LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Wéien bis Wéischtes (Bd. 4, Sp. 428b bis 431a)
 
Wéien Pl.: «Geburtswehen» — s. Wéi I sub 2) — cf. Kandnéiten.
 
Weiéng, Wei-ichen, Wéiéchen F. — s. Wei.
 
Weier M.: 1) «Weiher» — Ra.: besser e Giifchen an der Pan wéi en Hiecht am W. (cf. Hiecht) — im Volkslied: haut sëtzt et um Affener W. (s. Affen) — d'Kanner maachen sech e W. (Weierchen — stauen das Wasser) — et gouf e W. an der Stuff (wenn viel Wasser verschüttet wurde) — Kinderreim: W., W., Wëssen / mer leën dech op e Këssen / mer leën dech op den Dësch / mer weien dech wéi en décke, fette Fësch (MKr. Nr. 488) — W., W., Wees-chen / gréine, gréine [Bd. 4, S. 429] Grees-chen / gët dem Kand e Stéckelche Brout / loosst et fale bis an den Doud (dabei wird ein kleines Kind von zwei größeren an den Armen und Beinen gepackt, hin u. her geschwungen und das Fallen am Ende nachgeahmt, mit dem Ruf: [e]suu! — C); 2) «Fischbehälter» (beim Fang und zum Aufbewahren von lebenden Fischen); 3) (lok.: Tüntingen) «Mörtelgrube» — cf. Speiskaul, Kallekskaul — Zussetz.: Brand-, Fëschweier — Flurname, z. B.: am Gipsweier;
 
Weier- -déier N.: «Libelle» — s. Joffer B. II; -kraut N.: «ampferblättriger Knöterich» (Polygonum lapathifolium); -téitsch (lok.: Arsdorf) F.: «Weiherdamm» — cf. Téitsch sub 2).
 
Weier ON.: «Weyer» — Dorf der Gemeinde Fischbach, Kanton Mersch — 346.
 
Wéik F. — s. Wick.
 
Wéikegoar (lok.) N. — s. Wickegar.
 
Weil (lok.: Well, Wëll — Dim.: Weilchen, Wëllchen, Wellchen, Arlon auch: Wëlltchen) F.: «Weile» — an där W. (unterdessen — cf. därba[a]nt[s]) — op d'laang W. (auf die Dauer) gët een alles midd — d'Kand as laanger W. (weitaus) dat gescheitst vun der ganzer Klass (lok.) — no enger (ër) W. (nach einer Weile) sot en dann — nach eng Weilchen! — hal emol eng Weiche stall! — sief eng Weilche stëll!
 
Wéil (lok. z. B. Grevenmacher — meist im Pl. Wéilen, Welen, Var.: Wielen) F.: «Heidelbeere» — cf. Mo(o)lbier.
 
Weiler ON.: 1) «Weiler zum Turm» — dafür auch wie frz.: Weiler la Tour — Dorf und Gemeinde Weiler z. T., Kanton Luxemburg — 518 — Ortsneckerei: W. zum Tur, Haassel zum Bur, Siren am Lach, der Däiwel hëlt se dach (MKr. Nr. 573); 2) «Weiler» — dafür auch: Weller, Wëller — Dorf der Gemeinde Pütscheid, Kanton Vianden — 113; 3) «Weiler» — Dorf der Gemeinde Helzingen, Kanton Clerf — 7.
 
Weilerbaach, Wëllerbaach ON.: «Weilerbach» — Dorf der Gemeinde Berdorf, Kanton Echternach — 194 — hien as op der W. an der Kur — an der W.
 
wéimeren, wimmeren intr. Verb.: «wimmern» — en huet gewéimert vu Péng — den Hond wéimert — Abl.: Gewéimerssubstantiv.: mat W. an Hippches as et gaang (zur Not) — dazu: Wéimerklos M., -mrei F. und N.: «Jammerer, Jammernde» (meist gewohnheitsmäßig).
 
Weimeschkiirch ON.: «Weimerskirch» — Vorort der Stadt Luxemburg — 412 — Ortsneckerei s. sub Ääch — adjektiv.: déi Weimeschkiircher Lakerten (die fahrenden Händler von W., mit eigener Sprache — cf. Lakert, Lakerschmus).
 
Weimut M., Weimutskifer F.: «Weymouthskiefer».
 
WéinON: «Wien».
 
wéini, wéinéi, winni Fragepronomen: «wann» — w. as dat geschitt? — zënter w. bas de hei (seit wann)? — ech weess nach nët w. (datt) ech kommen — w. gës du emol weis (verständig)? — fir w. as et? (Zeit der Niederkunft, auch: wann wirst du [endlich] damit fertig?) — wann et haut nët geet,, w. dann? — ech kommen Iech besichen, Frage: ma, w. (meist endbetont) dann? — cf. dann sub 3).
 
wéineg (cf. LSA Karte 51 — ein wenig), winnig (dafür oft: mann, manner, (op) d'mannst, am mannsten — s. d. — Steigerung: wéineger, winniger, am wéinegsten) Adj./Adv.: «wenig» — Ra.: ze w. fir ze liewen, ze vill fir ze stierwen (kärgliches Einkommen) — w. Aarbecht an e gudde Wädgank (s. d.) — méi w. wéi vill — mat e w. gudde Wëlle géif et schons goen — ech wor nët w. verwonnert — ech hat mech nët w. erféiert, entsonnen — e w. (ein wenig, bißchen) — waart e w.! — iwwer e w. (bald) — Echt.: hien as e winnig läicht gewéckelt (leichtfertig) — as dat nët e w. vill verlaangt? — wéineger kann een nët maachen — dat as wéineger (manner) wéi näischt — véier wéineger zwee as zwee — Superl.: déi Wéinegst wëssen eppes dervun — Zussetz.: bluttwéineg — cf. wéinegstens, bësselchen, eng Grëtz I sub 3), eng Grimmel sub 2), eng Iddi sub A., 5) — auch: eng Binzelchen, Binselchen, rose(rome) wéineg.
 
Wéinegkät, -keet F.: «Wenigkeit» (Neol.) — méng W.
 
wéinegstens (Var.: winneste(n)s, wéinistens, Nösl., Echt.: winnigstens, wéinstens) Adv.: «wenigstens» — wann en nach w. eppes gesot hätt! — cf. mann, (op) d'manst.
 
weinen (Mosel) intr. Verb.: «weinen, Saft verlieren» (Winzerspr.: wenn im Frühjahr aus den beschnittenen Reben viel Saft herausrinnt, so nennen die Winzer das: d'Stäck weinen — der Winzer band an eine solche Rebe ein Fläschchen; der gesammelte [Bd. 4, S. 430] Saft wurde als Augenwasser benutzt) — dafür im Hof Remich: tréinen — dem Hd. weinen entspricht kräischen.
 
wéint, wéins(t) (lok.: wéigent, Nösl.: wäänt, Echt.: weent, Wiltz: weenst, Grevenmacher: wegenst, Untersauer: winst) Präp.: «wegen» (gewöhnlich mit Dativ, bei Personalpronomen mit Genitiv) — ech komme w. ménger Auer, déi dir sollt an d'Rei maachen — w. dem Reen konnt ech nët goen — wéinst dénger (deinetwegen) — w. ménger kanns de maachen, wat s de wëlls (von mir aus) — w. hir(er) gin ech dohin (cf. hiretwe[g]en) — w. (him) sénger, w. him (seinetwegen) — w. hinnen — verstärkend: w. dem Kand sénger hun se sech nët schede gelooss — cf. weën, wegen.
 
Weiraach M. — s. Wäiraach sub 1), 2), 3) — cf. Éimais-chen.
 
weis, wäis (Echt.: weis, wees) 1) Adv. — in den Redewendungen: w. gin (erfahren, gewahr werden) — du solls ës nach mat Zäite w. gin — dat gouf de Widder w. (R XII 113) — ech sin ës wäis gin — Echt.: ech sin ës noach nët weis (habe es noch nicht erfahren, auch: verstehe es nicht recht) — Echt.: äich geen dees nët wees (C: kann es mir noch nicht erklären) — cf. weismaachen; 2) nur: weis (kurz gesprochen) Adj.: «weise, vernünftig» — bas du nach w.? (bei Verstand?) — bas du nach (bet.: noch immer) nët w.? — du wäerds (dach) w. sin! (ich hoffe, du wirst nicht unvernünftig handeln) — sief dach w.! (sei vernünftig!) — die Mutter zum Kind: iess déng Zopp, da gës de w. — du gës dénger Liewen (ze Liewen) nët w.! — ech sief dann nët méi w. (es sei denn, ich wäre nicht mehr bei Verstand) — en as esou w. wéi Kéi-Teis, dat war e gebuerene Geck (C) — cf. gescheit sub 2).
 
Weis F.: 1) «Weise, Manier» — op déi Aart a W. — dat as keng Aart a W. — hien huet séng äge W. — C: 't hoat kän W. fer opzetreden; 2) «Melodie, Weise» — hie behält keng W. — e bleift nët op der W. — dat Lidd huet eng schéi W. — wéi as d'W. vun deem Lidd? — op d'W. vum Tradirallala — wann et nët am Gudde geet, dann huele mer eng aner W. (andere Mittel) — Wortspiel mit weisen (vorzeigen): weis mer dat! — Antwort: dat huet (dat as) keng W., spaßh. Zusatz: soss déit et sangen — cf. Léin II; 3) a. (Ammenspr.) «(Uhr-)Zeiger»; b. † «Zeigestab» (v. Kindern u. Lehrer b. Lesen gebraucht) — dazu: Weisfanfanger M.: «Zeigefinger»; 4) «Pikdame» (im Kartenspiel Mënsch — cf. Schwaarzt sub 2)b., Mitt II sub 2)a.
 
weisen (Part. Prät.: gewisen, Nösl. Konj. Prät.: weist) trans./intr. Verb.: 1) «zeigen» — weis emol! — weis hier! — weis mer et! Aufforderung: weisen! (vorzeigen!, aufstehen!) — weis emol, wat s de kanns — weis, datt s d' e Mann bas! — de Wee w. — hien huet domat gewisen, wat en as — Arzt zum Patienten z. B.: weist emol Är Zong! — ech weisen der wou de Stämetzer d'Lach gelooss huet (werde dich vor die Türe setzen, dir die Türe zeigen — cf. Bock sub 1) — maach et emol, da w. ech der awer eppes aneschtes! — een dem Honn hanne w. — engem de Blouse w. (als Zeichen größter Verachtung) — wann s du et miisst maachen, da miisst de de Blouse w. (s. blous) — du gës emol eppes aneschtes gewisen — Kinderreim (beim Kitzeln unter dem Kinn): laach mer nët, kräisch mer nët, weis mer déng (kleng) wäiss Blénkercher (Zähnchen) nët — 't weist een nët mat de Fanger(en) op d'Leit — d'Leit w. mam Fanger op hien — ee w. (unterweisen), eppes gewise kréien (z. B. einen Handgriff) — deem do brauchs de näischt ze w. (lehren), hie weess et — ee laanscht w. (lok.: jemanden abweisen) — cf. Räckelchen, Glusteroassen; 2) «anzeigen» — d'Riewe, d' Bäm w. schéin — den Turem weist schéin (der Turm hebt sich klar vom Horizont ab) — d'Geschir weist d'Aarbecht — dat weist schlecht (gutt) Wieder — 't as gewisen (beim Kartenspiel — cf. mitten) — ech hun der dach gewisen, an du spills Schëppen — en huet nët gemaacht, wéi e gewisen huet (anders gehandelt, als angekündigt) — sou weist jo d'Recht (so sieht das Recht vor) fir aner, Här Kinnek, fir mech och (R XII 111) — d'Päerd weist nët méi (das Alter des Pferdes läßt sich nicht mehr an den Zähnen bestimmen); 3) refl.: «sich zeigen» — dat weist sech vum selwen — dat muss sech weisen — dat weist sech beim Verbotz — et weist sech näischt (am Gaart, dobaussen) — ech weise mech nët op esou enger Plaz — e schummt sech fir sech mat deem Meedchen ze w. — hie weist sech a kenger Kiirch — en huet sech de ganzen Dag nët gewisen — wéini weis de dech emol nach (erëm) eng Kéier? — weis dech nët méi hei! — en duerf sech nët méi hei w. — hei brauchs du dech nët méi ze w. — Echt. (C): maach, datt deiner Buuschten sich kän hei(banne) w. — [Bd. 4, S. 431] du brauchs nët ze fäerten, e weist sech nët méi heibannen — Verbadj.: gewisen — dat as e gewisene Wee (vorgezeichneter Weg) — substantiv.: Weis F. (s. d. sub 4); Weises N. — W. gëlt (nur das Dokument gilt) — Zussetz.: aus-, be-, ënner-, op-, ver-, zurechtweisen, erwisen, Opweises.
 
wéischt, wéist Adj./Adv.: 1) «wüst, schmutzig» (cf. LSA Karte 125) — d' Kand huet sech w. gemaacht (hat sich z. B. mit Exkrementen schmutzig gemacht) — cf. Dueref sub 1); 2) «bösartig, ungezogen» — hien huet e wéischten Dronk — e wéischte Kärel — du w. Popp! (zu einem Mädchen); 3) «arg, schlimm» — 't as nët esou w., wéi s de mengs — d'Saach as nët w.; 4) «sehr, arg» (nur Adv.) — en huet sech w. versin — substantiv.: Wéischten M., Wéischt F. und N. — et as där Wéischter een — hatt as kee Wéischt — d'Fra as eng Wéischt; Wéischtes N. — 't as eppes W. — sou eppes W. vun engem Mann! — Abl.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut