LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Wëlpermä bis Wëlwertsbur(en) (Bd. 4, Sp. 435a bis 436b)
 
Wëlpermä M.: «Geißblatt» (Lonicera — C) — cf. Juddenholz.
 
welsch Adj.: «französisch, wallonisch» — e welschen Huefmann — w. Noss (Walnuß) — w. Bocken (s. d.) — ON.: w. Boukels (Moinet) — cf. Boun sub 5), laachen, kräischen, däitsch — substantiv.: Welschen M., Welsch F., Welscht N. — 't as e Welschen um Haff — en as mat engem Welsche (welsche Meedche) bestuet — auch als Haus- und Familienname: a Welschen — Welsche Kätt, Welscher Kätt.
 
Welschbëlleg ON.: «Welschbillig» (Dorf im Regbzk. Trier) — Ra. (lok.: Echt.): dee war zu W. op der Universitéit (fer Näischnotzigkäten aus dem Fong ze léieren).
 
welschen intr. Verb.: «wallonisch sprechen» — do iwwer w. se (jenseits der Grenze) — Zussetz.: verwelschen.
 
Welschent ON.: «Welscheid» — Dorf der Gemeinde Bourscheid, Kanton Diekirch — 167.
 
WelschkarN.: «Mais».
 
Welschland N.: «Wallonei» (C).
 
Welscht F.: «Wallonei» — an der W. (im Wallonischen).
 
Welsdref ON.: «Welsdorf» — «Dorf der Gemeinde Berg, Kanton Mersch» — 231.
 
Welt (Echt.: Wëlt, Westen: Wäelt, Wäält) F.: «Welt, Erde, Treiben der W.» — d'W. as ronn — ech gläwe gär, datt eiser Herrgott d'W. a 6 Deg gemaacht huet, sot de Koschter, si as awer och deemno — eiser Herrgott huet d'W. nët an engem Dag gemaacht, geschaf, erschaf — Echt.: wi as d'Welt esu gruss an en aner su klän (su oarm), sot d'Fra, du war se bis op Tréier komm — d'W. as en Häknapp (s. d.) — Echt.: d'Wëlt an en Fluhaut annië wëllen (überheblich sein) — esou geet et op der (léiwer) W., Zus.: déi eng (déi) hun de Beidel, déi aner (déi) hun d'Geld — wie ka fir en Ongléck, d'W. as voll — op een Näischnotz geet et nët un, d'W. lääft voll — sou laang (wéi) d'W. besteet — ech haen der eng, datt s de nët méi weess, ob s d'op der Welt bas odder dervun — 't as fir aus der W. ze lafen — dat as esou der W. Laf — du muss der W. hire Laf lossen — dat huet op der W. keen Zweck — 't mengt een, 't wir een an (op) enger anerer W. (z. B. wenn man aus großem Lärm in die Stille kommt) — hie kënnt aus enger aner W. (paßt nicht in die heutige Welt) — en as wäit an der W. erëmkomm — en huet e schéint Stéck W. gesinn — an d'W. goen (weit weggehen) — mat Froë kënnt een duurch d' W. — dat läit nët aus der W. (ist nicht unerreichbar) — wat kascht d'W.? — wat läit mir un der W., sot den Heeschemann, ech hu keen Haus drop — sech d'W. ëm d'Ouere schloen — wat gës du der Welt Stéiss! (Zus.: lo huet s' erëm fir eng Zäitchen, oder auch: an dénger Séil Féiss an den Aasch) — spaßh. Ausruf: äddi W., ech gin an Tiroul! — dat as der W. Ënnergank — o Gott an di Welt! — vu Gott an der W. verlooss — d'W. wir gutt, wann d'Leit besser wiren — 't mengt een, d'Welt wir ausgebascht (wenn viele Leute irgendwo zusammen sind) — ech weess mer op der W. kee Rot — op d'W. kommen (geboren werden) — setz keng Kanner op d'Welt, wann s de se nët erhale kanns! — dat léisst sech nët aus der Welt schafen — du kucks jo eréischt an d'W. (zu einem vorlauten, jungen Menschen) — e kuckt an déi aner W. (starrt vor sich hin) — en as schon nët méi op der W. — e lieft nët op dëser W. — eng W. voll (große Menge, viel) — 't gët eng Welt voll Reen — eng W. voll(er) Misär — [Bd. 4, S. 436] en huet eng W. voll gekrasch, gejaut, Kaméidi geschlon — en huet sech eng W. voll geschummt — dat kann dach d'Welt nët kaschten (kann nicht unerschwinglich sein) — ech fannen et nët rëm, fir d'W. nët, fir keng W., fir alles an der W. nët — hie leeft d' (ganz) W. aus — du mengs, du wiirs den Nuebel vun der W. — verstärkend: fir keng Ierd a keng W. — fir näischt op der W. — fir alles op der W. nët — sou as dat op der W.! — 't as nëmmi schéin op der W. — hie mengt, d' (ganz) W. léig op him — d'W. as schlecht — hie mengt, d'ganz W. wir géint hien, géif op hie kucken — (o) wat eng W.! — 't muss ee mat der W. matvirugoen — do schwätzt geschwënn d'ganz W. dervun — d'W. wëllt bedrue gin, da soll se (ka se) bedrue gin — d'Bomi as nach eng vun der aler Welt (cf. Äerd sub 3) — cf. Bigelbaach, Briet sub 1), froen, Geld, Gott, Häknapp, Péng, Stouss sub 1).
 
Welt- / welt- -bekannt Adj. — wie hd.; -däl M.: «Weltteil» — e kënnt aus engem anere W.; -geschicht F.: 1) «Weltgeschichte» — Ausruf: do héiert (awer) d'W. op! — ech weess nët méi, wou ech an der W. dru sin — hien as kënneg an der W. (weiß Bescheid); 2) «Lehrbuch der Weltgeschichte» — dat steet nët an der W. -geschrä N.: «Weltgeschrei» (lok.) — cf. Landgeschrä; -handel M. — wie hd,; -kaart F.: «Weltkarte»; -krich M.: «Weltkrieg» — zur Datierung: virum éischte, nom éischte, virum leschte W.; -kugel F.: «Erd-, Weltkugel, Globus»; -laf M.: «Weltlauf» — Ra.: dat as esou de W., déi eng kommen, déi aner gin — dafür meist: der Welt Laf; -maart M.: «Weltmarkt»; -maart(s)präis M.: «Weltmarktpreis»; -määschter M.: «Weltmeister»; -määschterschaaft F.: «Weltmeisterschaft»; -räs F.: «Weltreise»; -rekord M. — wie hd.; -ruff M.: «Weltruf»; -schan F.: «Weltschande» — 't as eng W.; -spëtakel, -spëktakel M.: «Weltgeschrei, großer Lärm» — dat géif e W. (Skandal); -sprooch F.: «Weltsprache»; -stad F.: «Weltstadt»; -verkéier M.: «Weltverkehr»; -wonner N.: 1) «Weltwunder»; 2) † «Kartoffelsorte».
 
weltlech, -lich Adj.: «weltlich» — w. a gääschtlech — eisen neien Här as zimlech w. — de weltleche Gesank (im Ggs. zum Kirchengesangverein).
 
Velours (lok.: Arlon) M.: «Samt» — s. Samett sub 1).
 
Wëlwerdang, -déngen, -dong ON. — s. Wilwerdang.
 
Wëlwersch, Wëlwerts(feier) (C) — s. Wëlper(t) I sub 1), wëllt Feier.
 
Wëlwertsbur(en) M.: «Willibrordusbrunnen bei Wilwerwiltz» — cf. Willibrord(u)sbur.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut