LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Strääch, Streech bis Sträpp (Bd. 4, Sp. 292b bis 294a)
 
Strääch, Streech (Sg. u. Pl. — Echt. Sg.: Straich) M.: «Streich» — 1) «Hieb, Schlag, Prügel» — ouni Schlag a St. (ohne Anlaß, Ursache — cf. Stouss) — op den (mam, beim, nom) éischte St. (auf Anhieb) — übtr.: e schafft kee St. (gar nicht) — dee Schräiner huet kee St. Aarbecht méi (gar keine Arbeit) — en hält säi St. (arbeitet gleichmäßig, ohne auszusetzen) — en huet ëmmer e St. fir säin Här (er ist immer undankbar) — mäi léiwe Jong, wat kriss du St.! — et as schued fir all déi St., déi laanscht falen — e kritt méi St. wéi e schwéier as, wéi Stécker Brout, wéi gutt (gudder) Wuert — wann s de St. kritt hues, dann hëlt keen Affekot der se (méi) ewech — en as mat St. gezillt gin — dat gouf ee St. um aneren an en etlech dertëschent (es regnete Hiebe) — de leschte St. (cf. Nuetsflapp) — ech sin nët zu St. komm (kam nicht zurecht) — kënns de zu St.? — cf. ongemälleg sub 6), Iesel sub 1), Klapp II sub 7), — Zussetz.: Doudsstreech; 2) «Possen, Schabernack» — engem e St. spillen — dat wor en domme St.! — et sin esou sénger St. — cf. Spréng, Trick sub 2) — Zussetz.: Bouwe-, Schellemstreech; 3) «Landstrich, Gegend, Bereich» — mir hun déi meeschte Stécker an deem St. vum Bann leien — an eisem St. geschitt esou eppes nët — an deem St. sin ech nët kënneg — cf. Ääch (Ortsname); 4) «Stich» (Kartenspiel) — dat gouf en décke St. (viele Punkte) — en eidele St. (ohne Zählwert) — et as vill Schrom am St. — dee leschte St. zielt zéng (bei bestimmten Kartenspielen) — unlogische Formulierung: lo kritt kee kee St. méi — Zussetz.: Kinnekssträäch.
 
Sträbbes(-chen), Stribbes(-chen) M.: «Dreikäsehoch» — cf. Kibberchen sub 1).
 
sträen, streën (Echt.: straen, straien, Part. Prät.: gestraicht; Nösl.: streien, Konj. Prät.: streit) trans. Verb.: «streuen» — d'Véi st. (Streu unterlegen) — fréier sin d'Leit Gins an Heed siche (Blieder schäre) gaang, fir ze st. — op de Prossëssioune st. d'Engelcher Blumme virum Himmel — fir d'Zerläicheprossëssioun gi Blummen [Bd. 4, S. 293] a Gréngs an d'Strooss gesträt — den Hénger Fudder (dohi) st. — mat enger Hand, mat zwou Hänn st. — d'Stroosse si gesträt (bei Glatteis — auch absolut: si hu gesträt, 't as gesträt) — strä nach e bësselchen Zocker op d'Taart! — Salz, Sand (bei Glatteis), Tommesschlak st. — si hun him Sand an d'Ae gesträt — ech hu méng Suë gesträt (einzeln verloren) — Echt.: dou wäerds dein Suen näs gestraicht hoan! — Folkl.: Kaf streien (Ösling: einem Mädchen, das sich verfehlt hatte, wurde bei der Heirat Kaff gestreut) — Kinderreim: strä Hä, strä Stréi — d'Gewier strät — Abl.: Gesträs, Gestrees N. — Zussetz.: aus-, ver-, zersträen.
 
Sträes N.: «Streumaterial» — mat deem laange Wanter as d'St. all opgeschafft — cf. Streëlskoup, Streiels.
 
Sträf I F.: «kammartiges Gerät, das zum Abstreifen der Samenkapseln des Flachses oder beim Pflücken von Heidelbeeren dient(e)» — dafür auch: Strëpp (s. d. sub 3) — cf. Mo(o)lbierkamp.
 
Sträf II, Streef, Strief M.: «stumpfblättriger Ampfer» (Rumex obtusifolius — Bestandteil des Krautwisches, auch in der Volksmed.; früher als Heiltrunk für das Vieh) — cf. Strëpp sub 7)b.
 
sträfen trans. Verb.: «(die Samenkapseln des Flachses, die Heidelbeeren) abstreifen» — cf. strëppen sub 2).
 
Sträfmännchen, Streef-, Strief- (lok.) M.: «Braunkehlchen» (Saxicola rubetra) — cf. Wisevillchen, Wisegimmchen.
 
Sträich I — Pl. von Strauch (s. d.).
 
Sträich II (Dim. Sträichelchen) F.: 1) «langes Steuerruder des Moselkahns»; 2) «Art Fischnetz an einer dünnen Stange».
 
Sträich- -ämer M.: «Melkeimer»; -briet N.: «Holz zum Abstreichen des Getreides beim Messen» — dafür auch: Strécher (s. d.); -holz N. — s. d. Vor. (nicht für Zündholz, dafür: Fixfeier, Fixspoun); -kiwwel M.: «Melkkübel» — cf. Sträipes; -maschin F.: «Melkmaschine»; -stull M.: «Melkstuhl» — cf. Sträipes, Kéistull.
 
Sträichecht F. — s. Strach sub 1).
 
sträichelen intr./trans. Verb.: 1) «das Sträich genannte Ruder hantieren, mit der Sträich rudern»; 2) «streicheln» (lok.) — cf. stréilen sub 2), hämelen sub 1).
 
sträichen (lok. Sauer, Our: stréichen) trans. Verb.: 1) «melken» — d'Kéi st. — an d'Hand st. — renglech st. — naass st. (die Euterzitzen anfeuchten) — dréche st. — Ra.: wee beim Auder as, ka st. (sucht seinen Vorteil) — wat een an enger Kéier sträicht, as eng Sträichecht, eng Strachecht, e Strach — Fësch st. (den Rogen abstreifen) — übtr.: si hun e gestrach (übers Ohr gehauen) — cf. Hunn; 2) «(aus-)streichen» — dat kanns de st.! — e gouf vun der Lëscht gestrach — Wortspiel (mit 1): lo gës de gestrach! — gestrachen Verbadj.: «randvoll» — e gestrachene Sieschter (voll) — Zussetz.: aus-, durech-, ënner-, of-, ver-, usträichen.
 
Sträif (regional: Stréif) F.: 1) a. «Streifen» (Farbe, Form) — du muss d'Faarf besser versträichen, soss gin et Sträifen — eng Sträif(-chen) am Stoff, am Himmel — de Fliger (Avion) huet Sträife gemaacht (gezunn — Kondensstreifen) — 't as eng St. am Brout (wenn das Brot nicht ausgebacken ist) — du hues schlecht geséit, et si Sträife gin — d'Kand huet sech Sträifen an d'Gesiicht geschlof — en Zaldot mat ville Sträifen (Sprenzen — Rangabzeichen); b. «Landstreifen, schmales Ackerfeld» — hie läit mat enger St. laanscht äis — 't as eng St. Grompren erkaalt — cf. Strëpp sub 2); 2) «Laune» — hien huet haut séng gutt St. (er ist heute gut gelaunt) — cf. lil(l)a.
 
sträifeg, -ig, sträifeleg Adj.: 1) «streifig» — st. séien; 2) «launisch» — en as esou st. — cf. stauteg.
 
sträifen (regional: stréifen) trans. Verb.: «streifen, (leicht) berühren» — hien huet e Bam gesträift (scil.: mam Auto) — mir hun deen éischte Ponkt nëmme jhust gesträift — den Hues as nëmme gesträift (gin) — du hues den Hues nëmme gesträift — gesträift Verbadj.: «gestreift» — eng (schwaarz) gesträift(e) Box — e schwaarze Paltong an eng gesträift(e) Box (Cuthose) — e gesträift Schiirtech — e gesträifte Schlapp.
 
Sträipes, Sträifes (lok.: Sträibes, Strebes) M.: 1) «Melkkübel» (aus Holz — kleiner Holzkübel, auch beim Bauchen gebraucht); 2) «Melkstuhl» — cf. Sträichstull.
 
Sträit (Nösl.: Stréckt, lok. Westen: Street, regional: Stréit) M.: «Streit» — Ra.: wie St. wëllt, huet och bal eng Ursaach — deen as am St. mat Gott [Bd. 4, S. 294] an der Welt — si sin am St. auserneegaang — mir kréien dofir (duerwéinst) kee St. (wir werden uns schon einigen) — du hues de St. gesicht, ugefaang, ugestiwwelt — si kruten, si hu Sträit mateneen — si leien éiweg am St. — de St. delen (als Dritter: beschwichtigen) — bei deem hält kee St. sech (er ist nicht nachtragend) — wann s de dat méchs, dann as (de) St. am Stot (sagt die Ehefrau) — in Ortsneckereien: duurch . . . ouni St., duurch . . . ouni Näid — den Aarmutt as de brede Wee zum St. — cf. streiden;
 
Sträit- -fro F.: «Streitfrage»; -hengscht M.: «streitsüchtiger Mensch» — s. -mécher, -sak; -mauer F.: «Trennungsmauer, die zu Streitigkeiten führt oder sie verhüten soll» — cf. Näidmauer; -mécher M.: «Streitstifter» — cf. Aarmutt, Iwweldrun, Stëppeler; -sak, -vull M.: «streitsüchtiger Mensch» — s. -hengscht.
 
strämmens. stremmen.
 
Strämmläif M. — s. Stremmläif.
 
Strängel (Pl. Strängelen — lok.: Strängels F.) M.: «Druse, Strengel» (Pferdekrankheit) — d'Päerd as mat de Strängele futti gaang — von schlechtem Branntwein gesagt: wat hues du eng Drëpp, 't as fir de Strängel ze kréien — lok. Berburg: d'Päerd huet d' (de) Strängels.
 
Strängelchen M. — s. Strank sub 3).
 
Strängelcheszwir M.: «Zwirn in Strähnen».
 
Sträpp Pl. — s. Strapp — cf. Kläpp.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut