LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Wueref bis wuessen (Bd. 4, Sp. 465b bis 467a)
 
Wueref (Pl. Wiref, Wërref — Var.: Worref, Nösl.: Wur(r)ef, Pl. Wirref) M.: «Sensenstiel, Sensenwurf».
 
wuerksens. wiirksen.
 
Wuerm M. — s. Wurem.
 
wuermens. wuremen.
 
Wuermeldéng, Wuermer, Wormeldéng (daselbst: Wormer, Ehnen: Wormeljen) ON.: «Wormeldingen» — Dorf und Gemeinde Wormeldingen, Kanton Grevenmacher — 456 (besteht aus zwei Teilen, im Tal und auf der Höhe, letzteres um Berreg, die Einwohner heißen déi Berger) — Neckreime: déi Wuermeldénger op der Hiel, wann se wëlle baken, dann hun se kee Miel — déi Wuermeldénger am Lach / hun der Däiwel erstach / se hun eng Bittche voll Blutt / 't as en nach nët genuch (MKr. Nr. 611, 612) — déi Wuermer Hären (cf. Éinen) — d'Wuermeldénger Këppchen (bekannte und gute Weinbergslage) — die Einwohner heißen: Wuermeldénger, Wuermer, Wormer — cf. Uewerwuermeldéng.
 
Wuermeréng, Wuemeréng ON. — s. Wuelmeréng.
 
Wuert (Pl. Wierder, in einzelnen Wendungen auch: Wuert, Dim. Wiertchen — phV.: Nordostösl.: Wuoort; Nordwestösl.: Wuäärt, Wueert; lok. Wiltz: Woort; lok., z. B. Gösdorf, Eschweiler: Wöört; lok. Weicherdingen: Wuärrt; lok. Kiischpelt: Wuurt; lok. Consthum: Woeert; lok. Holzthum: Wöaart; lok. Rodershausen: Woaart; lok. Untereisenbach: Wuoort; lok., z. B. Hosingen, Vianden: Wuërt; Südwestösl.: Wuurt; lok. Echt. u. Untersauer: Woort, Woert; Gutland, Westen: Wuurt; lok. Körich, Hollenfels: Wuut; Gutland, Osten: Wuert, Wuet Pl. Wiäärder, Wiärrder, Weerder, Wiirder, Weäärder, Wieerder, Wiërder, Wie(r)der) — N.: 1) «Wort, Rede, Ausspruch» — e léift, schéint, séisst, béist, ueregt W. — déi gräisslech, elle Wierder (derbe, zotige Wörter) — e follegt op d'W. — 't as en Näischnotz, an engem W. gesot — ech sin ëmmer enges W. wäert (bereit zu helfen, wenn man mich nur darum bittet) — du häss mer kënnen e W. vergonnen — häss de nëmmen e W. gesot — si kritt kee W. méi vu mir (ich würdige sie keines Wortes mehr) — ech wëll kee W. (méi) vun der héieren (auch: keine Widerrede) [Bd. 4, S. 466] — kee W. méi! (keine Widerrede mehr!) — erstaunt oder entrüstet: hues de do nach Wierder? — ech hu keng Wierder! — hie muss ëmmer d' lescht W. hun — du hues mer d'W. aus dem Monn geholl (ich wollte eben dasselbe sagen) — ech hätt e puer Wuert (e Wiertche) mat der ze schwätzen — engem déi bescht(e) Wierder gin — engem gutt W. gin — bei deem erreechs de näischt mat gudde Wierder — ee W. huet dat anert fond (gin) — hien huet nët vill gutt Wierder (kee, ni e gutt W.) an deem Haus kritt — ech hu kee W. dervu verstan(en) — Ra.: dronke (s. d.) Wierder (sin), anniichter Gedanken — jidd W. bei deem as hannerhéileg (hinterhältig) — wann deen zwee Wuert seet, da sin der dräi gelun — engem d'W. gin (das Wort erteilen) — engem d'W. huelen, ofschneiden — ech froen d' W. — e Kaméidi, et kann ee säin ege(nt) W. (séng ege Wierder) nët méi verston — et muss een him all W. aus dem Monn zéien — et muss een d'Wierder wëssen (die Zauberworte) — 't muss een d'Wierder wëssen ze dréien, ze kéieren — bei deem muss ee séng Wierder weien (abwägen) — du hues e W. ze wéineg gesot, an ech eent zevill (wenn jem. vorzeitig [höflich] z. B. die Einladung zum Mitessen ablehnt und es später bedauert) — bei deem muss ee jiddwer W. op d' Goldwo leën — dat as mäi lescht W. (mein letztes Angebot) — si hun e W. kritt, si haten e W. mateneen (Wortwechsel) — déi schimmeg Wierder soen (bei der Brautwerbung über die Mitgift verhandeln) — 't as nëmmen e Sträit ëm Wierder (Haarspalterei) — W. fir W. verstoen — 't as huerteg e W. zevill gesot — du verdréis mer d' Wierder am Monn; 2) «Versprechen, gegebenes Wort» — säi W. halen — séng äge Wierder friessen — 't soll e W. sin! — dann as et e W. (abgemacht) — mäi W. hues de! — ech hun e mam (beim) W. geholl — ech gin näischt op säi W. — zu sénge Wierder stoen (lok.: sénger Wuert gestoen) — dat si schéi Wierder, mä ech gläwen nët drun, oder auch: 't as näischt derhanner — e Mann, e W. — e W., e Mann — e Mann vu W. — spaßh.: hie bleift bei séngem W., wéi den Hues bei der Rommel (solange er Vorteil daran hat) — sech d'W. gin (die Ehe versprechen, auch: sich absprechen, vereinbaren) — cf. Uert — Zussetz.: Spréch-, Wouerwuert;
 
Wuert- / wuert- -sproch (lok.) M.: «Redensart» (C); -sträit M.: «Wortwechsel» — cf. -wiessel; -wiertlech Adv./Adj.: «wortwörtlich»; -weis Adv.: «wortwörtlich» (C); -wiessel M.: «Wortwechsel» — cf. Wiesselwuert.
 
Wuerzel, Wuurzel F.: 1) «Wurzel» — d'Onkraut mat der W. erausrappen — ech hun nach e puer Wuerzelen (Zahnwurzeln) am Monn, déi do mer wéi — en Hoër mat der W. erausrappen — übtr.: d'Wuerzel vun der Aarbecht sin (sehr arbeitsam sein) — aus der W. eraus (von Grund aus) — d'W. zéien (Quadrat-, Kubikwurzel) — Abl.: Gewiirzels N.; 2) (reg.: Süden) «Möhre» — halleflaang, stuppeg (kurze), laang Wuerzelen — cf. Muert; 3) (lok.) «Warze» — cf. Waarzel; 4) «Spitze des Kreisels» (lok.) — cf. Dapp sub 1) — Zussetz.: Aasch-, Ae-, Baart-, Blutt-, Da- (Tau), Häerz-, Hoër-, Näid-, Pol-, Zockerwuerzel; Quadrat-, Kubikwuerzel;
 
Wuerzel(s)- (cf. auch Muerten-) -biischt F.: «grobe Bürste» — cf. Schruppbiischt; -geschuefs N.: «Geschabe gelber Rüben» (Wb.06); -maus F.: «Erdratte» (Wb.06 — Wühlmaus?) — cf. Waasserrat; -saaft M., N. u. F.: «Möhrensaft»; -schotz M.: «Wurzeltrieb»; -schwanz (lok.) M.: «Spottname für Gärtner»; -trëppler M. — s. Muertentrëppler.
 
Wues (phV. cf. Ltb. 7 — Dim. lok.: Wies-chen) M.: 1) a. «Wasen, Rasen» (städtisch: vor allem gepflegter Rasen vor dem Haus, im Park) — mir hu (hun e) schéine W. virum Haus — de W. as voll Onkraut — de Gaart as eppes wéi e W. (voll Unkraut) — de W. schieren, schneiden, méien — Wuese stiechen (Rasenstücke abheben) — Wuese saangen, verbrennen — Äer (Eier) vum W. si besser wéi déi vun der Mëscht — d'Grompre schmaachen nom W. — du bréngs mech nach ënner de W. (ins Grab) — Gaudi, Gaudi, Wuesi (Ksp. Nr. 122) — beim Messerspiel: Wuesen dron — Kinderreim: Weier, Weier, Wiessen / grénge, grénge Griessen / gët deem Kand e Stéckelche Brout / loosst et fale bis an den Doud (dabei wird das Kind an Armen und Beinen hin und her gewiegt u. das Fallenlassen vorgetäuscht — C) — cf. Hues sub 1); b. [Bd. 4, S. 467] «Dorfanger» — in Flurnamen, Zussetz. z. B.: Bredewues, Lorenzwues, Schwéngswues, Weierwues; c. «Schamhaare» — dafür auch: Bëschwues (s. d. sub 2) — cf. Bratzelstack sub 2), Bitzkuerf, -kierfchen; 2) «Eierstock des Huhns».
 
Wuese(n)- -haf M., -koup M.: «Rasenhaufen» — Nösl.: en dämpt wi e Wasenhof (vom kräftigen Zug beim [Pfeifen-] Rauchen u. dem ausgestoßenen Rauch gesagt); -spuet M.: «Spaten zum Rasenstechen»; -trëppler M.: «ältlicher Bauer, der keine schwere Arbeit mehr verrichtet» (Wb.06 — nach C: Faulenzer, Tagedieb).
 
wueseg Adj.: «begrast» (Wb.06).
 
Wuess I M.: «Wachstum» (lok.) — schéin am W. — cf. Wuesstem.
 
Wuess II (phV. cf. Wues — lok. unterschieden zwischen vuəs [Rasen] u. vu:əs [Wachs]) M. u. N.: «Wachs» — giele, wäisse, gebleechte W. — sou giel wéi W. — Zussetz.: Beiewuess;
 
Wuess- -bir F.: «Birnensorte»; -dréischel F.: «Wachsdrüse» (Wb. 06); -plack F.: «Wachsplatte» (Imkerei); -matt F.: «Wachsmotte» (Galleria mellonella).
 
wuessbar, -ber Adj.: «wüchsig» — w. Wieder — dafür auch: wuesseg, wiisseg.
 
wuessen I Adj.: «aus Wachs» — eng w. Hand, e w. Häerz (als Ex-voto) — e w. Ofdrock (s. d.) — eng w. Plooschter — eng w. Käerz (Wachskerze) — e w. Liicht (Wachslicht) — im Heischelied: gët ons e Stéckelche w. Liicht eraus — w. Liichten (Wachslichter) — w. Eendchen (Wachslicht-Endchen — C für Echt.: Enercher) — eng w. Popp (Wachspuppe) — et sëtzt do wéi eng wuesse Popp.
 
wuessenII trans. Verb.: «mit Wachs bestreichen» — e Pillem w. — cf. wiessen — Zussetz.: awuessen.
 
wuessen III (phV. s. LSA Karte 26, Ltb. 7 — Konjug.: Ind. Präs.: du wiiss, hie wiisst, wiesst, dir wuesst — Hof Remich: du wiischt, hie wiischt — Part. Prät.: gewuess — Nösl.: Ind. Prät.: wuss, Konj. Prät.: wiss, Part. Prät.: gewaass[en]) intr. Verb.: 1) «wachsen» — e wiisst an d'Längt, an d'Breet, wéi Holz, zu geséngener Aen, an den Himmel, wéi eng Kochel, wéi Onkraut (lok.: wi Bäässel am Schuppsak = rasch), wéi eng Porrett, wéi zeideg Geescht, wéi d'Kéischwänz (zu Boden), wéi d'Ä am Nascht, wéi d' Noss am Schräin (gar nicht) — en as nët all Dag gewuess — 't gesäit ee wéi alles wiisst dobaussen — d'Gras as duurch d'Hä gewuess (bei regnerischem Wetter) — looss der keng gro Hoër w.! — de Bam, e Bësch wiisst an d'Holz — d'Uesse (Ochsen) w. an d' Geld — d'Meedchen as schéi gewuess — gewuess wéi eng Dänn, eng Pëppel (schnurgerade) — bei der Aufforderung zum Platznehmen, dankende Ablehnung: ech w. nach gär — ähnlich: sëtzt Iech, odder wuesst Der nach gär? — et as him näischt un d'Häerz gewuess — dat as nët a séngem Gäertche (Gaart) gewuess (Echt.: op seim Koap gewoass) — lo wiisst en! (wenn jem. gelobt wird) — d'Aarbecht wiisst, d'Kanner wuesse mer iwwer de Kapp — hien as aus de Kleder gewuess (den Kleidern entwachsen) — looss der kee Gras ënner de Féiss w.! — deem wiisst kee Gras ënner de Féiss — wou deen hinhät (hinschlägt), do wiisst kee Gras méi — en héiert d'Gras w. — looss der keng gro Hoër w.! — Ra.: d'Bäm w. nët an den Himmel, w. nët an d'Wollécken — hien as dir nët gewuess (dir unterlegen) — hie wor där Saach nët gewuess — cf. Märeenchen — spaßh. substantiv.: hal op mat (deem) W., soss musse mer Hoz op dech leën; 2) «anwachsen, steigen» (vom Wasser gesagt) — d'Baach, d'Musel, d'Sauer, d'Uelzecht as gewuess — Verbadj.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut