LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Won bis Wonsch (Bd. 4, Sp. 460a bis 461a)
 
Won (Pl. Ween, Dim. Weenchen — s. d. — phV. Ösling: Wol, Pl. Wäl, Weel, Wolen, Dim. Wäälchen; Mosel: Wogen [-γ-], Pl. Wejel, Dim. Wejelchen, Ostrand, Untersauer und lok. Mosel: Woën, Pl. Ween, Dim. Weëlchen) M.: 1) a. «Wagen» (vierrädrig — cf. Kar, Teimer) — den hënneschte, de viischte W. (Hinter-, Vorderwagen) — en hägeläderte, e geläderte W. (s. Läderwon) — de W. ëmwerfen (den beladenen Wagen umkippen — cf. Buurgermeeschter sub 1) — hie fiirt mat véier Päerd um W. — si rulle mat de Ween (fahren eilig, z. B. Erntezeit) — de W. schmieren (fetten) — e ganze W. voll — si komme mat Won a Päerd — 't soll een nët virun de W. lafen (nichts übereilen) — Raa.: ze kuurz fir op e W., ze laang fir op eng Kar (gar nicht passend) — dat fënneft Rad (s. d. sub 1) um W. (sin) — Sternbild: de grousse (klenge) W. — wenn es donnert, heißt es lok.: si fuere mat de Ween am Himmel — Teile des Wagens: Täissel, Nol, Schimmel, Rong, Schwach(t), Lankef, Gestell, Geck, Leder, Rad, Splënt, Mekanik, Wissbam, Sprenkel, Uess, Uessestack — cf. Fra, hannerläschteg — Zussetz.: Bagage-, Béier-, Doude-, Feier-, Hä-, Läder-, Lou-, Malbrucks-, Mëllech-, Mëscht-, Messajhees-, Miwwel-, Prisongs-, Täisselswon — für Eisenbahnwagen: Waggon, Voiture — aber (lok.): e Won éischt Klass, e Schlofwon; b. «Wagenladung» — e W. Hä, Grompren, Fruucht — cf. Fouer I, Fudder I; 2) «Auto» — hien huet sech e schéine (schwéiere, liichte) W. kaaft — ech kréien de W. nët un — ech muss de W. nach nokucke loossen, ir ech (op d'Rees) fueren;
 
Wo(n)- -baatsch, -baasch (lok. Echt.: Woëbaasch) F.: «Wagendecke, -plane»; -bett N.: «Wagenbett» — auch: Woolsbett; -briet N.: «Wagenbrett» — auch: Woolsbrett; -g(e)léis N.: «Wagengeleis» (Wb. 06 — ausgefahrene Wagenspur); -gestell N.: «Wagengestell»; -ketten, Woons- F.: «Wagenkette» — cf. Spärketten, Ketten; -läder, -leder F.: «Wagenleiter»; -rad, Woons- N.: «Wagenrad»; -schmier, Woons- N.: 1) «Wagenfett» — verächtlich: 't géif emol kee W. vun em gemaacht! — du konns et zéie wéi W.; 2) (lok.) «Melasse» — cf. Mëlass.
 
wond (Westen: wound, woond) Adj.: «wund» — w. tëschent de Been — ech hun d'Féiss w. vum Goen, ech hu mer d'Féiss w. gelaf — d'Kand as w. — sech den Hals, d'Strass w. jäizen — sech d'Zong w. schwätzen — de wonne Ponkt — cf. sëtzen, Knéi sub 1).
 
Wond- -heel N.: «Aloe» — cf. Alwi; -kraut N.: 1) «kriechender Günsel» (Ajuga reptans) — häädnesch W. (knotige Braunwurz — Scrophularia nodosa) — cf. Guergel sub 3), Maroudekraut; 2) a. «große Fetthenne» (Sedum maximum); b. «Mauerpfeffer» (Sedum acre) — cf. Donnerbaart, Mauerkraitchen, Pickenhenercher; -leien N.: «das Wundliegen» — Volksmed.: géint d'W. soll än e Geschir mat kloer Waasser ënnert d'Beet voam Kranke sezen (C); -meel (lok. Echt. — C) N.: «Wundmehl» (gegen Wundliegen bei Kindern schabte man früher etwas braunes Mehl von der Oberseite des Brotes — cf. Schappmiel); -salef(t) F.: «Wundsalbe»;
 
Woner, Woler M.: «Wagner, Stellmacher» — W. spillen (s. woneren) — verbreiteter Hausname: a (bei) Wonesch, Woner, Woler;
 
Woner- -aax F.: «Wagneraxt»; -geschir N.: «Handwerksgeschirr des Stellmachers»;
 
woneren intr. Verb.: «Wagnerarbeiten verrichten» — cf. stämetzeren.
 
wonkantegs. wannhëlzeg, woonkanteg.
 
Wonn (Pl. Wonnen) F.: «Wunde» — eng réi, offe W. (offene Wunde) — eng uerg, béis, elle W. — eng W. an elauter — säi ganze Läif as nëmmen eng W. — übtr.: et soll ee keng al Wonnen opräissen — tröstend: déi W. as geschwë geheelt (dieses Leid ist bald vorüber) — de Fanger op d'W. leën — cf. Bless II, Bobbo.
 
Wonner N. u. M.: 1) «Wunder» — wann hie sech sollt änneren, da misst e W. geschéien — dat Schmier, déi Salef wiirkt W. — do wou den Hellegen as deet e kee W. — e W. opdon (versprechen, was man nicht ausführen kann) — den éiwege W. erzielen (lange plaudern) — Echt.: de W. voan äm erzelen — den éiwege W. (Liebesspiel, Hüllwort für Geschlechtsverkehr) — den éiwege W. opschlon, e W. opschlon (in Bewunderung ausbrechen) — gleefs du ewell un e W.? — 't as kee [Bd. 4, S. 461] (och nach e) W. (nicht verwunderlich) — si zielen de W. vun him (seltsame, wunderliche Dinge); 2)wonner gin: «wundernehmen» — dat gët mech w. — dat géif mech kee W.., géif mech nët w. (würde mich nicht wundern) — 't as mech w. gin, datt nët éier eppes geschitt as — genitiv.: Wonnesch — wat W.! — si hu gemengt wat W. (datt, wat) se hätten — e mengt wat W. (wat) e gemaacht hätt — wat W. denken — ech duecht wat W. et wir — hie mengt wat W., (datt) hie wir — Zussetz.: Weltwonner, Gotteswonner — cf. blo sub 3);
 
Wonner- / wonner- -bar (zweitonig: 1 und 3 oder Ton: 1) Adj./Adv.: «wunderbar»; -blumm (lok.) F.: «Petunie»; -déider M.: «eingebildeter Mensch» — cf. Mirakler; -déier N.: «Genie, Wunderkind» (iron.) — hien hält sech fir e W.; -dokter M.: «Wunderdoktor»; -lech Adj./Adv.: 1) «wunderlich»; 2)s. wënnerlech sub 1) — cf. verwonnerlech; -schéin (oft zweitonig) Adj./Adv.: «wunderschön»; -schmier M., N. (u. lok. F.): «Wundersalbe, sehr gute Heilsalbe»; -wierk N.: «Wunderwerk» — hie mengt, wat fir e W. as en opgeriicht (verriicht) hätt.
 
wonneren trans./refl. Verb.: 1) «in Erstaunen setzen» — dat wonnert mech! — iron.: et hätt mech och gewonnert! 2) refl.: «sich wundern, erstaunt sein» — ech ka mech nëmme w. — du wäers dech nach w.! — do wonnert ee sech (man wundert sich darüber, auch: man braucht sich nicht zu wundern) — cf. verwonneren.
 
Vonni (/voni) weiblicher Vorname: «Yvonne» — dafür auch: Iff, Iwwi, Iw(w)eli, Yvette (wie frz.), Yvonne (wie frz., Ton: 1 — s. d.).
 
Wonnueleg M.: «Schafgarbenkopf» (Wb.06).
 
Wonsch (Pl. Wënsch — Var. Westen: Wounsch, Woonsch, Pl. Wéinsch, Weensch) M.: «Wunsch» — iron.: soss hues de kee W.? — hues de soss kee W.? — op W. — iron.: 't gong wéi op Wonsch — cf. wënschen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut