LWB Luxemburger Wörterbuch
 
stoussen bis Strä- (Bd. 4, Sp. 289b bis 292b)
 
stoussen (phV. s. sub Stouss — Konjug., Koiné: Ind. Präs.: du stéiss, hie stéisst, Konj. Prät.: stéiss, Part. Prät.: gestouss — Nösl.: Ind. Präs.: du stiiss, hä stiisst [lok. stisst], Ind. Prät.: ich stuss, Konj. Prät.: stiss, Part. Prät.: gestuuss[en], gestuss) trans./ intr. Verb.: 1) «stoßen» — stouss en an d'Säit, an d'Rëpper! — ech st. e mam Fouss an de Réck (s. d.), an den Aasch, datt de Schong dra stieche bleift — en as vun engem Eck an deen anere gestouss gin — een iwwer Haf st. (über den Haufen rennen) — op eppes st. (unvermutet auf etwas stoßen) — een op eppes st. (aufmerksam machen) — dee muss een awer mat der Nues op alles st., dee muss awer mat der Nues op alles gestouss gin — e war wéi widder de Kapp gestouss (fassungslos) — e war widder de Kapp gestouss (gekränkt) — en huet sech widder de Kapp gestouss (an den Kopf gegriffen) — déi Kou stéisst (ist stößig) — lok. fragt man beim Mähen den müden Schnitter: huet de Bock, de Far dech gestouss? — eppes mam Huwwel glat (ewech) st. — stouss mer de Ball (heihinner)! — eng Fou st. — cf. rennen, Brout, Fouss, Iesel, Min; 2) «stampfen, zerkleinern» — Zocker st. — Kabes st.; 3) «sprießen» — de Som, de Baart stéisst — cf. schéissen; 4) «angrenzen» — hiirt Stéck stéisst un eist — mir st. mat engem Stéck un de Wee — d'Haus stéisst op d'Strooss — d'Haiser st. openeen; 5) «heimlich zustecken» — engem eppes st. — eppes gestouss kréien (bestochen werden); refl.: 6) a. «sich (an-)stoßen» — stouss dech nët! b. «sich irren, verrechnen» — hues de dech hei nët gestouss? — hie stéisst sech ëmmer nëmmen zu séngem Profit — da stouss dech alt nët! (mach dir keine Illusionen!); c. «sich (an einer Speise) übersättigen» — en huet sech um Gebäck gestouss, lo packt en näischt méi; d. «Anstoß nehmen» — d'Leit st. sech haut awer un näischt méi — et sin der alt, déi sech dru gestouss hun — en huet sech un näischt gestouss (gestéiert — er ließ sich durch nichts stören); e. «mit der Zunge anstoßen, lispeln» — e stéisst sech (mat der Zong [am Schwätzen]); f. «in einem fremden Tonfall sprechen, fremde Wörter und Wendungen gebrauchen» (oft iron.) — e stéisst sech un d'Franséischt — Zussetz.: a-, aus-, durech-, ëm-, erëm-, erop-, no-, op-, openee-, of-, u-, ver-, vir-, zer-, zesummestoussen. [Bd. 4, S. 290]
 
stouwen trans. Verb.: «Verzapfungen ausstoßen, aushobeln» — cf. Stouf.
 
Stouz M.: 1) a. «Verschlag, kleiner Schuppen»; b. «kleiner Abstellraum»; c. «Kammer des Pferdeknechtes im oder über dem Pferdestall»; 2) «versetzbarer Alkoven» (Wb.06) — cf. Stäizchen.
 
Stra (Pl. Straën) F.: 1) «Grasschwade» (lok. z. B. Hoscheid, Ospern, Elvingen, Redingen — dafür lok. auch: Strach, Stral, Strau, Stro, Strol — cf. Schla, Schluecht I); 2) a. «langer, breiter Streifen ausgemachter Kartoffeln» — et läit nach eng St. Grompren do, fir opzerafen — d'Grompre muerges op Straën ausdin an nomëttes oprafen, wa se dréche sin; 3) «Streifen Gestreutes» — eng St. Pollefer — eng St. fir géint d'Seechommëssen; 3) «die Streu, das Strohbett» (Ga) — cf. Strä.
 
straach (lok.) Adj.: «straff» — d'Säl as st. gespaant — cf. stracks.
 
Strabaz, Strapaz (beide Ton: 2) F.: «Strapaze».
 
strabazéieren, -bezéieren, -pa(t)zéieren trans./refl. Verb.: «(sich) strapazieren» — eng Box, séng Schong st. — engem d'Nerwe st. — ech hu mech mussen elle st.
 
strabbelen (lok.) — s. struewelen.
 
Strach M.: 1) «in einem Mal gemolkene Milch» — den éischte, zwete St. — bes. in Zussetz.: Mëttes-, Muerges-, Owesstrach — dafür auch: Strachecht, Sträichecht; 2) «langer Streifen Landes» — häufig in Flurnamen, z. B.: an de (laange) Strachen, Straachen; 3)s. Stra; 4)s. Strachel. Strääch.
 
Strachen Pl. F.: «Euterzitzen, Zitzen» — cf. Mam.
 
strachvoll Adj.: «randvoll» — dafür auch: gestrachen, gestrachevoll — cf. sträichen sub 2).
 
Strachel (lok.) M.: «Stich im Kartenspiel» — cf. Strääch sub 4), Strach sub 4).
 
Strack, Stréck (Pl. Sträck, Stréck) M.: 1) «Strick, starkes, etwas fingerdickes Seil» — fréier hun d'Leit d'Kou an de St. geholl, an si hu se laanscht d'Strooss wede gelooss — fir mat de Kéi iwwer d'Strooss ze fuere missten s' am Stréck sin — de St. fir d'Kalwer ze zéien (ze huelen — bei der Geburt) wor soss dacks aus e puer Sträng Wierk — huel e St., eng Ficelle as nët staark genuch — cf. Säl, Ficelle; 2) a. «Schlinge» — hien huet de St. um Hals — hien huet sech selwer de St. ëm den Hals geluet — de St. zouzéien (eigtl. und übtr.) — si hun em e Strack draus gedréit — Stréck setzen (Schlingen legen, wildern) — d'Stréck revidéiere goen (die gelegten Schlingen nachsehen) — 't läit en Hues am St. — 't hänkt e Réi am St. — 't as en Hues an de St. gaangen — übtr.: engem e St. setzen, stellen, dréien — Zussetz.: Huese-, Réistrack — cf. Spëtzbouf; b. «Schlinge mit Holzbügel zum Vogelfang» (seit 1928 verboten) — Zussetz.: Vullestrack; 3) «Nabelschnur» — cf. Nuebelschnouer.
 
Stracksetzert M.: «Schlingensteller, Wilderer» — cf. Braconnier.
 
stracks Adj./Adv.: 1) «straff» — d'Ketten as ze st. — übtr.: st. (streng) verfueren — cf. straach; 2) (lok.) «geradewegs» — du kënns st. an d'Häll.
 
Straiss-chen M. und F.: «Sträußchen» — eng St. Zoppekraut, Äerdbier — Heischelied (lok. Vianden — MKr. Nr. 684): St. op dem Stierchen, liicht méngem Hierchen; e gëlle Fuedem ëm dat Haus, schéckt déi Fuesentsbroden eraus; da gi mer an en anert Haus — cf. Strauss.
 
stramm Adj.: 1) «stramm, straff» — d'Seel as ze st. — stäif a st. behapten — st. stoen (Mil.); 2) «straff, stämmig» — e stramme Borscht, e strammt Meedchen — st. Been — st. gebaut; 3) «streng, barsch» — ee st. bekucken — Ra.: st. Riichter regéieren nët laang — engem de stramme Marsch blosen — e stramme Patréiner — hien huet e stramme Jhandarem doheem (Ehefrau) — cf. schro, streng.
 
strampelen, strämpelen intr. Verb.: «strampeln» — cf. struewelen, strompen.
 
Strampelbox F.: «Strampelhose».
 
Strandlefer M.: «Strandläufer» (Calidris- oder Tringa-Art).
 
Strank (Pl. Sträng, Stränk [C], Dim. Sträng(el)chen, West.: Straunk) M.: 1) «Strang, Strähne» (Garn, Wolle, Werg) — e St. Gar, Wierk, Séigras — e St. huet verschidden Tëllen — e Strängelchen Zwir, Kottong — e Strängelche Bloen (ein Gläschen Schnaps) — beim Weben: e St. Gar wore ronn dausend Meter, op enger Kneef woren dräi Sträng — cf. Haaspel sub 1), Gebond; 2) «Zugstrang» (Kette, Riemen, Seil) — d'Päerd huet d'Sträng futti gerass — d'Päerd schléit an d'Sträng — an d'Sträng sprangen (zu hastig arbeiten — cf. Stonnenaarbechter sub 2) — fir en aner an d'Sträng sprangen (einspringen) — sech an d'Sträng leën, werfen, geheien — iwwer d'Sträng schloen; 3) [Bd. 4, S. 291] «Strangartiges» — a. «hochgewachsener Mensch» — wat as dee Jong, dat Meedchen e St. gin! b. «Rücken, Rückgrat» (lok.) — engem de St. ersielen — dafür meist: Réckstrank (s. d.); c. — e St. Tubak (Stangen-, Rolltabak); 4) (lok.) «Angst, Furcht» — in der Ra.: Strank fir een hun (Echt.: vir äm hoan) — dee Jong huet kee St. viru sénger Mamm — Nösl.: hass de St. virraan däm?;
 
Strank- -ketten, Strang- F.: «Zugkette»; -schäd, -scheed F.: «Strangleder»; -tubak M.: «Rolltabak» — cf. Strank sub 3)c.; -zwir M.: «in Stränge gebundener Zwirn, der aufgewickelt werden mußte» — s. Bëtterches- (sub Böttchen), Pëppcheszwir — cf. Spullenzwir.
 
strankfiirzen, -wiirzelen trans. Verb.: «peinigen, quälen».
 
stranzeg Adj. — s. stronzeg.
 
stranzen intr. Verb. — in dem Ortsneckreim: déi Uespelter Bomeranzen, se stranzen iwwer eng doudeg Maus (MKr. Nr. 607).
 
Straponti (st-, St-, Ton: 1, spaßh.: Strapontes [St-], Ton: 2) M.: «Klappsitz».
 
Strapp (Pl. Sträpp, Dim. Sträppchen — lok. Vianden: Strop, Pl. Streep — lok. Echt.: Stroap, Pl. Streep) M.: 1) a. «Zeitabschnitt, Dauer» — et geet nach e gudde St. zou, éier d'Kanner matverdéngen — ech hun e gudde St. (Sträppche) gewaart — an engem St. (in einem Ruck) — mat Sträpp(en — zeitweilig) spiren ech guer kee Wéi (Weh, Schmerz), an da geet d'Péng erëm un — d'Waasser kënnt mat Sträpp (stoßweise) aus dem Rouer — et geet (et koum) him e St. ze séier (allgemein: es kam zu rasch, auch: er hat in die Hose gemacht) — e pisst mat Sträpp; b. «zeitlich begrenzte Anstrengung» — no jidd Sträppchen huet en sech duergesat, fir ze raschten — Sträpp dun (aus allen Kräften laufen — Ga); c. «Wegstrecke» — t' as nach e gudde St. bis dohin — Echt.: 't as noach e goude Stroap Weegs — nach e Sträppchen, da si mer do — de Marder, Dachs an Atter gi matenän e Sträppchen (R XIV 128); d. «kleines Stück» (lok. Vianden) — e Strop Goar fir ze bitzen (ein Stück Garn); 2) «Regenguß» — mir kruten e St. (Reen) op de Bockel — cf. Reen, Schauer; 3) «Strich zur Markierung der Spiele» (gewonnen oder verloren — Karten-, Kegelspiel) — mir hun nach kee St. op der Lee (noch kein Spiel gewonnen, bzw. verloren) — mir spillen op siwe, néng, elef Sträpp (Kartenspiel) — maach een (scil.: Strapp) un, dir huet verluer! — wie mécht d'Sträpp? (wer markiert? — dafür auch: wie schreift op? wie féiert d'Lä?) — cf. Stréch sub 1)b., Schréim sub 2); 4) «kräftiger Zug beim Rauchen und der ausgestoßene Rauch» — en zitt Sträpp wéi eng Dampmaschin — en zitt all St. op d'Broscht — looss mech e St. (Sträppchen) zéien! (unter Heranwachsenden) — looss mir nach e Sträppchen iwwreg — no e puer Sträpp huet d'Päif him nët méi geschmaacht — hien huet him e St. (Damp) an d'Gesiicht geblosen; 5) a. — Sträpp loossen (Bauchwinde streichen lassen) — et sin him Sträpp entfuer, wéi si en am Verhéier haten — do entfueren engem Sträpp (bei einer schweren Arbeit) — Echt.: Streep foare loossen, wann een sech droagët — dem Bier entfuere Sträpp (R II 43); b.zu einem Buben, der raucht: raachs du schon, mäi Jéngelchen, dat gët e St. an d'Box; 6) «kleiner, untersetzter Mensch» (Ga); 7) (nur im Pl.: Sträpp) «Prügel» — Sträpp kréien — et gouwe Sträpp doheem, an dat nët ze knaps — übtr.: bei all dene Sträpp (Schicksalsschlägen), déi en ewell kritt huet, as en nët méi dee selwechten — cf. Klapp II sub 2).
 
strappen intr. Verb.: «tüchtig ausschreiten» — wou strapps de dann nees hin? — wat as dee gestrappt, wéi wann e Feier an der Box gehat hätt!
 
Strass (phV. Echt., Viand.: Stroass) F.: «Kehle» (cf. Guergel sub 1), Hals) — hien huet e mat der St. geholl — alles d'St. erofjoen, erakéieren (alles vertrinken, verprassen) — Echt.: sein Stroass as gout zu Fouss (er kann sehr viel trinken, er ist trinkfest) — t' wir alles gutt, sot d'Fra, wann en (de Mann) déi versoffe St. nët hätt — Prost. St.! (cf. Schluet) — ech hu mer d'St. wond geschwat, gejaut — e jäizt, 't mengt een en hätt e Messer an der St.
 
Strauch (Pl. Sträicher — Echt., Vianden: Strouch) M.: «Strauch» (heute bes. für «Zierstrauch») — dafür meist: Trausch — Abl.: Gestraich N.
 
Strauchmäerder M.: «Strauchmörder, Straßenräuber» — du kënns do wéi e St. (verwahrlost) — e gesäit eraus ewéi e St. — du klenge St.! (zu einem kleinen Buben). [Bd. 4, S. 292]
 
Strauss (Pl. Straiss, Dim. Straisschen, Sträisschen — Osten: Strouss) F.: «Strauß» (selten als Blumenstrauß, dann auch M., dafür meist: Bouquet — s. d.) 1)im Brauchtum: «(geschmückter) Zweig» — a. «Richtkranz beim Neubau» — d'St. opriichten, setzen — d'St. steet op dem, steet um Bau (von den Maurern mit farbigen Bändern geschmücktes [Fichten-]Bäumchen auf dem First des fertiggestellten Rohbaus) — si hun d'St. (der Rohbau ist fertig) — d'St. feieren, verzieren (das Richtfest begehen, bei Essen und Trinken; heute wird den Bauarbeitern oft auch ein Geldgeschenk überreicht); b. «früher (geschmückter Buchen-, Fichten-) Zweig über der Tür als Zeichen des Ausschanks» — fréier braucht een nëmmen eng St. iwwer d'Dir ze hänken, da konnt een zapen — d'St. aushänken — d'St. verzieren (Freibier am Eröffnungstag der Straußwirtschaft) — ech rëss em d'St. vum Tiischelt (R I 110); c. «geschmückter Zweig mit (kleinen) Geschenken zum Namenstag» — Spruch: hei brénge mer dir eng St. / si as nët vu Rousemaräin / si kënnt wuel schéiner säin / si as nët vun Dëschtelen an Där / mir hoffen, du hues se gär / si as nët vu Schwiewel a Pech / wa se nët gefällt, worf s' ewech; d. «Bruch» — wurde auf der Treibjagd ein Wildschwein erlegt, bekam der Schütze eine St. — cf. Dicks: Op der Juegd: d'wëllt Schwäin as gefaangen, hei brénge mer d'St.; e. «zog früher eine Familie in ein Haus ein, schmückten die Nachbarn einen Héil mit Bändern und brachten ihn den neuen Hausinsassen; in anderen Dörfern schmückte man eine St. und trug sie an die Feuerstelle»; f. «dem Notar wurde auf der ersten Versteigerung im Dorf eine St. überreicht»; g. — d'St. hun (Erntebrauch) — cf. Hunn sub 4); h. «Fichtenbäumchen, Baumzweig mit grünen Blättern, am Straßenrand bei Prozessionen aufgestellt» — cf. Mä; 2) «Sträußchen, kleiner Zweig» — eng St. (Straissche) Pällem, Péiterséileg — am Wäiwaasseschdëppe läit eng St. Pällem.
 
Straussefieder F.: «Straußfeder».
 
Straussenhuewer F.: «Fahnenhafer» — dafür auch: strausseg Huewer.
 
Strä F.: 1) «das Hingestreute, das Gestreute» — cf. Stra; 2) «Viehstreu» — cf. Sträes.
 
Strä-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut