wëssenWëssenWësse(n)scha(a)ftwësse(n)schaftlech, -lichwëssentlechWësstemVestiaireVestibuleVestonVëteranVeterinärWettwettenWëtzWëtzblatwëtzeg, -iggewëtztwetzenWewa, Wewi, WeefchenwewelsVexéierbildvexéierenVexéierWhiskiWhistwiwiViadukt, Viaduck, ViaducWibbelWibbel- / wibbel-Wibbelburwibbeldänzeg-igWibbeldäppchenwibbeldewappWibbelpëtzWibbelschwanzWibbelwappWibbelwëppchenwibbeleg, -igwibbelenWibbelenGewibbelsWibbelerWibbelesWibbelsmierchenvibréierenVibratiounWichsWichs-WichsbiischtWichsdeckelWichsgeschirWichskëschtWichskommiWichsluedwichsengewichstGewichstenWicht, Wiichtwichteg, -igWichtegenWichtegmécherWichtegkät, -keetWichtelWickWéck, WéikWickegarWickeluuchtWickWéik, WéckWickWéckWickelgamaschWickwannVidangeWiddWiddchenwiddeg, -igWiddeldewäppchenWiddemWidderWidderbockWidderwidderwidderwiddertWidder- / widder-widderbockegWidderbuuschtwidderbuuschtegWidderdeferwidderenän-eneenwidderenän-eneenwidderenän-eneenwidderenän-eneen | wëssen (regional: wossen, Nösl. lok: wassen — cf. BrGra Karte 11 — Konjug., Ind. Präs.: ech weess [wääss], dir wësst; Ind. Prät.: wosst, wousst [Ga.: wouss], Süden: wouscht; Konj. Prät.: wësst, wéisst, wisst, wiisst, Süden: woscht; Part. Prät.: gewosst, gewousst, Süden: gewoscht, lok.: wosst) trans. Verb.: «wissen» — hie weess vill Latäin, Franséisch — ech schloen dech (op de Bak), datt s de nët méi weess, wat s de bas, of s d' e Jong odder e Meedche bas — Spw.: deen et nët besser weess, deem as d' Britt sou léif wéi d'Fleesch — 't muss ee w., wou een enger Méck d'Blutt hëlt, wat d'Pond Kiischte kascht — wat deen een nët weess, dat weess deen aneren — wat hirer dräi w., dat wëssen hirer honnert — 't weess ee wat een huet, mä 't weess een nët wat ee kritt — 't weess ee kemol zevill, mä dacks nët genuch — ech wousst esouvill dervun wéi eis Kaz, wéi de groussen Tiirk (gar nichts) — e weess nët méi, wou en hier as — e weess jidderengem säint, awer säint weess en nët — e weess méi, wéi en doudegt Schof (s. d.) — e weess nët méi, wou aus a wou an, wou en drun as, wou en an de Bounen drun as, wou een de Läffel upaakt, Echt.: wat ä mam Lefel oder der Forschett kann hollen — als Entschuldigung: dat konnt ech nët w. — (hirer) zwéi wësse méi wéi een — e weess vill — dee weess zevill — een dee, wie mengt, (dee) weess näischt — du weess elo wéivill Auer et as (übtr.) — hal de Mond, du weess jo näischt! — dat weess den Honnertsten (nach) nët (emol), den Honnerststen aus dem Éislek nët — weess de wat? — weess de wat, du kanns mir (mech) . . . — wees de wat? 't as fënnef Auer — zweifelnd: ech weess (et) nët — ech wéisst nët wou — Gott weess wou (wéi, wien, wat, wéini) — nët datt ech wéisst! — weess de nach, deemools? — wie weess? — wat weess ech! — ablehn.: wat weess ech (bet.), looss mech a Rou! — beschwichtigend, auch gereizt: ech weess, ech weess! — hie weess nët méi, wat e seet — looss en, hie weess et nët besser! — dat weess de Papp! — dat as gewo(u)sst! — 't as alles näischt, wann ee weess wéi — hie weess sech ze (be)huelen (zu benehmen), sech unzeleën, sech ze hëllefen, enger Saach Fouss ze maachen — ech wéisst et nët besser ze maachen — wann ech wéisst, wat ech nët weess — wann een alles wéisst! (Zus.: hätt ee gutt Zäit räich ze gin) — du bas en Efalt, datt s d'et weess! ([do] elo weess d'et) — datt s d'et weess, doraus gët näischt — du weess jo? — ech wousst, datt et esou kéim — in einem Kinderlied: Maargréitchen, wou (wuer) gees de? Blumme plécken, da weess d'et — substantiv.: Wëssen N.: «das Wissen» — säi W. as nët wäit hier, mat séngem W. as et nët (vu) wäit hier — säi W. as nët déck — Frage: hues d'eppes dervun héieren? Antwort: mat W. nët (souvill ech weess nët) — ech hun et mat W. iwwersinn (absichtlich) — ménges Wëssens (soviel ich weiß), as e bestuet — mat méngem W. a Wëlle geschitt dat do nët — ouni mäi W. a Wëllen — cf. Baartel, Däiwel sub 2)c., doudeg sub 1), Fanger sub 1), Jong sub 1), har, hääss, Schof sub 1), schlofen, opston sub 1)b.
Wësse(n)scha(a)ft F.: 1) «das Wissen» — séng W. reecht nët wäit — cf. Kennschaaft; 2) «Wissenschaft» — spaßh. beim Kartenspiel (lok.): ech gi fir ('t as [nëmme] fir) d'W. (bei einem unsicheren, voraussichtlich verlorenen Spiel) — mir spille fir d'W. (ohne Einsatz). [Bd. 4, S. 442]
wësse(n)schaftlech, -lich Adj.: «wissenschaftlich» — eng w. Aarbecht — de wësse(n)schaftlechen Numm vun den Déieren, de Planzen.
wëssentlech Adv.: «wissentlich» (C) — w. hun ech him näischt ze Lääds gedon — en huet mech w. iwwergaang — dafür meist: mat Wëssen.
Wësstem M.: «das Wissen» (C) — säi W. as nët déck — cf. Wëssen.
Vestiaire (wie frz., Ton: 1) M.: «Kleiderablage» (Hotel, Theater) — wou as äre V.?
Vestibule (lok. wie frz., Ton: 1 oder 3) M.: «Vorsaal».
Veston (wie frz., Ton: 1 — lok.: Luxemburg-Stadt) M.: «Herrenjacke» — Frage des Schneiders: wéi maache mer de V., mat enger odder mat zwou Reië Knäpp? — cf. Palto(ng).
Vëteran (vətə/ra:n) M.: «Veteran» (oft iron.).
Veterinär (ve-, və- — lok. Var.: Wéidrinär, Véidrinär, Witrinär) M.: «Tierarzt» — cf. Véidokter, Nösl.: Véiaazt.
Wett (lok.: Wetténg, Wettonk, Wettiën, Wettijen — Vianden [Engelmann]: Wetijen) F.: «Wette» — ech hu méng W. verluer (Wette verloren, auch: es ist anders gekommen, als ich dachte) — Ösl.: mer han eng Wettijen (sind eine Wette eingegangen).
wetten (lok. Grevenmacher, Vianden: weten — Part. Prät.: gewat; Nösl.: Konj. Prät.: wett, Part. Prät.: gewett) trans./intr. Verb.: «wetten» — e Frang géint en haalwe Su gewat! — Nösl.: wivill gewett? — wat gewat? (Klein, Sprache der Lux. auch: gewatt) — wie wett mat? — (wat) wette mer? — Nösl.: ich wett honnert gäänt een — du kanns alles maachen, sot d'Fra, ma wett nët — ech w., du gës hie meeschter — als Ausdruck einer Behauptung: (ech) w., e kënnt nët? — Antwort: (ech) w. dach! — (ech) w., e kënnt — lok. Grevenmacher dafür auch: verwetten — verwetten, e kënnt nët! — verwetten, en huet eng un, wann e kënnt — ech w. deen huet nët méi fir laang — ech géing mat der w., fir wat dass de wëlls — w., ech roden et — Zussetz.: verwetten.
Wëtz M.: 1) «Mutterwitz, Verstand» — hien huet nët vill W. kritt (matkritt) vun doheem — dofir brauch een nët vill W. — cf. Grëtz; 2) «Witz» (Wb.06) — dafür heute: Witz — dazu: Wëtzblat N. — s. Witzblat.
wëtzeg, -ig Adj.: 1) «klug» — iron.: bas du awer w.! — wat eng W.! — dazu: gewëtzt Adj. — e gewëtzte Borscht — cf. schlau III sub 1)a.; 2) — s. witzig.
wetzen trans./intr. Verb.: 1) «wetzen» (lok.: Mosel) — cf. schläifen sub 2); 2) «schnell laufen, gehen» (Neol.) — e koum do gewetzt — wat sin déi gewetzt! — lo kommen si erëm gewetzt — wetz e puer Mol ëm den Haff! (Mil.).
Wewa, Wewi, Weefchen weiblicher Vorname: «Genoveva».
wewels — s. wiewels.
Vexéierbild N.: «Vexierbild».
vexéieren trans. Verb.: 1) «ärgern» — dat huet mech al vexéiert! — dafür auch: fexéieren — cf. fochsen; 2) «zur Antwort herausfordern, auf die Probe stellen» — ech hu gesinn, e wollt mech v. — dazu: Vexéier (lok.) F. — bei deem as et ëmmer eng V. (man weiß nicht, wo man mit ihm dran ist).
Whiski — s. Wiski.
Whist — s. Wist.
wi — in Kinderreimen (Schoßliedchen): wi, wa, wutsch — cf. ri, Wiwarom, spadséieren.
wi — s. wéi.
Viadukt, Viaduck, Viaduc (wie frz.) M.: «Viadukt» — cf. Passerell.
Wibbel (Var.: Wibel, Wiwwel) M.: 1) «Kornwurm» (Calandra granaria); 2) «Erbsenkäfer» — cf. Kréchel sub 2), Krécher sub 1), Scharotzel; 3) (in dieser Bed.: F.) «lebhaftes Kind, bes. Mädchen» — cf. Wibbeler.
Wibbel- / wibbel- -bur M.: «Quelle in einer sumpfigen Wiese» (lok.) — cf. -pëtz; -dänzeg, -ig Adj./Adv.: «nervös, ungeduldig» — 't as fir w. ze gin — cf. wuebelbenzeg, babbeldänzeg; -däppchen M.: «Art Kreisel» (Knopf in den man ein Stäbchen steckt, Stück Holz mit einem Schuhnagel) — cf. Dibbeldapp, Dapp sub 1), Wibbelwëppchen; -dewapp (-dewäppchen, -dewabbel, -wabbel, Widdeldewäppchen) M.: 1) «Zittergras» (Briza media) — dafür auch: Fli(m)fla(m)fliesschen — weitere Namen s. sub Rëselcher; 2) «Schleierkraut» (Gypsophila — lok. — C); 3) «lebhaftes Kind»; -pëtz N.: 1) «moorige, überwachsene Wiesenstelle, wo man einsinken kann» — dafür auch: Jubbel-, Juppel-, Juckelspëtz, Schwiwwelpëtz; 2) (Straßenbau) «durch Wasserstau hervorgerufene Aufschwellung des Straßenbelags»; [Bd. 4, S. 443] -schwanz M.: «Bachstelze» (lok.) — cf. Panestäerchen; -wapp M.: «Name der Wurst im Rätsel» (s. Kaz sub 1) — Hari, Huri, gesäit de W. goen, Hari, Huri hätt gier, dass de W. erafféil (C: Katze u. Wurst im Rauchfang — MKr. Nr. 759); -wëppchen M.: «Kinderspielzeug, Stehaufmännchen» (kleines Stück Holundermark mit einem Schuhnagel an einem Ende) — cf. Wibbeldäppchen.
wibbeleg, -ig Adj.: 1) «quicklebendig, lebhaft» — e wibbelegt Kand — w. wéi Quecksëlwer — w. wéi der Däiwel am Wäiwaasseschdëppchen, -patt; 2) (lok.) — s. wackeleg — cf. Wibbel, spilleg sub 3), wëspeleg.
wibbelen intr./trans. Verb.: 1) «sich hin u. her bewegen, hin u. her schwanken, rütteln» — wibbel e bësselchen um Poul (mat dem Poul), da kriss de n en erausgezun, da geet e laass — wann s de mengs d'Schlaang wir futti, da wibbelt se nach — den Hond wibbelt mam Schwanz — dat wibbelt wéi e Kouschwanz — e Lamerschwanz wibbelt och alt (Wortspiel mit: lahm) — spaßh.: roueg mat de Been a wibbel mam Hënner! — den Zant wibbelt — de Still (Stiel) wibbelt (am Haischen) — sou laang wéi ech nach ka w., nach wibbele kann — ech kann nach jhust esou w. (fast nicht mehr arbeiten) — substantiv.: Wibbelen N. — d'Saach as um W. (drauf und dran) — duurch hien as d'Affär un d'W. komm (in Gang, in Fluß gekommen) — en as um W., fir entlooss, geschässt ze gin, fir Faillite ze gon — looss dat W.! — Abl.: | |