LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Vers bis gewëtzt (Bd. 4, Sp. 440a bis 442b)
 
Vers (vεrs — Pl.: /vεrzən) M.: «Vers» — eng Strof vu véier Versen — ech ka mer kee V. drop maachen (keinen Reim darauf machen).
 
verséieren (-s-) trans. Verb.: «(auf ein Konto) einzahlen» (Neol.) — ech v. (der) d'Suen op däi Kont.
 
verséiert Verbadj.: «beschlagen» (Neol.) — en as ganz v. a séngem Fach.
 
Versement (wie frz., Ton: 1) M.: «Einzahlung» — ech hun haut nach e V. ze maachen — wéivill Versemeñen hues de nach ze maachen, éier s de déng Schold bezuelt hues (déng[er] Schold lass bass)? — dazu: Bulletin de Versement (wie frz., beide Ton: 1) M.: «Einzahlungsschein».
 
Versioun (-s-, -z-) F.: 1) «Fassung, Lesart, Variante» — no der éischter V. wir en dout (gewiescht); 2) «Übersetzung aus einer neu zu erlernenden Fremdsprache» — cf. sub Thème.
 
Wert, Wertchen, Wiertchen, Wiert, Wërt M.: «Flußinsel» (so z. B. in Useldingen, Insel zwischen Mühlenkanal u. Attert) — auch in Flurnamen: de Wert, um Wertchen, bei Echt.: Wërt, Weert.
 
wertéierens. wartéieren.
 
vertikal Adj. — wie hd.
 
Vertiko (Ton: 1) M.: «Vertiko, Zierschrank» (lok.).
 
Vervaine (wie frz.) F. — s. Werbän.
 
Wesekand N. — s. Wees.
 
Wësch M.: 1) a. «Wisch, Bündel» (meist aus Stroh, auch aus Ginster, Gras, Heu) — e W. Stréi, Gins(t), Gras — e W. (Stréi) gouf virun d'Dir geluegt fir d'Schong ofzebotzen — mat engem W. (Stréi, Gras, Gins) botzt een sech d'Schong, wann se voll Buedem hänken — e W. (Stréi) gët an d' Spléck vun engem Poul gestach, fir ze weisen, datt een do nët driwwer duerf goen (fueren), d'Kéi nët do duerf wäde loossen (Verbotszeichen — cf. Stréipréiter) — du kriss de W. an d'Dëppen (s. d. sub 1) — mat engem W. kréien d'Päerd de Reen, de Schweess ofgeriwwen, d'Panz geriwwen, wann se krank sin — e W. Pabeieren; b. «Krautwisch» — Planze fir an de W. (cf. Krautwësch, Weiwësch, dir sub 1); c. «Wermuth» (Artemisia vulgaris — dafür auch: Weiwësch, Bäifouss — diese Pflanze ist Bestandteil des Krautwischs) — cf. Batteralzem, Päifels, Léiffrawëschdag — Zussetz.: Krautwësch; 3) «Weihwasserwedel» — cf. Wäiwaasseschbiischt; 4) a. (abfällig) «(amtliches) Schriftstück» (z. B. Steuerbescheid, Protokollbescheid) — hues du och esou e W. kritt? b. «unsauberes, unordentliches Schreiben» — dat as e W., awer kee Bréif! — Schulspr.: sou e W. huelen ech nët un;
 
Wësch- / wësch- -dréchen Adj.: «staubtrocken» — cf. roseldir; -gréng Adj.: «frisch grün» (C); -lomp F.: «Wischlappen».
 
wëschen trans./intr. Verb.: 1) «wischen» (auch refl.) — en huet sech de Mond gewëscht, an en as gaang (ouni merci ze soen) — du kanns der de Mond w. (daraus wird nichts, du erhältst nichts) — 't hun der vill sech d'Ae gewëscht (heimlich geweint) — domat kanns de der nach grad den Aasch, den Hënner w. — den Hënner hun ech der gewëscht, an elo wëlls de mer iwwer de Mond fueren — en huet sech d'Stir gewëscht — du muss w. (abwischen — Gastwirtschaft); 2) [Bd. 4, S. 441]in der Wendung: engem eng w. (jem. einen Schlag versetzen) — cf. wéitschen sub 2); 3) «eilig gehen, laufen, sich beeilen» — wat si se gewëscht (abgehauen)! — e koum gewëscht, wéi wann een hannenun him wir — (nu) wësch! (hau ab!) — looss e w.! — da looss de Féchs-che w.! — fréier si se (scil.: d'Medercher) heemlech gewëscht (bei d'Jongen) — si hun en dës Kéier nach w. gelooss (Gericht) — en huet ee w. gelooss (Bauchwind streichen lassen) — Zussetz.: aus-, ent-, er-, of-, op-, (e)wech-, verwëschen.
 
Wëscher M.: «Wischer» (für Autowischer meist: Wischer).
 
Wëspel F.: 1) a.s. Hara(a)spel sub 1) — dat Kand as déi rengste W.; b. (lok.: Vianden) «Hummel»; 2) «lebhaftes kleines Mädchen» — du kleng W.! — du iwwig W.! — eng Rëspel an eng W. — cf. Fëspel, Wissbei; 3) (lok.) «Mistel».
 
wëspeleg, -ig Adj.: «lebhaft, in steter Bewegung» — cf. wibbeleg, häspeleg.
 
wëspelen intr. Verb.: «lebhaft, unruhig sein» — cf. fëspelen.
 
Wëspeler M., Wëspelesch F. — s. Fëspel.
 
wësperen intr. Verb.: «wispern» — cf. pësperen.
 
wëssen (regional: wossen, Nösl. lok: wassen — cf. BrGra Karte 11 — Konjug., Ind. Präs.: ech weess [wääss], dir wësst; Ind. Prät.: wosst, wousst [Ga.: wouss], Süden: wouscht; Konj. Prät.: wësst, wéisst, wisst, wiisst, Süden: woscht; Part. Prät.: gewosst, gewousst, Süden: gewoscht, lok.: wosst) trans. Verb.: «wissen» — hie weess vill Latäin, Franséisch — ech schloen dech (op de Bak), datt s de nët méi weess, wat s de bas, of s d' e Jong odder e Meedche bas — Spw.: deen et nët besser weess, deem as d' Britt sou léif wéi d'Fleesch — 't muss ee w., wou een enger Méck d'Blutt hëlt, wat d'Pond Kiischte kascht — wat deen een nët weess, dat weess deen aneren — wat hirer dräi w., dat wëssen hirer honnert — 't weess ee wat een huet, mä 't weess een nët wat ee kritt — 't weess ee kemol zevill, mä dacks nët genuch — ech wousst esouvill dervun wéi eis Kaz, wéi de groussen Tiirk (gar nichts) — e weess nët méi, wou en hier as — e weess jidderengem säint, awer säint weess en nët — e weess méi, wéi en doudegt Schof (s. d.) — e weess nët méi, wou aus a wou an, wou en drun as, wou en an de Bounen drun as, wou een de Läffel upaakt, Echt.: wat ä mam Lefel oder der Forschett kann hollen — als Entschuldigung: dat konnt ech nët w. — (hirer) zwéi wësse méi wéi een — e weess vill — dee weess zevill — een dee, wie mengt, (dee) weess näischt — du weess elo wéivill Auer et as (übtr.) — hal de Mond, du weess jo näischt! — dat weess den Honnertsten (nach) nët (emol), den Honnerststen aus dem Éislek nët — weess de wat? — weess de wat, du kanns mir (mech) . . . — wees de wat? 't as fënnef Auer — zweifelnd: ech weess (et) nët — ech wéisst nët wou — Gott weess wou (wéi, wien, wat, wéini) — nët datt ech wéisst! — weess de nach, deemools? — wie weess? — wat weess ech! — ablehn.: wat weess ech (bet.), looss mech a Rou! — beschwichtigend, auch gereizt: ech weess, ech weess! — hie weess nët méi, wat e seet — looss en, hie weess et nët besser! — dat weess de Papp! — dat as gewo(u)sst! — 't as alles näischt, wann ee weess wéi — hie weess sech ze (be)huelen (zu benehmen), sech unzeleën, sech ze hëllefen, enger Saach Fouss ze maachen — ech wéisst et nët besser ze maachen — wann ech wéisst, wat ech nët weess — wann een alles wéisst! (Zus.: hätt ee gutt Zäit räich ze gin) — du bas en Efalt, datt s d'et weess! ([do] elo weess d'et) — datt s d'et weess, doraus gët näischt — du weess jo? — ech wousst, datt et esou kéim — in einem Kinderlied: Maargréitchen, wou (wuer) gees de? Blumme plécken, da weess d'et — substantiv.: Wëssen N.: «das Wissen» — säi W. as nët wäit hier, mat séngem W. as et nët (vu) wäit hier — säi W. as nët déck — Frage: hues d'eppes dervun héieren? Antwort: mat W. nët (souvill ech weess nët) — ech hun et mat W. iwwersinn (absichtlich) — ménges Wëssens (soviel ich weiß), as e bestuet — mat méngem W. a Wëlle geschitt dat do nët — ouni mäi W. a Wëllen — cf. Baartel, Däiwel sub 2)c., doudeg sub 1), Fanger sub 1), Jong sub 1), har, hääss, Schof sub 1), schlofen, opston sub 1)b.
 
Wësse(n)scha(a)ft F.: 1) «das Wissen» — séng W. reecht nët wäit — cf. Kennschaaft; 2) «Wissenschaft» — spaßh. beim Kartenspiel (lok.): ech gi fir ('t as [nëmme] fir) d'W. (bei einem unsicheren, voraussichtlich verlorenen Spiel) — mir spille fir d'W. (ohne Einsatz). [Bd. 4, S. 442]
 
wësse(n)schaftlech, -lich Adj.: «wissenschaftlich» — eng w. Aarbecht — de wësse(n)schaftlechen Numm vun den Déieren, de Planzen.
 
wëssentlech Adv.: «wissentlich» (C) — w. hun ech him näischt ze Lääds gedon — en huet mech w. iwwergaang — dafür meist: mat Wëssen.
 
Wësstem M.: «das Wissen» (C) — säi W. as nët déck — cf. Wëssen.
 
Vestiaire (wie frz., Ton: 1) M.: «Kleiderablage» (Hotel, Theater) — wou as äre V.?
 
Vestibule (lok. wie frz., Ton: 1 oder 3) M.: «Vorsaal».
 
Veston (wie frz., Ton: 1 — lok.: Luxemburg-Stadt) M.: «Herrenjacke» — Frage des Schneiders: wéi maache mer de V., mat enger odder mat zwou Reië Knäpp? — cf. Palto(ng).
 
Vëteran (vətə/ra:n) M.: «Veteran» (oft iron.).
 
Veterinär (ve-, və- — lok. Var.: Wéidrinär, Véidrinär, Witrinär) M.: «Tierarzt» — cf. Véidokter, Nösl.: Véiaazt.
 
Wett (lok.: Wetténg, Wettonk, Wettiën, Wettijen — Vianden [Engelmann]: Wetijen) F.: «Wette» — ech hu méng W. verluer (Wette verloren, auch: es ist anders gekommen, als ich dachte) — Ösl.: mer han eng Wettijen (sind eine Wette eingegangen).
 
wetten (lok. Grevenmacher, Vianden: weten — Part. Prät.: gewat; Nösl.: Konj. Prät.: wett, Part. Prät.: gewett) trans./intr. Verb.: «wetten» — e Frang géint en haalwe Su gewat! — Nösl.: wivill gewett? — wat gewat? (Klein, Sprache der Lux. auch: gewatt) — wie wett mat? — (wat) wette mer? — Nösl.: ich wett honnert gäänt een — du kanns alles maachen, sot d'Fra, ma wett nët — ech w., du gës hie meeschter — als Ausdruck einer Behauptung: (ech) w., e kënnt nët? — Antwort: (ech) w. dach! — (ech) w., e kënnt — lok. Grevenmacher dafür auch: verwetten — verwetten, e kënnt nët! — verwetten, en huet eng un, wann e kënnt — ech w. deen huet nët méi fir laang — ech géing mat der w., fir wat dass de wëlls — w., ech roden et — Zussetz.: verwetten.
 
Wëtz M.: 1) «Mutterwitz, Verstand» — hien huet nët vill W. kritt (matkritt) vun doheem — dofir brauch een nët vill W. — cf. Grëtz; 2) «Witz» (Wb.06) — dafür heute: Witz — dazu: Wëtzblat N. — s. Witzblat.
 
wëtzeg, -ig Adj.: 1) «klug» — iron.: bas du awer w.! — wat eng W.! — dazu: gewëtzt Adj. — e gewëtzte Borscht — cf. schlau III sub 1)a.; 2)s. witzig.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut