LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Weiraach bis wëll (Bd. 4, Sp. 430a bis 432a)
 
Weiraach M. — s. Wäiraach sub 1), 2), 3) — cf. Éimais-chen.
 
weis, wäis (Echt.: weis, wees) 1) Adv. — in den Redewendungen: w. gin (erfahren, gewahr werden) — du solls ës nach mat Zäite w. gin — dat gouf de Widder w. (R XII 113) — ech sin ës wäis gin — Echt.: ech sin ës noach nët weis (habe es noch nicht erfahren, auch: verstehe es nicht recht) — Echt.: äich geen dees nët wees (C: kann es mir noch nicht erklären) — cf. weismaachen; 2) nur: weis (kurz gesprochen) Adj.: «weise, vernünftig» — bas du nach w.? (bei Verstand?) — bas du nach (bet.: noch immer) nët w.? — du wäerds (dach) w. sin! (ich hoffe, du wirst nicht unvernünftig handeln) — sief dach w.! (sei vernünftig!) — die Mutter zum Kind: iess déng Zopp, da gës de w. — du gës dénger Liewen (ze Liewen) nët w.! — ech sief dann nët méi w. (es sei denn, ich wäre nicht mehr bei Verstand) — en as esou w. wéi Kéi-Teis, dat war e gebuerene Geck (C) — cf. gescheit sub 2).
 
Weis F.: 1) «Weise, Manier» — op déi Aart a W. — dat as keng Aart a W. — hien huet séng äge W. — C: 't hoat kän W. fer opzetreden; 2) «Melodie, Weise» — hie behält keng W. — e bleift nët op der W. — dat Lidd huet eng schéi W. — wéi as d'W. vun deem Lidd? — op d'W. vum Tradirallala — wann et nët am Gudde geet, dann huele mer eng aner W. (andere Mittel) — Wortspiel mit weisen (vorzeigen): weis mer dat! — Antwort: dat huet (dat as) keng W., spaßh. Zusatz: soss déit et sangen — cf. Léin II; 3) a. (Ammenspr.) «(Uhr-)Zeiger»; b. † «Zeigestab» (v. Kindern u. Lehrer b. Lesen gebraucht) — dazu: Weisfanfanger M.: «Zeigefinger»; 4) «Pikdame» (im Kartenspiel Mënsch — cf. Schwaarzt sub 2)b., Mitt II sub 2)a.
 
weisen (Part. Prät.: gewisen, Nösl. Konj. Prät.: weist) trans./intr. Verb.: 1) «zeigen» — weis emol! — weis hier! — weis mer et! Aufforderung: weisen! (vorzeigen!, aufstehen!) — weis emol, wat s de kanns — weis, datt s d' e Mann bas! — de Wee w. — hien huet domat gewisen, wat en as — Arzt zum Patienten z. B.: weist emol Är Zong! — ech weisen der wou de Stämetzer d'Lach gelooss huet (werde dich vor die Türe setzen, dir die Türe zeigen — cf. Bock sub 1) — maach et emol, da w. ech der awer eppes aneschtes! — een dem Honn hanne w. — engem de Blouse w. (als Zeichen größter Verachtung) — wann s du et miisst maachen, da miisst de de Blouse w. (s. blous) — du gës emol eppes aneschtes gewisen — Kinderreim (beim Kitzeln unter dem Kinn): laach mer nët, kräisch mer nët, weis mer déng (kleng) wäiss Blénkercher (Zähnchen) nët — 't weist een nët mat de Fanger(en) op d'Leit — d'Leit w. mam Fanger op hien — ee w. (unterweisen), eppes gewise kréien (z. B. einen Handgriff) — deem do brauchs de näischt ze w. (lehren), hie weess et — ee laanscht w. (lok.: jemanden abweisen) — cf. Räckelchen, Glusteroassen; 2) «anzeigen» — d'Riewe, d' Bäm w. schéin — den Turem weist schéin (der Turm hebt sich klar vom Horizont ab) — d'Geschir weist d'Aarbecht — dat weist schlecht (gutt) Wieder — 't as gewisen (beim Kartenspiel — cf. mitten) — ech hun der dach gewisen, an du spills Schëppen — en huet nët gemaacht, wéi e gewisen huet (anders gehandelt, als angekündigt) — sou weist jo d'Recht (so sieht das Recht vor) fir aner, Här Kinnek, fir mech och (R XII 111) — d'Päerd weist nët méi (das Alter des Pferdes läßt sich nicht mehr an den Zähnen bestimmen); 3) refl.: «sich zeigen» — dat weist sech vum selwen — dat muss sech weisen — dat weist sech beim Verbotz — et weist sech näischt (am Gaart, dobaussen) — ech weise mech nët op esou enger Plaz — e schummt sech fir sech mat deem Meedchen ze w. — hie weist sech a kenger Kiirch — en huet sech de ganzen Dag nët gewisen — wéini weis de dech emol nach (erëm) eng Kéier? — weis dech nët méi hei! — en duerf sech nët méi hei w. — hei brauchs du dech nët méi ze w. — Echt. (C): maach, datt deiner Buuschten sich kän hei(banne) w. — [Bd. 4, S. 431] du brauchs nët ze fäerten, e weist sech nët méi heibannen — Verbadj.: gewisen — dat as e gewisene Wee (vorgezeichneter Weg) — substantiv.: Weis F. (s. d. sub 4); Weises N. — W. gëlt (nur das Dokument gilt) — Zussetz.: aus-, be-, ënner-, op-, ver-, zurechtweisen, erwisen, Opweises.
 
wéischt, wéist Adj./Adv.: 1) «wüst, schmutzig» (cf. LSA Karte 125) — d' Kand huet sech w. gemaacht (hat sich z. B. mit Exkrementen schmutzig gemacht) — cf. Dueref sub 1); 2) «bösartig, ungezogen» — hien huet e wéischten Dronk — e wéischte Kärel — du w. Popp! (zu einem Mädchen); 3) «arg, schlimm» — 't as nët esou w., wéi s de mengs — d'Saach as nët w.; 4) «sehr, arg» (nur Adv.) — en huet sech w. versin — substantiv.: Wéischten M., Wéischt F. und N. — et as där Wéischter een — hatt as kee Wéischt — d'Fra as eng Wéischt; Wéischtes N. — 't as eppes W. — sou eppes W. vun engem Mann! — Abl.: Wéischthät F. — vun deem sénger W. kënnt een e Buch schreiwen.
 
Weiséng (regional; Echt. veraltet: Weisiën) F.: «Eheberedung, Verlobung» — d'W. as, wou gewise gët, wat d'Braut matbréngt — sid dir nët op de Weiséngen (lok.)? — cf. Wéngkëf.
 
weis-, wäismaachen (Ton: 1) intr. Verb.: «weismachen» — engem eppes w. — dat méchs de mir awer nët w. — cf. weis, wäis.
 
weis-soen trans. Verb.: «weissagen» — nur in dem lok. (Neudorf-Luxemburg) Spruch: Kuckuck, Kuckuck, so mer wouer, so mer weis, so mer wéivill Joër liewen ech nach?
 
Weistum N. — s. Wäistom (S. 419).
 
Weit (vAit) F.: «Weite» — an der W. as d'Kleed gutt — an der W. huet de Rouer ee Meter (Lichtweite) — Echt.: d'W. an d'Leengt verzelen (weitschweifig) — een W. an een Leengt voan där Saach verzelen — hien as al an d'W. gaang — d'Kleed as no der Wäsch an d'W. gaang.
 
weit (kurzer Diphthong — phV. Nösl.: vekt, Südösl.: vεkt, Südwesten: vət, Mittelwesten: vεt, Ostrand lok.: ve:it, vε:it, Mosel: vA[·]it) Adj.: «weit» (Ggs. zu: eng) — d'Box, de Rack as ze w. — e weide Rack — e Kleed méi w. maachen — d'Kleder sin him ze w. gin (er ist abgemagert) — si hätte gär w. Boxen, awer si hu keng Eesch fir dran (treten gerne groß auf, doch fehlen die [z. B. finanziellen oder intellektuellen] Mittel) — wien e weiden Aasch huet, muss sech eng w. Box uschafen — eng w. Maul an nët vill dran — Echt.: dat stät noach a weide Seken (es ist noch nicht entschieden) — w. (a breet) erzielen (breit erzählen) — hien huet e w. Gewëssen oder en as w. gerëppt.
 
Wéitsch (Nösl. Var.: Féitsch, Fitsch) F.: «dünne, biegsame Gerte».
 
wéitschen, wéitschelen (Nösl.: féitschen, fitschen) trans./intr. Verb.: 1) a. «hin und her schwenken, schlenkern, wedeln» — d'Kou, den Hond wéitsch(el)t mam Schwanz — mam Raachfaass w. — soll ech dann de ganzen Dag un dem Bändel w.? (am Wiegenband ziehen müssen?) — mam Reesbengel w. an de Blummen d'Käpp ofhaen — de Rousekranz w. (schwenken) — e kënnt do gewéitscht (wiegend) — e wéitscht esou, wann e geet — hei gët ee gewéitscht wéi op enger Klunsch; b. «mit dem Fächer wedeln» (Ga); 2)in dem Ausdruck: engem eng wéitschen (einen Schlag, eine Ohrfeige versetzen) — roueg, soss kriss d' eng gewéitscht! — dee krut der gewéitscht, a wéi! — cf. watschen.
 
wéivill, wivill Frageadv.: «wieviel» — w. kascht (mécht) dat? — fir w. hun ech? — w. mol (wie oft) hun ech der dat ewell gesot? — de(e) wéivillten hu mer haut? — fir d'wéivillt? — auch als unbestimmtes Zahlwort: ech hun der dat ewell wivill mol gesot.
 
weiwels, wéiwelss. wewels, wiewels.
 
Weiwësch M.: 1) «Kräuterwisch» — cf. Wësch sub 1)b.; 2) «Wermuth» — s. Wësch sub 1)c. — dafür auch: Bäifouss.
 
wéiwuel Konjunkt.: « wiewohl, obgleich» — cf. obschon, trotzdeem.
 
Wekelter (lok.) M. — s. Wakelter.
 
Wëld (Nordwesten: Weeld, Westen: Weëld) N.: «Wild, Wildbret» — en huet vill W. op sénger Juegd — mir hun de Mëtteg (e Stéck) W. — cf. Wëlper(t) II.
 
Wëlddéif M.: «Wilddieb» (Wb.06) — dafür meist: Braconnier (s. d. sub 1).
 
Wëldschued M.: «Wildschaden» — de Juegdhär muss de W. bezuelen.
 
Wëldnes F.: «Wildnis» — wat hun déi eng W. am Gaart (von einem verwahrlosten Garten gesagt) — eng W. vun Hoër (Haare).
 
wëldsen, wëlssen, wëlzen intr. Verb.: 1)« nach Wild riechen, schmecken» — ech hun d'wëllt Schwäin nët gär, et wëldst mer ze vill; 2) «widerlich riechen, stinken» — dee wëlzt wéi e Bock — et wëlzt heibannen — dazu: wëlzeg, [Bd. 4, S. 432] -ig Adj.: «Wild-» — ech hun dee wëlzege Goût (Wildgeschmack) nët gär.
 
Welfréng ON.: «Welfringen» — «Dorf der Gemeinde Dalheim, Kanton Remich» — 521 — im Munde der Einwohner : Wellefréngen.
 
well I Kurzform von ewell (s. d.) — cf. LSA Karte 121.
 
Well II, Wëll F. — lok. Var. — s. Weil.
 
Well III F.: 1) «Welle, Woge» — cf. Wal — Zussetz.: Dauerwellen; Laang-, Kuurzwellen (Radio); 2) «Welle, Drehwelle».
 
Wellbam M.: «Wellbaum» — cf. Drulles sub 3).
 
Wellbäämchen, -beemchen M.: «Wagenhaspel».
 
Wellblech M. u. N.: «Wellblech» — cf. Blech sub 1).
 
wëll Adj.: 1) «wild, unbearbeitet, ungepflegt» — e wëlle Bësch (Wildnis) — wëlle Buedem (lok.: unfruchtbarer Boden) — wëll(t) Feier (s. d. sub 2)b.) — wëll(t) Flääsch (Schwammfleisch, Wucherung — Med.) — Pflanzennamen (cf. auch unter dem Grundwort): w. Aarmenä (rauhe Nelke — Dianthus armeria) — w. Balsëmin (Springkraut — Impatiens noli-tangere) — w. Brenndëschtel (Ziest — Stachys) — w. Geraniën (lok.: wilde Pelargonien — in Wiesen, am Wasser) — wëll(e) Giescht (Mäuseschwanzgerste — Hordeum murinum) — w. Guckucksblumm (Lungenkraut — Pulmonaria off.) — w. Häd(e)- kar (Heckenknöterich — Polygonum dumetorum; Windknöterich — Polygonum convolvulus — cf. Hädwann) — w. Hief (wilde Hefen) — w. Huewer (Flughafer — Avena fatua) — w. Ierz (Waldplatterbse — Lathyrus spec.) — w. Jacinthe (lok.: Waldhyazinthe) — w. Kaméileblumm (Ackerkamille — Anthemis arvensis; Färberkamille — Anthemis tinctoria; Bertramsgarbe — Achillea ptarmica) — w. Kar (s. Wëllkar) — w. Kréischel (Alpenjohannisbeere — Ribes alpinum) — w. Lann (Feldulme — Ulmus carpinifolia) — wëll(e) Mauséierchen (Feldsalat, Rapunzel — Valerianella locustra olitoria) — w. Mënz (Waldminze — Mentha sylvestris) — w. Mirabell — w. Muurt (Möhre) — w. Pensée (Ackerstiefmütterchen — Viola tricolor arvensis) — w. Rief (Waldrebe — Clematis vitalba; wilde Rebe, Jungfernrebe) — w. Rous (Heckenrose) — w. Vioul (Hundsveilchen — Violata canina) — w. Wick (Vogelwicke — Vicia cracca; Zaunwicke — Vicia sepium) — w. Zalot (ausdauernder Lattich) — wëlle Batteralzem (Beifuß — Artemisia vulgaris) — wëlle Bier (Walderdbeere — Fragaria vesca) — wëlle Birebam (Birnbaum) — wëlle Burekascht (Quellenehrenpreis — Veronica beccabunga) — wëlle Jasmin, Jhasmäin, Jhasméng (Pfeifenstrauch — Philadelphus coronarius) — wëlle Käschtebam (Roßkastanie — Aesculus hippocastanum) — wëlle Kaff(é)i (Goldregen — Laburnum anagyroides; Lupine — Lupinus sp.) — wëlle Kiischtebam (Süß-, Vogelkirsche — Cerasus avium) — wëlle Kléi (Bitterklee — Menyanthes media; mittlerer Klee — Trifolium medium) — wëlle Knuewelek (Knoblauchkraut — Alliaria petiolata; Bärenlauch — Allium ursinum; Weinbergslauch — Allium vineale) — wëlle Kouwääss (Wiesenschachtelweizen — Melampyrum arvense) — wëlle Manz (Ackerminze — Mentha arvensis) — wëll(en) Narziss (gelbe Narzisse — Narcissus pseudonarcissus) — wëlle Päinetsch (Gartenmelde — Atriplex hortensis) — wëlle Pällem (Preiselbeere — Vaccinium vitis-idaea) — wëlle Péiterséileg (Klettenkerbel — Torilis Adans) — wëlle Réidech (Ackerrettich, Hederich — Raphanus raphanistrum) — wëlle Reseda (Färberreseda — Reseda luteola) — wëlle Rousemaräin (Porst — Ledum) — wëlle Sauerampel (kleiner Ampfer — Rumex acetosella) — wëlle Champignon — wëlle Chikoree (Wegwarte — Cichorum intybus) — wëlle Spënot (Erdbeerspinat — Chenopodium foliosum; Guter-Heinrich — Chenopodium bonus Henricus; unechter Gänsefuß — Chenopodium hybridum) — wëlle Spier, wëlle Spirebam (Elsbeerbaum — Sorbus torminalis) — wëlle Steekléi (kleiner Wiesenknopf — Sanguisorba minor) — wëllen Apel — wëllen Äppelbam — wëllen Dännebam (Kiefer, Föhre — Pinus sylvestris) — wëllen Dëll (sichelförmiges Hasenohr — Bupleurum falcatum) — wëllen Happ (Hopfen — Humulus lupulus — cf. Happ sub 1) — wëllen Hielenter (Traubenholunder — Sambucus racemosa) — wëllen Orangebam (Pfeifenstrauch — Philadelphus coronarius) — wëllen Teimerjännchen (Feldthymian — Thymus serpyllum) — wëllen Zalfei (Wiesensalbei — Salvia pratensis) — wëllt Longekraut (Hundsflechte — Peltigera canina) — wëllt Wierk Ackerhohlzahn — Galeopsis ladanum) — Tiernamen: w. Dauf (Ringeltaube — Columba palumbus) — w. Gäns (a. Graugans [Anser anser]; b. [Bd. 4, S. 433] Saatgans [Anser fabalis]; c. Kranich [Grus] — cf. Holgäns) — w. Int (a. Stockente [Anas platyrhynchos] — dafür auch: déck w. Int; b. Schellente [Bucephala clangula]) — kleng w. Int (a. Krickente [Anas crecca]; b. Knäckente [Anas acuta]) — wëllt Mierhong (Trappe [Otis tarda], auch Trapp — s. d. sub III) — w. Kaz (a. Wildkatze [Felis]; b. haarige Raupe — cf. Kaz sub 3) — wëll(t) Kanéngchen — wëll(t) Schwäin (a. Wildschwein; b. Kellerassel) — wëlle Béier, wëlle Watz (s. d. sub I, Wildeber) — lok. Bous/Remich: wëlle Watz (Hummel) — w. Sau (Wildsau) — Sagengestalt: de wëlle Mann (cf. Wëllmann — Folkl. beim Winteraustreiben) — déi w. Fra — dazu: Wëllfragrond, Wëllfraheck (Flurbez. zw. Useldingen u. Böwingen/ Att.), Wëllfrahaus (Felsloch zwischen Bonnert u. Oberpallen) — wëll giel Minett (lok. Rümelingen: geringwertiges Eisenerz) — Kinderspielzeug: wëll Kaz (dafür auch: gro Kaz — cf. Schnuerkaz) — an de wëlle Länner — Hoër wéi e wëlle Bësch — 't as nët w. mat him (seine Kenntnisse sind gering) — d'Saach as nët esou w. — 't as nëmmen hallef esou w. (nur halb so schlimm); 2) a. «ungezügelt, ausgelassen, mutwillig» — d'Kanner sin esou w. — dat si w. Kanner — de wëlle Mann spillen — wëllt Getéins (dummes Gerede) — sech w. opféieren (gebärden); b. «bösartig» — d'Päerd, d'Kou as w. gin — den Hond as w.; c. «nicht ordnungsgemäß» — de wëlle Gesank, déi w. Musek (nicht anerkannter Gesang-, Musikverein) — w. Musek (antikonformistische Musik, z. B. Jazz, Pop) — lok.: di w. Musek (sozialistischer Musikverein); 3) «sehr zornig» — maach mech nët w.! (bring mich nicht in Wut!) — e wëlle Bier (jähzorniger Italiener — cf. Bier sub 3) — substantiv.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut