LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Sturem, Stuerm, Stuurm bis Subventioun (Bd. 4, Sp. 304b bis 306b)
 
Sturem, Stuerm, Stuurm (Pl. Stiirm, Stirem, Dim. Stiirmchen — Mosel: Storrem, Pl. Stërm, Stërrem, Ösl.: Sturrem, Pl. Stirrem) M.: 1) «Sturm» — wat war dat e béise St. déi lescht Nuecht! — de St. huerelt (hollert) am Kamäin — de St. hault a roost an de Bëscher — de St. huet d'Leë mat ewechgeholl, d'Diech (Dächer) ofgedeckt — de St. huet vill Schued gemaacht — no deem St. gët (et) fatzeg(e) Reen (Wetterregel) — übtr.: [Bd. 4, S. 305] hien as am St. drop lass gaang — eppes am St. huelen — wann den éischte St. (Ansturm) bis erlaanscht as, da geet et besser — en huet d'Kap (de Buuscht) op St. stoen — am St. sin (s. am Jhumm sin) — lok. Echt.: séi Stiirmchen hoan (seine Laune haben) — d'Krankheet hat hire St. (das Ärgste ist vorbei) — Sportspr.: hie spillt am St. (cf. Stiirmer) — de St. wor näischt; 2) a. «Weile, Zeitspanne» — waart nach e St., e Stiirmchen! — ech hun e gudde St. op dech gewaart — lok. Echt.: lo as et fer e laange St. eriwwer mat seine schinnen Dee; b.adverbial gebraucht: mat Stirem (zeitweise) — et huet mat Stirem gereent a geschneit — mat Stirem as en ewéi draus, ewéi vu sech (nicht bei Sinnen) — Mosel: mat Stërrem (Stërme) wor d'Pein nët auszehalen (cf. Raff II, 2)a., Stä II);
 
Sturem- -klack F.: «Sturmglocke» (Wb.06); -lanter F.: «Sturmlaterne» — wann dat der nët aliicht, da muss de d'St. huelen — cf. Lanter; -leder F.: «Sturmleiter» (Wb.06); -schréck M.: «Sturmschritt» (Wb. 06); -wand M.: «Sturmwind».
 
sturemen, sturemssen, -zen — s. stiirmen — et stuurmt, sturemt, sturemst.
 
sturen (lok.) — s. stéieren II sub 3), stiren — wien huet hei un där Faref gestuert an d'Biischt dra leie gelooss?
 
Stuss (lok.) M. — s. Stouss.
 
Stutz (Pl. Stutzen — Pl. lok.: Stitzen — Dim. Stitzercher) F.: 1) a. «halber Handschuh»; b. «gestrickter Pulswärmer» — cf. Stauch; 2) «Baumschere, Stutzschere» (Wb.06) — dafür auch: Stutzschéier F.; 3)s. Stitzchen.
 
stutzs. strutz I.
 
stutzeg, -ig Adj.: «stutzig» (Neol.) — st. man, gin.
 
stutzen (Neol.) trans. Verb.: 1) «stutzen, kürzen» — engem Hond d'Ouere st. — engem Päerd de Schwanz st. (cf. kupéieren sub 1), rippen I) — de Baart, d'Hor st. — e Bam st.; 2) (lok. Bodange [belg. Prov. Luxbg.]) «(die Ohren) spitzen» — den Hond, d'Päerd stutzt d'Oueren; 3) «kränken» — hien huet eppes gesot, dat huet mech al gestutzt — domat kanns de hien emol st. — cf. fochsen, focken II.
 
Stuurz, Stuerz (Pl. Stiirz, Dim. Stiirzelchen) M.: 1) «Platzregen» — mir woren an e gudde St. geroden. — cf. Reen, Schauer, Schluet II, Schlouss, Strapp; 2) «Überhängendes, Hervorstehendes» — im Besond.: a. «Kragstein» (Baukunde); b. «abgeschrägter Giebel, hängendes Dach» — de St. vum Haus; c. «Spülstein» — s. Stiirz; d. «Fenster-, Türsturz» — cf. Iwwerlä(e)r; e. «Deckplatte des Schornsteins»; f. «Mützenschirm» — de St. vun enger Kap — cf. Schëpp sub 2)b., Sääch, Kap II sub B. 3),b.
 
Stuurzbidden F. — s. Kelterbidden, Ënnerbidden, Brénk sub 2), Kelter.
 
Stuurzreen M. — s. Stuurz sub 1).
 
stuurzen, stuerzen intr. Verb.: «kurz und heftig regnen» — et huet gestuurzt a gestuurzt — et stuurzt.
 
sus. sou.
 
Su (z-, Pl. Suen, Dim. Siichen, Pl. Siërcher, Ammenspr.: Si — bei Mengenbez. Pl. Su — e puer, zwéi Su) M.: 1) «Sou» (5 Centimes) — e klenge S. (5 Centimes) — en décke S. (10 Centimes — Su und décke Su, letzte Prägung 1930, seit 1952 außer Kurs) — en haalwe S. (zweieinhalb Centimes, letzte Prägung 1909, im Umlauf bis 1918, off. außer Kurs 29. 1. 1941) — fënnef S. (25 Centimes), zéng S. (50 Centimes — für ehemal. frz. 50 C. Silbermünze = Pies — s. d.) — e Stéckelche (s. d. sub 2) woren zwielef Su an en haalwen — e koffer S. (früher aus Kupfer) — e Frang huet zwanzeg S. — dat Geschir, dee Kärel as kee (roude, keen décke, keen haalwe) S. wäert (gar nichts wert, taugt nichts) — hien as kee S. méi wäert (ist sehr schwach, z. B. nach einer längeren Krankheit) — hien huet kee (roude) S., kee S. a kee Frang — hien huet nët fir e Su Schimt — Schimpfwort: du Hond vum S. — 't as eppes vum S. (Wertloses) — hien huet séng Geschäfte (säi Verméige) mat Artikele vum S. gemaacht — dat huet hie kee S. kascht — et kascht Iech kee S. — déi kleng Suë maachen déi déck — aus Suë gët Frangen — platt wéi e S. — si hu S. op S. gespuert — dat as grad esouvill wéi fir zwéi S. (Aën-) Näischt — e Kärel wéi eng Drëppche vum S. (kleiner, kraftloser Mensch) — en dréit de S. (Siichen) dräimol ronderëm, éier en en ewechgët (er ist sehr sparsam) — mir bleiwen nët un e (dene) puer S. (Siërcher) hänken — e kuckt de S. nët un — et geet nët op e puer S. un — en as bekannt wéi e falsche S. (er hat einen üblen Ruf — cf. Groschen) — de S. werfen (das Los werfen — cf. Kräiz sub 4)b., Kapp sub 4) odder Mënz) — 't as wéi e(n neie) S. (etwas Nettes, Feines) — ech hun him et fir en décke S. (gutt) geblosen (gesot — [Bd. 4, S. 306] meine Meinung gehörig gesagt) — hien hätt et nët gemat an nët fir e geklappte S. — e S. afferen (opfern in der Kirche — auf dem Land pflegten ältere Leute den zu opfernden Sou zu küssen, bevor sie ihn auf den Opferteller legten) — cf. Kand sub 2), Këndel, Fuergeld, Lach, Stad — Zussetz.: Déckesu(s)schreiwer, Déckesuswuer, Zweesu-, Fënnefsu-, Zéngsustéck; 2) (de Su, meist: Suen) «Geld» — en huet kee S. a kee Frang (er ist sehr arm) — en huet kee S. an e weess keen (dsgl.) — en huet kee roude S., kee rouden a kee wäissen (scil.: Su — dsgl.) — fir Suë kritt een Zocker an enger Tiitchen — fir de bore Su (Bargeld) kritt een alles — de Su maachen (viel Geld verdienen) — déi Leit hu Suen, hun de Su (sind reich, haben Geld) — dat gët de Su, dat gët Suen (bringt Geld ein) — den Handwierker huet op séng Suë misse waarden (Lohn, Geld) — dee suergt fir de S. — séng Suë beieneenhalen — dat si schéi Suen (viel Geld) — ech hu kee S. an der Täsch — ech sin him nach Suë schëlleg — wou sin d'Suen, déi s de rëm kritt hues? — hien huet séng Suen op der Spuerkeess stoen — e spëkeléiert mat denen anere Leiden hire Suen — e weess nët, wat e mat sénge Suë soll maachen (ufänken — er ist sehr reich) — d'Suë si fir ze gebrauchen — en as al op de S. (geldgierig) — en as op de S. (op d'Suen) aus wéi der Däiwel op eng arem Séil (dsgl.) — en huet séng Suen all dropgemaacht, dropgekléckt — si werfen d'Suen zur Fënster eraus — séng Suen ze Rot halen — hien huet séng Suë schwéier verdéngt (durch harte Arbeit) — et kritt ee keng Suen nogehäit — si spille fir Suen — déi (betont) Suen huet e reng — auf die Frage: wat verdéngs de? wat kascht dat? erfolgt die abschlägige Antwort: Suen — hie verdéngt schéi Suen (hohes Einkommen) — ech gi méng Suë sichen (mein Gehalt abheben); 3) «Hintere» — hie krut der fatzeg bei de S. — du gees mer (faméis, ellen) op de S. (auf die Nerven) — cf. Aasch sub 1).
 
Suëndéif M.: «Gelddieb».
 
Suëspill N.: «große Unkosten, Ausgaben» — cf. Käschtespill.
 
Sous- / sous- (wie frz., auch: tsu-) Präf.: «Unter-, unter-» -chef (wie frz., Ton: 1) M.: «Unterbürovorsteher» (Beamtentitel) — Souschef de musique — hien as S. an der Musik; -direkter (Ton: 1) M.: «stellvertretender Direktor»; -main (wie frz., Ton: 1) M.: «Schreibunterlage»; -pied (wie frz., Ton: 1) M. — s. Supjee, Zupjee.
 
Sub- / sub- (phonetisch teils s-, teils z-, teils ts-, das «u» wird auch «ü» gesprochen, wenn das Wort direkt aus dem Frz. kommt). -ordonné (dies wie frz., jedoch Ton: 3) M.: «Untergeordneter» — 't as mäi S.; -jekt M. und N.: «Person» (immer abfällig) — e freche, gemenge, traurege S. — sou en trauregt S. — cf. Sujet, Zubjekt. -missioun F.: «Submission» — d'Submissioune musse bis de fofzéngten era sin — ech hu méng S. gemaacht — dafür auch: Sumissioun; dazu: -missionnéieren intr. Verb.; -sid M. u. N.: «Subsid» — Zussetz.: Gemenge-, Staatssubsid; -skriptioun F.: «Subskription» — dafür auch: Suskriptioun — d'S. fir e Buch — dazu: Subskriptiounspräis M.; -lëscht F.; -stanz F.: «Substanz»; -stitut (auch wie frz.) M.: «Substitut» (entspricht dem Staatsanwalt — Gerichtsbeamter); -straktioun F.: «Substraktion»; -ventioun F.: «Subvention» — dazu:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut