leit koume mat Stéiss; 2) a. «steile Wegstrecke» — nach dee klenge St., da si mer do uewen — nach e Stéisschen a mir hun et gepackt; b. «kurze Wegstrecke» — ech gin e St. Wees mat dir zu Geleet; 3) «aufgehäufte Menge» — e St. Akten, Pabeieren; 4) gegenständlicha. «Stollen an Hufeisen» — cf. Stoll I sub 1)c., Houfeisestouss; b. «Flicken an der Sohlenspitze»; c. «Besatztuch an den Frauenröcken»; d. «Schutzborte am Kleid» — cf. Kant sub 1), Stousskant; e. «Halsstück des Schweins, wo der Speck am dicksten ist» — dafür auch: Stuess; f.in dem Ausdruck (beim Kegelspiel): eng Klatz op de St. (op d'Kant) huelen (bei unrunden Kegelkugeln — s. Riedchen); 5) «Bohrwand» (Bergbau);
 
Stouss- / stouss- -bäichel M.: «Butterfaß mit Stößer» — cf. Rompfaass; -bier F.: «Schubkarren» — cf. Schubkar; -eisen N.: «Stoßeisen» (kurzes Messer der Gerber um die Haare und Fleischfetzen abzustoßen); -fou F.: «Stoßfuge» (Seite des Hausteins, welche an den nebenliegenden stößt — Wb.06); -iesel M. — s. -néckel; -kand N.: 1) «Kind, das in der Familie schlechter behandelt wird als die anderen»; 2)s. -néckel; -kantF.: «Stoßkante am Saum des (ehemaligen) langen Frauenrockes, mit Stouss besetzt» — cf. Stouss sub 4)c., d.; -kar F.: «ein- und zweirädriger Schubkarren» (nach Ga ohne Kasten) — cf. -bier, gréissen, Bier F.; -ketten F.: «Kette, vorne an der Deichsel» (wird am Kummet der Gespanntiere befestigt, zum Lenken und Bremsen des Wagens); -néckel M.: «zu allen Arbeiten herangezogener (naiver) Mensch, der dabei schlecht behandelt wird» — de Jong as de St. am Haus — muss ech dann ëmmer de St. sin! — cf. Dai-uess sub 2), Déngsdénger; -reen (lok.: Strassen) M.: «Platzregen»; -romp M. — s. -bäichel; -teimer M. — s. -bier, -kar; -vull M.: «Sperber» (Accipiter nisus) — dafür auch: Dauwestéisser, Spuervull; -weis Adv.: «stoßweise» — cf. sträppweis, mat Stéiss; -zant M.: «Stoßzahn».
 
stoussen (phV. s. sub Stouss — Konjug., Koiné: Ind. Präs.: du stéiss, hie stéisst, Konj. Prät.: stéiss, Part. Prät.: gestouss — Nösl.: Ind. Präs.: du stiiss, hä stiisst [lok. stisst], Ind. Prät.: ich stuss, Konj. Prät.: stiss, Part. Prät.: gestuuss[en], gestuss) trans./ intr. Verb.: 1) «stoßen» — stouss en an d'Säit, an d'Rëpper! — ech st. e mam Fouss an de Réck (s. d.), an den Aasch, datt de Schong dra stieche bleift — en as vun engem Eck an deen anere gestouss gin — een iwwer Haf st. (über den Haufen rennen) — op eppes st. (unvermutet auf etwas stoßen) — een op eppes st. (aufmerksam machen) — dee muss een awer mat der Nues op alles st., dee muss awer mat der Nues op alles gestouss gin — e war wéi widder de Kapp gestouss (fassungslos) — e war widder de Kapp gestouss (gekränkt) — en huet sech widder de Kapp gestouss (an den Kopf gegriffen) — déi Kou stéisst (ist stößig) — lok. fragt man beim Mähen den müden Schnitter: huet de Bock, de Far dech gestouss? — eppes mam Huwwel glat (ewech) st. — stouss mer de Ball (heihinner)! — eng Fou st. — cf. rennen, Brout, Fouss, Iesel, Min; 2) «stampfen, zerkleinern» — Zocker st. — Kabes st.; 3) «sprießen» — de Som, de Baart stéisst — cf. schéissen; 4) «angrenzen» — hiirt Stéck stéisst un eist — mir st. mat engem Stéck un de Wee — d'Haus stéisst op d'Strooss — d'Haiser st. openeen; 5) «heimlich zustecken» — engem eppes st. — eppes gestouss kréien (bestochen werden); refl.: 6) a. «sich (an-)stoßen» — stouss dech nët! b. «sich irren, verrechnen» — hues de dech hei nët gestouss? — hie stéisst sech ëmmer nëmmen zu séngem Profit — da stouss dech alt nët! (mach dir keine Illusionen!); c. «sich (an einer Speise) übersättigen» — en huet sech um Gebäck gestouss, lo packt en näischt méi; d. «Anstoß nehmen» — d'Leit st. sech haut awer un näischt méi — et sin der alt, déi sech dru gestouss hun — en huet sech un näischt gestouss (gestéiert — er ließ sich durch nichts stören); e. «mit der Zunge anstoßen, lispeln» — e stéisst sech (mat der Zong [am Schwätzen]); f. «in einem fremden Tonfall sprechen, fremde Wörter und Wendungen gebrauchen» (oft iron.) — e stéisst sech un d'Franséischt — Zussetz.: a-, aus-, durech-, ëm-, erëm-, erop-, no-, op-, openee-, of-, u-, ver-, vir-, zer-, zesummestoussen. [Bd. 4, S. 290]
 
stouwen trans. Verb.: «Verzapfungen ausstoßen, aushobeln» — cf. Stouf.
 
Stouz M.: 1) a. «Verschlag, kleiner Schuppen»; b. «kleiner Abstellraum»; c. «Kammer des Pferdeknechtes im oder über dem Pferdestall»; 2) «versetzbarer Alkoven» (Wb.06) — cf. Stäizchen.
 
Stra (Pl. Straën) F.: 1) «Grasschwade» (lok. z. B. Hoscheid, Ospern, Elvingen, Redingen — dafür lok. auch: Strach, Stral, Strau, Stro, Strol — cf. Schla, Schluecht I); 2) a. «langer, breiter Streifen ausgemachter Kartoffeln» — et läit nach eng St. Grompren do, fir opzerafen — d'Grompre muerges op Straën ausdin an nomëttes oprafen, wa se dréche sin; 3) «Streifen Gestreutes» — eng St. Pollefer — eng St. fir géint d'Seechommëssen; 3) «die Streu, das Strohbett» (Ga) — cf. Strä.
 
straach (lok.) Adj.: «straff» — d'Säl as st. gespaant — cf. stracks.
 
Strabaz, Strapaz (beide Ton: 2) F.: «Strapaze».
 
strabazéieren, -bezéieren, -pa(t)zéieren trans./refl. Verb.: «(sich) strapazieren» — eng Box, séng Schong st. — engem d'Nerwe st. — ech hu mech mussen elle st.
 
strabbelen (lok.) — s. struewelen.
 
Strach M.: 1) «in einem Mal gemolkene Milch» — den éischte, zwete St. — bes. in Zussetz.: Mëttes-, Muerges-, Owesstrach — dafür auch: Strachecht, Sträichecht; 2) «langer Streifen Landes» — häufig in Flurnamen, z. B.: an de (laange) Strachen, Straachen; 3)s. Stra; 4)s. Strachel. Strääch.
 
Strachen Pl. F.: «Euterzitzen, Zitzen» — cf. Mam.
 
strachvoll Adj.: «randvoll» — dafür auch: gestrachen, gestrachevoll — cf. sträichen sub 2).
 
Strachel (lok.) M.: «Stich im Kartenspiel» — cf. Strääch sub 4), Strach sub 4).
 
Strack, Stréck (Pl. Sträck, Stréck) M.: 1) «Strick, starkes, etwas fingerdickes Seil» — fréier hun d'Leit d'Kou an de St. geholl, an si hu se laanscht d'Strooss wede gelooss — fir mat de Kéi iwwer d'Strooss ze fuere missten s' am Stréck sin — de St. fir d'Kalwer ze zéien (ze huelen — bei der Geburt) wor soss dacks aus e puer Sträng Wierk — huel e St., eng Ficelle as nët staark genuch — cf. Säl, Ficelle; 2) a. «Schlinge» — hien huet de St. um Hals — hien huet sech selwer de St. ëm den Hals geluet — de St. zouzéien (eigtl. und übtr.) — si hun em e Strack draus gedréit — Stréck setzen (Schlingen legen, wildern) — d'Stréck revidéiere goen (die gelegten Schlingen nachsehen) — 't läit en Hues am St. — 't hänkt e Réi am St. — 't as en Hues an de St. gaangen — übtr.: engem e St. setzen, stellen, dréien — Zussetz.: Huese-, Réistrack — cf. Spëtzbouf; b. «Schlinge mit Holzbügel zum Vogelfang» (seit 1928 verboten) — Zussetz.: Vullestrack; 3) «Nabelschnur» — cf. Nuebelschnouer.
 
Stracksetzert M.: «Schlingensteller, Wilderer» — cf. Braconnier.
 
stracks Adj./Adv.: 1) «straff» — d'Ketten as ze st. — übtr.: st. (streng) verfueren — cf. straach; 2) (lok.) «geradewegs» — du kënns st. an d'Häll.
 
Straiss-chen M. und F.: «Sträußchen» — eng St. Zoppekraut, Äerdbier — Heischelied (lok. Vianden — MKr. Nr. 684): St. op dem Stierchen, liicht méngem Hierchen; e gëlle Fuedem ëm dat Haus, schéckt déi Fuesentsbroden eraus; da gi mer an en anert Haus — cf. Strauss.
 
stramm Adj.: 1) «stramm, straff» — d'Seel as ze st. — stäif a st. behapten — st. stoen (Mil.); 2) «straff, stämmig» — e stramme Borscht, e strammt Meedchen — st. Been — st. gebaut; 3) «streng, barsch» — ee st. bekucken — Ra.: st. Riichter regéieren nët laang — engem de stramme Marsch blosen — e stramme Patréiner — hien huet e stramme Jhandarem doheem (Ehefrau) — cf. schro, streng.
 
strampelen, strämpelen intr. Verb.: «strampeln» — cf. struewelen, strompen.
 
Strampelbox F.: «Strampelhose».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut