LWB Luxemburger Wörterbuch
 
stréilen bis Strëtzvigelchen (Bd. 4, Sp. 297a bis 299a)
 
stréilen trans. Verb.: 1) (auch refl.) «strählen, kämmen» (spaßh. oder iron. für Menschen) — d'Päerd, den Hond st. — (sech) d'Hor, de Baart, de Bless st. — hatt brauch eng Stonn fir sech ze st. — hien as schéi gestréilt — cf. strigelen, kämmen sub 1), Bless I sub 4); 2) «streicheln» — d'Kaz as häämlech, si léisst sech st. — abweisend: géi stréil déng Giedel! — cf. sträichelen sub 2); 3) (iron.) «prügeln» — ee mam Martini, mat der Rutt st. — komm, mäi Beschten, dass ech dech e bëssche st.!
 
stréimegs. strummeg.
 
stréimen intr. Verb.: «strömen» — d'Leit komme gestréimt — iron.: wuer stréims de? — cf. strummen.
 
Stréimung F.: «Strömung» — en as an d'St. komm (eigtl. u. übtr.) — cf. Stroum.
 
Streisel M.: 1) «Zuckerstreusel» (Mischung aus Butter, Zucker, Mehl, ein wenig Milch, Zimt); 2) «Streuseltorte, -kuchen» — dazu: Streiselkuch (lok.: Strauselkuch) M.; -taart F.; -täertchen F.; -bréitchen N.; Streisel(s)mëtsch F.; Streiselcher Pl. tant.: «Streuselgebäck» — cf. Kichelchen.
 
Strëment, Strument (beide Ton: 2) N. — s. Instrument.
 
stremmen trans./intr. Verb.: 1) «straff anziehen»; 2) «stauen» (Wasser) — cf. stemmen sub 2); 3) «beengen» (von Kleidungsstücken gesagt) — de Koll vum Hiem stremmt (mech), en as z'enk — d'Box stremmt tëscht de Been, iwwer de Bauch — cf. serréieren, schrauwen; 4) refl.: «sich hineinzwängen» — et muss een sech dra st. (in ein zu enges Kleidungsstück, auch: sich Mühe geben) — e kritt sech nët méi an déi Box gestremmt — Zussetz.: erstremmen.
 
Stremmläif M.: «Korsett» — cf. Corselet.
 
Strëmp (Pl. Strëmp, Dim. Strëmpchen) F.: «Strumpf» — e Puer St. — St. strécken, stoppen, stëppelen — — St. aus Seid, Woll, Nylon — kuurz, laang, erstëmpte, gestréckte St. — sech op d'St. maachen (aufbrechen, sich davonmachen) — eng St. voll Krounen (voll Geld — Ga) — Neol.: du gees mer (dat geet mer) ferrem (fatzeg) op d'St. (auf die Nerven) — Zussetz.: Fraleits-, Gummis-, Kanner-, Maansleits-, Sportsstrëmp — cf. Hues F., Chaussette, Socken, Sockett.
 
Strëmpchen F.: 1)Dim. zum Vor.; 2)(lok. Wiltz: Stremmchen) «Glühkörper des Gaslichtes».
 
Strempel, Strëmpel M.: «Schenkel, Bein» (Geflügel, Frosch, Hase, auch beim Schinken, iron. auf Menschen übtr.) — Strempelen ewéi Stréckeisen (dünne Beine) — wat huet dat Meedche Strempelen! — cf. Stempel sub 2)c., Bändel sub 2).
 
strempelens. strampelen.
 
streng (lok. Vianden, Echt.: streeng) Adj./Adv.: 1) «streng» — e strengen [Bd. 4, S. 298] Här, Patréiner — e strenge Jhandarem (eigtl. und: Ehefrau) — hien as st. gehalen — st. geholl misst hie fir de Schued opkommen — en as strenger Hand hanner hatt gaangen — cf. Riichter, gestreng; 2) (lok.) «schnell, rasch» — d'Päerd leeft st. — en as st. komm — géi nët esou st.! — en as st. drop lassgaang — lo st. an d'Bett! — d'Feier geet ze st. — d'Waasser as st. op där Plaz — en drénkt st.; 3) «scharf» — et richt st.
 
Strengel M. — s. Strängel.
 
Strenghät, -heet F.: «Strenge» — Echt.: d'Streenghät hoat noach kämools vill erraicht.
 
Strengt F.: 1) «Strenge»; 2) «Stromschnelle» — als Stellenbez. im Fluß: an der Strengt, an de Strengten — cf. Stroum sub 1), Draff II sub 1 — dazu: strengen intr. Verb. — d'Waasser strengt op deer Plaz.
 
strengzerhand Adv.: «mit strenger Hand» — dafür auch: gestrengerhand.
 
strénkeg (Westen: stréinkeg) Adj.: «faserig, holzig» — d'Fleesch as st. — cf. stréieg, stronkeg, fieseg.
 
strénken trans. Verb.: «bis auf den Strunk abfressen» (C) — d'Raupen hun de Kabes gestrénkt — d'Hénger hun der déng Kéil gestrénkt — cf. Stronk.
 
Strénkentaart F.: (lok.) «Rhabarbertorte» — cf. Rubarb.
 
Strenz (phV. Echt.: Strënz, Westen: Sträenz) F.: 1) «Gießkanne» — hues de de Blummen eng St. (voll) Waasser gin? — et reent (ewéi) mat Strenzen — de Kulang as eppes wéi eng St. — cf. Géiss, Sprenz II sub 1), Lorenz, Seng I; 2) (lok.) «Eiszapfen» — cf. Kaachel.
 
Strenzekapp M.: 1) «Brause der Gießkanne»; 2) «Sprühdüse an der Gartenspritze».
 
strenzen (phV. s. Strenz) trans./ intr. Verb.: 1) «begießen, besprengen» — mir mussen de Gaart nach st. — auch absolut: mir mussen nach st.; 2) a. «in einem (starken) Strahl hervorspritzen» (Part. Prät.: gestrenzt, gestrant) — d'Blutt as gestrenzt komm (koum gestrant); b. «heftig, stark regnen» — et huet gestrant wéi mat Baachen; c. «harnen».
 
Strëpp (lok. Wiltz: Stripp) F.: 1) a. «Strippe, Schlaufe»; b. «Strippe» (z. B. am Halsband des Kinderhemdes, am Hosenbund — lok. dafür: Strupp); c. «Zierschnur» (Uniform); d. «unordentliche Frau, Näherin» — in der Ra.: hätt ech méng Knëpp (Rompel) erëm, ech géif méng St. drëm — s. Knëpp, Rompel sub 3); e. «Schlinge» — op d'St. goen (wildern); 2) «schmaler Streifen Land» — hie läit mat enger St. a méngem Stéck (an äis) — hien huet déi St. nët geméit — si hun eng St. tëschent de Stécker leie gelooss (nicht gepflügt) — bei unordentlicher Feldarbeit, Pflügen, Säen, Mähen: wat huet dee Strëppe gemaacht! (schmale Streifen unbearbeitet, ungepflügt, ungemäht gelassen); 3) «Riffelkamm» — cf. Mo(o)lbierkamp, Sträf I — dafür auch: Strëppkamp M.; 4) «Zugnetz der Fischer»; 5) «verheimlichter Nebenverdienst»; 6) (Kollektiv.) «Mitglieder einer Musikgesellschaft, die zum Tanz aufspielen» — dazu: Strëppheft N.: «Notenheft mit Tanzmelodien»; 7) a. «Odermennig» — cf. Odermëllech; b. «Sauerampfer» (Rumex maximus) — cf. Sträf II.
 
strëppen (lok. Wiltz: strippen) trans. Verb.: 1) «abbalgen» — en Hues (s. auch sub 5)a.), e(ng) Kanéngche st. — Fräsche st. (die Schenkel abtrennen und abhäuten) — en déit eng Laus st., fir de Pelz ze kréien (er ist sehr geldgierig) — übtr.: de Fuuss (d'Fiiss) st. (sich erbrechen bei Trunkenheit); 2) a. «abstreifen» — Moolbier, de Fluess st. (Heidelbeeren, Samenkapseln des Flachses) — wann de Buedem naass as, strëppt een e vun de Grompren (erof) — cf. sträfen; b. «überstreifen» — du muss nach eppes iwwer de Verband st. — de Bann st. (die Flur durchstreifen); 3) a. (auch refl.) «sich (teilweise) entkleiden» — — e Kand st., fir et schlofen ze leën — d'Kanner st. sech an der Stuff, da sin s' um Späicher méi huerteg ausgedon — ech wor esou naass, ech hu mech misse vu Kapp bis zu Fouss st.; b. «sich (schlecht) rasieren» — en hat sech nees gestrëppt, datt een d'Strummen am Gesiicht gesinn huet; c. «abschürfen, streifen» — ech hu mech laanscht d'Mauer gestrëppt — de Camio huet den Auto gestrëppt — beim Kegelspiel: ech hun se (scil.: d'Käl) nëmme gestrëppt — d'Klatz huet (se) gestrëppt; d. Folkl. Hänselbrauch: ee st. — dafür auch: duurch de Rénk (s. d. sub 1) zéien; 4) a. «schlecht arbeiten» (Feld- und Hausarbeit) — dat as nët geméit, dat as gestrëppt — déi huet nees al gestrëppt beim Botzen — dat as nët gebutt, dat as gestrëppt — cf. Strëpp sub 1)d.; b. «schälen» (an der Oberfläche pflügen) — cf. schielen sub 2); 5) a. «in Schlingen fangen» — en Hues st. (cf. [Bd. 4, S. 299] sub 1) — Vulle st. († Jungvögel ausheben); b. «quälen» — strëpp déi Kaz nët esou! 6) a. «betrügen, übervorteilen» (bei Zahlungen, Arbeitsleistungen, Spiel) — en huet mech fir honnert Frang (fir e puer Kilo) gestrëppt — en huet (eng Stonn) gestrëppt (geschuldete Arbeitsleistung) — de Patro huet e fir e puer Stonne gestrëppt (einige Arbeitsstunden nicht verrechnet, ausbezahlt) — hues de eiser Herrgott nees gestrëppt? (wenn jem. zu spät zur Messe kam) — hien huet sech laanscht d'Aarbecht gestrëppt, wou et nëmme gaangen as — looss dech nët st.! — mengs de, deen hei léiss sech st.? — beim Spiel: si hun e gestrëppt, en as gestrëppt gin; b. beim Kartenspiel: «eine höhere Karte einhalten» — du hues den Äss gestrëppt, an elo krut hien de Streech mat der Damm; c.cf. Strëpp sub 5) — Zussetz.: duurch-, era-, erof-, (er-)opstrëppen — Abl.: Gestrëpps N. (nicht für Gestrüpp).
 
Strëpperei F.: «Übervorteilung» — cf. strëppen sub 6)a.
 
Strëppert M.: 1) «unredlicher Mensch» (vgl. dazu alle Bed. von strëppen sub 6)a.); 2) «Leuteschinder» (Wb.06) — cf. strëppen sub 1); 3) «Wilderer»; 4) «Pfuscher» — cf. strëppen sub 4)a. — Zussetz.: Mierkelsstrëppert (s. d.).
 
Strëpplek M.: «zwei Riemen am Pferdegeschirr» (mit dem die zwei Stränge [Strangketten] unter dem Pferdeleib verbunden werden, der längere Teil des Riemens befindet sich im rechten Strang und trägt die Schnalle, der kurze im linken Strang) — déi zwéi Strëpplécken.
 
Strëtz (lok.: Stritz, Strutz) F.: 1) «Spritze» (z. B. Wasserspritze der Kinder, Küchengerät) — d'Bouwe maachen sech Strëtzen aus Hielenter — e Kuch mat der St. garnéieren — bei der Geburt eines Kindes: wat as et gin, eng Flätsch odder eng St.? (cf. sub 2) — Zussetz.: Träipestrëtz; 2) «kleines, unreifes Mädchen» (Dim.: Strëtzchen — spöttisch) — déi kleng Strëtze (Strëtzercher) brauchen nët alles ze wëssen — wat hu mir mat dene Strëtzen ze din (sagen die Buben) — cf. Brunz sub 2), Piss sub 2), Sääch — dazu: Strëtzebud (lok., abfällig) F.: «Mädchenpensionat»; 3) «Schwanzmeise» (Aegithalos caudatus) — dafür auch: Strëtzvigelchen M. (cf. Schwanzmäs) — cf. Sprëtz.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut