LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Strenzekapp bis Strof- / strof- (Bd. 4, Sp. 298a bis 300a)
 
Strenzekapp M.: 1) «Brause der Gießkanne»; 2) «Sprühdüse an der Gartenspritze».
 
strenzen (phV. s. Strenz) trans./ intr. Verb.: 1) «begießen, besprengen» — mir mussen de Gaart nach st. — auch absolut: mir mussen nach st.; 2) a. «in einem (starken) Strahl hervorspritzen» (Part. Prät.: gestrenzt, gestrant) — d'Blutt as gestrenzt komm (koum gestrant); b. «heftig, stark regnen» — et huet gestrant wéi mat Baachen; c. «harnen».
 
Strëpp (lok. Wiltz: Stripp) F.: 1) a. «Strippe, Schlaufe»; b. «Strippe» (z. B. am Halsband des Kinderhemdes, am Hosenbund — lok. dafür: Strupp); c. «Zierschnur» (Uniform); d. «unordentliche Frau, Näherin» — in der Ra.: hätt ech méng Knëpp (Rompel) erëm, ech géif méng St. drëm — s. Knëpp, Rompel sub 3); e. «Schlinge» — op d'St. goen (wildern); 2) «schmaler Streifen Land» — hie läit mat enger St. a méngem Stéck (an äis) — hien huet déi St. nët geméit — si hun eng St. tëschent de Stécker leie gelooss (nicht gepflügt) — bei unordentlicher Feldarbeit, Pflügen, Säen, Mähen: wat huet dee Strëppe gemaacht! (schmale Streifen unbearbeitet, ungepflügt, ungemäht gelassen); 3) «Riffelkamm» — cf. Mo(o)lbierkamp, Sträf I — dafür auch: Strëppkamp M.; 4) «Zugnetz der Fischer»; 5) «verheimlichter Nebenverdienst»; 6) (Kollektiv.) «Mitglieder einer Musikgesellschaft, die zum Tanz aufspielen» — dazu: Strëppheft N.: «Notenheft mit Tanzmelodien»; 7) a. «Odermennig» — cf. Odermëllech; b. «Sauerampfer» (Rumex maximus) — cf. Sträf II.
 
strëppen (lok. Wiltz: strippen) trans. Verb.: 1) «abbalgen» — en Hues (s. auch sub 5)a.), e(ng) Kanéngche st. — Fräsche st. (die Schenkel abtrennen und abhäuten) — en déit eng Laus st., fir de Pelz ze kréien (er ist sehr geldgierig) — übtr.: de Fuuss (d'Fiiss) st. (sich erbrechen bei Trunkenheit); 2) a. «abstreifen» — Moolbier, de Fluess st. (Heidelbeeren, Samenkapseln des Flachses) — wann de Buedem naass as, strëppt een e vun de Grompren (erof) — cf. sträfen; b. «überstreifen» — du muss nach eppes iwwer de Verband st. — de Bann st. (die Flur durchstreifen); 3) a. (auch refl.) «sich (teilweise) entkleiden» — — e Kand st., fir et schlofen ze leën — d'Kanner st. sech an der Stuff, da sin s' um Späicher méi huerteg ausgedon — ech wor esou naass, ech hu mech misse vu Kapp bis zu Fouss st.; b. «sich (schlecht) rasieren» — en hat sech nees gestrëppt, datt een d'Strummen am Gesiicht gesinn huet; c. «abschürfen, streifen» — ech hu mech laanscht d'Mauer gestrëppt — de Camio huet den Auto gestrëppt — beim Kegelspiel: ech hun se (scil.: d'Käl) nëmme gestrëppt — d'Klatz huet (se) gestrëppt; d. Folkl. Hänselbrauch: ee st. — dafür auch: duurch de Rénk (s. d. sub 1) zéien; 4) a. «schlecht arbeiten» (Feld- und Hausarbeit) — dat as nët geméit, dat as gestrëppt — déi huet nees al gestrëppt beim Botzen — dat as nët gebutt, dat as gestrëppt — cf. Strëpp sub 1)d.; b. «schälen» (an der Oberfläche pflügen) — cf. schielen sub 2); 5) a. «in Schlingen fangen» — en Hues st. (cf. [Bd. 4, S. 299] sub 1) — Vulle st. († Jungvögel ausheben); b. «quälen» — strëpp déi Kaz nët esou! 6) a. «betrügen, übervorteilen» (bei Zahlungen, Arbeitsleistungen, Spiel) — en huet mech fir honnert Frang (fir e puer Kilo) gestrëppt — en huet (eng Stonn) gestrëppt (geschuldete Arbeitsleistung) — de Patro huet e fir e puer Stonne gestrëppt (einige Arbeitsstunden nicht verrechnet, ausbezahlt) — hues de eiser Herrgott nees gestrëppt? (wenn jem. zu spät zur Messe kam) — hien huet sech laanscht d'Aarbecht gestrëppt, wou et nëmme gaangen as — looss dech nët st.! — mengs de, deen hei léiss sech st.? — beim Spiel: si hun e gestrëppt, en as gestrëppt gin; b. beim Kartenspiel: «eine höhere Karte einhalten» — du hues den Äss gestrëppt, an elo krut hien de Streech mat der Damm; c.cf. Strëpp sub 5) — Zussetz.: duurch-, era-, erof-, (er-)opstrëppen — Abl.: Gestrëpps N. (nicht für Gestrüpp).
 
Strëpperei F.: «Übervorteilung» — cf. strëppen sub 6)a.
 
Strëppert M.: 1) «unredlicher Mensch» (vgl. dazu alle Bed. von strëppen sub 6)a.); 2) «Leuteschinder» (Wb.06) — cf. strëppen sub 1); 3) «Wilderer»; 4) «Pfuscher» — cf. strëppen sub 4)a. — Zussetz.: Mierkelsstrëppert (s. d.).
 
Strëpplek M.: «zwei Riemen am Pferdegeschirr» (mit dem die zwei Stränge [Strangketten] unter dem Pferdeleib verbunden werden, der längere Teil des Riemens befindet sich im rechten Strang und trägt die Schnalle, der kurze im linken Strang) — déi zwéi Strëpplécken.
 
Strëtz (lok.: Stritz, Strutz) F.: 1) «Spritze» (z. B. Wasserspritze der Kinder, Küchengerät) — d'Bouwe maachen sech Strëtzen aus Hielenter — e Kuch mat der St. garnéieren — bei der Geburt eines Kindes: wat as et gin, eng Flätsch odder eng St.? (cf. sub 2) — Zussetz.: Träipestrëtz; 2) «kleines, unreifes Mädchen» (Dim.: Strëtzchen — spöttisch) — déi kleng Strëtze (Strëtzercher) brauchen nët alles ze wëssen — wat hu mir mat dene Strëtzen ze din (sagen die Buben) — cf. Brunz sub 2), Piss sub 2), Sääch — dazu: Strëtzebud (lok., abfällig) F.: «Mädchenpensionat»; 3) «Schwanzmeise» (Aegithalos caudatus) — dafür auch: Strëtzvigelchen M. (cf. Schwanzmäs) — cf. Sprëtz.
 
Strëtzbéchs F.: «unreifes Mädchen» — cf. Strëtz sub 2).
 
Strëtze(l)gebäcks N.: «Spritzkuchen» (Fastnachtsgebäck) — cf. Fuesent sub 3).
 
strëtzen, strutzen (Westen: stritzen) intr./trans. Verb.: 1) «in dünnem, starkem Strahl hervorspritzen (lassen)» — d'Waasser as duurch d' Lach am Faass (eraus-)gestrutzt — d'Blutt as gestrëtzt komm — da strëtz mer e Grapp voll dran! (spaßh. z. B. zum Wirt beim Füllen des Glases) — lok.: da looss de Bromme st.! (gieße Kaffee ein!) — dir fant keen, deen esou st. kann (beim Tabakkauen den Speichel [durch eine Zahnlücke] aus dem Munde spritzen); 2) «eilen» — da loosse mer st.! — do gestrëtzt kommen (eilig [heran-]kommen); 3) «begießen, bespritzen, beharnen» — en huet mech gestrëtzt (mit der Strëtz sub 1) — Abl.: Gestrëtz N.
 
Strëtzer(t), Strutzer(t) (Westen: Stritzert) M.: 1) a. «jem., der spritzt» (cf. Strëtz sub 1); b. «Penis»; c. «unreifer Knabe» (abfällig) — cf. Strëtz sub 2); d. (lok.) «Zapfhahn» — maach, datt de St. wëscht! (daß der Hahn zum Zapfen bereit ist); 2) «Durchfall».
 
Stribbes(chen) M.: «Dreikäsehoch» — cf. Sträbbes-chen, Kibberchen sub 1).
 
Strich (lok.) M. — s. Stréch.
 
strikt (st-, St-) Adj./Adv. — wie hd.
 
Strief I F.: «Strebe, schräge Stütze» (Balken, Mauer) — Zussetz.: Widderstrief (C).
 
Strief II M.: 1) «Liebfraubettstroh» (Achillea millefolium); 2) «wilder Sauerampfer» — cf. Moukesauerampel, Moukelambrout, Poppelkraut sub 1) (diese Pflanzen kommen in den Krautwisch).
 
striefsam, streefsem (C: striesem) Adj.: «strebsam».
 
striewen I (phV.: Nösl., Vianden: striäwwen, Mittelösl., Sauer: strewen, lok. Bodange [belg. Prov. Lux.]: striefen) trans./intr. Verb.: 1) «Streben setzen»; 2) «streben» — e strieft nëmmen derno fir zu Geld ze kommen — e strieft fir eraus (ze kommen) — substantiv.: säi St. (Striewes) as op Näischnotzegkät geriicht; 3) refl.: «sich sträuben» — en huet sech (dergéint) gestrieft, ma et konnt alles näischt déngen — Abl.: Gestriefs N. Zussetz.: ver-, widderstriewen.
 
striewen II trans./intr. Verb.: «durchstreifen» — en huet de ganze Bann gestrieft — en as duurch d'Géigend gestrieft — Zussetz.: duurchstriewen. [Bd. 4, S. 300]
 
Striewer M.: «Streber» (auch das hd. Wort: Streber, das stets pej. ist).
 
Strigel (-j-) M. — s. Stréil.
 
strigelen (-j-) trans. Verb.: 1) «striegeln»; 2) (Nösl.) «streicheln, liebkosen»; 3) «prügeln» — cf. stréilen — Abl.: Gestrigels N.
 
Strilles (lok.: Echt.) M.: «Dummkopf» — cf. Stilles.
 
strimmegs. strummeg.
 
Stripp M.: «Ampfer» (Rumex sp.) — cf. Strëpp sub 7)b., Strief sub 2).
 
Stritz (lok. Var.) F. — s. Strëtz.
 
stritzen (lok.) — s. strëtzen.
 
strizen, stritzen (Neol.) trans. Verb.: «strizen» (Mil.).
 
Stro (lok.) F. — s. Stra sub 1).
 
Strof I F.: «Strophe» — ech weess d'Strofe (scil.: vum Lidd) nët méi all auswenneg.
 
Strof II F.: «Strafe, Strafarbeit» — de Schoulmeeschter huet him eng (schrëftlech, déck) St. gin — zur St. schreifs de mer honnertmol ... — ech huelen d'St. mat a Kaf — hie krut d'St. geschenkt (Gefängnisstrafe) — eng St. ofsëtzen — alles muss séng St. hun — déi St. hues de der awer (selwer) gesicht — du gees nët mat, da's déng St.! — ech kann nët spille kommen, ech sin an der St. — 't as eng St. Gottes — Zussetz.: Geldstrof — cf. Bouss.
 
Strof- / strof-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut