| Welt (Echt.: Wëlt, Westen: Wäelt, Wäält) F.: «Welt, Erde, Treiben der W.» — d'W. as ronn — ech gläwe gär, datt eiser Herrgott d'W. a 6 Deg gemaacht huet, sot de Koschter, si as awer och deemno — eiser Herrgott huet d'W. nët an engem Dag gemaacht, geschaf, erschaf — Echt.: wi as d'Welt esu gruss an en aner su klän (su oarm), sot d'Fra, du war se bis op Tréier komm — d'W. as en Häknapp (s. d.) — Echt.: d'Wëlt an en Fluhaut annië wëllen (überheblich sein) — esou geet et op der (léiwer) W., Zus.: déi eng (déi) hun de Beidel, déi aner (déi) hun d'Geld — wie ka fir en Ongléck, d'W. as voll — op een Näischnotz geet et nët un, d'W. lääft voll — sou laang (wéi) d'W. besteet — ech haen der eng, datt s de nët méi weess, ob s d'op der Welt bas odder dervun — 't as fir aus der W. ze lafen — dat as esou der W. Laf — du muss der W. hire Laf lossen — dat huet op der W. keen Zweck — 't mengt een, 't wir een an (op) enger anerer W. (z. B. wenn man aus großem Lärm in die Stille kommt) — hie kënnt aus enger aner W. (paßt nicht in die heutige Welt) — en as wäit an der W. erëmkomm — en huet e schéint Stéck W. gesinn — an d'W. goen (weit weggehen) — mat Froë kënnt een duurch d' W. — dat läit nët aus der W. (ist nicht unerreichbar) — wat kascht d'W.? — wat läit mir un der W., sot den Heeschemann, ech hu keen Haus drop — sech d'W. ëm d'Ouere schloen — wat gës du der Welt Stéiss! (Zus.: lo huet s' erëm fir eng Zäitchen, oder auch: an dénger Séil Féiss an den Aasch) — spaßh. Ausruf: äddi W., ech gin an Tiroul! — dat as der W. Ënnergank — o Gott an di Welt! — vu Gott an der W. verlooss — d'W. wir gutt, wann d'Leit besser wiren — 't mengt een, d'Welt wir ausgebascht (wenn viele Leute irgendwo zusammen sind) — ech weess mer op der W. kee Rot — op d'W. kommen (geboren werden) — setz keng Kanner op d'Welt, wann s de se nët erhale kanns! — dat léisst sech nët aus der Welt schafen — du kucks jo eréischt an d'W. (zu einem vorlauten, jungen Menschen) — e kuckt an déi aner W. (starrt vor sich hin) — en as schon nët méi op der W. — e lieft nët op dëser W. — eng W. voll (große Menge, viel) — 't gët eng Welt voll Reen — eng W. voll(er) Misär — [Bd. 4, S. 436] en huet eng W. voll gekrasch, gejaut, Kaméidi geschlon — en huet sech eng W. voll geschummt — dat kann dach d'Welt nët kaschten (kann nicht unerschwinglich sein) — ech fannen et nët rëm, fir d'W. nët, fir keng W., fir alles an der W. nët — hie leeft d' (ganz) W. aus — du mengs, du wiirs den Nuebel vun der W. — verstärkend: fir keng Ierd a keng W. — fir näischt op der W. — fir alles op der W. nët — sou as dat op der W.! — 't as nëmmi schéin op der W. — hie mengt, d' (ganz) W. léig op him — d'W. as schlecht — hie mengt, d'ganz W. wir géint hien, géif op hie kucken — (o) wat eng W.! — 't muss ee mat der W. matvirugoen — do schwätzt geschwënn d'ganz W. dervun — d'W. wëllt bedrue gin, da soll se (ka se) bedrue gin — d'Bomi as nach eng vun der aler Welt (cf. Äerd sub 3) — cf. Bigelbaach, Briet sub 1), froen, Geld, Gott, Häknapp, Péng, Stouss sub 1).
Welt- / welt- -bekannt Adj. — wie hd.; -däl M.: «Weltteil» — e kënnt aus engem anere W.; -geschicht F.: 1) «Weltgeschichte» — Ausruf: do héiert (awer) d'W. op! — ech weess nët méi, wou ech an der W. dru sin — hien as kënneg an der W. (weiß Bescheid); 2) «Lehrbuch der Weltgeschichte» — dat steet nët an der W. -geschrä N.: «Weltgeschrei» (lok.) — cf. Landgeschrä; -handel M. — wie hd,; -kaart F.: «Weltkarte»; -krich M.: «Weltkrieg» — zur Datierung: virum éischte, nom éischte, virum leschte W.; -kugel F.: «Erd-, Weltkugel, Globus»; -laf M.: «Weltlauf» — Ra.: dat as esou de W., déi eng kommen, déi aner gin — dafür meist: der Welt Laf; -maart M.: «Weltmarkt»; -maart(s)präis M.: «Weltmarktpreis»; -määschter M.: «Weltmeister»; -määschterschaaft F.: «Weltmeisterschaft»; -räs F.: «Weltreise»; -rekord M. — wie hd.; -ruff M.: «Weltruf»; -schan F.: «Weltschande» — 't as eng W.; -spëtakel, -spëktakel M.: «Weltgeschrei, großer Lärm» — dat géif e W. (Skandal); -sprooch F.: «Weltsprache»; -stad F.: «Weltstadt»; -verkéier M.: «Weltverkehr»; -wonner N.: 1) «Weltwunder»; 2) † «Kartoffelsorte».
weltlech, -lich Adj.: «weltlich» — w. a gääschtlech — eisen neien Här as zimlech w. — de weltleche Gesank (im Ggs. zum Kirchengesangverein).
Velours (lok.: Arlon) M.: «Samt» — s. Samett sub 1).
Wëlwerdang, -déngen, -dong ON. — s. Wilwerdang.
Wëlwersch, Wëlwerts(feier) (C) — s. Wëlper(t) I sub 1), wëllt Feier.
Wëlwertsbur(en) M.: «Willibrordusbrunnen bei Wilwerwiltz» — cf. Willibrord(u)sbur.
Wëlwerwolz ON.: «Wilwerwiltz» — Dorf und Gemeinde Wilwerwiltz, Kanton Wiltz — 79 (Patron der Kirche St. Willibrord — Standort einer Willibrorduskapelle und eines Willibrordusbrunnens) — op W. kommen d'Leit biede géint d'wëllt Feier, an si huele Waasser aus dem Wëlwertsbur mat.
Wëlweschbir, Wëlweschen † F.: «Birnensorte».
Wëlz nach Wb.06 für Wiltz (Fluß) — s. Wolz.
Wëlzer M.: «Wiltzer, Einwohner von Wiltz» — s. sub Wolz.
wëlzen — s. sub wëldsen.
Wëmper (lok. — Westen: Wéimper) M.: «Wimper» — Zussetz.: Aëwëmper.
Wëncheréng(en) ON.: «Wincheringen» — Grenzdorf gegenüber Wormeldingen — dafür auch lok. Mosel: Wënnécher.
Wend (Echt.: Weend, Weniën, auch: Wenn[iën], Wennijen) F.: «Wendung» — d' Saach kritt geschwënn eng Wenniën — Echt.: äich misst en aner Weend oafénken (mich anders benehmen) — cf. aner Säiten opzéien sub 4) d., Dréi II sub 3), Kéier sub 5).
wendeg Adj.: «wendig».
wenden — s. wennen.
Wëndel F.: «Windel» — eng schéi W. (Zeichen guter Verdauung des Säuglings) — eng beschasse W. — Zussetz.: Pabeierwëndelen — cf. Lomp I sub 2), Box sub 1) — Abzählreim s. sub Schlass I.
Wendel, Wendelin männlicher Vorname: «Wendelin» (Patron der Schäfer) — lok. Ra. (Redingen — C): wier (wehre) W., wier (so riefen die Kinder und hielten die Hände an den Tischrand, wenn die Pellkartoffeln aus dem großen Eisentopf auf die bloße Tischplatte geschüttet wurden und dabei Gefahr bestand, daß etliche zu Boden fielen. Meist klopfte die Mutter [Bd. 4, S. 437] auf eine Anzahl der Kartoffeln, damit sie aufsprangen und leichter verkühlten). | |