LWB Luxemburger Wörterbuch
 
wëllen bis weltbekannt (Bd. 4, Sp. 433b bis 436a)
 
wëllen II (cf. LSA Karte 60; Umschreibung von wollen, Karte 37, Wenkersätze 30, 33 — Konj. Prät.: hätt gär, géif gär — Konjug.: Ind. Präs.: ech wëll, du wëlls, hie wëllt [Ostrand: hee wëll], mir w., dir wëllt [cf. BrGra [Bd. 4, S. 434] § 24, 2, § 25, 7, 8]; Ind. Prät.: wollt; Konj. Prät.: wëllt [cf. Ltb. 42], lok.: willt; Part. Prät.: gewollt, wollt[en], Westen: [ge]woult, woolt — mit Infinitiv.: wëllen, wollen) trans./intr. (oft modales) Verb.: «wollen, beabsichtigen, mögen, verlangen» — wëlls de dat eent, da wëll och dat anert — deen alles wëllt, kritt näischt — wat wëlls de? (was meinst du, sagst du, wünschest du?) — wat w. déi? (beabsichtigen) — wëllt nach een eppes (z' iessen, ze drénken)? — merci, ech wëll näischt méi — maach, wat s de wëlls, wat läit mir drun! — dee ka maache wat e wëllt, et schléit him duer — ech wëll et nët hun (lasse es nicht zu) — ech wëll et nët (mag es nicht) — ech weess nët, wat s du wëlls — ech wëll näischt derfir (tue es unentgeltlich) — wou wëllt deen egentlech hin (scil.: goen, lafen, kommen)? — du muss nët méi (betont) wëlle sin, wéi s de bas! — wann hien (hatt) nët wëllt, da wëllt en (hatt) nët (läßt sich nicht dazu zwingen) — ech wëllt et nët, a wann et den Aasch (Hënner) a Gold gezappt hätt — an du hun ech dommt Stéck nët wollt (Dicks im Singspiel: D'Mumm Séis) — dat do wëllt ech emol nët geschenkt — absol.: wann s du wëlls, ech wëll — wann hie wëllt, da geet et schons — 't ka kaschte, wat et wëllt — en huet nët wollt — wëll emol eng Kéier! — iron., auch drohend: wann ech jo wëllt! Antwort: da wëll emol! — irreale Wunschsätze: ech wëllt, du wiirs am Himmel (Zus.: dat wir der näischt Schlechtes gewënscht), zu Honolulu, bei der Däiwel, um Mound, wou de Peffer wiisst, du léigs am Rhäin — do wëllt ech nët ofgemoolt sin — ech wëllt, ech wir erëm hannendrun, erëm virdrun — ech wëllt nët a sénger Haut sin (stiechen) — intr.: engem dës (ës) wëllen (auf jem. böse sein) — ech denken, du wëlls mir ës nët — engem (ës) gutt w. (gut gesinnt sein) — ech wëll nëmme säi Gutts, säi Bescht — Nösl. (unpersönlich): wann et éngem gout wëllt, da brécht een de Fanger an der Jhillistäsch, am Aasch, an der Nas — et wëllt nët (recht — Nösl. auch: hatt wëllt nët recht — es geht nicht) — 't wëllt an 't wëllt nët — wann hatt nët wëllt, da wëllt et nët (wenn es nicht klappt, dann klappt es eben nicht) — mit Verb.: et schéngt w. ze renen — d'Grompre w. nët (wuessen) — ech wollt hien nët widder de Kapp stoussen — d'Kand wëllt a wëllt nët kommen (bei einer Geburt) — e wëllt nët kommen, en huet nët wëlle (wëllte, wolle, wollte) kommen — d'Meedche wëllt en nët (bestueden) — Ausruf: wat wëlls de hun! (was kann man da machen!), häufiger Zus.: son d'Leit, da gin s' engem näischt — wou (wuer) wëllt ee lafen (goen), fir Hëllef ze kréien? — wa Gott wëll(t)! (so Gott will!) — substantiv.: Wëllen N. — mat Wëllen eleng geet et nët duer — et wir dës Wëlles wäert — Zussetz.: mit Ortsadv. z. B.: eraus, eran, erof, erop, hi(n) w.
 
Wëllen III (lok. auch: Wëll) M.: «Willen» — Raa.: däi W., mäi Fridd — wann een de Kanner de W. deet, da kräischen se nët — mat guddem W. mécht ee vill — du solls him nët ëmmer de W. din — engem de W. briechen (brechen) — e fräie, gudde, schlechte, staarke W. — mat dem W. geet et nët ëmmer duer — mam allerbeschte W. geet et nët — en huet wéinstens de gudde W. gewisen — ech hat (de) gudde W., mä ... — 't geschitt mat séngem W. — ouni mäi W.! — géint (Echt.: boussicht) mäi W. — 't as säi fräie W. — wann et méngem W. no géing! — d'Kanner sin den Eltren zu W. — mat W. a Wëssen — gudde W. hun, gudde(s) Wëlles sin — Zussetz.: Guetswëllen, Gottes(biddes) W. (cf. sub Gott), Onwëllen — dazu: wëlles sin, w. hun (willens, bereit sein) — wat bas (hues) de w.? (was hast du vor?) — hien huet eng w. (plant einen Streich — lok.: eng am Wëlles) — ech si w. en op d'Geriicht ze huelen — ech war sou ha(a)lwer w. matzegon.
 
Wëllenssaach F.: «eine Sache des Wollens».
 
Weller ON.: 1)s. Weiler sub 2); 2) «Villerupt» (Dépt. Meurthe-et-Moselle) — heute meist die frz. Form (Ton: 1), oder auch: Villeri.
 
Wëller-Täertchen, W. op der Täertchen ON.: «Tortert, Villers-Tortru» — Dorf in der belgischen Provinz Luxemburg.
 
Wellëschten (Ton: 1), Wellesteen (Ton: 1) ON.: «Wellenstein» — Dorf und Gemeinde Wellenstein, Kanton Remich — 533 — Ortsneckerei: déi Wellëschter (Boune-)Kräpp.
 
wëllkëmm, -komm (Westen: wéilkëmm, weelkëmm) Adj.: 1) «willkommen» — w., w., wéi geet et Iech? — ee w. heeschen — w. sin — iron.: w. sin wéi d'Sau am Juddenhaus — du bas mer ëmmer (allzäit) w. — dat wir mer w. — ech war nach laang nët w. (ich kam sehr ungelegen) — substantiv.: [Bd. 4, S. 435] M.: 2) «Willkomm» — en häerzleche W.
 
Wëlo (Ton: 1 — † Wëloss [Ton: 2], † Wëlossipeed [Ton: 4]) M.: «Fahrrad» — im Ösling u. regional im Gutland nicht gebräuchlich, dafür: Rad (s. d. sub 2)a.) — cf. Plou sub 3);
 
Wëlomotor (Ton: 3) M.: «Moped» — frz. vélo-, cyclomoteur — burschikos: Tëff, Fuppert (s. d. sub 3).
 
Wëlos- († Wëlosse[n]-) -brems F.: «Fahrradbremse»; -club M.: «Fahrradverein»; -course F.: «Fahrradrennen»; -luucht F.: «Fahrradlampe»; -mantel, -pneu M.: «Fahrradreifen»; -pompel F.: «Fahrradpumpe»; -rad N.: «Rad des Fahrrades» — ech hu mer eng Käerchen (Karren) mat Wëlos(se)rieder gemaacht; -schlauch M.: «Fahrradschlauch» — dafür auch: Schlauch fir e W.; -suedel M.: «Fahrradsattel».
 
Wëlper(t) I M.: 1) «Hautausschlag» (lok. Grevenmacher dafür auch: Wëleper, lok. auch: Wolper) — dréchene, naasse W. — cf. wëllt Feier, Wëllwe(r)sch, Wëlwertsfeier; 2) «wildes Fleisch» — et zillt sech scho W. — ee W. an ee réi(t) Flääsch — dazu: wëlper Adj.: 1) «wund, aufgerieben» (Ga); 2) «skrofulös»; wëlpereg Adj.: «wund» (Wb.06).
 
Wëlper(t) II N.: «Wildbret» (Wb. 06) — cf. Wëld.
 
Wëlpermä M.: «Geißblatt» (Lonicera — C) — cf. Juddenholz.
 
welsch Adj.: «französisch, wallonisch» — e welschen Huefmann — w. Noss (Walnuß) — w. Bocken (s. d.) — ON.: w. Boukels (Moinet) — cf. Boun sub 5), laachen, kräischen, däitsch — substantiv.: Welschen M., Welsch F., Welscht N. — 't as e Welschen um Haff — en as mat engem Welsche (welsche Meedche) bestuet — auch als Haus- und Familienname: a Welschen — Welsche Kätt, Welscher Kätt.
 
Welschbëlleg ON.: «Welschbillig» (Dorf im Regbzk. Trier) — Ra. (lok.: Echt.): dee war zu W. op der Universitéit (fer Näischnotzigkäten aus dem Fong ze léieren).
 
welschen intr. Verb.: «wallonisch sprechen» — do iwwer w. se (jenseits der Grenze) — Zussetz.: verwelschen.
 
Welschent ON.: «Welscheid» — Dorf der Gemeinde Bourscheid, Kanton Diekirch — 167.
 
WelschkarN.: «Mais».
 
Welschland N.: «Wallonei» (C).
 
Welscht F.: «Wallonei» — an der W. (im Wallonischen).
 
Welsdref ON.: «Welsdorf» — «Dorf der Gemeinde Berg, Kanton Mersch» — 231.
 
Welt (Echt.: Wëlt, Westen: Wäelt, Wäält) F.: «Welt, Erde, Treiben der W.» — d'W. as ronn — ech gläwe gär, datt eiser Herrgott d'W. a 6 Deg gemaacht huet, sot de Koschter, si as awer och deemno — eiser Herrgott huet d'W. nët an engem Dag gemaacht, geschaf, erschaf — Echt.: wi as d'Welt esu gruss an en aner su klän (su oarm), sot d'Fra, du war se bis op Tréier komm — d'W. as en Häknapp (s. d.) — Echt.: d'Wëlt an en Fluhaut annië wëllen (überheblich sein) — esou geet et op der (léiwer) W., Zus.: déi eng (déi) hun de Beidel, déi aner (déi) hun d'Geld — wie ka fir en Ongléck, d'W. as voll — op een Näischnotz geet et nët un, d'W. lääft voll — sou laang (wéi) d'W. besteet — ech haen der eng, datt s de nët méi weess, ob s d'op der Welt bas odder dervun — 't as fir aus der W. ze lafen — dat as esou der W. Laf — du muss der W. hire Laf lossen — dat huet op der W. keen Zweck — 't mengt een, 't wir een an (op) enger anerer W. (z. B. wenn man aus großem Lärm in die Stille kommt) — hie kënnt aus enger aner W. (paßt nicht in die heutige Welt) — en as wäit an der W. erëmkomm — en huet e schéint Stéck W. gesinn — an d'W. goen (weit weggehen) — mat Froë kënnt een duurch d' W. — dat läit nët aus der W. (ist nicht unerreichbar) — wat kascht d'W.? — wat läit mir un der W., sot den Heeschemann, ech hu keen Haus drop — sech d'W. ëm d'Ouere schloen — wat gës du der Welt Stéiss! (Zus.: lo huet s' erëm fir eng Zäitchen, oder auch: an dénger Séil Féiss an den Aasch) — spaßh. Ausruf: äddi W., ech gin an Tiroul! — dat as der W. Ënnergank — o Gott an di Welt! — vu Gott an der W. verlooss — d'W. wir gutt, wann d'Leit besser wiren — 't mengt een, d'Welt wir ausgebascht (wenn viele Leute irgendwo zusammen sind) — ech weess mer op der W. kee Rot — op d'W. kommen (geboren werden) — setz keng Kanner op d'Welt, wann s de se nët erhale kanns! — dat léisst sech nët aus der Welt schafen — du kucks jo eréischt an d'W. (zu einem vorlauten, jungen Menschen) — e kuckt an déi aner W. (starrt vor sich hin) — en as schon nët méi op der W. — e lieft nët op dëser W. — eng W. voll (große Menge, viel) — 't gët eng Welt voll Reen — eng W. voll(er) Misär — [Bd. 4, S. 436] en huet eng W. voll gekrasch, gejaut, Kaméidi geschlon — en huet sech eng W. voll geschummt — dat kann dach d'Welt nët kaschten (kann nicht unerschwinglich sein) — ech fannen et nët rëm, fir d'W. nët, fir keng W., fir alles an der W. nët — hie leeft d' (ganz) W. aus — du mengs, du wiirs den Nuebel vun der W. — verstärkend: fir keng Ierd a keng W. — fir näischt op der W. — fir alles op der W. nët — sou as dat op der W.! — 't as nëmmi schéin op der W. — hie mengt, d' (ganz) W. léig op him — d'W. as schlecht — hie mengt, d'ganz W. wir géint hien, géif op hie kucken — (o) wat eng W.! — 't muss ee mat der W. matvirugoen — do schwätzt geschwënn d'ganz W. dervun — d'W. wëllt bedrue gin, da soll se (ka se) bedrue gin — d'Bomi as nach eng vun der aler Welt (cf. Äerd sub 3) — cf. Bigelbaach, Briet sub 1), froen, Geld, Gott, Häknapp, Péng, Stouss sub 1).
 
Welt- / welt- -bekannt Adj. — wie hd.;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut