LWB Luxemburger Wörterbuch
 
bis Waasserämer (Bd. 4, Sp. 397a bis 400a)
 
W M.: «Buchstabe W» (gesprochen wee, wéi, Kindersprache: wë [və]) — auch: en duebele W (Bez. des Buchstabens nach dem Frz.).
 
wa I — s. wann IV.
 
wa II — s. wat, watt.
 
wa III — s. ua — wa deet, teet.
 
Waach F. — s. Wuecht II.
 
waach Adj./Adv.: «wach» — ech wor mat Zäite w. — ech loug d'ganz Nuecht w. — cf. wakereg.
 
waachen (Nösl.: -ç-, Part. Prät.: gewaacht, Nösl. lok. z. B. Huldingen: gewaït, sonst: gewaacht, -ç-) intr. Verb.: «wachen» — ech hun d'ganz Nuecht gewaacht (bei einem Kranken, einem Kind, lok. auch: ich habe nicht schlafen können) — d'Pompjeën hu gewaacht (Brandwache) — si hun am Wéngert gewaacht (Frostwache) — im bes.: «Totenwache halten» — bei der Läich gouf soss eng ganz Nuecht gewaacht an de Rousekranz gebiet, dunn nach bis Hallefnuecht, an elo iwwerhaapt nët méi — Zussetz.: be-, iwwerwaachen — das Hd.: aufwachen = erwächen, wakereg gin (wach werden) — cf. Wuecht II.
 
Waals (lok.: Mosel) F.: «(große) Welle» — cf. Wal III.
 
waalsen (lok.: Mosel) intr. Verb.: 1) «Wellen werfen» — d'Musel waalst; 2)s. walen.
 
Waang F.: 1) «Wange (Wand-, Freiwange) an einer Treppe» (Schreinerspr.); 2) «Seitenwand des Schiffes, des Nachens» — dafür auch: Wan — für Wange s. Bak.
 
waarden (phV. s. LSA Karte 13) intr. Verb.: «warten» — waart nach e bësschen! — op wie (op wat) waarts de? — waart dach, 't leeft nët fort! — waart emol!, waart en Abléck! (warte, bleib stehen!) — ech hu gewaart a gewaart — looss d'Leit nët w.! — waart, ech kommen der hëllefen! (eigtl., auch iron. und drohend) — drohend: waart, wann ech dech ze pake kréien, dann erliefs d'eppes! — drohend: nu waart! — drohend: waart du, mäi léiwe Männchen! — waart emol (wenn man z. B. nach Namen sucht) — Kinderspr.: waart, ech son der Mamm (dem Papp, dem Schoulmeeschter) et! — waart bis een dech freet, bis Päipelneijooschdag, bis d'Schleke bëselen — iron. zu jem., der hingefallen ist: waart, ech rafen dech op! — ähnlich: komm hier, ech rafen dech op! — wann s de waarts bis ech dech soll oprafen (kommen), da waarts de nach laang — iron.: mir hun nach grad op dech gewaart — dorop (op déi Geleënheet) hun ech ewell laang gewaart — op wat waarts de (nach)? (wird's bald?) — op dee w. ech, fir mer en ze plécken — Echt.: wouert ees! — du kanns nach laang w., éier hie kënnt — ech stong jo gutt domm do ze w. — wann hie soll kommen, da waarts de nach laang — iron.: wann s de waarts, dann hun ech gutt Zäit, déi allerbeschten Zäit — spaßh.: wann s de laang waarts, gës d'al — mat Hänn a mat Féiss w. (ungeduldig warten) — mat de Féiss, mat der schlankser Hand w. (bei Tisch nicht auf Nachzügler warten) — lok. (Mosel, Sauer) zu einem Kind, das man auf später vertröstet: waart bis dat grousst Schëff kënnt! — substantiv.: vum Waarde kritt een d'Féiss kal (ee kal Féiss) — Abl.: Gewaarts N., Waarderei F. — Zussetz.: er-, of-, op-, verwaarden.
 
Waark Bachname: «Wark».
 
Waarken ON.: «Warken» — Dorf der Gemeinde Ettelbrück, Kanton Diekirch — 172.
 
waarms. warem.
 
WaarpI, War(r)ep (lok.: Woarp, Warp, Worp, Nösl.: Wurrep, Wurp, Pl. Wurrepen, Wiärrepen) F.: «Warp, Kette eines Gewebes, Zettelgarn» — d'Schliicht (s. d.) an d'W. geheien (aufgeben) — cf. Aschlag sub 2), Fuer sub 2), Iesel sub 3)a., Schoss sub 2);
 
Waarp-, Wiirp- -bauwel F.: «Baumwolle als Einschuß beim Weben»; -briet N.: «Warpbrett, Zettelbrett»; -kroun F.: «Warpkrone, Zettelkrone».
 
WaarpII (Mosel: Woarp) F.: 1) «Flußdamm» — Flurname: op de (an de) Waarpen (C); 2) «Anlegerampe der Fähre» — cf. Fuer sub 1) u. 2).
 
waarpenI (phV. s. sub Waarp I) trans. Verb.: «zetteln» (Weberspr.) [Bd. 4, S. 398] — substantiv.: Waarpen, Wiirpen — Da koum d'Aarbecht vum W. Dat war d'Opwéckelen op d'Waarpkroun. Dës war 2,20 m héich an huet an enger Achs gedréint, déi ënnen an uewe festgemaacht war. Si huet aus véier Brieder bestan. Än Tour rondrëmmer gewéckelt ware fënnef Meter. Fir d' Fiedem auserneenzehalen, goufen se duurch 20 Lächer gezun, déi an engem Waarpbriet waren. Dëst huet bal ausgesinn wéi e Blëll fir ze wäschen, mä méi laang. Um Réck gouf en Hunnekapp gemaacht, dat war e Knuet, wéi d'Fra ee mécht, wann se bitzt. Un d' Waarpkroun gouf d'Liesbriet ugemaacht. Duurch dat war et méiglech d'Fiedem ze kräizen. De Wiewer hat d'Waarpbriet an der Hand, d'Fiedem sin duurch d'Lächer gelaf. Mat der anerer Hand huet en d'Waarpkroun gedréint. (Bulletin linguistique et ethnologique, fasc. 11, S. 17 ff.) Nach Müller «Werdegang des Leinens»: damit die Fäden der 20 Spulen sich nicht verwickeln, läßt der Weber sie durch eine Art Brett (mit Loch) laufen, das er zwischen Kroun und Stänner festhält.
 
waarpen II (lok.) intr. Verb.: «sich werfen, sich verziehen» (vom Holz ges.) — d'Holz waarpt.
 
waarscheinlech, wa(a)rscheinécklech, waarschéngerlech (gelegtl. zweitonig) Adj./Adv.: «wahrscheinlich».
 
Waartewitzi, Waarde- M. — im Reim: wat as dat? E sëlwer W. an e gëllen Nixi an enger kliinzeger Bixi (abschlägige Antwort auf die vorwitzige Frage eines Kindes).
 
Waartfrächen F.: «Hebamme» (meist iron. — Wb.06) — cf. Hiefann.
 
Waarzel (lok. Var.: Osten, Wiltz: Woarzel; Wuerzel — nicht für die Brustwarze) F.: «Warze» — Volksglaube: d'W. gët duurch d'Blutt iwwerdroen (durch Blutstropfen aus einer Warze entstehen neue) — viele volkstümliche Mittel zum Vertreiben der Warzen, z. B. mit Wolfsmilch, Schleim der Schnecke, Weihwasser, Speck, Menstruationsblut, Bohnenblättern einreiben, mit einem Bindfaden abbinden; diese Mittel sollen d'Waarzelen huelen — cf. Kollisknäppchen sub Koll 1).
 
waarzeleg, -ig Adj.: «warzig».
 
Waarzelkraut N.: «Wolfsmilch» (Euphorbia lathyris — gebraucht gegen Warzen, auch gegen Mäuse und Maulwürfe im Garten) — dafür auch: Porjéierkären, Maiskraut, Zënneblieder, Spréngkraitchen, Hexemëllech.
 
Waass M. — Nösl. Var. zu Wuess (s. d.).
 
waassen I — s. wuessen.
 
waassen II Adj. (Ösling, Tockert) — in der Wendung: en hatt waasse Been (er geht sehr schlecht).
 
Waasser (Nösl.: Wasser — Dim. Wässerchen, Echt.: Weesserchen) N.: 1) a. «Wasser, fließendes, stehendes Wasser, Wasseransammlung: Weiher, Teich, See» — kaalt, kal, äiskaalt, -kal, gliddeg(t), kache, lokeg(t), wodelech(t), wootlech(t), téipeg(t), tuppeg(t), warem(t), drubbeleg(t), dréif(t), dreckeg(t), knaschteg(t), kloort, klor, distilléiert, rengt Waasser — dënnt (seichtes, auch langsam fließendes W.) W. — grouss(t) W. (Hochwasser) — haart oder grijhelegt (kalkhaltiges) W. — mëllt Waasser (ohne Kalk) — fléissend W. (am Hotel), sonst z. B.: am fléisse W. (im fließenden Wasser) — voam hoarde W. kréien d'Leit e Kroap (Kropf — C) — W. stallen, stëllen, stemmen (stauen) — de Wäin as hallef W. (gepanscht) — Spw.: stëllt W. frësst (sicht) de Grond — Wetterregel: d' Liicht läit, d'Liicht (s. d. sub 2), de Mound steet am W. (Anzeichen von Regen) — Mosel: héije (grousse) Schnéi (s. d. sub 1), kleng(t) W., klenge Schnéi, grouss(t) W. (bei viel Schnee kein Hochwasser, bei wenig Schnee, Hochwasser) — Mosel: kleng(t) W., grouss(t) Äis; grouss(t) W., kleng(t) Äis (wenig Wasser, viel Eis; viel Wasser, wenig Eis) — en Ämer W., eng Schlupp (Schluck), en Dronk (Trunk) W. — e Pull W. — drénk keen esou e Pull kal (kaalt) W.! — fréier sin d' Leit mat engem Jach (d')W. op de Bur siche gaang — féier de Béischten e Faass W. an d'Perch! — d'W. kacht, spruddelt, waalt (lok.: waalst) — drénk e Glas W., da gët et der besser! — d'W. kënnt, wiisst (steigt), fällt — d'W. dréckt erop (steigt durch den Abflußkanal) — d'W. an de Keller kréien, am Keller hun (bei Hochwasser, auch durch Grundwasser) — d'W. as méi uerg wéi d'Feier (die Bekämpfung des Hochwassers ist schwieriger als die des Feuers) — d'W. kéieren (s. d. sub 1)c. — cf. fléizen, flutzen) — lo hätte mer W. genuch! (bei anhaltendem Regen) — W. trëppelen, trieden (beim Schwimmen) — W. trieden († C: von den Schiffsknechten gesagt, die mit ihren hohen, bauchigen Stiefeln durchs Wasser waten) — wéi as d'W.? (zum Baden) — 't as haut gutt am W. — en as an d'W. gefall, getrollt [Bd. 4, S. 399] — an d'W. goen (baden gehen, auch: sich ertränken, Ga: unehelichen Geschlechtsumgang haben) — op deem Geschäft (deem Artikel) hu mer d'W. nët lass, verdénge mer emol d'W. nët — du kanns him d'W. (emol) nët reechen (er ist dir weit überlegen) — géint d'W. schwammen as schwéier — däin Hiem huet ewell laang kee W. méi gesinn (dein Hemd ist seit langem nicht gewaschen) — mir musse säi W. ofhuelen (Wasserablauf dulden) — 't as verbueden, engem d'W. duerzekéieren — Volksglaube: d'W. leit (leidet) kee Gëft (die Schlangen legen daher ihre Giftzähne ab, ehe sie ins Wasser gehen) — d'W. opschreiwen (W.-verbrauch notieren) — d'W. ofspären — d'Saach as an d'W. gefall, läit am W. — dat as W. op de Bur gedroen (dafür auch: an de Pëtz geschott, lok.: an d'Sauer, an d'Baach gedroen — Überflüssiges getan) — dat as W. op séng Millen (s. d.) — en as mat all W. (alle Waasser, alle Waassere) gewäsch (s. wäschen) — spaßh.: d'W. daagt näischt, souguer nët an de Schong — spaßh.: e kann emol kee W. an de Schong verdroen, geschweis am Mo — W. as W. (etwas anderes als Wasser wäre mir lieber) — spaßh.: as d'W. bei iech verbrannt? (zu einem wasserscheuen Kind gesagt) — d'W. leeft nët de Bierg aus — wann hie seet d'W. leeft de Bierg op, da muss d' alt jo soen — engem de leschten Dronk W. reechen (den letzten Liebesdienst erweisen) — zanterhier as vill W. d'Musel a (era, of, erof) gelaf, ënner der Bréck erduurch gelaf — bis et esouwäit as, leeft nach vill W. den Dall (d'Baach) an — hie kann engem d'W. (an der Zopp) nët vergonnen — engem d'W. op d'Mille (op d'Rad) kéieren — W. a säi Wäi schëdden, dun (tun) — een iwwer W. halen (unterstützen) — sech iwwer W. halen (sich durchschlagen) — d'W. steet em bis un den Hals (übtr.: er ist in sehr schlechten Geschäftsverhältnissen — cf. sub 2) — et as esou néideg wéi d' W., dat mer drénken — dee gesäit méi wäit an d'W. wéi déi aner driwwer — huel W.! (steuere den Nachen nach links! — cf. huelen sub A.1) — W. zéien (undicht sein, z. B. Nachen; das Ruder zum Lenken an sich ziehen; übtr.: klein beigeben) — d'W. zéien (Wasserspülung im W.C.) — wenn ein Kind sich nicht kämmen lassen will, sagt die Mutter: d'Lais maachen e Seel an zéien dech an d'W. — en dréit Feier wéi W. (von einem falschen, bösartigen Menschen gesagt) — si sin ewéi Feier a W. — Rätsel (MKr.): 't werft een eppes rout an d'W., 't kënnt schwaarz erop? (Antwort: e gliddege Kuel — Kohle) — wéi déif as d'W.? (Antwort: e Steeworf) — wéini kann ee W. am Kuerf droen? (Antwort: wann et gefruer as) — wéi fléit de Kueb iwwer d'W.? (Antwort: schwaarz) — in der Sage wird in der Christnacht das Wasser zu Wein — cf. arem sub 2), dréif, fäerten, Fësch, Fräsch sub 1), gesond sub 1), Geld, gläichen sub 1), Gott, grouss sub 1), Hals sub 1), kachen, Millen sub 1), Messer sub 1), naass, Schnéi sub 1), staark sub 1), Stän sub 1) — Abl.: Gewaassers N. — mat all deem Gewaassers wäerden d'Mais jo alt ersaufen — cf. Gewässer; b. «Mineralwasser» — wat drénkt Der? eng Fläsch W. — Mondorfer, Rousperter W. (Mineralwasser von Mondorf, Rosport); c. «Meer» — en as iwwer d'(grousst) W. gaang (nach Amerika ausgewandert) — cf. Pull I sub 3); 2) «vom Körper gebildete Flüssigkeit» — a. «Urin» — W. maachen (harnen) — säi W. nët loosse kënnen, kee W. maache kënnen (an Harnverhaltung leiden) — säi W. ofschlon (harnen) — d'W. geholl kréien — Porrettebritt deet d'W. goen — ech sti bis un d'Knéien (bis un de Bauch) am W. (großer Harndrang — cf. sub 1) — e kann d'W. nët halen (Bettnässer) — beim Kartenspiel: e kann d'W. nët méi halen (er muß dem Gegner Punkte aufgeben) — wien d'W. nët kann halen, dee leit um naasse Läpp (R XIII, 140) — eng Analys vum W. — ech spiren et u méngem W. (ich ahne es) — zu einem Kind: da maach däi Wässerchen!; b. «Schweiß» — d'W. as em de Réck erofgelaf (spaßh. Zusatz: 't hätt ee kënnen Zalot an der Aaschfur wäschen) — ech sin ee W. (schweißdurchtränkt); c. «Tränen» — en hat d'Aen am W. (stoen) — e krut W. an d'Aen — zu jem., der leicht weint: du hues no bei d'W. gebaut; d. «Speichel» — d'W. as em am Mond zesummegelaf; e. «Wassersucht» — en huet W. — en as voll W. — si hun him (d')W. mussen zéien — d'W. as em op d'Häerz geschlon; f. «Fruchtwasser» — d'W. as ewell fort — Zussetz.: Baach-, Drénk-, Floss-, Glidd-, Grond-, Héich-, Kabes-, Kaffis-, Krunne-, Mais-, Mëschte-, Mier-, Mineral(ie)-, Porjéier-, Quell-, Räps-, Reen-, Säf(e)-, Salz-, Séiss-, Schnéi-, Spruddel-, Sprëtz-, Spull-, Wäi-, Zockerwaasser; [Bd. 4, S. 400]
 
Waasser- / waasser- -auer F.: «Wassermesser»; -äbs, -äderes F.: «Molch» — cf. Ollem sub 2), -ederes; -ämer M.: «Wassereimer»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut