LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Wäissert bis Wäsch- (Bd. 4, Sp. 421a bis 423b)
 
Wäissert M.: «Tüncher» — cf. sub Veianen.
 
Wäiswampech, -ich ON.: «Weiswampach» — Dorf und Gemeinde Weiswampach, Kanton Clerf — 17 — meist dafür in der Gegend die Kurzform: Wampich — zu W., wou d'Welt mat Brieder zougeneelt as (Wb.06) — die Einwohner heißen: déi Wämper — spöttisch in den Nachbarortschaften: mirr Wäämper;
 
wäit (phV.Nösl.: vekt, Westen: ve:t, vε:t, Osten lok.: ve:it, Steigerung: méi w.) Adj./Adv.: «weit, entfernt» — d'Dir stong w. op, w. an affen op (sperrangelweit — cf. weidenaffen) — zu Fouss as et (ze) wäit bis dohin — wéi w. as et bis op ...? — dat läit w. ewech vun hei — et as elo nët méi w., mir si geschwënn do — mir hun (et) elo nët méi w. — du hues nach w. ze goen, ze fueren — hues d' et (hues de) w. fir heem? — 't as eng Stonn w. — um eine lästige Besorgung abzuwehren, sagt man: et as esou w. fir mech wéi fir dech — bis duer as et nach e wäite (weide) Wee (eigtl. und übtr.) — ze w. geschoss huet nach sele gedaagt — ech kann nët méi schéissen, 't as ze w. — iron.: 't as nach w. bis laang (nach laang bis w. — noch lange nicht) — 't as nach w. bis no (weit entfernt davon) — 't as nach w. a laang nët datselwecht — d' Saach as nach w. dervun — wann ee vum Wollef schwätzt, as de Schwanz nët w. (ewech) — bal as nach w. vum Wal («fast» genügt nicht) — w. vum Schotz gët en alen Zaldot — w. ewech vum Feier kann al gin den Zaldot (R I 10) — Scherzrätsel: wéi w. lääft den Hues an de Bësch? (Antwort: bis an d'Mëtt, da leeft en erëm eraus) — wéi w. as et vun der Äerd bis an den Himmel? (Antwort: sou w. wéi vum Himmel bis op d'Äerd — MKr. Nr. 760) — d'Aarbecht as w. fort fäerdeg (größtenteils) — en as esou w. wéi e ka (konnt) kommen (er ist verlottert, er ist am Ende, auch: er hat seine höchste [Gehalts-]Stufe, seinen höchsten Rang, sein erstrebtes Ziel erreicht) — werf dat nët esou w. ewech! — 't muss ee w. siche goen, fir een esou wéi dech ze fannen — en hëlt alles sou w. (wéi) en et kritt — hien huet et w. bruecht (hat es weit gebracht, auch iron.: ist weit heruntergekommen) — sou w. reechen ech nët (auch übtr.: soviel Einfluß habe ich nicht) — 't as w. derlaanscht gaang — d'Haiser leie w. vuneneen, auserneen — w. am Ëmkräs — w. a breet erzielen (überall erzählen) — w. a breet bekannt sin — w. a breet as kee Bam — 't as nach ganz w. Familjen (dafür auch region.: w. aus, wäitläfeg) — iron.: wann s de dech esou ulees, da kënns (leefs) de nët w. — mat denen aremséilege puer Su, déi ee verdéngt, leeft een nët w. — looss e goen, e leeft nët w. — en as w. fort (eigtl. u. übtr.: er ist weit entfernt, in Gedanken, nicht mehr bei Besinnung, betrunken, liegt im Sterben — do muss ee scho w. fort sin, fir esou eppes ze maachen — hien as scho w. an déi Fofzeg — ech sin dräi Stonne w. gaang, fir en ze gesinn — 't war scho w. am Summer — e wor nët w. vum Kräischen — looss dech nët ze w. a mat him (mat him an) — w. aus Familje sin — si hu w. aus geruff (weitläufige Verwandte eingeladen)wäit hier — 't schéngt, du kënns vu w. hier (warst in Gedanken versunken, hast nicht aufgemerkt) — hien as nët vu w. hier (stammt aus ärmlichen Verhältnissen) — 't as nët vu w. hier mat em (er taugt nicht viel, weiß nicht viel) — e kënnt vu w. (hier — eigtl. und übtr.)esou wäit — hien huet d'Meedchen esou w. bruecht — ech hun en dach esou w. kritt, datt e matgaangen as — hues du en esou w.? (dazu gebracht, so weit bearbeitet?) — elo si mer (erëm grad) esou w., wéi mer waren — bas de bal esou w.? (bist du fertig, bereit?) — d'Fra as erëm esou w. (wieder schwanger) — sou w. as alles gutt, alles an der Rei — sou w. gin ech nët mat (begleite dich nicht so weit, teile deine Ansichten nicht, auch: halte nicht mit z. B. bei einer Versteigerung)wäit dervun — ech sin nach w. dervun — Nösl.: do as hää na wéckt vaan (firr datt ze man, ze kreien) — vu wäit — vu w. a breet koumen d'Leit — vu [Bd. 4, S. 422] w. (vu wäitem, vu weidem) gesinn as nët genee ze soen, wat (wonnesch) dat fir eppes as — vu wäitem — vu wäitem huet e geruff, Bonjour gesot — vu wäitem huet en den Hutt ofgedon — vu wäitem mengs de wat (wonnesch, datt) et wir — lok. Wortspiel (Wiltz): hatt as schéi vu wäit(em) a wäit voa schéin — substantiv. (lok.): vu Weiden a vu Seiden (Seiten — von nah und fern) — lok. Consdorf: si kommen erbei vu Wedden an Zedden (von weit u. breit)bei wäitem — 't as bei wäitem nët esou gutt wéi et ausgesäit — substantiv.: dës Weiden an dës Breden erzielen (C) — s. weit.
 
Wäitaasch (Ton: 1) M.: «jem., der die Tür offenstehen läßt» — cf. Dir.
 
wäitauss. sub wäit.
 
wäithiers. sub wäit.
 
wäitläfeg, -lefeg, -ig Adj./Adv.: «weitläufig» — si sin nach w. Familjen — en as w. a sénger Ried — dazu: Wäitlefegkeet F. — alles an aller W. erzielen (C).
 
Wäiwaasser N.: 1) «Weihwasser» — Frage der Mutter: hues de W. geholl? — Karsamschdeg gët d'W. geseent — d'W. op Karsamschdeg geseent hält sech d'ganzt Jor (nach andern von Päischtsamschdeg) — W. werfen, roschen (s. d. — früher vor dem Hochamt) — W. ausdelen — W. siche goen — en huet mer emol kee W. gereecht (Zeichen größter Feindschaft) — e verdréit d'W. nët (er ist ein lauer Kirchengänger) — spaßh.: engem d'W. droen (Wasser ins Gesicht schütten zum Wecken) — Scherzrätsel: wéini as d'W. am stäerksten? (Antwort: wann et gefrueren as — MKr., Nr. 741) — Ra.: wie beim W. as, dee seent sech (dermat) — cf. Kiirch sub 2), éischt sub 2); 2) «Spirituosen, Schnaps» — esou laang e kee W. kritt, schafft en nët;
 
Wäiwaassersenert M.: «Weberkarde» (Dipsacus silvestris — eigtl.: Weihwassersegner);
 
Wäiwaassesch- -bidden F.: «Bottich, in dem das Weihwasser gesegnet wird»; -biischt F.: «Weihwasserwedel»; -dëppchen N.: «Weihwassernapf» (im Haus, auf dem Friedhof, auf dem Grab(stein)) — cf. -patt; -kessel (lok.: Wäiwaaschkessel — C) M.: «Weihwassergefäß, -kessel» — wibbeleg wéi der Däiwel am W.; -quaascht M. — s. -biischt; -patt, -pättchen M.: «Weihwasserbecken» —cf. -dëppchen.
 
Wämper M.: «Einwohner von Weiswampach, Ober- und Niederwampach» — cf. Wampech, Wäiswampech.
 
Wämperhaart ON.: «Wemperhardt» — Häusergruppe der Gemeinde Weiswampach, Kanton Clerf — 15 — op der W. — am Ort selbst: op der Haart, früher auch, heute noch vereinzelt: op der (dem) Barriär.
 
wänhëlzeg, wänkantigs. wannhëlzeg — cf. wonkant.
 
Wänzel (Echt.: Wënzel, Westen: Wäänzel, Westen auch nasaliert) F.: 1) «durch Hin- und Herwälzen verursachte Unordnung» (im Bett, im Gras, im Getreidefeld) — säi Bett as eng W. an elauter — lee dech an déi al W. (in dieser Bed. auch lok. M.: den ale W.), da brauchs de nët ze bieden (cf. al sub 1), Segen sub 1) — 't as eng W. am Gras, wou d'Kanner gespillt hun — eng W. an der Fruucht, am Fruuchtstéck (z. B. durch Wild entstanden) — 't as keng Wiss, 't as eng W. (das Gras liegt platt und wirr, wie gewalzt); 2) «Schlag in einer Drehwelle; Achse, die leicht verbogen ist» — 't as eng W. am Rad, an der Well — cf. wänzelen sub 2); 3) «das in Ballen (Walzen) Zusammengeraffte» (lok.) — eng W. Gras — du krute mer dann eng Kotelett an eng Wänzelchen Zalot (C) — dafür lok. auch: Wull, Druddel, Knätzel, Kniwwel, Wurrel, Knälen; 4) «dicke Person (mit watschelndem Gang)» — wat eng W. as dat ëmpegt Meedche gin — eng kleng W. (kleines, dickes Kind, auch: Kind, das noch nicht richtig gehen kann) — dafür auch lok.: Wänzeler M.; Wänzelesch F.
 
wänzeleg, -ig (lok.) Adj.: «lebhaft, unruhig» (von Kindern gesagt);
 
wänzelen (phV. s. sub Wänzel) trans./intr. Verb.: 1) a. «wälzen» — e Faass w. (viru w.) — de Sak war mer ze schwéier, ech hun e (viru-)gewänzelt — wann s d'et nët packs, da wänzel et — ech hun d'ganz Nuecht gewänzelt, ech koum glat a guer nët u mat Schlofen (nët un ä Schlofen) — Zussetz.: erof-, eropwänzelen; b. refl.: d'Schwäi wänzelt sech am Dreck — en huet sech (um Buedem) gewänzelt vu Péng, vu Laachen (cf. brullen III) — zu Kindern: wänzelt iech nët esou um Buedem! — ech haen der eng, datt s de dech wänzels; 2) a. «unregelmäßig rollen» — d'(Kele-) Klatz as gewänzelt a gewänzelt, an du gouwen et awer vill Kälen — eng Klatz, e Rad, dat nët ronn as, wänzelt; b. «sich schwerfällig oder von Kindern gesagt: [Bd. 4, S. 423] kriechend fortbewegen» — zu gudder Lescht koum hien och nach gewänzelt — dat Klengt kann nach nët richteg goen, et wänzelt nach ëmmer duurch d'Stuff dorëmmer.
 
Wänzeler M., Wänzelesch F. — s. Wänzel sub 4).
 
Wäpp F.: «Autohupe» (lok.: Grevenmacher) — dazu: wäppen intr. Verb.: «hupen».
 
Wärel F.: «Gerstenkorn am Auge» (C) — dafür auch: Wirel, Wirlewapp.
 
wärech, wärrech (lok.: wäerch, wäech) Interj.: «wahrlich, wirklich» — mäi w., ménger w. (meiner Treu!) — dat as ménger w. eng domm Saach! — 't as ménger w. wouer! — ma w.! (wirklich, in der Tat) — gees du dohin? ma w. (jedenfalls) — in Negationen (lok.): du wäers dach w. lo scho fortgon (du wirst doch nicht schon gehen) — ech wäerd ma w. an dat Haus gon (ich werde beileibe nicht in dieses Haus gehen) — méchs du dat? ma (bet.) w.! (keinesfalls!).
 
Wäremfläsch, Wierem- F.: «Wärmeflasche» (Wb.06) — cf. Bull sub 2), Bettfläsch, Minnech sub 3).
 
Wäremt, Wäärmt, Wäermt, Wiermt (Echt.: Weermt, Nösl.: Wiärremt, Grevenmacher: Wärmt) F.: «Wärme» — cf. Hëtzt.
 
wäremen, wäärmens. wiermen.
 
wäremzens. wieremzen.
 
Wärni (lok.: Echt.) F.: «Witterung» (C) — subal d'Kaz voan er Mous W. hoat.
 
WärpF. — s. Waarp.
 
Wäs, WeesI M: 1) «Schlund, Speiseröhre» — C dafür auch: Weez; 2) «Wurmfortsatz, Blinddarm» (C bes. beim Schwein — diente den Buben als eine Art Spielzeug, indem er an einem Ende aufgeblasen, rasch ein paarmal umgedreht wurde; beim Pressen mit den Fingern gab es einen Knall).
 
Wäs, Wees (C auch: Weis) † II F.: «Hausfrau, Großmutter» (nach Wb. 06) — C: «Urahne, Ahne» — wat der Däiwel nët wääss, dat wääss en Weis (C).
 
Wäsch (lok. phV. Lieler, Weiswampach: Wääsch, Breidfeld: Wääch, Osten: Weesch) F.: 1) «Wäsche» — d'W. awäächen, maachen — d'Gezei muss an d'W. — mar hu mer d'W. (ist Waschtag) — spaßh.: d'W. héngert (macht hungrig), sot d'Nonn, du huet s' e Bok gewäsch — déi blo (s. d. sub 1), déi wäiss W. — eng déck, eng kleng, eng grouss W. — grouss W. (Bettzeug) — kleng W. (Damenunterwäsche) — eng W. vun zwou Wochen — e Kuerf voll W. — d'W. klappen (bleuen), dréchnen, op d'Blääch leën (bläächen), bléien (s. d. sub II), eran-, erofhuelen, strecken — d'W. hängt op der Léngt, fir ze dréchnen — d'W. verwannt gutt (trocknet gut durch den Wind) — d'W. ewechgin (fir ze wäschen) — übtr. abweisend: maach déng knaschteg W. selwer! — dreckeg W. maachen (Klatscherei, Gewäsch); 2) «Leibwäsche» — frësch W. undon — dem Jong séng W. schécken — Zussetz.: Fraleits-, Kanner-, Maansleitswäsch; 3) «Waschplatz am fließenden Wasser» (Wb.06) — op der W. — Zussetz.: Äerzwäsch; 4) (lok.) «Spülstein» — d'Iessen as nët gutt, schëtt et an d' W. — cf. Waasserstän sub 1), Stiirz, Spullstän.
 
Wäsch-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut