LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Zäer bis Zänn (Bd. 4, Sp. 482b bis 484b)
 
Zäer M. — s. Zär.
 
Zäggess. Zach.
 
Zäich I F.: «Flug, Kette (z. B. Rebhühner)» — 't sin e puer Zäichen Hénger (Feldhénger) opgaang — eng Z. Fësangen (Fasanen) — cf. Réckecht.
 
Zäich II M. u. N.: 1) a. «Zeug» (Kattungewebe) — léngen Z. (Baumwolle mit Leinen gewebt); b. † «Kleidungsstücke» — cf. Gezei; 2) «Zeug» N. (C — lok. Echt., abfällige Bez. für allerlei Dinge, Gerede) — wat en Z. as deen do zesoame schweezt — mat esu Z. gët ä sech nët of.
 
zäichen Adj.: «aus Zeug» — cf. Zäich II sub 1) — eng z. Box, Wot, en zäiche(nt) Schiirtech.
 
Zäichlieder N.: «Zeugleder» (C).
 
ZäiferF., ZäiferblatN. — s. Ziffer, Zifferblat.
 
Zäit (phV. s. Ltb. 68) F.: «Zeit» — d'Z. vergeet — spaßh.: wiem d'Z. ze laang gët, (dee) muss se diebelen (a sech drop setzen) — engem d'Z. laang machen (warten lassen) — alles geet eng Zäitchen — alles brauch séng Z. — et hëlt een sech Z. — 't si schlecht, béis, uerg, schro Zäiten — lok. Mosel: 't si klemm Zäiten — dat huet Z. (eilt nicht) — mir hun nach gutt (déckevoll) Z. (sehr viel Zeit) — d'Z. doutschlon, [Bd. 4, S. 483] verbëtzen, verléieren — sech d'Z. verdreiwen — wéi kriss de d'Z. dann alt erëm? — déi Zäite sin erëm, dout — zur Z. vun den ale Réimer — an der gudder, aler Z. — mir ziele vun eiser jonger Z. — déi nei Z. (heutige) — zur Z. wéi d'Mais Parrécke gedron an d'Raten Horbeidelen haten, as dat geschitt, wat ech elo son (Dicks in: De Wëllefchen an de Fiisschen) — lok. Urspelt: datt wor déi Zéckt, wi d'Miär geschmolt wor an de Schni äis verbrannt as — d'Zäit(en) an d'Leit muss een huele wéi se sin — hien huet schwéier Zäiten (eng schwéier Z.) hanneru sech — d'Z. as ëm — déi ganz(en) Z. (lok. scheinbar M.: de [e] ganzen Z.) — ech hun haut keng Z. — e kritt keng Z. fir ze stierwen — drohend: wann s de keng Z. hues, da maachen ech der der — hien huet Z. fir alles — deen huet ëmmer Z. (Zäits) genuch — Echt.: deen hoat ëmmer Zäitches genouch (C) — Echt.: fer eppes Schlechtes gewoar ze geen as Zäits genouch — looss em dach Z. fir sech z'erblosen — ech muss mer (d')Z. undon, huelen (nehmen) — sech Z. stielen, ofstousse fir eppes (erübrigen) — ech hun eng Welt voll Z., Z. ze friessen (sehr viel Zeit) — Z. gewannen — lok.: e konnt nët der Z. erwaarden bis en dru kéim — lo as et Z. (der geeignete Augenblick) — drohend: lo gët et awer Z.! — 't as elo déi richteg Z. fir ze séien, ze méinen, an d'Gromper(en) ze gon — an der verstoppten Z. (lok.: zur Zeit der Verfolgung der Geistlichen während der frz. Revolution) — lok. Mosel: wat fir Z. hu mer? (wieviel Uhr ist es?) — dës Z. as et ëmmer kal (Jahreszeit) — engem d'Z. gebidden (grüßen) — si gebidden sech d'Z. nët méi — selten, lok.: gutt Z.! Antwort: och esou! — wéini as d'Z.? (Termin, z. B. der Geburt) — d'Z. as aus (die Tragzeit ist vorüber) — iwwer (s. nachfolg.) d'Z. — d'Z. as erfall (eriwwer) — alles zu sénger Z. — alles muss séng Z. hun — alles huet séng Z. (spaßh. Zus.: wéi d' Fléifänken nët, wéi déi al Fraen nët) — séng Z. hun (Menstruation) — dat brauch séng Z. — all Z. (cf. allzäit) — ech mengen, de Pir wir verreest, en as all Zäit(en) (cf. allzäit) op den Zuch gaang — mit Präp.: an Z. — an Z. vun aacht Deg — an Z. vun zwou Minutte wor e fäerdeg — an der Z. (ehemals, vormals) — an der Z. hate mer Petrollsluuchten — a fréieren Zäiten — an Zäiten (rechtzeitig) — ech hun d'Wueren nët an Zäiten erbäikritt — du kënns dénger Deel nach an Zäiten (no, zou) — an där Z. (inzwischen, unterdessen, in der Zwischenzeit), wou s du fort waars, huet et gereent — an där Z. maachen ech alt eppes Aneschtes — aus Zäiten — C, Echt.: déi kéim bei mir aus Zäiten (dafür lok.: déi kéim awer bei mir an Zäiten — käme übel an) — Mosel: aus der Z. kommen (zu spät zu etwas kommen) — aus (a) ménger (jonger) Z. — aus der Z. sin — d'Kiischte sin aus der Z. — 't as aus deer Z. — baussen der Z. — 't as baussen der (aus der) Z. — bei Zäit(en) (lok. — s. mat Zäit) — déck Z. — 't as déck, déi décksten Z. (s. déck III sub 3)ëm dës Z. — gëscht ëm dës Z. — wéivill Auer as et? Antw.: souvill wéi gëscht ëm dës Z. — ëm déi (dës) Z. fréiert et ewell — drohend: as et ëm déi Z.? — wann et ëm déi Z. as, da waart Männchen! — géint d'Z. — Sportspr.: eng Etapp géint d'Z. — iwwer d'Z. — 't as iwwer d'Z. — d' Kou as iwwer d'Z. gaang (länger als normal) — 't as iwwer séng Z. (über die festgesetzte, sonst übliche Stunde hinaus) — iwwer d'Z. schaffen (über die normale Arbeitszeit hinaus) — 't as ewell iwwer d'Z., den Zuch misst era sin — mat Zäit(en), mat der Z. (rechtzeitig, frühzeitig) — Ra.: mat der Z. mécht een Hä (zur rechten Zeit schafft man es) — mat der Z. vergësst de Misär sech (im Laufe der Zeit) — mat der (sénger) Z. virugoen — géi mat Zäit(en) op den Zuch! — mir mussen äis mat Zäit(e) begannen (cf. zer Zäit) — mat der Z. gët deen och nach weis — mat der Z. gët e verstänneg — komm mat Zäit(en) heem! (Nösl.: an Zéckten) — mat Zäiten (zeitweilig) — en as mat Zäiten nët weis — mat gudder Z. (frühzeitig)op Z. (auf Frist, auf Zeit) — en as op Z. ugestallt (temporär) — 't geet op d'Z., all Stonn kascht — un der Z. — 't as un der Z. — 't wir un der Zäit, datt hatt bestuet géif — wann et nach u ménger Z. wär (wenn ich noch in jüngeren Jahren wäre) — 't wor nach nët u sénger Z. — vir der Z. — en as vir (virun) der Z. gestuerwen (zu früh) — vir Zäiten (cf. virzäiten — viraals) — viru laanger Z. — vun éiwegen Zäiten hun d'Leit esou geduecht — vun Z. zu Z. — zu, zur, zer Z. — dir sid zu jidder Z. wëllkëmm — hie wor zur (zer) Z. do (pünktlich, auch früh genug) — 't soll een d'Kéi zer Z. sträichen (melken) — sech zer Z. erblosen (ausruhen)[Bd. 4, S. 484] ech koum nach grad zer Z. (rechtzeitig) — lok.: zur Z. kann ech déi Aarbecht nët ugoen, unhuelen — zu ménger Z. — alles zu sénger Z. — mit Adj.: ech hu gutt Z. (völlig Zeit, Zeit genug, Muße genug) — Ra.: wann een alles wéisst, hätt ee gutt Z. fir räich ze gin — 't huet nach gutt Z. (es eilt nicht) — hien huet gutt Z. (déi Plaz ze kréien), en huet en Décken an der Hand (er hat es leicht, diese Stelle zu erhalten) — (cf. mat gudder Z.) — de Krich dauert zwee Jor, Antwort: 't huet gutt Z. (leicht möglich, so wie es steht, es sieht so aus) — lo as d'Strooss jo fäerdeg, Antw.: 't hat gutt Z. (es hat lange gedauert) — lok. Grevenmacher: gout Zäit, denkt wäit — héich Z. — 't as héich Z. fir opzeston — 't gouf héich Z. (datt d' Meedchen sech bestuet huet) — drohend: elo gët (as) et (awer) héich Z.! — déi héchsten Z. fir sech ze begannen — schéin Z. — ech hun nach schéin (déi schéinsten) Z. fir op den Zuch (reichlich Zeit) — dat wor séng schéinsten Z. — Zussetz.: Aarbechts-, Aussen-, Faaschten-, Examen(s)-, Ho(u)ch-, Kiischten-, Grompren-, Schoul-, Sot-, Summer-, Wanterzäit;
 
Zäit- / zäit- -bomm F.: «Zeitbombe»; -geméiss Adj.: «zeitgemäß» (Neol.); -laang F.: «Zeitlang» — in der adv. Wendung: eng Z. — dat dauert eng Z. — dat Spillchen dauert elo ewell eng Z.; -lech Adj./Adv.: 1) «zeitig, früh» — en zäitleche Wanter — z. Grompren, Äppel (frühe Kartoffeln, Äpfel) — en zäitlecht Jor — substantiv.: e wäissen Zäitlechen (Kind mit weißen Haaren); 2) «zeitlich» — en zäitleche Schued (Echt.: en zäitleche Schoaden); -liewe(n)s Adv.: «zeitlebens» — dafür auch: Zäit sénges Liewe(n)s; -ponkt M.: «Zeitpunkt»; -schrëft F.: «Zeitschrift»; -verdreif, -verdräif M.: «Zeitvertreib» — en huet säi klengen Z. — e mécht dat fir Z.; -verloscht M.: «Zeitverlust»; -verschësser M.: «Tagedieb».
 
Zäitchen F.: «Weile, kurze Zeit» — eng Z. derno (no enger Z.) wor erëm alles gutt — 't geet nach eng Z. zou — loosse mer emol eng Z. erëm hun (erëm gon), da gesi mer — pleon.: eng kleng Z. — cf. Weil.
 
Zäitsgenuch (lok. Lux.-Stadt: Zaitsgenoch) M.: «Mensch, der immer Zeit hat» — den Z. soll der Däiwel huelen! — den Z. kënnt keemols heem — cf. Schléifer sub 2).
 
Zäklom M.: «Säkulum, Jahrhundert» (Du) — mer lewen an em traurigen Z. — parodiert (Echt.): per omnia zäkle-, zäklorum, ëmmer nëmme Geld oagesekelt.
 
zämen I trans. Verb.: «zähmen».
 
zämen II, zemen trans. Verb.: «zäumen».
 
zämen III trans. Verb.: «die Hacke richtig in den Stiel einpassen» (damit sie weder zu gerade noch zu schräge steht — lok.).
 
zämenIV trans. Verb.: «mit Zündpulver versehen» — Zussetz.: opzämen — cf. préimen.
 
Zäm- (cf. Zënnlach, -pännchen, -polver) -lachN.: «Zündloch»; -pännchenF.: «Zündpfanne»; -schnouerF.: «Zündschnur, Lunte» — cf. Zëndschnouer; -zäigN.: «Geschirr für Sprengladung» (C).
 
Zäneschlëffelchen M.: «Haubenmeise» (Parus cristatus — lok.) — dafür auch: kaupeg Mäs, Hauwemäs.
 
Zänkaasch M.: «Zänker».
 
zänkeg, -ig Adj.: 1) «neckisch»; 2) «zänkisch».
 
zänken (Westen: zéinken, zénken) intr./trans. Verb.: 1) «necken» — déi jong Leit zänke mateneen — e wollt nëmme mat em z. — substantiv.: 't geet mat Z. un an 't hält mat Sträit op; 2) «ärgern» — zänk dat Meedchen dach nick (lok.: Wiltz) — de Pup (s. d. sub 2)b.) z.; 3) refl.: «(sich) zanken» — d'Kanner z. (sech) de ganzen Dag — si hun sech nammel gezänkt — cf. rolzen, zanken, zecken, reizen — Zussetz.: zerzänken — Abl.: Gezänks N.
 
Zänkert M.: «zur Neckerei (zum Streit) aufgelegter Mensch» — dazu: Zänkesch F.
 
ZännPl. von Zant (s. d.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut