LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Strooss bis strunzen (Bd. 4, Sp. 301a bis 302a)
 
Strooss (Dim. Streess[el]chen) F.: 1) «Straße, Landstraße» — d'St. fir op Esch, d'Escher St. — hie wunnt op der Escher St., an der Veianer St. — e wunnt op der St. (an der Hauptstraße) — zu Houschent op der St. (cf. Stroosshouschent) — eng zwee-, dräi-, véierspureg St. — eng godronnéiert, pawet(e) St. — d'St. kieren (fegen) — e brauch d'ganz St., en huet d'ganz St. vir Hand (von einem Betrunkenen gesagt) — hie mengt d'St. wir séng (von einem ungestümen Fahrer) — Kanner, bleift vun der St., soss gët der iwwerrannt (iwwerfuer)! — 't hält een d'Kanner vun der St., well do léieren se näischt Gutts — en as op der St. doheem — een op d'St. setzen (aus der Wohnung weisen, entlassen) — si sëtzen elo op der St. (ohne Unterkunft) — d'Geld fënt een nët op der St. — mir hun d'St. verluer (sind von der Straße abgekommen) — d'St. as beliwwert (leicht gefroren — cf. liwweren III sub 2) — 't as vill Verkéier op der St. — d'St. as voller Leit — de Won hält d'St. gutt (hat eine gute Straßenlage) — e schafft op der St., an der St. — am Krich hun d'Preisen d'Lëtzebuerger op d'St. (zum Straßenbau) schaffe geschéckt — d'Aarbechter sin op d'St. gaang (protestierten) — Bergbau: beim terrassenartigen Aufdecken oder Abkummern im Tagebau wurde op Stroosse gefuer — in Flurnamen: op der St. — cf. bauen sub 2), Gaass sub 1), Wee — Zussetz.: Auto-, Land-, Réimer-, Staatsstrooss; 2) «Walzstraße» (Hüttenspr.) — dazu Zussetz.: Blech-, Drot-, Walzstrooss.
 
Stroosse(n)- -bam M.: «Straßenbaum»; -bouf M.: «Gassenbube» — cf. Gaassebouf; -beliichtong F.: «Straßenbeleuchtung»; -engel M.: «Straßenengel» — in der Ra.: St. (Gaassenengel), Hausdäiwel (s. d.); -fritz (lok.: Echt.) M. — s. -kand; -houer F.: «Hure, Straßendirne»; -kaméidi M.: «Straßenlärm»; -kand N.: «Gassenbube» — cf. -bouf, -fritz, -raiber sub 2); -lanter F.: «Straßenlaterne»; -luucht F.: «Straßenlampe, Straßenbeleuchtung» — haut huet zesoen all Duerf séng Stroosseluuchten; -raiber (lok.: -raiwer) M.: 1) «Straßenräuber» — du kënns an den Himmel, wann der Däiwel kee St. as; 2)s. -kand; -säit F.: «Straßenseite»; -schär F.: «Straßenscharre» — cf. Schär I sub 1), Këss I; -spëktakel M.: «Straßenlärme» — cf. -kaméidi.
 
Stroossen ON.: «Strassen» — Dorf und Gemeinde Strassen, Kanton Luxemburg — 409.
 
Stroossbuurg ON.: «Straßburg».
 
Stroosshouschent ON.: «Hoscheid» — s. Housch(en)t (Ga: Stroosshuschett).
 
strotzen intr. Verb. — wie hd. — in der Redewendung: e strotzt vu Gesondheet, vun Dreck.
 
Stroum (Pl. Stréim, lok.: Strumm, Strum) M.: 1) «Strom, Strömung» (Wasser) — Ra.: géint de St. schwammen — Zussetz.: Muselstroum — cf. Stréimung; 2) «elektrischer Strom» — en Donneschdeg as kee St. do — de St. as fort, kënnt (as) erëm — de St. as ofgespaart — einfache St. (Lichtstrom) — Zussetz.: Kra(a)ft-, Liicht-, Wiesselstroum.
 
stroumen intr. Verb. — s. strummen.
 
Stroumert (lok.) M.: «Herumtreiber, Vagabund» (von Kindern gesagt).
 
Struck (Ösl.) F.: «Ledergamasche» — ent Paar Strucken — cf. Gett.
 
Strudder M.: 1) (lok.: Fels) — s. Mëlass; 2) (lok.: Machtum) — s. Kludder sub 1).
 
strudderen intr. Verb.: 1) «schnell laufen» — e kënnt do gestruddert — d'Waasser koum gestruddert (sprudelte schnell); 2) «strampeln» — mer sin duurch de Schnéi gestruddert, knéidéif — kuck wéi dat Klengt struddert! — cf. struewelen.
 
Strudel M. — wie hd. — cf. Trëndel.
 
Struewel F.: «Zertrampeltes, Zerwühltes» — d'Bett as eng St. an elauter.
 
struewelen (phV. Nösl.: strawelen, Westösl.: strowelen, Mittelösling: ströwelen, Echt., Wiltz: stroawelen, Wiltz auch: sträwelen) intr. Verb.: «strampeln» — dat Klengt struewelt mat Arem a Been — d'Kand huet sech aus der Decke gestruewelt — e struewelt [Bd. 4, S. 302] wéi e Kiewerlek, deen um Réck läit — ech hu missen (al) st., fir nozekommen — mir sin duurch de Schnéi gestruewelt — übtr.: hien huet (al) misse st., fir aus der Schold erauszekommen — en huet sech an d'Luucht gestruewelt — en huet sech derduurch gestruewelt — Antwort auf die Frage nach dem Befinden: et struewelt een alt esou — Abl.: Gestruewels N. — cf. strampelen, strabbelen.
 
Strueweler M., Struewelesch F.: 1) «unruhiger Mensch, zappeliges Kind»; 2) «ehrgeiziger Mensch, Streber».
 
strulazeg, -ig (Ton: 1) — s. sturazeg.
 
Strulles M.: 1) «plumper, vierschrötiger Mensch» — e St. an e Stura — Zussetz.: Bauerestrulles; 2)s. Strolles.
 
Strumm I (lok.) M. — s. Stroum.
 
Strumm II (Dim. Strimmchen) F.: «Strieme» — e Gesiicht voller Strummen — dat gët ('t bleift) eng St. — cf. Schrumm, Schréim, Schréips, Blimmchen sub 2)a.
 
strummeg, -ig Adj.: «striemig» — dafür auch: stréimeg, strimmig.
 
strummen intr. Verb.: 1) «eilen, laufen»; 2) «herumstrolchen» — cf. stréimen, stroumen, strudderen sub 1).
 
Strunz, Strunzel, Strunsel F.: «Frauenzimmer» (abfällig) — cf. Sprunz(el), Strutz II, Strëtz sub 2).
 
strunzs. strutz I.
 
strunzen I (lok.: strunselen) intr. Verb.: «harnen» — cf. strutzen, strëtzen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut