LWB Luxemburger Wörterbuch
 
su bis Sucksaaft (Bd. 4, Sp. 305b bis 307a)
 
sus. sou.
 
Su (z-, Pl. Suen, Dim. Siichen, Pl. Siërcher, Ammenspr.: Si — bei Mengenbez. Pl. Su — e puer, zwéi Su) M.: 1) «Sou» (5 Centimes) — e klenge S. (5 Centimes) — en décke S. (10 Centimes — Su und décke Su, letzte Prägung 1930, seit 1952 außer Kurs) — en haalwe S. (zweieinhalb Centimes, letzte Prägung 1909, im Umlauf bis 1918, off. außer Kurs 29. 1. 1941) — fënnef S. (25 Centimes), zéng S. (50 Centimes — für ehemal. frz. 50 C. Silbermünze = Pies — s. d.) — e Stéckelche (s. d. sub 2) woren zwielef Su an en haalwen — e koffer S. (früher aus Kupfer) — e Frang huet zwanzeg S. — dat Geschir, dee Kärel as kee (roude, keen décke, keen haalwe) S. wäert (gar nichts wert, taugt nichts) — hien as kee S. méi wäert (ist sehr schwach, z. B. nach einer längeren Krankheit) — hien huet kee (roude) S., kee S. a kee Frang — hien huet nët fir e Su Schimt — Schimpfwort: du Hond vum S. — 't as eppes vum S. (Wertloses) — hien huet séng Geschäfte (säi Verméige) mat Artikele vum S. gemaacht — dat huet hie kee S. kascht — et kascht Iech kee S. — déi kleng Suë maachen déi déck — aus Suë gët Frangen — platt wéi e S. — si hu S. op S. gespuert — dat as grad esouvill wéi fir zwéi S. (Aën-) Näischt — e Kärel wéi eng Drëppche vum S. (kleiner, kraftloser Mensch) — en dréit de S. (Siichen) dräimol ronderëm, éier en en ewechgët (er ist sehr sparsam) — mir bleiwen nët un e (dene) puer S. (Siërcher) hänken — e kuckt de S. nët un — et geet nët op e puer S. un — en as bekannt wéi e falsche S. (er hat einen üblen Ruf — cf. Groschen) — de S. werfen (das Los werfen — cf. Kräiz sub 4)b., Kapp sub 4) odder Mënz) — 't as wéi e(n neie) S. (etwas Nettes, Feines) — ech hun him et fir en décke S. (gutt) geblosen (gesot — [Bd. 4, S. 306] meine Meinung gehörig gesagt) — hien hätt et nët gemat an nët fir e geklappte S. — e S. afferen (opfern in der Kirche — auf dem Land pflegten ältere Leute den zu opfernden Sou zu küssen, bevor sie ihn auf den Opferteller legten) — cf. Kand sub 2), Këndel, Fuergeld, Lach, Stad — Zussetz.: Déckesu(s)schreiwer, Déckesuswuer, Zweesu-, Fënnefsu-, Zéngsustéck; 2) (de Su, meist: Suen) «Geld» — en huet kee S. a kee Frang (er ist sehr arm) — en huet kee S. an e weess keen (dsgl.) — en huet kee roude S., kee rouden a kee wäissen (scil.: Su — dsgl.) — fir Suë kritt een Zocker an enger Tiitchen — fir de bore Su (Bargeld) kritt een alles — de Su maachen (viel Geld verdienen) — déi Leit hu Suen, hun de Su (sind reich, haben Geld) — dat gët de Su, dat gët Suen (bringt Geld ein) — den Handwierker huet op séng Suë misse waarden (Lohn, Geld) — dee suergt fir de S. — séng Suë beieneenhalen — dat si schéi Suen (viel Geld) — ech hu kee S. an der Täsch — ech sin him nach Suë schëlleg — wou sin d'Suen, déi s de rëm kritt hues? — hien huet séng Suen op der Spuerkeess stoen — e spëkeléiert mat denen anere Leiden hire Suen — e weess nët, wat e mat sénge Suë soll maachen (ufänken — er ist sehr reich) — d'Suë si fir ze gebrauchen — en as al op de S. (geldgierig) — en as op de S. (op d'Suen) aus wéi der Däiwel op eng arem Séil (dsgl.) — en huet séng Suen all dropgemaacht, dropgekléckt — si werfen d'Suen zur Fënster eraus — séng Suen ze Rot halen — hien huet séng Suë schwéier verdéngt (durch harte Arbeit) — et kritt ee keng Suen nogehäit — si spille fir Suen — déi (betont) Suen huet e reng — auf die Frage: wat verdéngs de? wat kascht dat? erfolgt die abschlägige Antwort: Suen — hie verdéngt schéi Suen (hohes Einkommen) — ech gi méng Suë sichen (mein Gehalt abheben); 3) «Hintere» — hie krut der fatzeg bei de S. — du gees mer (faméis, ellen) op de S. (auf die Nerven) — cf. Aasch sub 1).
 
Suëndéif M.: «Gelddieb».
 
Suëspill N.: «große Unkosten, Ausgaben» — cf. Käschtespill.
 
Sous- / sous- (wie frz., auch: tsu-) Präf.: «Unter-, unter-» -chef (wie frz., Ton: 1) M.: «Unterbürovorsteher» (Beamtentitel) — Souschef de musique — hien as S. an der Musik; -direkter (Ton: 1) M.: «stellvertretender Direktor»; -main (wie frz., Ton: 1) M.: «Schreibunterlage»; -pied (wie frz., Ton: 1) M. — s. Supjee, Zupjee.
 
Sub- / sub- (phonetisch teils s-, teils z-, teils ts-, das «u» wird auch «ü» gesprochen, wenn das Wort direkt aus dem Frz. kommt). -ordonné (dies wie frz., jedoch Ton: 3) M.: «Untergeordneter» — 't as mäi S.; -jekt M. und N.: «Person» (immer abfällig) — e freche, gemenge, traurege S. — sou en trauregt S. — cf. Sujet, Zubjekt. -missioun F.: «Submission» — d'Submissioune musse bis de fofzéngten era sin — ech hu méng S. gemaacht — dafür auch: Sumissioun; dazu: -missionnéieren intr. Verb.; -sid M. u. N.: «Subsid» — Zussetz.: Gemenge-, Staatssubsid; -skriptioun F.: «Subskription» — dafür auch: Suskriptioun — d'S. fir e Buch — dazu: Subskriptiounspräis M.; -lëscht F.; -stanz F.: «Substanz»; -stitut (auch wie frz.) M.: «Substitut» (entspricht dem Staatsanwalt — Gerichtsbeamter); -straktioun F.: «Substraktion»; -ventioun F.: «Subvention» — dazu: subventionnéieren trans. Verb.
 
subtils. sëbtil.
 
Subbel (lok.) F. — s. Suddel.
 
subbelens. suddelen, sabbelen.
 
Succès (wie frz., Ton: 1, Pl. Succèën) M.: «Erfolg» — hien hat e schéine S. — hatt hat e S. fou — S. bei de Medercher hun — ech wënschen Iech e schéine S. (am Examen).
 
Successeur (wie frz., Ton: 1 oder 3) M.: «Nachfolger» — cf. Nofol(le)ger.
 
Successioun (Sü-, Zuksessioun) F.: «Nachfolge (vor allem im Geschäft), Erbschaft» — wien iwwerhëlt d'S.? — cf. Nofolleg.
 
Succursale (wie frz., auch: Zukkürsal) F.: «Filiale, Zweiggeschäft».
 
Suckel F.: 1) «Gegenstand an dem gesogen wird» — im bes.: a. «(Gummi-)Sauger an der Milchflasche für Kinder»; b. «Schnuller, Lutscher» — cf. Stëppchen sub 2), Lutsch sub 1)a.; c. «Zuckerstange, Zucker am Stiel»; d. «Tabakpfeife, Zigarette» — en huet de ganzen Dag d'S. am Monn; 2) «Maul» — hal se (hal d'Schnëss), soss gët et eng an d'S.! — schneid keng domm S.! — cf. Sabbel, Schnëss, Maul; [Bd. 4, S. 307]
 
Suckel- -fanger M.: «Saugfinger» — cf. Fanger; -fläsch F.: 1) «Saugflasche»; 2) «Flasche für Mokuchswaasser» (s. d. sub 1); -pompel F.: «Saugpumpe»; -séi(t) F.: «Entwässerungskanal»; -staang F.: 1) «Eiszäpfchen» — cf. Kaachel, Äissuckel; 2) «Zuckerstange».
 
suckelen trans./intr. Verb.: 1) «saugen, lutschen» (an der Mutterbrust, aus der [Säuglings-]Flasche, am Schnuller, am Finger, an Früchten, auch Tabakpfeife, Zigarette); 2) «genüßlich trinken» — hien huet dees Déngen (Schnaps, Wäin) ewell eppes gesuckelt! — cf. flutschen IV, lutschen, sippen, spannen sub 4)a., Blutt sub 1) — Zussetz.: versuckelen.
 
Suckeler M.: 1) «jem., der (beständig) an etwas saugt» (z. B. Kinder, Pfeifenraucher) — dazu: Suckelesch F.; 2) «Feinschmecker» (Wb.06 — wohl bes. für Weine gesagt) — cf. suckelen sub 2).
 
Sucksaaft (lok.: Greiveldingen) M.: «Harz».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut