LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Trei bis Tremperie (Bd. 4, Sp. 343b bis 345b)
 
Trei (lok. Wormeldingen: Trau) F.: «Treu, Treue» — in der Redewendung: op gutt T. (lok.: Treis, Treisch, Echt.: Dreisch — in gutem Glauben) — op Wouer an T. — engem eppes op Treis, op gutt Treisch soen — Echt.: op Dreisch oavertrauen — Zussetz.: Ontrei.
 
trei Adj.: «treu» — t. wéi Gold — eng (gutt al) t. Haut — eng t. Séil — Zussetz.: on-, op-, getrei, getreisch.
 
treihäerzeg, -ig Adj.: «treuherzig».
 
Treihät, -heet F.: «Treue» — et as nët wäit hier mat deem sénger T. (ehelichen Treue).
 
treimiddeg, -ig Adj.: «treumütig».
 
Tréiakel, Treakel M.: «Theriak».
 
Tréiakelskréimer M.: «Theriakkrämer, Marktschreier» (Ga).
 
Tréier (lok.: Dréier) ON: «Trier» — die Einwohner heißen: Tréierer, déi Tréi(e)sch — Ortsneck.: déi Tréi(r)er Bomeranzen, Vizbridder — cf. tréiesch.
 
tréiesch (lok.: tréiersch, tréisch, Echt. iron.: trääsch) Adj.: «trierisch» — Ortsneckerei: déi t. (Tréier) Bomeranzen, Vizbridder — t. Bréidercher (Echt.: tréiech, tréi[e]sch Brittchen — Wasserbrötchen, dafür auch: Aaschkichelchen — cf. Kichelchen) — Echt. iron.: trääsch Fransisch (cf. Heckefranséisch) — en tréiesche, tréiersche Vizapel (s. d.) — Luxemburg-Stadt: déi tréiesch Paart — Echt.: di t. Poart — Echt.: den tréische Wee (Irminenweg, vorbei am Heiligkreuz nach Rosport, von da über die Sauer nach Trier) — substantiv.: déi Tréiesch kommen an d'Stad — (do iwwer) am Tréi(er)eschen (Gebiet von Trier).
 
Tréif (Nösl.: Trif, lok.: Trief) M. (lok. F.): «Tragbalken» — Nösl.: [Bd. 4, S. 344] d'Trif sen all faul, märr mussen neier oplän.
 
tréifelen intr. Verb.: «zum dritten Mal pflügen» (lok. z. B. Niederdonven — Wb.06: das Brachfeld zum dritten Mal bearbeiten: treifelen — im Trintingertal bedeutet traufelen: im September pflügen).
 
Tréin I weiblicher Vorname: «Katharina» — erscheint als: Tréng, Tring, Trinn(i) — s. Katräin.
 
Tréin II (lok. Ostrand: Trinn, Echt.: Trinn, Drinn, Nösl. u. lok. Mittelsauer: Tring) F.: «Träne» — wéi ech dee Misär gesinn hu, krut ech Tréinen an d'Aen, sin d'Tréine mer komm — d'Tréine komme gebonzelt, gebockelt — ech kënnt Tréine kräischen — hatt huet keng T. fir säi Mann fale gelooss — deem do kräischen ech keng T. no — et huet gekrasch, eng T. huet déi aner geschlon — d'Tréine sin ëm d'Baken erofgelaf — dat si verlueren Tréinen (cf. kräischen sub 1) — hatt huet batter (bluddeg) Tréine gekrasch — Echt.: pléidig Drinne gräischen (C) — Echt.: heen hoat seinen Trinnen nogelaustert (er ließ sich erweichen) — mir hun Tréine gelaacht — übtr.: et war keng T. Fett op der Zopp — cf. bléideg, bluddeg, kräischen sub 1) — Zussetz.: Häder-, Juddentréinen.
 
tréinen (phV. s. sub Tréin II) intr. Verb.: «tränen» — d'Aen tréine mer (dafür meist: lafen) — dat wor eng Rechnong, do konnten d'Aen engem t. — lok. Hof Remich: d'Stäck t. (die Reben weinen — cf. weinen).
 
Tréinendëppchen N. — in der Redewendung: d'Trinnendëppchen no hoan (Echt.: leicht weinen — C).
 
Tréinesak, -säckelchen M.: «Tränensack».
 
Tréis(chen) weiblicher Vorname — s. Thérèse.
 
treisch (Wb.06: treiesch) Adj./Adv.: 1) «treuherzig» — dat Klengt huet mech esou t. bekuckt, ech konnt em nët beis sin — en huet esou t. gekuckt, an en hat de Schellem am Busem — en huet mer et ganz t. verzielt; 2) «niedergeschlagen» — e kuckt t. dran — cf. getreisch, Trei, trausch.
 
tréischten, tréisten (Nösl. und Ostrand: triisten, lok. Echt.: tristen, lok. Rosport: treesten) trans. Verb.: «trösten» — si hun e (un em) getréischt — tréischt dech, et hätt schlëmmer kënne goen, kommen! — tréischt dech, et wor nët fir d'éischt an och nët fir d'lescht (datt esou eppes geschitt)! — kurze Abfertigung für Hilfesuchenden, Bettler: Gott tréischt Iech! Gott hëllef Iech! — Gott tréischt en! (cf. getréischt sub 3) — d'Fra hat sech séier getréischt — hien huet d'Witfra getréischt — auf die Frage wohin, erfolgt die abschlägige Antwort: d'Witfraën t. — cf. getréischt — Zussetz.: vertréischten.
 
Tréischter M. — in der Zussetz.: Moumentréischter.
 
Tréischterin (Kirchensprache) F.: «Trösterin» (Muttergottes).
 
Tréischtereien F. Pl.: «Tröstereien» — cf. hirmiddig sub 3).
 
tréischt(er)lech Adj./Adv.: «tröstlich» (Wb.06) — Zussetz.: ontréischtlech.
 
Tréiseli, Tréisis. Tréis(chen).
 
Trëllecht, -icht (lok. Echt.: Troalicht) F.: 1) «Menge, Haufen» — eng T. Kanner; 2) «das Herumlungern».
 
trëllen (Nösl.: Ind. Prät.: ich trollt, Konj. Prät.: trill, trëllt; Part. Prät.: getroll[t], Westen: getroult — Echt.: drëllen) intr. Verb.: 1) «(hin)fallen» — ech si mam Rad (Fahrrad) getrollt — en as op d'Nues, de Réckstrank getrollt — pass op, du trëlls! — en trëllt wéi en Onglécklechen, wéi e Mielsak, wéi e Plach — en as nëmmen esou duer getrollt (einfach hingefallen) — den Hummer as mer op de Fouss getrollt — tjëft, lo wir ech bal getrollt! (spaßh., wenn man ausgeglitten ist) — bei der Suche: du wiirs bal driwwer getrollt — spaßh., wenn jem. etwas fallen läßt und es in Scherben geht: looss et t.! Zus.: awer op e Koup Geld, eng Millioun — en trëllt iwwer séng äge Féiss — e géing iwwer d'Aarbecht t. (er sieht die Arbeit nicht oder will sie nicht sehen) — (engem) mat der Dir an d'Haus t. — hien as vum Honnersten an d'Dausend, vu Pontius op Pilatus getrollt — Echt.: en drëllt voan äm Beerg op den aneren — en huet sech duer trëlle gelooss (vu Middegkät) — d'Haus as an e (de) Koup (lok. Ehnen: a Koup) getrollt — op een t. (jem. unbeabsichtigt treffen, begegnen — dafür auch: topen — s. d. sub 2) — cf. falen; 2) «schwerfällig gehen» — en trëllt esou, wann e geet — en as getrollt komm, wéi wann e voll wir — zu einem Kind: trëll dach nët esou! — wéi kënns de nammel do getrollt! — e koum hannenun äis getrollt (er folgte uns schwerfällig) — zu gudder Lescht, wéi all Mënsch do wor, koum hien och nach getrollt (geträtscht) — cf. Trëllert sub 2); 3) a. «sich umhertreiben» — en trëllt de ganzen Dag an de Wiirtschaften (dorëmmer erëm) — [Bd. 4, S. 345] wou deen nees trëllt, dat wees der Däiwel — bei deem knaschtege Wieder t. d'Kanner de ganzen Dag am (uechter d') Haus; b. «herumliegen» — looss d'Geschir nët esou dorëmmer t., lee et op séng Plaz! — wou trëllt den Hummer, dat Geschir dann erëm? — wou e geet a steet, do léisst en alles t. — mir hun dees ale Geméch d'Haus voll t.; 4) trans.: «wälzen» (lok.: Bettborn) — eng Bidden t. — Ausruf der Verwunderung: eiser Herrgott sief getrollt a gewänzelt — cf. druddelen sub 6), rullen sub 1)a., wänzelen, trëndelen sub 2) — Abl.: Getrëlls N. — Zussetz.: an-, erof-, erop-, ver-, zesummentrëllen.
 
Trëllert M.: 1) «böser Sturz»; 2) «langsamer, unbeholfener, unzuverlässiger, dummer Mensch» — fänk näischt mat deem T. un! — e klengen, e groussen T. — als Schimpfwort: du T.! — burschikos: dajee, dir Trëllerten, gitt der da bal heem!
 
Trëlles M.: 1) «Drehwelle, Trilling»; 2) «unbesonnener Mensch» — cf. Drëlles, Dëlpes, auch Lanter sub 3) — s. d. Vor. sub 2) — dafür auch: Trëllkapp M.
 
trëlterens. tëlteren.
 
Trëmmchen, Trëmmelchen F.: 1)Dim. von Tromm (s. d.); 2) «gefüllter Bauch, Bauchansatz» — cf. Ränzchen II sub 2).
 
Trëméi, Trëmi, Trimi M.: «Mischfrucht» (Gerste u. Hafer, früher zum Brotbacken verwendet — cf. vermuelen) — Zussetz.: Geeschtentrëméi.
 
Trëmmel M.: 1) «Wirbel(wind), Strudel» — Echt.: de Stëbs op der Strooss gët rondëm gejogt a micht en T. — dafür auch: Trëndel (s. d.); 2) «das Zusammengewirbelte»; 3) (Ösl.) «Gruppe eng zusammenstehender Pflanzen» — et as en T. Dëstelen an der Hawer — op där Platz (am Bësch) wu dän T. jung Bouche steet; 4)lok. Useldingen als Ortsteilbezeichnung; 5) (lok.) — s. Trëmpel sub 1)b., c.
 
trëmmelen intr./trans. Verb.: 1) «wirbeln» (vom Wind, Wasser, Schnee gesagt) — et trëmmelt dobaussen — d'Laf (Laub) trëmmelt — deem trëmmelt et am Kapp (er spinnt); 2) (lok.: Echt.) «zusammenwirbeln» — de Stuurm hoat de Schni op Wéike getrëmmelt — cf. trëndelen, tiirwelen.
 
trëmmelig (lok.: Echt.) Adj.: «schwindlig, verwirrt, wirr» — t. am Koap, an der Schierbel — dafür auch: trëndelig.
 
Trëmmelwand M.: «Wirbelwind» — dafür auch lok.: Tërwelwand, Tierwel.
 
Trëmolt M. — s. Trawolt.
 
Trëmpel, Trompel, Trempel M.: 1) a. «Holzklotz, Trumm»; b. (dafür auch: Trëmmel) «übergroße Portion beim Essen» — Echt.: solls dau Spréif deen T. elo elän packen? c. (auch: Trëmmel) «dicke Brotschnitte»; d. «eingedickte Suppe»; 2) «kleine, dicke Frau» — cf. Drumm, Räwel.
 
trëmpelen trans. Verb.: «(zer)spalten» — Zussetz.: vertrëmpelen.
 
Tremperie (wie frz.) F.: «Feuchtkammer, Feuchtplatz» (Ga — Druckerspr.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut