LWB Luxemburger Wörterbuch
 
werfen bis Wëspeler (Bd. 4, Sp. 439b bis 441a)
 
werfen (regional dafür: wërfen, wierfen, worfen, Nösl. lok.: wiärfen, Mosel lok.: woffen; Konjug., Nösl.: Ind. Prät.: worf, Konj. Prät.: wërf, Part. Prät.: geworf[en]; Echt.: Part. Prät.: gewuerf; Gutland Konj. Prät.: wërf, wierf) intr./trans. Verb.: 1) «werfen» — mat Steng w. — werf mer de Ball! — ee virun d'Dir w. — ech w. dech an d'Luucht, datt eiser Herrgott dech gräife kann — een op de Réck w. — Nösl.: ich wërf en, datt e quackst — Sand duurch d'Huurt w. — e werft nëmmen esou mam Geld ëm sech; 2) refl.: «sich werfen, sich verbiegen» — d'Dir huet sech geworf, si geet nët méi richteg zou — den Dill wor nët dréchen, en huet sech geworf — hatt huet sech ënner den Zuch geworf — en huet sech geworf vu Péng — cf. Bir sub 1), Geld, Su sub 2), Stän sub 1) — für werfen sub 1) regional: geheien, puchen, schmäissen (jedes dieser drei Wörter gilt lok. als verpönt), schéissen — Abl.: Gewerfs N. — wat huet dee Bouf fir e Gewerfs (mat Steng)? — Zussetz.: a-, durech-, durechernee-, ëm-, ënner-, er-, eraus-, ewech-, iwwer-, no-, of-, op-, ver-, vir-, zer-, zouwerfen. [Bd. 4, S. 440]
 
Werfes N.: «etwas zum Werfen» — ech hat näischt (kee) W. (gehat).
 
verifiéieren, verifizéieren trans. Verb.: «verifizieren».
 
Verifikatioun (endbetont) F.: «Verifizierung».
 
Verifikator (Ton: 4), Vérificateur (wie frz.) M.: «Verifikator».
 
Werjhom, Werjhum, Werjhëm, Wirjhëm M. — s. Wäerjhem.
 
werken intr. Verb. — wie hd.
 
vermeil (wie frz., Ton: 1 oder 2) Adj.: «vermeil» — eng vermeils Medail (aus vergoldetem Silber).
 
Wermischel (Ton: 2 — lok.: Wermischelt, Wermischell [Ton: 3]) M.: «Fadennudeln» — W. fir an d' Zopp — e Pak W. — cf. Wiirmchen.
 
Wermischelszopp F.: «Fleischbrühe mit Fadennudeln» (gehörte früher auf dem Land zum besseren Essen).
 
vernéieren trans. Verb.: «firnissen» — Verbadj.: vernéiert — vernéierte Miwwel — lok. Lux.-Stadt: vernéiert Schong (Lackschuhe) — vernéiert Stiwwelen (in «De Fräsch an den Ochs» von Michel Lentz).
 
Véronique (wie frz.) M.: «Ehrenpreis» (Veronica off.).
 
Véronique (wie frz., meist Ton: 1), Veronika weiblicher Vorname: «Veronika» — erscheint auch als Vroni, Vrunni.
 
Vernis (wie frz., Ton: 1) M.: «Firnis» — du muss de V. ofkrazen — übtr.: 't as dach nëmmen alles V. bei him (nur Schein).
 
Vernissage (wie frz., -a:S) M.: «feierliche Eröffnung einer Ausstellung» (Neol.).
 
Vers (vεrs — Pl.: /vεrzən) M.: «Vers» — eng Strof vu véier Versen — ech ka mer kee V. drop maachen (keinen Reim darauf machen).
 
verséieren (-s-) trans. Verb.: «(auf ein Konto) einzahlen» (Neol.) — ech v. (der) d'Suen op däi Kont.
 
verséiert Verbadj.: «beschlagen» (Neol.) — en as ganz v. a séngem Fach.
 
Versement (wie frz., Ton: 1) M.: «Einzahlung» — ech hun haut nach e V. ze maachen — wéivill Versemeñen hues de nach ze maachen, éier s de déng Schold bezuelt hues (déng[er] Schold lass bass)? — dazu: Bulletin de Versement (wie frz., beide Ton: 1) M.: «Einzahlungsschein».
 
Versioun (-s-, -z-) F.: 1) «Fassung, Lesart, Variante» — no der éischter V. wir en dout (gewiescht); 2) «Übersetzung aus einer neu zu erlernenden Fremdsprache» — cf. sub Thème.
 
Wert, Wertchen, Wiertchen, Wiert, Wërt M.: «Flußinsel» (so z. B. in Useldingen, Insel zwischen Mühlenkanal u. Attert) — auch in Flurnamen: de Wert, um Wertchen, bei Echt.: Wërt, Weert.
 
wertéierens. wartéieren.
 
vertikal Adj. — wie hd.
 
Vertiko (Ton: 1) M.: «Vertiko, Zierschrank» (lok.).
 
Vervaine (wie frz.) F. — s. Werbän.
 
Wesekand N. — s. Wees.
 
Wësch M.: 1) a. «Wisch, Bündel» (meist aus Stroh, auch aus Ginster, Gras, Heu) — e W. Stréi, Gins(t), Gras — e W. (Stréi) gouf virun d'Dir geluegt fir d'Schong ofzebotzen — mat engem W. (Stréi, Gras, Gins) botzt een sech d'Schong, wann se voll Buedem hänken — e W. (Stréi) gët an d' Spléck vun engem Poul gestach, fir ze weisen, datt een do nët driwwer duerf goen (fueren), d'Kéi nët do duerf wäde loossen (Verbotszeichen — cf. Stréipréiter) — du kriss de W. an d'Dëppen (s. d. sub 1) — mat engem W. kréien d'Päerd de Reen, de Schweess ofgeriwwen, d'Panz geriwwen, wann se krank sin — e W. Pabeieren; b. «Krautwisch» — Planze fir an de W. (cf. Krautwësch, Weiwësch, dir sub 1); c. «Wermuth» (Artemisia vulgaris — dafür auch: Weiwësch, Bäifouss — diese Pflanze ist Bestandteil des Krautwischs) — cf. Batteralzem, Päifels, Léiffrawëschdag — Zussetz.: Krautwësch; 3) «Weihwasserwedel» — cf. Wäiwaasseschbiischt; 4) a. (abfällig) «(amtliches) Schriftstück» (z. B. Steuerbescheid, Protokollbescheid) — hues du och esou e W. kritt? b. «unsauberes, unordentliches Schreiben» — dat as e W., awer kee Bréif! — Schulspr.: sou e W. huelen ech nët un;
 
Wësch- / wësch- -dréchen Adj.: «staubtrocken» — cf. roseldir; -gréng Adj.: «frisch grün» (C); -lomp F.: «Wischlappen».
 
wëschen trans./intr. Verb.: 1) «wischen» (auch refl.) — en huet sech de Mond gewëscht, an en as gaang (ouni merci ze soen) — du kanns der de Mond w. (daraus wird nichts, du erhältst nichts) — 't hun der vill sech d'Ae gewëscht (heimlich geweint) — domat kanns de der nach grad den Aasch, den Hënner w. — den Hënner hun ech der gewëscht, an elo wëlls de mer iwwer de Mond fueren — en huet sech d'Stir gewëscht — du muss w. (abwischen — Gastwirtschaft); 2) [Bd. 4, S. 441]in der Wendung: engem eng w. (jem. einen Schlag versetzen) — cf. wéitschen sub 2); 3) «eilig gehen, laufen, sich beeilen» — wat si se gewëscht (abgehauen)! — e koum gewëscht, wéi wann een hannenun him wir — (nu) wësch! (hau ab!) — looss e w.! — da looss de Féchs-che w.! — fréier si se (scil.: d'Medercher) heemlech gewëscht (bei d'Jongen) — si hun en dës Kéier nach w. gelooss (Gericht) — en huet ee w. gelooss (Bauchwind streichen lassen) — Zussetz.: aus-, ent-, er-, of-, op-, (e)wech-, verwëschen.
 
Wëscher M.: «Wischer» (für Autowischer meist: Wischer).
 
Wëspel F.: 1) a.s. Hara(a)spel sub 1) — dat Kand as déi rengste W.; b. (lok.: Vianden) «Hummel»; 2) «lebhaftes kleines Mädchen» — du kleng W.! — du iwwig W.! — eng Rëspel an eng W. — cf. Fëspel, Wissbei; 3) (lok.) «Mistel».
 
wëspeleg, -ig Adj.: «lebhaft, in steter Bewegung» — cf. wibbeleg, häspeleg.
 
wëspelen intr. Verb.: «lebhaft, unruhig sein» — cf. fëspelen.
 
Wëspeler M.,

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut